Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Mai 2011 > Jean-Marie Halsdorf invité de l'émission "Live aus dem Vitarium"

Interview
Jean-Marie Halsdorf invité de l'émission "Live aus dem Vitarium"
"DNR" du 22-05-2011

Vers le niveau supérieur

Roy Grotz: E schéine gudde Mëtteg hei vum Rouscht aus dem Vitarium. Eisen Invité haut, de Jean-Marie Halsdorf. E schéine gudde Mëtteg.

Jean-Marie Halsdorf: Gudde Mëtteg, Här Grotz.

Roy Grotz: De Jean-Marie Halsdorf, net nëmmen e Minister fir ee Portefeuille, kann ee soen. Dir krut der nach dobäi: Inneminister, Responsabele fir d'Groussregioun, Responsabele fir d'Verdeedegung.

Dir sidd zanter 7 Joer elo Minister. Dir waart – an dofir, mengen ech, gouft Dir jo och a sech wahrscheinlech erausgesicht fir déi eenzel Portefeuillen – 5 Joer Buergermeeschter. Dat gëtt engem eng ganz Partie un Erfahrung mat op de Wee. Wann een awer elo, an dat hu mir an der Virbereedung vun der Sendung gesinn, Är Sujeten, Är Dossieren e bëssen duerchkuckt, déi Dir hutt, sinn dat der enorm vill. Ass eppes wat Iech am meeschte vun deenen um Häerz läit?

Jean-Marie Halsdorf: Am Fong geholl läit mir näischt extra um Häerz. Ech gesinn dat nämlech als Ganzt.

Eis Gesellschaft, dat muss ee verstoen, wann een un där enger Schrauf dréint, dann ass déi aner déi sech nees anescht astellt, esou datt ee muss global kucke weiderzekommen. An a menger Fonctiounen als Inneminister stinn ech an enger Schlësselstellung op där enger Säit zu de Gemengen. D'Gemengen, dat sinn déi eenzeg dezentral Strukturen an eisem Land. Dir wësst, wann Dir a Frankräich an an Däitschland kuckt, do ass eng Gemeng fënneft Gei oder fënneften Niveau. Zu Lëtzebuerg ass eng Gemeng zweet Gei. Wat de Staat net mécht, gëtt en nom Subsidiaritéitsprinzip un d'Gemengen.

Also ass dat e ganzt Aufgabefeld, dat geet dann duerch den Inneministère, kann een dat praktesch soen. Dat gesäit ee jo och dobaussen op der Place publique, wann iwwer d'Gemenge geschwat gëtt. De Waasserpräis, d’Waasserkompetenz ass zwar bei de Gemengen, mä de Minister ass am Mëttelpunkt do. Hie muss koordinéieren, hien ass Facilitateur, hie kuckt Solutiounen ze fannen.

D'Rettungswiesen, wou mir jo wierklech Handlungsbedarf hunn, a wou mir sécherlech op engem Punkt sinn, wou et kee Wee méi zréck gëtt, wou mir also och gefuerdert sinn, well all Mënsch huet e Recht, egal wou en am Land wunnt, am Rettungswiesen déi selwecht Leeschtung ze kréien.

Eis Police, déi och ganz oft am Mëttelpunkt steet vun den Diskussiounen dobaussen, déi och et net einfach huet an där komplexer Welt. Dir gesitt also, ech hunn elo nëmmen e puer Schlësselelementer geholl, dat ass ee Ganzt.

An och d'Arméi, wou ech am Fong eng immens Chance hunn, well ech si responsabel fir d'bannescht Sécherheet an duerch d'Arméi och fir d'Sécurité externe. Dat heescht, déi Overlappingen déi et do ginn, dat eent an dat anert, dat gëtt mir och d'Méiglechkeet ze verstoen, wéi een dat am beschten ëmsetzt.

Esou datt ech muss soen, wann ee kuckt wou ech hierkommen, mäi politesche Wee huet jo an der Gemeng ugefaangen, an en ass da Richtung Chamber gaangen an duerno als Minister, fillen ech mech ganz wuel an där Aufgab. Ech weess, datt et ganz ganz vill Aarbecht ass, ech weess och, datt wann ech no lénks schaffen, da jäizen déi riets a wann ech no riets schaffen, da jäizen déi lénks, dat weess ech. Mä et muss ee wëssen, et ass Handlungsbedarf a mir wäerten dat och hikréien.

Roy Grotz: Dir hutt elo schonn eng ganz Partie Dossieren ugeschwat. Eesou séier an esou einfach maache mir Iech et awer net. Mir kommen nach eng Kéier op déi eenzel ze schwätzen.

Fänke mir emol bei der Käerzell a sech un, de Gemengen. Virun 2 Woche sinn nach eng Partie Fusiounen duerch d'Chamber gaangen. Et sollen der awer nach e gudde Pak dobäikommen, wann een Är Kartographie richteg versteet. Wéi maacht Dir et dann elo? Et gëtt gesot, zum Deel, an dat ass e bëssen dann d'Kritik, et gi sech Fusiounen erkaaft, mam Scheckheft. 2.000 Euro pro Bierger déi et ginn. Ass et esou, datt effektiv dat net méi esou laang wäert goen? Muss eppes do auslafen? Gëtt et degressiv gestallt? Wéi gitt Dir gär vir, wann et Iech net séier genuch geet?

Jean-Marie Halsdorf: Fir mech ass et kloer, mir brauche staark Gemengen. A staark Gemengen, dat heescht, Gemengen déi à même sinn an eegener Autonomie communale déi Aufgaben déi si hunn ze maachen.

A wann dat eng Tatsaach ass – an et muss fir mech eng Tatsaach sinn, datt dat esou ass, well ech jo gesot hu virdrun, eng Gemeng ass Niveau 2, alles wat de Staat net mécht, muss d'Gemeng maachen – musse mir si also staark kréien.

Wéi komme mir elo dohinner? Do gëtt et e puer Weeër. Et gëtt de Modell deen de Minister Wohlfahrt an de 1970er Joere gemaach huet, wou hie vun uewen erof wollt eng Kaart opdrängen. Dat ass jo net reusséiert. Et sinn zwar deemools 4 Gemengen entstanen – d'Stauséigemeng, Wëntger, Jonglënster an déi véiert hunn ech elo vergiess.

Elo hu mir der 6 elo hikritt an nach zwou virdrun, 8, mat enger anerer Demarche, mat enger fakultativer Demarche. Dat heescht, mir soen, wann Dir wëllt, mir maachen Iech eppes op d'Mooss, kommt dann zesummen. An et kann een näischt laanscht de Wëlle vun de Biergerinnen a Bierger maachen, dat muss ee wëssen. An dofir ass dee Wee hei, dee mir hunn, ass net schlecht, mä en huet seng Limiten. Wéi eng Limiten dat sinn, am Mount Juni, wäert ech d'Chamber informéieren an och eng Pressekonferenz maachen, wou ech de Bilan maache vun där Kaart a vun där Tournée, déi ech duerch d'Gemenge gemaach hunn. Da wäerte mir waarde bis d'Gemengewahlen eriwwer sinn, an da musse mir nees eng Kéier déi ganz Problematik abordéieren a kucke wéi mir da weiderfueren.

Well kloer ass et, wéi mir elo d'Situatioun hunn, mat 106 Gemengen, dat ass relativ schwiereg. An Dir musst och wëssen, dann hutt Dir Gemengen elo, déi leien ëm 2.000 Leit an déi hunn déi selwecht Aufgabestellung wéi Gemenge mat 10.000 Lei.

Dofir ass et och kloer, datt ee muss, wann ee wëll wierklech Effizienz erakréien, kucke Gemengen am ländleche Raum, do ass d'Borne 3.000, a Gemengen am städtesche Raum, do ass d'Borne 10.000. An dat ass net op d'Awunnerzuel genau ze kucken, dat ass indikativ. Wann Dir eng Gemeng hutt, déi 2.500 Leit huet a si huet zum Beispill Betriber déi relativ vill Impôt commercial bréngen, dann ass déi besser dru wéi eng aner déi der vläicht 4.000 huet an déi dat net huet.

Roy Grotz: Mä déi Disparitéit kritt Dir awer vläicht och ni eraus, well d'Ekonomie, respektiv d'Betriber si jo ongläich verdeelt am Land.

Jean-Marie Halsdorf: Dat ass richteg, an dofir musse mir eng national Approche maache fir déi ganz Problematik an de Grëff ze kréien. Dofir musse mir eng Reform maache vun de Gemengefinanzen. Do si mir amgaangen, zesumme mat der Banque centrale vum Här Mersch, eng Bestandsopnam ze maache vun der Situatioun. An d'Iddi ass déi, e Benchmarking ze maache vun de Gemengen.

Dat heescht, Dir sot, dat do ass eng Gemeng Typ A, mengetwegen am ländleche Raum, déi brauch déi an déi Fonctiounen, déi brauch déi an déi Suen. Do ass eng Gemeng Typ B, déi huet elo aner Fonctiounen, aner Aufgaben, déi kritt dann esou vill Suen. Mir hu wëlles an e System eranzekommen, an eng Logik, déi sech iwwer d'ganzt Land verdeelt.

An dofir hate mir bei deene Kaarten déi mir gemaach hu fir d'Fusiounen unzestriewen, eis op landesplaneresch, territorial, Aménagement du territoire-Argumenter fokusséiert, fir emol eng Linn dran ze kréien. Mä kleor ass et, wann ee sech nëmmen dorop fokusséiert, dann huet ee Limiten am System. Esou ass et zum Beispill, datt mir op ville Plaze festgestallt hunn, oder op e puer Plazen, datt, wann een dat esou landesplaneresch ugeet, datt déi Bierger guer net matenee wëlle bestuet ginn, wann ech dat dierf esou soen.

An dofir mécht et kee Sënn, alleng déi landesplaneresch Elementer ze kucken. Sécherlech ass dat eng Komponent, mä et sinn nach aner Komponenten déi een och muss consideréieren.A n all déi Froen, déi Iwwerleeunge wäert ech am Mount Juni eng Kéier der Press an och der Chamber virstellen.

Roy Grotz: Wéi ass et mat där Incentive vun deenen 2.000 Euro? Wéi laang sinn déi nach ze halen?

Jean-Marie Halsdorf: Déi 2.500 Euro, déi d'Gemenge bis 3.000 Leit elo kréien, ech ginn dovun aus, datt dat weider een Element wäert si fir d'Gemengen ze motivéiere sech méi no ze kommen. Eppes hu mir och festgestallt, datt d'Suen alleng net duergi fir d'Leit z'iwwerzeegen dat ze maachen. Et ass sécherlech eng wichteg Incentive, a se soll och esou sinn, an iwwer 3.000 soll en eventuell degressiv erofgoen, e geet och degressiv erof. Wéi dat alles ausgesäit musse mir elo nees eng Kéier kucken, loosse mir soen Rendezvous 1. Trimester 2012.

Roy Grotz: D'Kartographie vun de Gemengen an d'administrativt Bestoen ass eng Saach. D'Kartographie vum Land, d'Landesplanung ass eng aner. Ech mengen, et spillt vill matenaner zesummen. Do gi Froe gestalt vun nohalteger Entwécklung, wat wëlle mir? Wat ass vun deem IVL nach iwwreg bliwwen a wéi spillt dee bei de Gemengefusiounen, respektiv bei der Organisatioun vun eisem Land nach mat?

Jean-Marie Halsdorf: Jo d'IVL-Kap, dat ass eng Kap déi hat ech jo an der leschter Legislaturperiod un, déi ass jo elo beim Här Wiseler, respektiv beim Här Schank, déi elo dee Ministère hunn. Mä Fakt ass, datt mir d'integrativt Verkéiers- a Landesplanungskonzept fir Lëtzebuerg, datt dat lancéiert ginn ass am Ufank vun dësem Joerdausend. Fakt ass, datt mir e Plan directeur hunn, unhand vun deem dann eben déi eenzel Elementer mussen herno ëmgesat ginn. A Fakt ass, datt mir Plans sectoriels brauche fir kënne méi konkret ze ginn.

An déi Plans sectoriels si jo deen een iwwer de Logement, wou gëtt gewunnt; deen iwwer Zones d'activités économiques, wou gëtt geschafft; deen iwwer den Transport, dat heescht, wou komme Stroossen, wou kënnt ëffentlechen Transport hin an esou weider; an dee 4. ass dee vun den Ensembles paysagers, dat heescht, wou komme Zones vertes an esou weider.

Déi 4 musse kommen, da kritt ee méi e geneet Bild vun deem wat ass a wat net ass. An da kritt een och reglementaresch Obligatiounen, déi de Moment nach net do sinn. De Moment gëtt sech vill un deene Pläng orientéiert, mä dat eenzegt wat mir elo reglementaresch hu fir d'Planung an de Gemengen ze cadréieren, ass den Aménagement communal. An dat ass natierlech meng Kap an do gëtt et déi esou genannte Commission d'aménagement, vum Aménagement communal, déi schreiwen dann Avisen zu all deenen Teilbebauungspläng, also PAPen déi gemaach ginn, respektiv zu de PAGen, wann do Modifikatioune kommen, respektiv nei PAGe kommen.

Roy Grotz: Dir hutt elo e gutt Stéchwuert a sech ginn: ee vun de Projeten, Projet phare kann een soen, deen och vill kontrovers diskutéiert gëtt, soe mir et emol esou, ass jo dee vum Ensembel vun deem neie Futtballstadion, deen nieft der Autobunn zu Léiweng geplangt ass. 75.000 m², bis zu 10.000 Plazen, awer och parallel 2.000 Aarbechtsplazen déi kéinte geschaf gi fir Salariéen. Wou ass dee Plang drun? Ass dee bei Iech duerch? Krut deen de Feu vert? Wou hänkt deen?

Jean-Marie Halsdorf: D'Décisioun fir op Léiweng e Futtballsterrain ze setzen ass eng Décisioun vun der leschter Regierung. An déi Décisioun war eben déi, datt gesot ginn ass, mir hätte gär, datt een eis en Terrain baut fir 1 Euro.

Et ass meng Iwwerzeegung, datt och d'lëtzebuerger Land en anstännege Fussballsterrain brauch, well och déi aner Sportarten hunn anstänneg Infrastrukturen. An ech sinn der Meenung, datt déi Infrastrukturen, wat de Futtball ugeet, hei zu Lëtzebuerg net méi an d'21. Joerhonnert passen. Dat wëll net heeschen, datt ee muss e Megaprojet do maachen, mä et muss een e Projet maachen deen sech an d'Gepflogenheete vun eiser Zäit erantesselt. Dat ass also dann emol eppes wat kloer ass.

Kloer ass awer och, dat ebe gesot ginn ass, wann dat fir 1 Euro gebaut gëtt, da muss eppes dobäikommen, et ass jo keen deen eis deen Terrain schenkt. An doduerch ass dann eben dee Projet Léiweng entstanen, mä e war ëmmer och vernetzt mat Wickreng. Well zu Wickreng ass jo gebremst ginn, an do ass gesot ginn, mir kréien een Deel vu Wickreng eriwwer op Léiweng. Dat ass also elo de Contexte politique.

Wat elo dat Reglementarescht ugeet, do muss natierlech eng Ännerung vum PAG vun der Gemeng Réiser gemaach ginn. An déi Ännerungen déi sinn, mengen ech, gemaach ginn. An den Avis deen ass bei eis am Ministère amgaang gemaach ze ginn. En ass awer nach net do, esou datt ech net ka soe wat do drasteet oder wat net do drasteet. Ech ka just soen, datt deen Avis da wäert kommen, an doropshi wäert sech dann dee ganze Prozess beweegen, an da wäerte Leit reklaméieren, an esou weider, an ech mengen, do sollt een déi demokratesch Spillregele spille loossen.

Wann déi eng reklaméieren an déi aner, da muss ee kucke wat do dobäi erauskënnt. Ob dat elo e Jong oder e Meedche gëtt, dat weess ech net. Ech fannen et just a mengen Aen wichteg, datt mir enges Daags e Futtballsterrain kréien hei op Lëtzebuerg, deen an d'21. Joerhonnert passt, an dee bräichte mir, dee soll eben op Léiweng gebaut ginn, aus deenen Iwwerleeungen eraus déi ech elo just gesot hunn, an do musse mir elo waarde wéi et weidergeet. Méi kann ech de Moment net dozou soen.

Roy Grotz: Dat heescht, dee Projet ass an Ären Aen awer och net iwwerdimensionéiert, oder d'Objektioune vun engem Mouvement oder och der Confédération du commerce, déi jo natierlech och gewëssen Ängscht huet, déi gesitt Dir den Ament net?

Jean-Marie Halsdorf: Ech gesinn et esou, datt ech éischtens soen, wer A sagt, muss B sagen. Wann d'Regierung d'Hypothes opstellt, datt muss en Terrain fir 1 Euro zur Verfügung gestalt ginn, dann ass et kloer, datt ee muss eppes ronderëm setze wat dann och deem entsprécht. An dësem Fall ass da gesot ginn, maache mir en Akafszentrum dohinner. Kee wéi mir der soss am Land hunn, mä eng Aart Mall nom amerikanesche Stil. A wéi et elo genau ausgesäit, wat do genee leeft, do sinn ech och elo de Moment net méi am Bild, well do ass jo en esou genannte Masterplang, an deen ass nach net virgestallt ginn. Dee misst och emol virgestallt ginn an da géif ee gesi wat do genau ass.

Roy Grotz: Et ass och eng Responsabilitéit, Dir hutt et gesot mam Beispill vu Léiweng, bei der Réisergemeng. Da si mir bei Responsabilitéite vu Gemengeconseilleren, respektiv Gemengepäpp, respektiv Schäfferéit. Ech maachen elo vum Baue gär e Spagat, och wann e vläicht net direkt geet, op e juristeschen Niveau. Mir hunn an der Lescht vill héiere vun enger Affär Steesel, wou e klengt Kand an der Crèche zu Doud koum. Duerno koum et zum Prozess, mat der Jurisprudenz déi a sech geschwat gouf. Wéi ass et da bestallt ëm d'Responsabilité pénale vun engem Schäfferot? Oder si mir hei an enger Optik vun engem Null-Risiko Job?

Jean-Marie Halsdorf: Et ass gewosst, scho säit laangem, datt, wat d'Responsabilité pénale vun de Gemengepolitiker ugeet, datt dat problematesch ass.

Ech ka mech erënneren nach, déi Zäit war ech Generalsekretär vum Syvicol, am Joer 2001, hu mir e Bréif un déi deemoleg Regierung geschriwwen, wou mir drop higewisen hunn a gesot hunn, mir brauchen do eng Léisung. Et sinn Avisen do vu verschiddene Juristen, déi eng sinn esou, déi aner anescht. Kloer ass et, datt et komplex ass.

Wat ech Iech elo ka soen, wat Fakt ass, dat ass datt mir deemnächst eng Reunioun wäerten hu mat dem Syvicol fir déi Problematik ze diskutéieren. Wann ech ‘mir’ soen, da mengen ech domat de François Biltgen. Also datt de Justizminister an den Inneminister, datt mir eis do ofgeschwat hunn, datt mir do eng Léisung musse sichen. De Fränz ass disponibel a mir wäerten dat och an den nächste Woche méi kloer ugoen.

An da musse mir kucken, datt mir en Aarbechtsgrupp eventuell op d'Bee setzen an dee muss dann eng Léisung fannen.

Mä et ass awer kloer, wann Dir eng Responsabilitéit hutt an enger Gemeng, an déi hutt Dir jo, a besonnesch déi vum Buergermeeschter ass nach anescht gestréckt wéi déi vun de Schäffen, da muss een och kucke wat de Revers dovun ass. An do ass och dat alles méiglech.

Mir hunn noch eng Verfassung déi muss respektéiert ginn, mir hunn e Contexte politique. All déi Elementer musse mir elo eng Kéier ofweien, an da wäerte mir eng Solutioun fannen.

Ech mengen, et wier am Interêt vun alle politesche Responsabelen, datt eng Solutioun géif fonnt ginn, well et kann och net esou sinn, datt, wann eppes géif geschéien, datt géif e Buergermeeschter esouguer duerch säin Onwëssen oder duerch iergend een Argument wat net onbedéngt esou evident wier, datt deen elo géif op enger Kéier finanziell a Situatioune kommen déi een net méi kéint droen als Privatmann. Also ech mengen, dat ass scho relativ komplex a mir wäerten do versichen eng Léisung ze fannen.

Roy Grotz: Och e bëssen dann an der Optik vun deem wat d'Riichter geschwat hunn, dat heescht, et war eng Responsabilitéit sécher do, mä penal sinn déi Leit net schëlleg?

Jean-Marie Halsdorf: All déi juristesch Elementer déi do si wäerte sécherlech an deen Avis afléissen.

Roy Grotz: Mir bleiwen nach e bësse bei Ärer Kap als Inneminister, wann Dir wëllt. Mir hu schonn eng ganz Partie iwwer Gemengepolitik geschwat.

Ee vun de Sujeten vun de leschte Méint natierlech, en Dauerbrenner kann ee soen, ass de Waasserpräis. Mir wëllen a Richtung vun engem harmoniséierte Präis goen. Dir hutt gekuckt, wéi kënne mir harmoniséieren, wou kënne mir eis gesinn? An awer fält op, datt d’Differenz tëscht där bëllegster an där deierster Gemeng bal 13 Euro sinn, wat jo en enorme Chiffer ass. Dir wëllt awer als politesche Responsabele vum Dossier och net, datt d’Leit méi géife bezuele wéi 7 Euro de Meterkibb Waasser. Ass dat realisabel, Här Halsdorf? Wéi séier wëllt Dir an deem Dossier virukommen?

Jean-Marie Halsdorf: Dat do ass e gutt Beispill fir ze weisen, datt am Fong geholl Lëtzebuerg net méi alleng kann décidéiere wat ass a wat net ass.

Mir hu jo hei eng Direktiv vu Bréissel déi seet, maacht eng nohalteg Waasserpolitik, wat ech begréissen, wat och richteg ass. Dat heescht, datt ee weess, datt d’Waasser eppes ass wat eenzegaarteg ass a wat ee muss deem entspriechend dann och valoriséieren.

Dofir ass d’Initiativ richteg fir an de Gemengen hei zu Lëtzebuerg – déi 3 Obligatioune vun där Direktiv – éischtens dofir ze suergen, datt d’Gewässer op den Horizont 2015, 2021 an 2027 solle méiglechst proppert ginn.

Zweetens ass dat och richteg fir ze soen, dofir maacht dir e reelle Waasserpräis, wou dir är Käschten huelt an déi da weider verrechent, nom Prinzip vum Pollueur-payeur a vum Utilisateur-payeur. Op Lëtzebuergesch heescht dat, wat ee méi benotzt, wat ee méi muss bezuelen, wat ee méi verknascht, wat ee méi muss bezuelen.

An deen drëtte Volet fir datt ee seet, d’Waasserpolitik ass eng Politik wou de Bierger an d’Biergerinne musse mat agebonne ginn. Dofir maacht eng Informatiounspolitik, dat ass och an deem Gesetz dran, notamment iwwer en esou genannte Partenariat de rivières a soss Avancéeën, déi ee ka maache fir d’Leit mat anzebannen.

Dat heescht also, wat de Produit ass dee mir kritt hu vu Bréissel, ass et richteg. Mä mir zu Lëtzebuerg haten awer an de leschten 200 Joer, bis déi Direktiv komm ass, also bis den Dezember 2008, 116 Waasserpolitiken. Oder et kann een et och anescht ausdrécken: mir haten der vläicht e puer manner, well mir jo Syndikaten hunn déi zesumme schaffen, mä loosse mir soen, mir haten awer 116 verschidden Approchen zum Waasser. Déi eng hunn d’Käschte méi agerechent an déi aner manner.

An da muss een op eng Kéier vun engem Dag op deen aneren dat alles ënner een Nenner bréngen. C’est pas facile!

Doriwwer eraus, an dat ass de sprangende Punkt, ass d’Kompetenz – a mir wollten do einfach op d’Kontinuitéit bauen – net beim Minister mä bei de Gemengen. D’Gemengen hunn déi Kompetenz kritt iwwer d’Verfassung, a si hunn eng Autonomie communale, esou datt et ganz schwéier ass fir de Minister fir der Gemeng Saachen opzezwéngen, opzedrängen. Hie kann dat guer net.

Well mir wollten zum Beispill am Gesetz e Kader setzen, wéi se sollten de Waasserpräis rechnen. Dunn hu mir eng Opposition formelle kritt vum Staatsrot, dee gesot huet, dat geet net, d’Gemengen hunn Autonomie communale laut Verfassung, also musse si dat kënne maachen.

Et ass also kloer, datt an der Waasserproblematik de Ball bei de Gemenge läit, an datt ech hinnen als Coordinateur – an dat ass meng Aufgab, de Minister ass do fir ze koordinéieren, fir ze facilitéieren, fir d’Leit beieneen ze bréngen – eppes proposéieren, wat d’Gemengen da kënnen ëmsetzen. An ech wënsche mir jo dann, datt d’Gemenge sech dorun orientéieren, wat ech hinne gesot hunn.

Et si vill Gemengen déi sech schonn dorun orientéiert hunn. Mä zum Beispill vun deenen 116 Gemengen hate bis virun 2 Wochen nach 26 Gemenge mir net gesot, wat de Käschtepunkt vun hirem Waasser ass, esou datt mir mol net wëssen, wéi en do ass.

Do gesitt Dir, do ass e bëssen en Duercherneen, an dat gëtt nach méi komplex, wann Dir gesitt, firwat datt am Fong geholl déi grouss Écarten, oder Ënnerscheeder sinn. E Gemengepolitiker kuckt den Interêt communal. An de Minister kuckt den Interêt national oder général.

An et ass evident, datt zum Beispill, wann ech een eng Kläranlag huelen. Ech war dëser Deeg zu Wëntger, do hu mir eng Kläranlag ageweit, an zu Wëntger gëtt och elo modern Waasserpolitik gemaach, déi hunn eng Dräistufekläranlag, déi kënnen also do héichwäerteg Ofwaasserpolitik maachen, et ass déi gréisst Gemeng vum Land. An et ass kloer, datt dee Buergermeeschter gär hätt, datt a seng Gemeng esou eng Kläranlag kënnt.

Mä dee vun der Musel hätt déi och gär, déi hu jo och elo hir Kläranlag kritt. Do ass d’Fro, wat ass elo méi wichteg? Musse mir fir d’éischt déi vun der Musel maachen oder fir d’éischt déi am ländleche Raum? An dann ass d’Diskussioun schonn amgaangen. Well da soen déi eng, si muss bei eis kommen, déi aner bei déi aner, an do ass et schwéier Arbitragen ze maachen.

An doduerch entsteet dann déi ganz Reiwung, déi mir do hunn. Doduerch entstinn déi Diskrepanze wat d’Präisser ugeet, an esou weider.

Mir mussen elo kucken, an den nächste 6 Méint, wéi dat sech elo alles tesselt. A wa mir do mierken, oder wann ech do mierken, datt do net méi Gerechtegkeet erakënnt, datt do nach ëmmer [gëtt ënnerbrach]

Roy Grotz: Dat heescht, Dir waart d’Gemengewahlen awer nach of?

Jean-Marie Halsdorf: Natierlech, et muss ee waarde bis d’nächst Joer an da kuckt ee wéi d’Situatioun sech regelt, an da gesäit ee wat ee muss maachen. Dat heescht, dann ass d’Politik gefuerdert.

Entweder muss een da weiderfueren op deem wat mir elo hunn, kucken d’Gemengen nach méi no ze kréien, oder et muss een eng national Approche kréien. All déi Modeller hunn ech jo elo schonn op den Dësch geluecht. Ech wëll deen Debat weiderféieren an ech wëll, datt mir mëttel- bis laangfristeg ee Waasserpräis hei zu Lëtzebuerg kréien, an dat muss och esou sinn.

Wann een deen elo direkt géing aféieren, dat geet op d’Käschte vun deenen engen a vun deenen aneren. Dofir soll een e gewëssene Prozess nach sech maache loossen, an da muss ee wierklech zouschloen, wann een dat dierf esou formuléieren. Et ass am Fong geholl an deem Beräich, wat e sensibele Beräich ass, esou, datt ech un d’Solidaritéit appeléieren, och vun den eenzelne Gemengepappen a –mammen, datt se do solle versiche méi Gerechtegkeet an de System eranzekréien.

Wann dat klappt, kënne mir op deem Modell weiderfueren, wann dat net klappt, da musse mir eis aner Moyenë ginn.

Roy Grotz: Dir hutt mir e gutt Stéchwuert ginn, un d’Solidaritéit vun de Gemengepäpp appeléieren. Vläicht e bëssen ewech vun enger paternalistescher Vue vu senger Gemengeféierung ass bestëmmt och am Dossier wann et ëm Refugiéë geet déi an d’Land kommen, an déi jo mussen ënnerbruecht ginn, wat jo och eng Obligatioun ass, eng national an eng kommunal.

Elo ass et awer esou, datt déi Opnamewëllen, wann ech dat emol esou dierf soen, an de Gemenge jo awer limitéiert ass. Och dat hu mir déi lescht Woche gesinn. Mengt Dir, et wier net awer néideg ze legiferéieren, an deenen do Affären, am Accueil vu Refugiéën, fir déi Leit anstänneg ënnerzebréngen an am Land ze verdeelen?

Jean-Marie Halsdorf: Hei hu mir nees eng Kéier déi Problematik Interêt communal, Interêt national.

An ech fannen, hei wier eng gutt Geleeënheet fir d’Gemengen, de Syvicol soll sech dat emol duerch de Kapp goe loossen, fir ze weisen, datt dat wat si ëmmer afuerderen, Partnerschaft mam Staat, datt se Partner vum Staat sinn. Datt se sech eng national Approche gi vun de Gemengen ausgoend, datt se sech do eng Démarche ginn, wou d’Solidaritéit am Mëttelpunkt steet a wou d’Responsabilitéit am Mëttelpunkt steet.

Roy Grotz: Ass dat realistesch, Här Halsdorf? Mengt Dir wierklech, esou vill verschidden Interêten oder Gemenge kéinte grad an deem do, sou sensibelen Dossier eng Marschrichtung fannen?

Jean-Marie Halsdorf: Ech fannen, et ass derwäert ze probéieren, et ass derwäert déi Fro opzewerfen, dofir werfen ech se hei op, an et ass derwäert, datt driwwer diskutéiert gëtt.

Ech géing mir jo wënschen, datt dat géif klappen, datt mir Solidaritéit a Responsabilitéit kéinte vu Gemengesäit an deem Sënn esou kréien, datt mir net mussen eng national Approche sichen.

Sollt dat sech net maachen, mengen ech, misst en eng national Approche sichen. Da misst ee sech e Moyen ginn, duerch Legiferéieren, wou een da Quote festleet, oder soss Elementer fir do eng Regel an dat Ganzt eranzekréien.

Mä ech mengen, et muss een hei och d’selwecht iwwerleeën, wéi och et an der Verfassung virgesinn ass: wann de Staat et net mécht, an et gëtt an der Subsidiaritéit an der Gemeng gemaach, da muss deen och seng Responsabilitéit huelen. Hëllt dee se net, da musse mir kucke wat mir maachen. Et ass spëtzt sech e bëssen d’selwecht zou wéi am Waasser. An et ass och evident, well d’Interêten hei am Fong geholl d’selwecht sinn.

Ech verstinn, datt dat komplex ass. Lëtzebuerg ass jo hallef esou grouss wéi Däitschland, dofir musse mir jo esou vill Léisunge fanne fir dat hinzekréien. An dat ass jo de Problem. An engem klenge Raum brénge mir et net fäerdeg, verschidde Saachen einfach ze léisen. Dat ass heiansdo schwiereg.

Roy Grotz: Ech denke mir, datt d’Familljeministesch duerchaus mat Iech wëll op dee Wee goen, a wahrscheinlech och der Meenung ass, datt muss vun uewen erof, Dir hutt Quote genannt, oder datt awer muss e Wee fonnt ginn, wéi ee Gemengen och kann an d’Flicht huelen, fir deen Accueil ze garantéieren.

Jean-Marie Halsdorf:D’Familljeministesch huet e Problem, oder besser ausgedréckt d’Regierung huet e Problem, an d’Regierung muss dee Problem léisen. An dat kann een dann nëmmen iwwer deen ee Wee, oder iwwer deen aneren.

Mäin Opruff ass deen, datt hei kéinten d’Gemengen emol eng Kéier vun hinnen aus weisen, datt ee kéint Partnerschaft vu Gemengesäit aus lancéieren. Oft kënnt se vum Staat aus. Da si mir jo Partner. Si si jo e Gremium, e wichtegt Standbeen vun eiser Verfassung a vun eiser Demokratie. An ech mengen, si sollten deem dann och Rechnung droen an dann dee Moment väicht d’Solidaritéit emol eng Kéier esou denken.

Roy Grotz: Wou d’Gemenge sech relativ séier solidaresch mateneen erkläert hunn, dat war am Dossier: “Mir si géint Atomstroumproduktioun, respektiv géint Cattenom�?. Virun allem natierlech all déi direkt betraffe Gemengen am Süden an op der Musel.

Dir waart beim Saar-Lor-Lux Sommet mat dobäi, do wou jo anscheinend – gouf hannen um Enn gesot – d’Conclusiounë jo awer net esou concluant waren, respektiv wou Paräis déi ominéis Stresstester awer nach eng Kéier wollt opweechen. Wat bleift haut fir Iech Rescht vun deem Sommet? Respektiv, ass EDF a Paräis jo nach ëmmer Här a Meeschter iwwer dat, wat zu Cattenom geschitt?

Jean-Marie Halsdorf: A mengen Ae war de Groussregiouns-Sommet vu Metz iwwer Cattenom e Succès, well et muss een e bësse kucke wou een hierkënnt, a wou mir duerno stinn.

Frankräich ass e souveräne Staat, a si kënnen an hirem Land souverän décidéiere wat si maachen. A Fakt ass, datt 75% vum Stroum a Frankräich Atomstroum ass. Et ass also kloer, datt d’Fransousen net kënne vun haut op muer aus där Schinn erausklammen.

Ech fannen et awer da schonn am Fong geholl eng Avancée wa mir et fäerdegbréngen, an dat hunn d’Fransousen eis versprach, an dat ass och geschitt, datt si soen, mir hunn e Comité deen de ganze Fonctionnement vu Cattenom begleet. Do sinn e lauter Fransousen dran a mir sinn d’accord Auslänner mat do eranzehuelen, och Lëtzebuerger.

An ech hunn do e Bréif kritt vum President vum Conseil général de la Moselle, de Patrick Weiten, dee mir dora schreift, mir sollen zesumme kommen, an dann déi Leit designéieren, esou datt mir elo Lëtzebuerger an e franséische Gremium kréien, wou déi da kënne mat diskutéieren a kucken, wann do Iwwerleeunge gefouert gi betreffend Cattenom, fir do eng Begleedung ze maachen. Ech mengen, dat ass awer schonn net schlecht, wann e Staat d’accord ass, datt aner Staate participéieren.

Déi aner Problematike vun de Stresstester, an déi global Energiepolitik, déi mécht een net alleng tëscht Lëtzebuerg a Frankräich, oder dem Saarland. An den Usproch ze hunn op engem Regionalgipfel géif ee grouss Décisiounen huelen, déi iwwer deene géife stoen, déi an der EU musse geholl ginn, dat ass d’Saache falsch duergestallt.

Dofir mengen ech, datt deen Usproch, deen dee Sommet hat, en ass deem gerecht ginn. Mir hunn eppes an der Proximitéit erreecht, well mir waren hei an der Proximitéit. Wat déi aner Elementer ugeet, muss ee kucken.

Och an der Belsch hu mir Atomkraaftwierker. A wann ee kuckt, dat nosten aus der Belsch, dat läit méi no zum Beispill bei Wolz, wéi Wolz bei Cattenom läit. Domat gesäit een och, datt een net nëmmen dierf an eng Richtung kucken, et muss een an all Richtunge kucken. An dofir, d’EU ass hei gefuerdert. An hei muss een eng global Energiepolitik maachen. An ech mengen, do sollen déi Leit d’Décisiounen huele wou se ze huele sinn.

Kloer ass et, datt och an eise Käpp sech eppes muss ofspillen. Well déi meescht Leit, déi ginn an e Raum, drécken op e Knäppchen, da geet d’Lut un. Ech maachen dat och. Et ass awer keen, dee sech iwwerleet, wat dat alles bedeit, wann dat einfach esou geet. Do ass jo Villes hannendrun.

A wann een elo kuckt, wéi d’Wirtschaft sech mécht, zum Beispill déi iPaden, déi iPhoneen, all dat Geschir, dat kascht fir ze produzéieren, et si Batterien dran, all déi Saachen. Mir ginn also praktesch vun der Industrie forcéiert, eis an eng Welt eranzebewegen, déi moderniséiert ass, wou Elektresch am Mëttelpunkt steet, wou Energie am Mëttelpunkt steet.

Op där anerer Säit solle mir dann op eng Kéier awer do eng ganz aner, a vill méi eng nuancéiert Approche kréien zu deem wat dann do produzéiert gëtt. Dat ass e Prozess, dee wäert sech maachen, dee muss sech maachen, mä dee mécht sech net vun haut op muer.

Roy Grotz: E muss awer och begleet gi vun der Regierung.

Jean-Marie Halsdorf: Ech mengen, d’Regierung huet do hir Responsabilitéit geholl. Dat sinn d’Kollegen aus der Regierung Krecké a Schank, déi do Iwwerleeunge gemaach hunn, an ech ënnerstëtzen dat.

Roy Grotz: Mä da mussen awer nach vill Wandmillen, respektiv Solaranlage kommen. Den Här Krecké huet dat jo d’lescht Woch virgerechent, an déi Woch virdrun an der Chamber och. Do stousse mir da wahrscheinlech un Noperschaftskonflikter, respektiv “net op mengem Terrain�?.

Jean-Marie Halsdorf: Ech mengen, wa mir weider komm sinn, soll een do de Bilan maachen a kucken.

Roy Grotz: Nach zum Atomstroum: Dir hutt gesot, Frankräich, do si mir a Kontakter. Mat der Belsch och an deem do Kontext?

Jean-Marie Halsdorf: Et ass jo d’Protection civile, déi hei Uspriechpartner ass, an och de Ministère de la Santé, wou d’Radioprotectioun, wou de Service radiologique ass. An do ginn et technesch Sitzungen.

D’ailleurs, wat elo Lëtzebuerg a Frankräich ugeet, sollen dëst Joer zum Beispill, mam franséische Préfet ass dat ofgemaach ginn, Kontakter stattfannen am Sënn vun Übungen, oder vu soss Conseilen, wou mir iwwer d’Zesummenaarbecht am Beräich vu Katastrofen, an doriwwer eraus, wëllen diskutéieren.

Roy Grotz: Dir hutt den 112 ugeschwat. Am Joer vum Benevolat – Dir hutt et am Ufank och schonn eng Kéier ugeschwat, all déi benevole Leit, déi als Secouristen oder als Pompjeeën am Rettungswiesen aktiv sinn – ass eng grouss Reform amgaangen. Si concernéiert ganz vill Zentren, ganz vill individuell Organisatiounen, Schemen, Strukturen déi iwwer déi lescht Joerzéngte gewuess sinn.

Wou si mir an där do Reform drun? Et gëtt jo och vun engem Gesetzesprojet geschwat fir d’Indemnitéiten, ebe fir déi Fräiwëlleg. Kënnt dat? Ass dat chiffréiert ginn? Wou steiere mir do hin?

Jean-Marie Halsdorf: Wat d’Rettungswiesen ugeet, éischte Constat, mir brauchen déi Reform. Zweete Constat, et ass net dem Minister seng Reform, et ass de Leit hir Reform. An dofir ass et och esou, datt d’Leit déi Reform maachen. Dofir hu mir elo Aarbechtsgruppen, déi schaffen déi eenzel Beräicher aus.

Dir hutt elo ee Beräich ugeschwat, d’Indemniséierung vun de Leit. En anere Beräich dee wichteg ass, ass de Statut. Wéi ass de Statut vum Professionellen? Wéi ass de Statut vum Benevole? En anere Beräich ass deen, wéi soll dat juristesch kadréiert ginn? En anere Beräich ass deen, wéi soll d’Gestioun herno sinn? Soll dat Établissement public ginn, oder wéi solle mir dat geréieren?

En anere Beräich ass deen, d’Geforepotenzial par rapport zum deem wat mir hunn, wéi solle mir dat spille loossen? An do si mir jo amgaangen eng Kaart ze maachen, wou een dann am Land gesäit, voilà, an deenen do Regiounen ass dat Geforepotenzial, an do brauche mir dee Moyen.

Ech ginn Iech e Beispill. Wann Dir en Tunnel do hutt, ass sécherlech méi Geforepotenzial do, wéi wann Dir keen hutt. Wann Dir e Seveso-Betrib hutt, gëtt dat aner Problemer, wéi wann Dir keen hutt. De Mäerterter Hafen huet vill méi grouss Geforepotenzialer wéi eng Schmelz. Mä eng Schmelz huet der och nees eng Kéier, an esou weider.

All déi Saache ginn ofgewien. Doraus gëtt dann eng Äntwert gesicht. An da muss e Gesetz gemaach ginn – an dat ass mäin Usporn dat d’nächst Joer ze maachen, 2012 – wat da soll déi ganz Iwwerleeungen hikréien, déi méi nuancéiert a besser un den Terrain ugepassten Aart a Weis fir der Gefor ze begéinen.

Well wa fréier e Pompjee Zaldot war vum Feier, dann ass en haut éischter en Techniker vun der Gefor oder vum Risiko. An dofir muss ee verstoen, mat där Aart a Weis wéi sech eist Rettungswiesen zu Lëtzebuerg entwéckelt huet, datt mir am 21. Joerhonnert sinn, datt een dat wat een haut décidéiert awer nëmme kann décidéieren am Respekt vun deem wat mir haten.

Well och déi Leit, déi sech joeran, joeraus, 365 Deeg d’Joer, 24 Stonnen op 24 asetze fir hir Matbierger, praktesch benevole, dat verdéngt och d’Unerkennung vun der Politik an och mäi Merci, deen ech hei nach eng Kéier wëll esouguer en Public soen. Déi Leit si wierklech remarquabel, grad esou wéi alleguer déi aner Leit, déi sech am Benevolat asetzen.

Et ass ee sech deeës oft net bewosst, wat do alles geleescht gëtt. Dat soll een emol eng Kéier soen, am Joer vum Benevolat, datt dat Leit sinn déi d’Politik brauch; datt dat Leit sinn déi d’Gesellschaft brauch; datt dat Leit sinn déi virbildlech sinn; datt dat Leit sinn déi deenen Anere mussen de Wee weisen, datt déi och esou ginn, well da kritt ee Satisfaktioun, an d’Satisfaktioun mécht een net alleng mat Suen.

Roy Grotz: Déi Benevole soen Iech bestëmmt Merci, an déi wëlle jo och zum dackste kee Loun, well soss géif et jo och den Terme a sech entkräften, an hiren Asaz och.

Ech froen awer nach eng Kéier: mat den Indemnitéite fir d’Secouristen, dat gouf hinne jo an Aussiicht gestallt, wéi séier kënnt dat? Respektiv, gëtt do e Reglement ausgeschafft?

Jean-Marie Halsdorf: Do sinn 3 Saachen ze soen. Fir d’éischt, et gëtt en Ënnerscheed gemaach tëscht Benevolat am Rettungswiesen an dem Benevolat am Generellen, well de Benevolat am Rettungswiesen eng Mission originaire ass vun de Gemengen, déi also eng aner Nues huet, wann een dat kann esou soen. Dofir ass dann och décidéiert ginn an déi Richtung ze goen.

Déi Indemniséierung ass kontraktuell. An déi hu mir elo ugefaange wat d’Ambulanzfueren ugeet, well mir do wierklech Problemer hunn. Dofir ass dat elo gemaach ginn. Et ass éischter eng Mesure d’urgence.

Dee Reglement, dee mir do wäerten huelen, dee wäert sech dorunner orientéiere wat mir elo hunn, an dee wäert awer ni eng Pai ginn, mä just eng Indemniséierung, an dee wäert da kontraktuell sinn. Dat heescht, du engagéiers dech esou vill Stonne Garde ze maachen, esou vill Stonnen hei oder do, an do dogéint kriss de eng Indemniséierung.

Wéi déi elo genee ausgesäit, dat ass net u mir haut an hei do Zuelen ze nennen, well do hu mir jo déi Aarbechtsgruppen, wou d’Leit vum Terrain selwer kucken, wat ass a wat net ass. De Minister kuckt herno, wann dat fäerdeg ass, wat ass a wat net ass. Dofir ass net u mir haut an hei ze soen, wéi dat ausgesäit. D’Leit um Terrain sollen dat diskutéieren. Deen Aarbechtsgrupp fonctionnéiert, an en temps utile, dat heescht nach dëst Joer, ginn ech dovun aus, oder spéitstens d’nächst Joer wäerten do Chifferen um Dësch leien.

Sécher ass, en neit Rettungswiese kréie mir net fir näischt, dat ass kloer.

Roy Grotz: Dat héieren, déi Benevole och gär, datt [gëtt ënnerbrach]

Jean-Marie Halsdorf: An et ass och esou, an dat ass fir mech eben de Critère deen zielt, d’Rettungswiesen ass e Recht fir jiddwereen, an der selwechter Zäit eng Hëllef ze kréien, egal wou en am Land wunnt. Mir hunn eis do 8 Minutten oder 10 Minutte ginn, do ass eng éischt Persoun op der Plaz, déi eng stabil Säitelag mécht, respektiv eventuell soss eng Interventioun, déi de Mënsch brauch, an da kënnt dee ganzen Apparat hannendrun. Dat ass den Usproch dee mir hunn. Ech hoffen datt mir en erreechen.

Roy Grotz: Här Halsdorf, komme mir op de Volet Défense ze schwätzen. Wann een d’Biller gesinn huet vun deene leschte Wochen, respektiv och d’Reaktiounen nom Dout vum Bin Laden, wëssend och ëm eist Engagement vu lëtzebuerger Zaldoten am Afghanistan. Esou gefrot: ass d’Welt e Stéck méi sécher ginn?

Jean-Marie Halsdorf: Wann ee mengt, datt esou en eenzelnen Akt géif duergoe fir d’Welt méi sécher ze maachen, mengen ech, da wier ee sécher dann net um richtege Wee. Ech sinn der Meenung, datt déi Welt, wéi se sech entwéckelt huet, sech och wäert, wa se sech anescht entwéckelt, wäert dat sech och step by step maachen, wéi ee seet.

Kloer ass, datt doduerch, datt de Bin Laden net méi ënner eis ass, datt dat sécherlech Effeten huet. Mir hunn eis och hei, zu Lëtzebuerg dorop agestallt. Eis Geheimdéngschter liewe jo net an engem loftleere Raum, déi si jo a Verbindung mat där ganzer Welt. A mir hunn och eng Evaluatioun vum Risiko hei zu Lëtzebuerg gemaach. Mir hunn dann och déi néideg Dispositioune geholl, wat eventuell terroristesch Aktioune kéinte sinn.

Mä do gëtt et keng 100%eg Léisung, dat wësse mir, esou datt, wat déi ganz Problematik vum Terrorismus ugeet, datt een déi nëmme kann, wéi ech gesot hunn, lues a lues kadréieren.

Roy Grotz: Huet sech d’Situatioun dann och hei zougespëtzt, allgemeng? Besonnesch zu Lëtzebuerg, ginn d’Sitë méi streng bewaacht, méi no bewaacht wéi virdrun?

Jean-Marie Halsdorf: En Fonctioun vun deenen Informatiounen déi kommen, ginn dann déi verschidde Risikositë sécherlech anescht begleet, jo.

Roy Grotz: Ech hunn dovu geschwat vun der lëtzebuerger Präsenz, eisen Zaldoten am Afghanistan. Et huet een elo nach rezent dëser Deeg vun Attacken héieren op däitsch Zaldoten, vun, ech soen emol, rosenen Afghanen. Net méi spéit wéi dëse Freideg sinn Dingoen Richtung Kabul geschéckt ginn. Dat seet mir alles, datt deen Asaz nach net haut oder muer eriwwer ass.

Jean-Marie Halsdorf: Wann een iwwer eis Arméi schwätzt, da muss een déi global gesinn. Dat heescht, eis Arméi gëtt jo elo no där neier Philosophie, vun deenen dräi “D�? – Défense, Diplomatie an Développement – opgebaut. An dee Moment ass also d’international Missioun d’Kärstéck vun dem militäreschen Handelen. Et ass e Stéck Aussepolitik, kann ee bal soen.

Also ass et wichteg, datt mir op deene Plazen an der Welt wou Mënsche schlecht dru sinn, a wou et geféierlech ass, datt mir do d’Militär hischécken. Well par définition, do wou mir d’Militär hischécken ass et geféierlech. Also musse mir dat maachen, wat sech do imposéiert, an zwar de Leit déi bescht Méiglechkeete gi vu Material, an och soss, datt de Risiko, datt hinnen eppes geschitt esou kleng wéi méiglech gëtt. Dat ass dat wat mir maachen.

Dofir schécke mir déi Dingoen dohinner, dat si Protected Reconnaissance Vehicles, PRV heescht dat, déi brénge méi Sécherheet wann d’Leit sech dora bewegen. Dofir kann awer ëmmer eppes geschéien. Eis Leit si jo um Fluchhafen zu Kabul, si sollen do e Gate iwwerwaachen. Si maachen dat an engem belsche Contingent, mat de Belsch zesummen. An d’Belsch hunn d’ailleurs och Dingoen. Dat heescht, mir hunn déi selwecht Ween déi eng an déi aner. Hir sinn e bëssen anescht ausgerüst, se kënnen awer matenee communiquéieren.

Et ass also wichteg, datt mir, wa mir Décisiounen huelen, déi mat eisen Noperen zesummen huelen, respektiv mat deene Leit wou mir zesumme schaffen. An et ass esou, Dir hutt dat jo och gelies an der Press viru Wochen, datt elo am Benelux versicht gëtt méi zesummen ze schaffen. D’Hollänner hunn ugeklappt fir och mat de Lëtzebuerger a mat de Belsch Saachen zesummen ze maachen, fir ebe Suen anzespueren, a fir eben och eng Strategie kënnen ze maachen, wou deen een oder deen aneren dovu profitéiert.

Afghanistan ass nun emol eng Missioun, déi mir zesumme mat de Belsch maachen, esou datt mir eis wäerten un déi belsch Iwwerleeunge bannen. An et ass nun emol esou, datt de belsche Verdeedegungsminister de Moment nach keng Décisioun geholl huet, ob si erëmkommen oder net erëmkommen. Ech weess, datt en awer e Mandat huet, mengen ech, ass et bis 2011 oder 2012, wou mir am Afghanistan nach wäerte präsent sinn.

Mä souwisou muss een déi ganz Situatioun elo kucken, wéi déi sech elo tesselt, wou de Bin Laden dout ass, wéi d’Amerikaner do virginn.

D’Iddi ass jo awer déi vun enger schnellstméiglechster Afghaniséierung. An Afghaniséierung heescht, datt d’Afghanen hiert Land selwer an d’Hand huelen. Dofir gëtt jo och déi ganz Strategie mat den OMLTen [Operational Mentoring and Liaison Team, ndlr], dat si jo déi Liaison Teams, déi Leit erofschécke fir si auszebilden. Och wann d’Truppen do op den Terrain ginn, da ginn déi doubléiert vun Amerikaner, oder vun Däitscher, oder Fransousen.

Eis Leit sinn awer just um Fluchhafen. Dat heescht, de Risiko bei eise Leit ass e bësse méi kleng vläicht, wéi wann een am Kundus ass, oder soss op der Front. Mä de Risiko besteet.

Roy Grotz: An et ass net geplangt och e Lëtzebuerger ze detachéieren fir ebe just, Dir hutt et genannt, zu Kundus Poliziste mat auszebilden.

Jean-Marie Halsdorf: Mir hu lëtzebuerger Militär déi an internationalen Organisatioune sinn. Wann déi an esou Situatioune kommen, sinn déi natierlech dobäi, dat ass ganz kloer. Mä datt mir elo géife wierklech an en OMLT géifen eraklammen, dat ass net geplangt.

Roy Grotz: En anert Engagement zesumme mat der belscher Regierung – ech kommen net dolaanscht doriwwer ze schwätzen, iwwer eisen halwen Transportfliger, den A400M. Wéi geet et do virun? Wéini ass déi Liwwerung virgesinn, an ass entretemps e Präis fixéiert, op deen ee sech kann aschéissen, respektiv preparéieren ze bezuelen?

Jean-Marie Halsdorf: Wat den A400M ugeet, mengen ech, muss een dee justement mat deem Brëll kucken, wou ech elo grad eis Arméi beschriwwen hunn. Dat heescht, datt dat e Geste ass, wou mir Solidaritéit weisen a wou mir wëlle soen, mir Lëtzebuerger paken eng Hand mat un an deem groussen Europa, mir sinn och een, a mir wëllen dofir, mat de Belsch nees eng Kéier zesummen, esou e Fliger dann ebe geréieren.

Wichteg ze wëssen ass, datt déi Décisiounen déi geholl gi vum Minister, déi ginn och ëmmer de concert geholl mat der Chamberkommissioun. Hei gëtt d’Chamber also och hiren Avis iwwer d’Gesetz gefrot. An dofir ass et och wichteg, datt d’Chamber an dëse Beräicher mat implizéiert gëtt. An dat geschitt och gutt, an do ass och e ganz gudde Flux informationnel. Dat wëll ech och emol nach soen.

Dee Fliger, den A400M ass jo eng Décisioun, déi ass jo scho laang geholl. An et war wierklech am Ufank bal d’Geschicht vun der rouder Geess. Ech sinn elo frou, datt mir esou wäit sinn. Dee Fliger kënnt, 2019 wäerte mir e geliwwert kréien – mir sollten en éischter geliwwert kréien – an d’Bezuelunge wäerte sech dann echelonéieren iwwer méi Joeren. Wat dat genee ass, kann ech Iech leider net soen, dofir wëll ech och elo kee Chiffer hei nennen. Well wann ech elo e Chiffer hei nennen, da gëtt gesot, deemools hat en dee gesot, elo ass et awer en aneren.

Kloer ass et, datt et net substantiell méi deier gëtt wéi déi Enveloppe – oder ech géif et anescht ausdrécken – datt déi Enveloppe déi mir an der Chamber hunn, datt déi duergeet eises Wëssens no elo, fir dee Fliger ze bezuelen. An dat muss een elo kucken, well déi Enveloppe ass jo och indexéiert, dat waren, mengen ech, 120 Milliounen, déi sinn indexéiert. An do muss een ebe kucken, wa mir e geliwwert kréien, wat dat ausmécht.

Mä kloer ass et, datt dee politesche Wëllen do war fir esou e Fliger ze féieren. Wat och eng grouss Chance ass fir eis Arméi. Lëtzebuerger kënnen elo Pilot ginn an der belscher Arméi, well si léieren elo op belsche Fligeren hiert Handwierk. An duerno kënne se den A400M fléien, a mir warten déi och zesumme mat Belsch, esou datt dat hei eng win-win Situatioun ass. Mir bréngen de Belsch d’finanziell Moyenë mat eran, och anerer, a si huelen eise Fliger mat eran. Doduerch maache si och méi eng käschtegënschteg Gestioun vun hirem Material, wann ee wëll.

Roy Grotz: Komme mir nach eng Kéier zréck op Lëtzebuerg – d’Zäit leeft eis an deem Sënn fort – bei d’Aarbecht déi hei vun der Police am Land geleescht gëtt, wou mir och eng ganz aner Problematik hu vun héijer Jugendgewaltbereetschaft, Jugendkriminalitéit.

Wéi géift Dir den aktuellen Zoustand, vum lëtzebuerger Policecorps beschreiwen? Leeft dat an déi richteg Direktioun, wann ee seet, d’Präventioun muss spillen, mä d’Interventioun awer och,wann et drëms geet?

Jean-Marie Halsdorf: Dir hutt elo 2 Saachen ugeschwat. Fir d’éischt hutt Dir ugeschwat, d’Jugendgewalt, déi sécherlech an d’Lut geet. Ech hunn och 2 Questions parlementaires d’ailleurs doriwwer kritt, wat weist, datt dobausse sech Suerge gemaach gëtt. De Weekend ass se nuets, an oft ass Alkohol am Spill. Dat muss ee wëssen, wann een doriwwer schwätzt.

An natierlech ass d’Police am Fong geholl hei d’Stéifkand. Si sti matten dran. Well wann ee wëll Léisunge sichen, wat déi Gewalt ugeet, da si méi Träger do, loosse mir soen. Do sinn d’Eltere gefuerdert, déi sozio-kulturell Gesellschaft ass gefuerdert, do ass d’Schoul gefuerdert. Do sinn also vill Leit, déi mussen un engem Strang zéien. A mir mussen och do kucken, datt mir eis horizontal do Moyenë ginn.

Wat wichteg ass, an dat hunn ech och gemaach, ech hunn d’Police emol chargéiert eng Analys ze maachen, wéi et hei zu Lëtzebuerg genee ass, an och par rapport zum Ausland. Well ech mengen, datt mir net méi schlecht sinn an net besser si wéi am Ausland. Mir musse Léisunge sichen, an ech mengen, datt mir déi och kënne fannen. An datt eben dann d’Police sech do richteg kann an dat Bindeglied erasetzen, datt se déi Aufgabestellung déi se huet, datt se déi ka beschtméiglech maachen am Interêt vun eiser Gesellschaft, am Interêt vun eisem Land, am Interêt vun eise Biergerinnen a Bierger.

Eis Police ass sécherlech duerch déi Gewaltbereetschaft, déi méi grouss ginn ass, an enger schwiereger Situatioun, an enger komplexer Situatioun. An iwwerhaapt musse mir kucken, wéi mir d’Police opstellen. Dofir sinn ech amgaangen och Iwwerleeungen ze maachen iwwer d’Opdeelung vun eiser Police. Well mir mussen déi méi upassen un d’Gegebenheete vum Terrain. D’Gewalt ass eng Gegebenheet, mä och de ganze Fonctionnement vum Raum ass anescht an engem ländleche wéi am städtesche Raum.

Or, mir hunn e Gesetz vun 1999. Dat Gesetz ass da geschriwwe ginn 1995. Elo si mir 2011. Dat heescht, dat si 16 Joer al Iwwerleeungen. Wann Dir kuckt, mat wéi enger Vitesse eis Gesellschaft sech evoluéiert huet, ass et kloer, datt mir d’Gesetz och mussen upassen un d’Gegebenheete vum Terrain. D’Police brauch méi Flexibilitéit, si brauch aner Moyenë fir hir Aarbecht gutt ze maachen. An et ass dat, wat mir alleguer gär hätten.

Roy Grotz: Heiansdo kritt d’Police awer och an hir Moyenen, oder hir Demarchen drageschwat. Ech schwätzen natierlech e Ministerkolleg vun Iech un, dee sech agesat huet fir säi Fils, vläicht e bëssen ze vill, nom Goût vu Verschiddener. Wéi geet et där Beamtin, déi dee Rapport geschriwwen huet, respektiv, wat ass do bei Iech Rescht bliwwen? Kann een do Conclusiounen zéien aus esou engem Virfall?

Jean-Marie Halsdorf: Ech mengen, datt déi Aarbecht vun der Police eng komplex Aarbecht ass. Ech hunn et gesot, an et ass kloer, wann een eppes deen ee Wee mécht, datt deen aneren dat besser fënnt, an ëmgedréint. Wou do d’Wourechte sinn, dat ass ëmmer schwéier ze definéieren.

Fir mech ass et kloer, eis Police huet an dëser Affär gutt geschafft, richteg geschafft, an et ass eben un der Appréciatioun vun deem engen a vun deem anere fir déi eng oder déi aner Conclusioun ze zéien. Ech fannen eis Police mécht eng gutt Aarbecht. Ech stinn hannert hinnen an ech ënnerstëtze si an hirer schwiereger Aufgab. Sécherlech, wann een an eng Situatioun kënnt wou een virdrun net dra war, datt ee bestrooft gëtt, oder eppes gemaach gëtt wat net legal ass, ëmfënnt deen een dat anescht wéi deen aneren.

Ech fannen, si maachen eng gutt Aarbecht a si brauchen och déi richteg Kaderconditiounen, an déi versichen ech hinnen ze schafen.

Roy Grotz: Kaderconditiounen, mir hunn eis Nolauschterer gefrot Froen eranzeschécken.

Et froen Nolauschterer, wéi gesäit et mam Colonel Ries aus? Wou ass dee Mann drun? Wat mécht hien a wat sinn Är Conclusiounen an där Affär?

Jean-Marie Halsdorf: Den Här Ries ass de Moment nach ëmmer Planificateur vun der Arméi. Säi Mandat leeft aus Enn Juli. Et ass schonn en neie Planificateur genannt. An dat ass d’Situatioun wéi se ass.

Roy Grotz: Bei Iech ass wat Rescht bliwwen? Amertume oder Roserei oder ... ?

Jean-Marie Halsdorf: Ënner responsabele Leit muss jiddweree wësse wat hie mécht. A jiddweree muss dat kënnen dann assuméieren. Ech kann Iech just soen, wann ech an deem Fall gewiescht wier, ech hätt anescht reagéiert.

Roy Grotz: Domat kënne mir deen Dossier op d’mannst ofschléissen. Fir Iech, Här Halsdorf, wat ass perséinlech a politesch Äre gréisste Wonsch?

Jean-Marie Halsdorf: Mäi perséinleche gréisste Wonsch ass deen, datt mir et fäerdeg bréngen an där Gesellschaft wou mir liewen, datt mir déi Kohäsioun behalen déi mir brauchen, fir datt d’Liewe Freed mécht. Datt mir am Fong geholl méi mënschlech Wäerter a vläicht aner gesellschaftlech Wäerter an de Mëttelpunkt stelle vun deem wat mir maachen, an net nëmmen alleng de Fric. Dat ass ee Wonsch deen ech hunn.

An ech hätt gär, datt meng Kanner, an enger Welt wou mir haut liewen, datt déi och eng schéin Zukunft kréien. Dat ass mäi gréisste Wonsch.

Roy Grotz: Politesch vläicht nach.

Jean-Marie Halsdorf: Politesch ass mäi Wonsch deen, datt déi Reformen déi ech ustriewen, datt mir déi alleguer reusséieren, well déi an der Verlängerung sti vun deem, wat ech virdru gesot hunn.

Roy Grotz: Domat wënsche mir Iech och bonne Chance. Et sinn e ganze Koup Dossieren, mir hunn der nëmmen e puer konnten uschwätzen. Mir hunn en engagéierte Minister erlieft. Wéi gesot, bonne Chance, datt et bis un d’Enn vun der Legislatur domat fäerdeg gëtt.

Mir soe Merci fir d’Nolauschteren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact