|
Umoderatioun: An der Grondschoul kënnt et fir déi nächst Rentrée zu Adaptatiounen, wat d‘Tëschebilanen ugeet. Zum Beispill ginn et nach just 2 Bilanen déi zu Pabeier bruecht ginn, obwuel et bei den 3 Rendez-vousen d'Joer tëscht den Enseignanten an den Eltere bleift. An den Haaptfächer soll iwwerdeems de Fortschrëtt pro Kompetenz, an den Niewefächer dogéint just dee globale gekuckt ginn. A fir bei de Kanner de Goût um Effort ze förderen, gëtt en Exzellenzniveau agefouert. An deem Kontext huet sech den Eric Ewald gëschter mat der Ministesch Mady Delvaux ënnerhalen. Seng éischt Fro war déi, a wéi engem Klima déi Entrevue mat de Gewerkschaften ofgelaf ass, a wéi d'Ministesch d'Resultat vun där Entrevue beuerteelt.
Eric Ewald: Mady Delvaux: Fir op déi lescht Fro fir d'éischt ze äntweren: Ech si ganz zefridden iwwer d'Reunioun. Mir hunn de Gewerkschaften eng Propositioun gemaach.
Ech muss do e bëssen aushuelen. Am Schouljoer 2009/2010 hate mir déi nei Zensuren am Cycle 1 an 2. Am Joer 2010/2011 war de Cycle 3. An elo d'nächst Rentrée kritt de Cycle 4.1, also d'5. Schouljoer nei Bilanen. D'6. Schouljoer behält seng al Bilanen.
Mir hunn eis hei Gedanke gemaach, wéi mir dat am beschte géife presentéieren, well et geet jo ëm 2 Saachen. Éischtens mussen déi Bilanë lisibel si fir d'Elteren. Mir hu jo och Questionnairë gemaach, wou mir gefrot hu wéi dat verstane gëtt. An zweetens musse se kohärent sinn. An dat waren d'Objektiver déi mir verfollegt hunn.
Ech hat d'Gewerkschafte geruff fir mat hinnen doriwwer ze diskutéieren. A mir sinn zu enger gemeinsamer Conclusioun komm. Si hu fonnt, déi Propositioun déi ech géif maachen, déi géif déi 2 Ziler verfollegen. Dat heescht, mir hunn am Schouljoer 3 Mol wou d'Elteren an d'Schoul geruff ginn. Chrëschtdag ass jo déi éischte Kéier. Da gëtt de ganze Bilan ausgefëllt. Dee gesäit en gros d'selwecht aus wéi d'Bilanen aus dem Cycle 2 an 3. Just hu mir manner Text dohinner gesat. Dat heescht, mir beschreiwen am Fong just d'Kompetenzen a mir setzen net méi déi laang Formulatiounen do, déi och e bësschen duerchernee maachen.
An déi Beschreiwungen déi do stinn, déi ginn a verschidden Niveauen. An do als Pendant gëtt et eng Grille de développement des compétences, dat ass e Bichelche wat d'Elteren dann all matkréien, an da kann een och genau verfollege wat dat heescht.
Dee Bilan gëtt dann ausgefëllt fir d'Rechnen fir d'Däitsch, fir d'Franséisch, do gi mir ganz an den Detail. Fir déi aner Fächer gëtt et manner Detail. An dann ass Ouschteren eng zweet Entrevue mat den Elteren. Dofir gëtt Chrëschtdag festgehalen, wat kucke mir dann elo am nächsten Trimester genau, wat suivéiere mir beim Kand? Wou si seng Stäerkten, seng Schwieregkeeten? An dat wat do festgehale gëtt, dat gëtt dann Ouschteren nach eng Kéier diskutéiert. An dann ass dee leschten Echange virun der grousser Vakanz. An do gëtt erëm e ganze Bilan ausgefëllt.
Ech war scho sensibel op déi Remarquen, déi do gemaach gi sinn, datt d'Schoulmeeschtere just nach do wiere fir Kräizercher auszeféieren. Ech mengen, d'Kanner ginn an d'Schoul fir ze léieren a si mussen Zäit kréien, fir datt de Progrès sech weist.
An ech mengen, datt mir lo eng Léisung hunn déi d'selwecht ass wéi 2, 3 a 4, wou et fir d'Eltere méi lisibel ass. Dat Positiivt hale mir, also deen Echange, deen esouwuel vun den Eltere wéi vun den Enseignanten als ganz positiv ugesi gëtt, a mir kréien esou eng gutt Beschreiwung vun deem wat e Kand kann a wat seng Progrèsë waren am Laf vun engem Cycle.
Eric Ewald: Ier mir op déi 3 Changementer dann nach eng Kéier e bësse méi präzis aginn, nach eng Kéier kuerz zréck op den Esprit an deem déi Reunioun ofgelaf ass. Wéi war dat Klima mat de Gewerkschaften? Ass dat an engem gesonde Klima ofgelaf, déi Reunioun?
Mady Delvaux: Ech hunn dee Klima ganz positiv fonnt. Normalerweis leeft dat och ganz ziviliséiert of. Et ass lo net, datt mir eis géife streiden.
Mä et geet eis jo am Fong alleguerten drëm, fir de System, d'Schoul esou opzestellen, datt d'Enