Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Juin 2011 > Jeannot Krecké, invité de l'émission "Background - am Gespréich"

Interview
Jeannot Krecké, invité de l'émission "Background - am Gespréich"
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 04-06-2011

Vers le niveau supérieur
Guy Kaiser: Eisen Invité ass den Ambassadeur vun eiser Ekonomie am Ausland. Et vergeet bal kee Mount, wou hien net iergendwou um Planéit Reklamme mécht fir eist Land, oder och e bësselche méi staatstragend formuléiert: Promotioun.
Jeannot Krecké, e schéine gudde Mëtteg.

Jeannot Krecké: Gudde Mëtteg.

Guy Kaiser: Dir sidd zanter 2004 Wirtschaftsminister. Promotiounsreesen hunn dat jo esou u sech, datt een net Heem kënnt an einfach esou ka soen, voilà, ech bréngen en neie Betrib mat op Lëtzebuerg mat esou vill honnerte Milliounen Investitiounen, an och wa méiglech neien Aarbechtsplazen. Ma op déi lescht 7 Joer zréckgekuckt, wat sinn d’Héichpunkte vun all Äre Reesen, wou gouf et en Erfolleg, dee sech da Joeren duerno vläicht a boer Mënz ausgedréckt huet?

Jeannot Krecké: Ee vun den Erfolleger ass, datt mir virun allem dee gudden industriellen Tissu dee mir haten, datt mir trotz Schwieregkeeten an Europa, wat d’Industrie ubelaangt, a besonnesch hei och zu Lëtzebuerg, et fäerdeg bruecht hunn de gréissten Deel ze halen, an elo eng ganz Rei méi kleng Entreprisë bäikruten. Et gëtt eng Tendenz, ewech vu groussen Entreprisen déi sech etabléieren, hin zu méi klengen, déi da wuessen, an deenen een ebe muss Bäistand leeschten, fir datt se anstänneg kënne wuessen.

Dann hu mir ganz einfach eng Rei Secteuren déi wierklech eppes bréngen. Ech war elo a Japan, hir gréisst Internethandelsfirma kënnt op Lëtzebuerg. Si ass zum Deel hei, mä déi baut elo massiv aus, dat ass Rakuten. A vu Korea krute mir d’Zouso elo, datt dee gréissten Hiersteller vun Internetspiller – dat heescht esou Applikatiounen déi een eroflued fir ze spillen, fir Auto ze fueren, an Ähnleches – datt deen och elo op Lëtzebuerg kënnt fir seng europäesch Plattform, während e schonn an England etabléiert war.

Dat war fir mech déi flottsten Experienz elo an deene leschte Méint. Just fir ze soen, dee geet an England fort. An de Grond ass deen, deen huet dat och ëffentlech dohanne bekund, hie sot "mat de lëtzebuerger Vertrieder hat ech elo 15 Reuniounen, mat den engleschen Autoritéiten nach net eng – elo geet et mir duer, ech ginn dohinner wou d’Leit sech fir mech interesséieren."

Guy Kaiser: Wat ass dann iwwerhaapt nach den Attrait vu Lëtzebuerg? Gëtt op deene Promotiounsreesen net och e bësselche gelunn? Ech mengen, op esou Reese gëtt natierlech, dat verstinn ech och, ëmmer nees drop higewisen, datt am Grand-Duché alles esou einfach ass, déi administrativ Weeër wiere kuerz – dobäi stëmmt dat net onbedéngt, soss bräichte mir jo net d’Simplification administrative.

Jeannot Krecké: Wann ee Promotioun mécht, da wëll een eppes verkafen, wann een esou wëll, säi Land duerstellen. Da weist een natierlech déi flottste Säite vu sengem Land, an et verheemlecht ee vläicht e bëssen déi aner.
Mä et dierf een net iwwerdreiwen domat, well dann ass et keng Promotioun méi, da gëtt et Propaganda. A Propaganda ass eppes, dat gëtt entlarvt an dat schwätzt sech erëm, an dat ass dann negativ. Wann ech de Leit Saache verspriechen, déi manifestement hei zu Lëtzebuerg net anzehale sinn, da gëtt dat kee Sënn.

An ech hunn elo de Fall vun engem koreanesche Betrib deen hei etabléiert ass, elo wëll weider ausbauen, a gesot huet, "lauschtert, et dauert bei iech ze laang, et deet mir Leed, mir gi gär enzwousch anescht". Dann huet et kee Wäert, datt ech deem soen, neen, a 6 Méint ass dat an der Rei. Dat huet kee Wäert, datt ech him dat erzielen, well ech weess, dat geet net. Da muss ech probéiere mat anere Saachen en hei ze halen.

Guy Kaiser: Bedeit dat dann net, datt mir eis komplett an den Artikelen a Paragraphe verheddert hunn?

Jeannot Krecké: Dir wësst, datt ech schonn oft Stellung dozou geholl hunn. An ech bleiwen dobäi, datt mir hei zu Lëtzebuerg eis Saachen ze vill komplizéiert maachen, an allen Domainer, esouguer an Domainer, wéi gesot, déi an de Beräich vum Ëmweltschutz, vun Ëmweltstandarden eraginn.

Wéi ech mam Fliger vun Norwegen zréckkomm sinn an iwwer Däitschland geflu sinn, do gesäit ee Wandmille mëtten a widder Bëscher stoen. Dat ass bei eis net erlaabt, an da soen ech ëmmer, firwat?

Guy Kaiser: Ekonomie an Ekologie solle jo Hand an Hand goen, gëtt gesot. Sidd Dir dann do awer net op permanentem Krichsfouss?

Jeannot Krecké: Neen, wat d’Standarden an d’Niveauen déi gefrot ginn ubelaangt, ass dat nach net esou dramatesch. Et ass méi d’Längt, d’Delaien. Et dauert alles ze laang.

Ech mengen, datt een Nee gesot kritt, oder datt mir soen, hei si mir méi streng, gefält mir net ëmmer. Mä enfin dat akzeptéiere Betriber, datt se gesot kréien, hei bei eis ass et esou, esou an esou. Heiansdo froe se, firwat ass et bei iech méi wéi bei aneren? Mä enfin, dat akzeptéiere se éischter wéi de Fait, datt eppes schleefe gelooss gëtt, an datt se keng Äntwert kréien, an datt se net verstinn, firwat datt se Etude op Etude musse maachen. Dat ass méi de Problem. Et ass net den Inhalt selwer.

Guy Kaiser: Dir gitt, grad wat den Ëmweltschutz betrëfft, jo nawell gär kritiséiert. Nach gëschter hunn déi jonk Gréng sech iwwer Iech geiergert, wéi Dir dës Woch da mat waart an Norwegen. Dir kritt virgehäit, Dir hätt Iech de Projet vu Statoil ugekuckt, wou et jo drëm geet den CO2 ënnert d’Mier ze stockéieren. Dat wier eng geféierlech Saach, schreiwe si, an Dir hätt besser gehat, Iech deen norwegesche Park vun de Wandmillen ukucken ze goen. Wat sot Dir zu esou Kritiken?

Jeannot Krecké: Dat ass groben Unfug a grobe Quatsch. Well éischtens hunn ech eng ganz Rei Reuniounë gehat, ebe just mat Firmen, déi am Beräich vun den erneierbaren Energië sinn. Mir hunn, esouguer vu Statoil, e ganze Koup Projetë gekuckt déi Wandmilleprojetë sinn. Et ass also Quatsch wat s’erzielen.

Mä zweetens ass et grad esou e Quatsch fir elo ze soen, dat wier geféierlech. Wësst Dir, ënner Berlin do ass eng Gaskummer, déi ugeluecht ass. Déi ass 10 Mol méi geféierlech, wéi wann een do CO2 géing stockéieren. CO2 stockéieren ass elo op eemol de Riseproblem.

Wësst Dir, firwat datt ech Statoil nolauschtere gaange sinn? Hei gëtt jo quasi egal wat zu deem Thema do erzielt, a kee Mënsch weess richteg wat leeft. Statoil huet eng Erfahrung zanter 1995, net nëmmen am Mier, mä och bei hinnen um Kontinent, esouguer an der Sahara, wou se Projeten hunn. Zanter 1995, ouni iergend en Akzident.
Si erklären iech och d’Problemer. Si soen, bis wouhinner e Risiko besteet. Mä dee Risiko ass wäitaus manner grouss, wéi iergendwéi aner Risike mat deene mir haut liewen, a wou just zoufällegerweis zu dësem Zäitpunkt net geschwat gëtt. Dofir kann ech nëmmen de Kapp iwwer esou eppes rëselen.

An et ass d’Onwëssenheet vun deene jonke Leit do, déi mir och Angscht mécht. Si schwätzen iwwer eppes, wou se manifestement net wëssen ëm wat datt et geet, soss géinge se net esou schwätzen.

Guy Kaiser: Et gi jo nach aner Kritiken, zum Beispill, Dir stéingt ze vill op der Säit vum Patronat, fir net ze soen ënner deem senger Schlapp?

Jeannot Krecké: Wäit ewech vu senger Schlapp. Frot den Här Dennewald emol, wat hien dovun hält, deen ass net esou frou mat mir iwwer eenzel vu menge Reaktiounen, an Aart a Weisen, wéi ech mat hinne virginn.
Mä et ass richteg, als Wirtschaftsminister sinn ech do fir ze kucken, datt d’Betriber kommen, datt d’Betriber déi hei sinn anstänneg behandelt ginn, datt se ausbauen, datt se sech gutt fillen. A selbstverständlech setzen ech mech dofir an.

Ech sinn och der Meenung, et kann een déi Kou, déi awer d’Mëllech bréngt, net einfach wëlle futti maachen. An dofir kucken ech se ze ernieren, esou gutt wéi dat nëmme méiglech ass. An dofir ënnerstëtzen ech, a sinn och e bëssen de Virspriecher, wann ech da gesinn, datt d’Kritiken aus deene Reie kommen, déi berechtegt sinn.

Guy Kaiser: An deem Sënn soen ech, Dir sidd en Hardliner, well Dir eben d’ganz Gewiicht op d’Ekonomie leet, dat ass jo och dann Är Fonctioun, schliisslech sidd Dir jo Wirtschaftsminister. Domat maacht Dir Iech awer net nëmme Frënn, och net an der eegener Partei. Well Dir dat ganzt Gewiicht, wéi gesot, op dat Wirtschaftlecht leet, ass Är Sprooch noutgedrongen eng aner wéi déi, déi d’Gewiicht op dat Soziaalt leeën. Et stellt sech d’Fro, wat war fir d’éischt do, d’Ekonomie oder dat Soziaalt?

Jeannot Krecké: Dat Soziaalt ass net méiglech, wann eng Ekonomie net dréint. Well wou gëtt dann nach Räichtum geschaaft, deen herno ka verdeelt ginn, a wou een all d’Leit anstänneg ka bedéngen?

Bei eis an der Partei ginn et, wéi och an anere Parteien, vläicht verschidde Stréimungen, oder loosse mir soen, Sensibilitéiten éischter.
Ech hunn eng grouss Sensibilitéit fir eng anstänneg an eng gerecht Ëmverdeelung. Mä ech muss awer fir d’éischt kucken, datt emol eppes verdéngt gëtt, ier ech et kann ëmverdeelen. A bei eis sinn awer och eng ganz Rei Leit, déi éischter wëllen ëmverdeelen, ier se sech Gedanke maachen, wéi kënnt dat Ganzt eigentlech zesummen. An ech wier frou, wa mir géinge bei eis an der Partei e bësse manner dobaussen diskutéieren, a vläicht méi nobannen. Ech sinn [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat mécht se awer nobaussen.

Jeannot Krecké: Jo, ech sinn oft kritiséiert ginn och nobausse vun eenzelne Leit. Déi hu sech awer net mat mir selwer ausernee gesat, an direkter Konfrontatioun. Ech ginn awer vill dorëmmer esou Konferenzen halen, wou ech iwwregens keng Ried halen, mä nëmmen op Froen äntwerten, mä wou ech awer meng Meenung soen. An ech mierken, datt ech net esou a Schwieregkeete komme wann ech meng Meenung soen, déi net ëmmer agreabel ass.

Mä wann een de Leit eppes anstänneg erkläert, an d’Zesummenhäng erkläert, well et ass nëmme wann een opkläert, datt d’Leit sech och e Bild kënne maachen, da mierkt een op eemol, datt eenzelner vun eise Leit vläicht no bei der Basis sinn, mä net méi no bei der Bevëlkerung sinn.
Also, et muss een och d’Ouer fir d’Leit hunn, einfach dobaussen, net nëmme fir d’Leit déi e Mandat an der Partei hunn, oder déi Member sinn. Et muss een och lauschtere wat déi aner Leit soen.

An ech stelle fest, datt et besser wier, mir géingen an eiser Partei – mir hunn dat jo och elo tëscht Ministeren an Deputéierten ofgemaach – datt mir elo verstäerkt déi Saachen no bannen ausdroen, datt mir probéieren – Toleranz, all déi Sujeten, Ëmverdeelung – ze beschwätzen. Mä datt dat net alles ëmmer op der Place publique, a marktschreieresch muss geschéien. Ech mengen, mir hunn do elo en Accord, an dofir ginn ech dovun aus, datt dat elo besser geet.

Guy Kaiser: Dee lénke Flillek vun Ärer Partei – lénke Flillek, dat ass eng Façon de parler –dee seet, Är Partei stéing ënner der Fuchtel vun der CSV. D’Antikrisemoossname wieren iwwerdriwwen, si missten och zréckgeholl ginn. Wann ech Iech richteg interpretéieren, am Laf vun de leschte Méint, wat Dir esou alles gesot hutt, sidd Dir net onbedéngt där Meenung.

Jeannot Krecké: Dat éischt ass emol, et muss ee jo kucke wéi mir elo effektiv aus där schwiereger Situatioun, déi mir 2008-2009 haten, erauskommen. Ech gesinn, datt et an der Wirtschaft besser geet, et geet biergop.

Mä net vergiessen, mir sinn nach net op dem Stand vun 2007 a ganz ville Betriber, do si mir nach net. Dat heescht, mir sinn nach hannert deem, wat mir 2007 haten. Zudeem mierken ech och datt besonnesch fir d’Exportindustrie en décken Drock ass op de Präisser. Dat heescht, wie seet Präissdrock, weess och, datt op de Gewënner, op de Margen Drock ass. Dat ass scheinbar e Wuert, wat een net dierf gebrauchen. Mä wann näischt erwirtschaft gëtt, kann een och net besteieren, da kënnt och näischt dobäi eraus, ausser den Aarbechtsplaze selbstverständlech.

Mä mir musse fir d’éischt kucken, wéi déi ganz Saach sech entwéckelt. An ech gesi méi Schwieregkeeten am Moment beim Staatsbudget an der Nofolleg vun der Kris. A passt op, déi schwiereg Joeren, déi ginn elo eréischt besteiert, dat kënnt jo elo eréischt. Déi schwiereg Joeren, wou net vill verdéngt ginn ass an der Wirtschaft, ginn elo eréischt besteiert. Ech gesinn éischter Problemer do, och well mir eng Rei Scholden opgeholl hunn, dat ass nach am Moment am Ertragbaren. Mä et soll een awer oppassen.

Mir kënnen och am Floribus weider liewen, da geet et eis wéi munch anere Länner, à la fin du compte. An dofir stinn ech schonn, éischtens zu enger virsiichteger Aart a Weis virzegoen, eng raisonnabel Aart a Weis. Mä ech si mir och bewosst, datt an dësen Zäiten eng anstänneg Ëmverdeelung noutwenneg ass. A mir sollen dorop schaffen, anstatt datt mir eis an d’Käpp schloen, ob mir an der Kris sinn, aus der Kris erauskommen, oder schonn eraus sinn.

A mir hätte besser, mir géinge kucken, wéi erwirtschafte mir lues a lues méi, a wéi kréie mir dat op eng anstänneg Aart a Weis ëmverdeelt op d’Leit?

Guy Kaiser: Sinn et net och déi do Diskussiounen, vläicht och parteiintern, déi Iech viru ronn engem halwer Joer zu enger gewëssener Flemmsegkeet, soen ech emol, gefouert hunn?

Jeannot Krecké: Neen, et war emol net do, et war méi déi Geschicht vun de Prozeduren, déi mech rose mécht, well ech gesinn [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: D’Prozeduren, datt mir net weider kommen?

Jeannot Krecké: Jo, et ass méi dat, wat mech rose mécht, a well ech gesinn, datt dat Land hei immens Méiglechkeeten huet.

Mä et huet een d’Impressioun, well et eis awer relativ gutt geet, mir sinn dat Land wat am beschten iwwer déi Kris do ewechkomm ass, déi aner Länner hu ganz vill Leit, déi wierklech gelidden hunn, et sinn déi, déi emol hir Aarbecht verluer hunn, déi déi a Kuerzzäitaarbecht waren – mä en gros, et kann een iwwerhaapt net soen, wat do behaapt gëtt, do hätten déi kleng Leit bezuelt fir d’Kris. Dat ass totalen Unfug deen do erzielt gëtt, well mir hu jo d’Krisesteier, mir hunn d’Solidaritéitssteier an d’Lut gesat. Mä déi Leit bezuele jo keng Steieren. Also wat soll dat? Déi si guer net touchéiert dovun.

Jo, touchéiert si se, wa mir de Problem vun der Inflatioun kucken, selbstverständlech. Eng héich Inflatioun hëlleft net deene Leit, well et gëtt alles méi deier. An et ass éischter do de Problem. Mä do hu mir net de groussen Hiewel. Mir sinn e klengt Land a mir sinn Import-ofhängeg, an och vu Präisser déi vu bausse kommen. Ech mengen, ech schaffe vill dorunner, mä dat ass vill méi schwéier an de Grëff ze kréien.

Guy Kaiser: Dir hutt vun de Prozedure geschwat, Här Krecké. Bremse mir eis selwer aus? D’Simplification administrative ass emol eng Kéier zur Chefsaach erkläert ginn. Ass scho Villes geschitt an deene leschte Méint, oder Joeren?

Jeannot Krecké: Et sinn eng Rei Saachen, déi elo an Texter ëmgesat sinn, elo géing ech dann nawell gär gesinn, wéi déi an der Praxis sech auswierken. Well et hänkt och dovun of, wéi et applizéiert gëtt. D’Texter sinn eng Saach, an d’Aart a Weis, ob een dat mat Verstand, raisonnabel interpretéiert oder net, ass eng aner. Well dat kann een nämlech an zwou Richtungen interpretéieren. Deen eenzegen a selwechte Saz kann een 2 Mol verschidden interpretéieren. An et geet och vill drëm, wéi mir entgéint ginn. Gi mir nëmme Problemer sichen, oder probéiere mir Solutiounen ze sichen?

Guy Kaiser: Zu der Kris selwer, Här Krecké: Déi virun 2 Joer pechschwaarz Biller gemoolt hunn, goufe Lige gestrooft. Wéi ass mat deenen, déi haut behaapten, et gouf ni eng Kris zu Lëtzebuerg?

Jeannot Krecké: Ech mengen, datt d’Exportindustrie awer definitiv an der Kris stoung. Dat hunn ech erlieft. Lauschtert, mir hunn an der Moyenne 3, 4, 5 Betriber pro Mount an der Kuerzaarbecht. Mir haten der alt 150, 160. Do kann awer kee soen, et wier keng Kris gewiescht, et war der op alle Fall an deem Beräich.

Et sinn natierlech vill Leit, déi d’Kris net gespuert hunn, ganz einfach. Well, hei am Land huet jo kee seng Pensioun gekierzt kritt, wéi an anere Länner. Keen, oder bal keen – mat Ausnam vun deenen, déi Kuerzaarbecht, wéi gesot, gemaach hunn – krut eppes ofgezu vu senger Pai. Dat ass et jo net ginn.

Mir hu vläicht den Zouwuess e bëssen ofgebremst, mä an anere Länner ass net vun Zouwuess geschwat ginn, do ass geschwat ginn, wéi vill musse mir hänke loossen, wéi vill musse mir elo ofginn? An dat op engem Niveau, deen net op deem Niveau ass vu Salairen a Pensiounen, wéi et bei eis ass.

Déi héich Salairen, héich Pensiounen, ware mir also capabel gréisstendeels ze halen. Ech behaapten net, datt Eenzelner ënne Schwieregkeeten haten, mä dat war éischter d’Präisser op der Alimentatioun, an esou weider, op d’Bedürfnisser, d’éischt Bedürfnisser, a virun allem op de Wunnenge spieren d’Leit et.

Mä soss hu mir awer eng Situatioun, déi ass net comparabel, wat d’Krisesituatioun ubelaangt, mat deene vun Estland, Irland, Portugal a Griichenland. Et ass net comparabel.

Guy Kaiser: All d’Gewerkschaften – LCGB, OGB-L, CGFP, fir emol déi grouss ze nennen – sinn der Meenung, d’Staatsrecettë spruddele ganz schéin, do kann net méi vill schif goen, an also wieren déi Antikrisemoossnamen zréckzehuelen. Dobäi mécht d’Land jo awer nach ëmmer Defizit, a muss och eng Schold zréckbezuelen.

Jeannot Krecké: Mech wonnert jo nëmmen, datt all déi Leit esou drop aus sinn, beispillsweis déi Krisesteier zréckzeféieren. Wie bezilt dann déi Krisesteier? Ma déi Leit, déi vill verdéngen, déi haaptsächlech bezuelen.

40% vun de Leit hei zu Lëtzebuerg bezuelen iwwerhaapt keng Steieren. An dat si Leit, déi eben e klengt Akommes hunn. Dofir, deenen hëllefe mir jo guer näischt, wa mir déi Krisesteier ewech huelen. Mir hëllefe mir, mir hëllefen Iech, mir hëllefen nach Leit déi eenegermoosse verdéngen, do hëllefe mir eppes. Dofir verstinn ech d’Gewerkschaften net, datt se schonn esou fréi dat wëllen zréckféieren.

Mir diskutéiere jo elo beim Budget, wann deen opgestallt gëtt, driwwer, ob mir se bäibehalen oder net. Ech ka mech nëmme wonneren, datt mir dat esou schnell zréckféieren. Schlussendlech sinn et déi Leit déi vill verdéngen, déi déi bezuelen, an net déi aner Leit.

Guy Kaiser: En anert gutt Beispill fir eis Sträitkultur – oder vläicht esouguer e schlecht Beispill, dat hänkt dann dovun of wéi een et kuckt – ass den Index. Do wieren d’Gewerkschafte sech och géint eng weider Modulatioun.

Jeannot Krecké: Jo, Dir kennt meng Meenung, ech hunn déi jo an deene 65 Punkten, déi ech fir eng Verbesserung vun eiser Wettbewerbsfäegkeet duergeluecht hunn.

Mir hunn en Accord getraff, datt wann elo géingen zwou Indextranchë bannen 12 Méint erfalen, datt mir eis zesummesetzen. Dat ass ofgemaach, esouwuel mam Patronat wéi mat de Gewerkschaften. An dorunner wäert d’Regierung sech halen.

Mä zesummesetzen, dat heescht jo net, datt mir iwwer d’Wieder schwätzen. Wann ee sech zesummesetzt, da schwätzt een driwwer wat ee mécht an där do Situatioun, an dann ass et fir eppes ze maachen, wou ee sech zesummesetzt. Dat ass op alle Fall meng Meenung.

A mir hu strukturell, wa mir deen Index wëllen effektiv bäibehalen, eng Schwächt, dat ass, datt mir déi Energiepräisser, déi mir absolut net maitriséieren – dat gesi mir jo, kee Land maitriséiert se – datt mir déi dran hunn, déi aner Länner net. An dat ass einfach eppes, wat een iergendwann muss reforméieren.

Ech weess, do gëtt et vill Oppositioun. Mä et gëtt ganz vill bon sens, wann een de Leit et explizéiert, da versti se et, datt ee sech soll konzentréiere fir deen Index ze halen, dee vill Rou hei am Land bruecht huet. Mä et soll een en op eng raisonnabel Aart a Weis hunn. Wat ass dat dach fir en Unfug, fir d’Zigaretten ze verbidden, datt ee kann an de Büroen an doheem quasi net méi fëmmen, an et huet een et awer am Index. Dat heescht, wann d’Zigarette méi deier ginn, da geet den Index an d’Lut. Dat gëtt dach kee Sënn méi.

Guy Kaiser: Eng Etude vun der Chambre des salariés weist drop hin, datt d’Zuel vun den CDD-Kontrakter staark gewuess ass. Grad esou ass et mat den Interimsaarbechten. An déi Evolutioun huet schonn 1996 ugefaangen. Also, och ouni Kris huet sech den Aarbechtsmarché staark verännert.

Dem Lëtzebuerger säi léift Ländchen ass amgaangen ze verschwannen. De leschte Refuge ass d’Fonction publique, also schécke mir eis Kanner dohinner. Léiwer op Nummer sécher goen, wéi op Ären, Här Minister, "Trau dech fir en eegene Betrib op ze maachen"?

Jeannot Krecké: Jo, ech hu jo och heiansdo e schlecht Gewëssen, wann ee mir schreift, du sees dat, trau dech, an elo hunn ech probéiert, an elo hunn ech déi an déi Schwieregkeeten. A wann dat dann och objektiv gekuckt Saache sinn déi mir Suerge maachen, dann hunn ech e schlecht Gewëssen, well ech de Leit soen, si sollen awer eppes probéieren, si solle couragéiert sinn. Ech bleiwen awer dobäi. Dat ass déi eenzeg Solutioun.

Mir kënnen net eng Gesellschaft ginn, wou herno d’Lëtzebuerger alleguer an der Fonction publique, bei de Gemengen, vläicht nach am protegéierte Secteur vum Soziale schaffen, an dann all déi aner Auslänner, dann de Rescht vun der Privatwirtschaft dréinen dinn. Dat ass eng ongesond Situatioun, dofir bleiwen ech dobäi, datt ee muss kucken, eng aner Opdeelung ze kréien.

Ech weess, datt dat näischt ass, wat ee muer kann erreechen. Mä et soll kee mir soen, datt dat eng gesond Situatioun ass. Dat ass eng ongesond Situatioun. A mir musse weider dru schaffen, datt dat sech ännert, wann dat och net muer ass, dann awer à moyen terme.

Guy Kaiser: D’Land koum op alle Fall mat engem bloen A laanscht dës Kris. Ass se iwwerhaapt schonn eriwwer? Wa jo, da misst ee jo iergendwéi e Bild elo dovunner hunn, wou d’Rees weider higeet.

Jeannot Krecké: Ech mengen, datt mir, ech hu gesot, aus der eigentlecher Krisesituatioun wirtschaftlech eraus sinn. Mir haten och am Handwierk an am Commerce keng grouss Krisesituatioun. Mir hate se haaptsächlech an der Exportindustrie, dat muss ee wëssen. Et ass haaptsächlech do, wou mir se gespuert hunn. Dat heescht, dat dréint net schlecht, dat gesäit ee jo och, datt eise Wuesstem besser ass wéi deen am Ausland.

Wat mir méi Suerge mécht, dat ass, mir maache jo net Wuesstem fir Wuesstem. Mir maache Wuesstem fir och Aarbechtsplazen de Leit ze offréieren. An do gesinn ech, datt mir Joer fir Joer méi e grousse Stack vu Leit hunn, déi schwéier ze placéiere sinn.

Dat heescht, meng Suerg ass, méiglechst vill Aarbechtsplazen nach weiderhin ze schafen. Dat heescht, och d’Ëmstänn esou ze maachen, datt dat gënschteg ass an dat ass net einfach, mä dat muss ee maachen.

An dann, deen zweete Schrëtt ass natierlech, déi Leit déi och haaptsächlech hei wunnen, datt een déi op déi Aarbechte kritt, déi een da schaaft. An net, datt ech déi herno erëmfannen op de Lëschte vun der Adem, an u sech sinn et aner Leit, déi déi Plazen huelen. Et ass net, datt dat mech stéiert, mä mir mussen awer och e bësse kucken, datt eis Leit, datt mir erëm eng ganz Rei Leit an den Aarbechtsprozess erakréien.

Mir liewe mëttlerweil, datt mir soen, et ass keng Kris. Also wësst Dir, wann ee virun 10 Joer gesot hätt, mir hu 14.000, 15.000 Aarbechtsloser, dorënner der dausenden, déi awer schonn iwwer e Joer keng Aarbecht hunn, also dann hätt een deemools vun enger Risekatastrof geschwat. An haut, vu datt dat schleichend komm ass, vu Joer zu Joer ass et e bëssen an d’Lut gaangen, huet keen dat richteg esou wouergeholl.

Mä dat ass fir mech eng schrecklech Ongerechtegkeet, datt mir esou vill Leit hunn, déi keng Aarbecht hunn. Dat schéngt hei eenzel Leit net ze stéieren. An dat wonnert mech e bëssen.

Guy Kaiser: An awer muss ee soen, Här Krecké, aner Länner koume bedeitend manner gutt ewech wéi Lëtzebuerg. Griichenland natierlech, Portugal, Spuenien, Irland – an dëse Länner ginn ëmmer méi Leit op d’Strooss. Den Alvin Sold schreift haut am Tageblatt, d’Politik muss d’Soen hunn an engem Land, net d’Kapital. D’Jugend géing d’Politiker ewech fitchen, wa si d’Mäert net déite kleng kréien.

Effektiv fillt jo de klenge Mann vun der Strooss, wéi en ëmmer genannt gëtt, sech méi wéi, wéi soll ech soen, ugeschmiert mat der Kris.

Jeannot Krecké: Den Alvin Sold seet jo all Samschdeg vill Saachen. En huet zum Deel Recht, wann en drop opmierksam mécht, datt d’Jugend eis eng Kéier kéint ewechwëschen.

Firwat ass dat de Fall a ville Länner, vläicht bei eis nach manner? Besonnesch an deenen arabesche Länner, do war et, datt déi eng ganz jonk Bevëlkerung hunn, an datt déi Leit gesinn hunn, datt déi keng Aarbechtsplaze schafen, an datt déi och keng Aarbecht kréien. An datt s’es do eemol genuch hu mat Regimer, déi een an Zweiwel ka stellen, déi net esou fonctionnéieren awer trotzdem wéi mir fonctionnéieren. An esou Fern huet hie Recht.

An och an eenzelne Länner, kuckt, a Spuenien hu se eng Aarbechtslosegkeet vun 20% an driwwer. Also, dat ass e seriéise Problem. An da kann ee sech virstellen, datt do Leit sech Suerge maachen ëm hir Zukunft.

Mä mir probéiere jo och eng ganz Rei Saachen an d’Wee ze leeden. Déi Pensiounsreform, all déi Reformen, déi mir elo an der leschter Zäit gemaach hunn. Firwat sinn ech der Meenung, datt een net eng grouss Verschëldung soll op sech huelen? Et wier jo elo liicht, déck Verschëldung op sech ze huelen, ma mir hunn nach ëmmer Defizit.

Well et ass net ech, an net den Här Frieden, an net iergend en aneren deen dat herno bezilt, mä dat ass déi Jugend, déi elo hannerun eis kënnt, déi dat ze bezuelen huet. An da fannen ech et raisonnabel, datt een awer oppasst, datt ee sech iergendwéi Reservë léisst fir déi Leit, an datt ech Verständnis hunn, datt se rebelléieren. Hei am Land vläicht manner. Mä, Leit déi laang siche fir eng Aarbechtsplaz a se net fannen, kann ech och verstoen. A mir sollen eis konzentréieren op déi.

Mir sollen eis net ëmmer drop konzentréieren, deene Leit déi schonn eenegermoosse genuch hunn nach ëmmer méi ze ginn. Mir sollen eis konzentréieren emol op déi, déi net vill hunn, eppes fir déi ze maachen, a virun allem déi keng Aarbecht hunn, well ouni Aarbecht ass et net anstänneg liewen.

Guy Kaiser: Nach just eng lescht Fro virun der Paus. Verschierbele mir eist Porzeläin an d’Ausland? Dat ass effektiv mat Villeroy&Boch geschitt. Den OGB-L fäert dat selwecht mam Geschäft Qatar Airways mat der Cargolux. D’Gewerkschaft ass rosen, datt si am Kader vum Comité mixte ni richteg an d’Bild gesat gouf. Si mengt, esou Geschäfter hätten ëmmer negativ Auswierkungen op d’Personalpolitik an engem Betrib, an dofir ass hiren Avis och negativ ausgefall. Effektiv goufen déi Verhandlunge laang Zäit vun Iech, an och vum Finanzminister Luc Frieden, am stillen Kämmerlein gefouert.

Jeannot Krecké: Ech féiere meng Verhandlungen ëmmer esou. D’Fusioun Mittal-Arcelor ass esou gefouert ginn, d’Fusioun bei Enovos ass esou gefouert ginn. Mir hu ganz vill Saachen esou gemaach. Dat mécht een net op der Place publique. Et deet mir Leed, esou leeft dat net. Dofir gëtt et jo e Comité mixte fir d’Leit au courant ze setzen. De Verglach mat Villeroy [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä dee kënnt awer relativ spéit dann an d’Spill, de Comité mixte.

Jeannot Krecké: Jo, mä wann een nach net weess wou d’Rees higeet, wat soll een dann do all Detailer schonn op der Place publique beschwätzen? Well dat gëtt jo, wann een et an de Comité mixte gëtt, op der Place publique herno ausgedroen. Kuckt, déi ganz Ausernanersetzung ass net gutt fir deen Investisseur, dee mir virgesinn hunn, oder anerer. Et ass jo net gutt, datt se gesinn, datt mir hei Zodi ënnerenaner hunn dozou. An ech sti weiderhin zu där Optioun vum Qatar.

De Qatar, mat deem hu mir nach e ganze Koup aner Projetë lafen, déi héchstinteressant sinn. Mat der Qatar Foundatioun am Beräich vun de Life sciences, dat heescht, alles wat mat Gesondheetstechnologien ze dinn huet; mat erneierbaren Energien ze dinn huet; mat Fongfinanzéierung, Risikokapital – also, mir hunn e ganze Koup Projetë mat deenen amgaangen. An dat do ass nëmmen ee vun deenen.

An dofir verstinn ech iergendwéi net, bon de Verglach mat Villeroy klappt souwisou net. Well hei ass jo nach wéi vor de Pouvoir public, dee largement majoritär ass an där do. Dofir verstinn ech dat net.

A wann een eng Firma huet, déi um Weltmarché agéiert, da muss een och Weltmarché-Envergurë probéieren opzebauen. An da brauch ee Partner. An déi Partner sinn net ëmmer d’accord just hir Dieren opzemaachen, an net och mat eranzekommen.

Mir wëlle jo, datt mir en Hub weider am mëttleren Orient hunn, a vun do esouguer Afrika an aner Géigenden bedéngen, iwwer deen Hub am Qatar. Jo, wa mir dat gär hätten, da musse mir och d’accord sinn, datt déi eventuell an d’Kapital erakommen. Mä si hunn herno e Prozentsaz, deen eben dee selwechten ass, wéi deen, deen d’Swissair hat, an d’Swissair huet eis permanent blockéiert. Dat huet anscheinend kee gestéiert. Si hunn eis permanent an eisem Developpement gestéiert, well se ebe Faillite waren, an dann deen, deen déi Faillite geréiert huet, deen huet jo net d’Fräiheeten ze maache wat hie wëll. Dat huet eis schrecklech gestéiert, mä dat huet dobausse scheinbar kee gestéiert. An elo op eemol ass dat e Problem.

Also, ech hu méi Vertrauen an déi Leit, mat deenen ech schonn iwwer Joere schaffen, wéi an déi Leit, mat deenen ech mat der Swissair ze dinn hat.

Guy Kaiser: Time is money, Här Wirtschaftsminister, a si goung nawell séier erlaanscht. Mir maachen elo eng kleng Paus fir de Mëttesjournal, duerno schwätze mir weider.

[Noriichteniwwerbléck]

Guy Kaiser: An de Wirtschaftsminister huet och d’Energie a sengem Ressort. Jeannot Krecké, mat der Katastrof a Japan huet sech jo Villes gedoen. D’Ëffentlechkeet, besonnesch déi an Däitschland, ass massiv géint d’Atomenergie. D’Zentrale sollen an Etappë bis 2022 alleguer ofgeschalt sinn. U sech kéint eis dat jo egal sinn, an awer och net. Mir kréie jo och Stroum, ënner anerem aus Däitschland. Hutt Dir Iech schonn ëmfrot, ob eis Stroumliwwerungen nach an e puer Joer ofgeséchert sinn?

Jeannot Krecké: Ech hu mech net direkt ëmfrot, mä ech hunn Echoë kritt, déi mir éischter Suerge maachen, an ech hunn dat och schonn an der Regierung gesot.

Mir mussen dat, wat mir eis virgeholl hunn, déi Interconnectioune mat deenen 3 Länner, verbesseren. Ech soen, mat deenen 3 Länner, aus Sécherheet, fir datt mir keng Blackoutë kréien. Well ech weess net, wat an engem staarke Wanter an Däitschland an nächster Zäit eng Kéier geschitt. An da musse mir eng aner Méiglechkeet hunn, fir de Leit d’Elektresch ze bréngen. Well et kënnt jo nëmmen a Krisesituatiounen, wou dat do virkënnt, an dat ass haaptsächlech am Wanter, da wann een d’Elektresch brauch. An ech hoffen, datt eis näischt do passéiert.

Guy Kaiser: Ech hunn haut an engem Lieserbréif gelies, ech konnt dat awer elo net méi nopréiwen, fir Cattenom alleng z’ersetzen, bräichte mir 18.000 Wandmillen. Wéi gesot, ech konnt dat net iwwerpréiwen. Mä ass esou e radikaalt Ofschafe vun den Atomwierker, wéi dat elo an Däitschland soll de Fall sinn, iwwerhaapt realistesch?

Jeannot Krecké: Ech gehéieren net zu deenen, déi sech elo op eemol vun engem Dag op deen aneren als Energie-Ingenieur erëmfannen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Där hu mir souwisou genuch am Land.

Jeannot Krecké: Ech fannen hei ass et wéi bei de Stroossebauingenieuren: mir hu 500.000 Stroossebauingenieuren, mir hunn och grad esou vill Ingenieurë mëttelerweil an der Energie hei zu Lëtzebuerg.

Et ass komplizéiert, d’Energie. An et si vill Leit, déi do matschwätzen. Moi je veux bien, et ass de Sujet vum Moment. Mä esou einfach geet dat awer alles net, et ass awer Technik hannendrun, déi muss fonctionnéieren.

Eis Netzer sinn am Moment net esou ausgeriicht, datt ee ganz liicht aus deene Géigenden, wou vill Wandmille beispillsweis stinn – an Däitschland, fir dat Beispill ze huelen, hunn déi e Problem fir d’Elektresch wat do produzéiert gëtt, dohinner ze kréien, wou se et brauchen. Dorun denkt keen. Héichspannungsleitungen am Moment ze bauen ass ganz schwéier. An dat ass deenen Däitschen hire Problem. Dat ass net nëmmen d’Atomenergie. Wa si do zréckfueren, da musse si jo alternativ Energien developpéieren, an dozou gehéiert eben dee ganze Park vu Wandmillen, dee se am Norden hunn. Mä si kréien d’Elektresch net erof, well si net genuch Héichspannungsleitungen hunn.

Also de Problem ass wiesentlech méi grouss, wéi just ze soen, elo schalte mir of.

Bon, Lëtzebuerg hat nach ëmmer déi kritesch Haltung vis-à-vis vun der Nuklearenergie, déi wäerte mir och weider bäibehalen. Dat wäert ech de Leit och nach eng Kéier widderhuelen, déi muer bei mech kommen. Mä et muss een awer nach kucken, datt een de Leit erlaabt, datt se sécher sinn, an och d’Wirtschaft sécher ass, datt se Elektresch hunn, wa se es brauchen. Well wa mir dat net méi garantéiert kréien, ech soen Iech, ee vun de groussen Atoutë vu Lëtzebuerg ass och notamment gutt Infrastrukturen, an eng gutt Versuergung vun allméigleche Saachen, notamment och vum Elektreschen. Dat ass noutwenneg.

Guy Kaiser: Dir sidd jo och vill kritiséiert gi fir Ären Asaz fir eng direkt Ubannung un dat franséischt Stroumnetz?

Jeannot Krecké: Mir hunn éischtens en Accord mat alle Länner, datt iwwerall mussen d’Interconnectiounë gemaach ginn. Dat gëtt jo och Sënn, datt wann eng Kéier een e Problem huet, datt een d’Elektresch duerchlafe ka loossen op déi aner Säit, an ëmgedréint.

Dat ass jo alles bei eis net méiglech. Mir komme jo net un aner Quellen, a mir kënne se och net duerchlafe loossen. Dofir gëtt et Sënn dat ze maachen. Dat ass eng reng Infrastrukturfro, an dat huet näischt domat ze dinn, ob elo d’Arcelor-Mittal vu Cattenom, oder vu Gott weess wou Stroum kritt. Dat kritt se haut schonn, si keeft do an, wou et fir si am interessantesten ass, a wann dat bei EDF ass, keeft se do an, an da léisst se et iwwer Éibeng kommen. Just Éibeng ass d’Belsch, do gëtt et am Moment Schwieregkeeten, well heiansdo ze vill Intensitéit driwwer fiert. An dofir brauch een eng anstänneg Ubannung un déi 3 Länner.

An et muss een oppassen, wat een an där do Fro mécht. Ofgesinn dovun, datt et Rechtssécherheet hei zu Lëtzebuerg gëtt. Wann Autorisatiounë gi ginn, da si se ginn, da kann een déi net einfach ewechhuelen. Also, do si Leit, déi maache sech d’Liewen einfach.

Guy Kaiser: Dir hutt vun deenen 3 Länner geschwat: Ginn et iwwerhaapt Engpäss? Dir schwätzt vun der eventueller Méiglechkeet vun engem Blackout. Grad wat d’Belsch betrëfft, ass jo och an Transformatoren déi lescht Joeren investéiert ginn. Besteet do iwwerhaapt en Engpass?

Jeannot Krecké: Mir hunn e Problem zu Éibeng nach ëmmer, jo.

Guy Kaiser: Deen ass nach ëmmer do.

Jeannot Krecké: Deen ass nach ëmmer do, an dee kéint behuewe ginn, doduerch datt dee Stroum dee vu Moulaine erop iwwer Éibeng geet, datt deen direkt kéint eropkomme vu Moulaine. Bon, dat sinn alles komplizéiert Ofleef. A mir hunn do eis mat anere Partner, haaptsächlech mat deenen anere Länner, déi 5 Länner ronderëm eis, hu mir ofgemaach, datt mir besser Interconnectioune maachen.

Och am Gas maache mir dat, fir datt mir och do Fluxen an déi zwou Richtunge kréien.

Guy Kaiser: Nach ee Wuert iwwer den Atom, Här Krecké. Et solle jo Stresstester gi fir d’Wierker an Europa. An do gëtt et da Gestreids, datt an deenen Tester och missten eventuell Terroristenattacken dra sinn, esouguer Fligerakzidenter. De Premier sot um Sommet vun der Groussregioun, dës Elementer wieren an den Tester virgesinn, dat ass awer elo net esou. Sinn esou Tester iwwerhaapt realistesch? Brénge se eppes?

Jeannot Krecké: Si si realistesch, a si bréngen och eppes, mä si musse vun aneren Autoritéite gemaach ginn. Dat heescht, dat hei sinn d’Regulateurë vun der Sécurité nucléaire, déi hunn awer keng Kompetenzen, wann et heescht iwwer Terrorissem ze schwätzen. Déi hunn och wahrscheinlech keng Autoritéit fir dat ze maachen. Dat heescht, Froe vun Terrorissem, vun Informatiksattacke ginn an de Länner vun aneren Autoritéiten iwwerwaacht. An do kann een och net déi selwecht Transparenz hunn. Et kann ee jo net soen, wéi een et muss maachen, fir eventuell en terroristeschen Akt, datt dee Succès huet bei esou enger Déngen. Dat geet jo einfach net. An dofir sinn dat anerer, mä déi Tester gi gemaach, mä déi gi vun aneren Autoritéitë gemaach.

Guy Kaiser: An deenen Tester sinn dann och eventuell terroristesch Attacke mat dran?

Jeannot Krecké: Déi sinn an deem Deel, dee Sécherheet ubelaangt, sinn déi mat dran.

Guy Kaiser: Ech kommen nach eemol op den Ufank vun eisem Gespréich zréck.

D’Lëtzebuerger, d’Europäer allgemeng, di sech extrem schwéier nei Liewens- an Aarbechtsformen unzehuelen. Dat rezentste Beispill, d’Ouvertureszäit vun de Geschäfter Samschdes bis 8 Auer, eventuell och um Virowend vun engem Feierdag. Wat sot Dir zu deem Geplänkels, dat och elo scho joerelaang geet?

Jeannot Krecké: Et muss een einfach kucken, wéi behëllt de Konsument sech? Et kann een deen zu engem Deel erzéien, mä et kann een en nëmmen zu engem Deel erzéien.

Dat heescht, ech si beispillsweis dofir, datt mir probéieren de Konsument fir eng raisonnabel Consommatioun ze erzéien, dat heescht, datt e beispillsweis kuckt, wéi d’Verpackunge sinn, an esou weider, anstatt datt e sech doriwwer keng Suerge mécht, wéi herno d’Verpackungen entsuergt ginn, an esou weider.

Mä et soll een awer net mengen, et kéint ee quasi wéi eng Insel fonctionnéieren, wann et Alternativë ginn, a soen, ah neen, mir sinn der Meenung, datt Samschdes de Konsument eben näischt méi an engem Geschäft um 6 Auer verluer huet, dat ass esou. Jo, wann een d’Méiglechkeet huet an Däitschland an a Frankräich ze goen, an datt dat nëmmen 20 Kilometer sinn, dann deet et mir Leed, da kann een déi Saachen net einfach verbidden an da muss een deem Rechnung droen.

Dat ass alles ze maachen. Mir stellen eis jo haut och net d’Fro, wann ech an de Restaurant gi Sonndes. Déi Leit mussen och Sonndes schaffen, mä déi kréien dat extra vergüt. An dat wat ech ebe gär hätt, dat ass, datt eben déi grouss Chainen, déi grouss Geschäfter déi dat do maachen, sollen déi Leit anstänneg remuneréieren. An dat ginn et och, Dir wäert gesinn, vill Leit déi bereet sinn, dat do och anescht ze maachen.

Kuckt, mir hunn och fäerdegbruecht, datt ee Sonndes moies ewell Geschäfter huet, déi op sinn, déi da vläicht net nëmme just Tankstelle sinn.

Guy Kaiser: Bon, an deem do Kontext gëtt och dacks de Verglach gemaach, géi an Amerika, géi op New York kucken, do gëtt ronderëm d’Auer geschafft [gëtt ënnerbrach]

Jeannot Krecké: Neen, géi an d’Pommerlach, do ass et permanent op, hei zu Lëtzebuerg. Géi an d’Pommerlach, firwat ass et dann do op, a firwat net op anere Plazen?

Also, mir sinn heiansdo hypokritesch, mir wëllen eenzel Realitéiten net gesinn.

Mä ech mengen, dat soll anstänneg oflafen, et soll mat de Gewerkschafte verhandelt ginn, et soll gekuckt ginn, dat an de Kollektivvertrag eranzekréien. An ech mengen, da fanne sech och Leit déi bereet sinn dat do ze maachen, wa se dat anescht remuneréiert ginn. Ech si fest iwwerzeegt. A vu datt Alternativen do sinn, Mont-St.Martin, Tréier –dat sinn Alternativen. Da muss een deem Rechnung droen.

Also, mir kënnen awer net hei de Leit verbidden nach Owes wëllen akafen ze goen, wann déi dat wëlles hunn. Jiddweree seet, et dass dach absurd, datt ee Sonndes moies akafe geet. Jo, mä wann dat Gewunnechte ginn, a mir soen hei zu Lëtzebuerg geet dat net, ma da gi se enzwousch anescht. Wat hu mir gemaach? Well sinn eng ganz Rei Geschäfter Sonndes moies op, an dat ass net eng Verschiebung, déi kënnen Iech beweisen, dat ass zousätzleche Business, deen elo komm ass.

Guy Kaiser: Nach e leschte Betrib dee mir wéilten duerchhuelen, d’Post.

Jeannot Krecké: D’Post ass e Betrib, dee mir vill um Häerz läit, dee sech scho vill ugepasst huet un déi nei Situatiounen an deem liberaliséierte Marché. Mir hunn elo eng nächst Etapp ze maache gehat, dat ass déi vun der Bréifpost, déi anescht reglementéiert ass.

Ech hunn ëmmer gesot, datt ech dat als Quatsch ëmfannen, wat d’Europäesch Unioun festgehalen huet – mir hunn och dogéint gestëmmt – datt een elo do déi bis zu 50 Gramm Enveloppen, datt dat elo fir jiddwereen op ass.

Also, zu Lëtzebuerg ass de Marché esou, wann Dir 100 gutt Clienten huelt, dann huet d’Post nach just op Wäiswampech engem ze droen, an déi gutt Clientë si fort.

Dat heescht, mir hunn e Marché, deen ass liicht ze eroberen, dofir muss d’Post reagéieren. Dofir hu mir am Beräich vum Verwaltungsrot Ofmaachungen, esouguer mat de Gewerkschaftsvertrieder gemaach. An der Ëmsetzung schéngt et e puer Quake ginn ze sinn, dat niéieren ech net. Si ware jo och elo bei mir, si hu mir déi Problemer och Face à face ganz kloer gesot, hei dat do geet net. An d’Direktioun huet och zouginn, datt eng Rei Saachen net gaange sinn. Ech hu si nach eng Kéier zréckgeschéckt mat e puer Indicatiounen, wéi ech mengen, datt se dat sollen änneren. Ech sinn awer net de Postfachmann, dat musse si ënnertenee maachen. An ech hoffen, datt mir elo an eng Situatioun kommen, wou dat do sech verbessert.

Den Iwwergang war net glécklech, mä ech mengen, dat do ass awer elo um gudde Wee. An ech mengen och, datt se amgaange si sech méi no ze kommen, d’Direktioun an d’Personalvertrieder.

Guy Kaiser: Fir mat der Politik ofzeschléissen, Här Krecké. Geschwë si Gemengewahlen. Äre Parteichef, den Alex Bodry, seet, et ass en nationalen Test. Äre Regierungspatron, de Jean-Claude Juncker, seet de Géigendeel. Wat sot Dir?

Jeannot Krecké: Also, ech fannen, et soll een aus Gemengerotswahle keen Test maachen. Well an de Gemengen, do gesitt Dir, ass et jo och ganz ënnerschiddlech. Dir hutt gutt Buergermeeschteren, gutt Schäfferéit, déi eng gutt Aarbecht gemaach hunn. Déi sollen net drënner leiden, wat eventuell op nationalem Plang emol schif gelaf ass, an ëmgedréint.

Ech mengen och, datt d’Leit kucke wat hir Buergermeeschteren a Schäffe gemaach hunn, an déi jugéieren dorop. Ech fannen dat méi richteg. Et soll een net noutgedrongen doraus en Test maachen. Mä bon, ech mengen, jiddwereen huet do eng aner Opfaassung. Dat do ass meng Opfaassung.

Also ech mengen, Gemengepolitik ass Gemengepolitik, Nationalpolitik ass Nationalpolitik. Et ass richteg, et ass eng Atmosphär déi national creéiert gëtt, sech kann auswierken op d’Gemengerotswahlen, an ëmgedréint. Dat ka sech auswierken. Mä et ass net ganz glécklech.

Guy Kaiser: Hutt Dir wëlles fir déi nächst Nationalwahlen nach eng Kéier ze kandidéieren?

Jeannot Krecké: Also, ech hu gesot, datt ech eng Liewensplanung hunn, an datt ech och wäert wëssen de richtege Moment opzehalen.

Ech wäert net zu deene gehéieren, wou d’Leit herno soen, geet deen da bal, kann deen net engem Jonke Plaz maachen? Ech wäert Plaz maachen, mä ech décidéieren dat nach selwer. Ech iwwerloossen dat nach e bësse mengen internen Ausernanersetzungen, déi ech mat mir selwer hunn. Mä Dir wäert mech do erëmfannen, datt ech och nach eppes anescht am Liewe vläicht maachen. Mä [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Segelen?

Jeannot Krecké: Neen, och nach geschäftlech, berufflech eppes nach maache vläicht, awer nëmmen niewesächlech Saachen. Mä trotzdem, ech wäert net zu deene gehéieren, zu deenen Dir herno sot, elo gëtt et Zäit, datt s de gees.

Guy Kaiser: 40 Minutte Gespréich mam Wirtschaftsminister ass erlaanscht. Merci dofir, Jeannot Krecké.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact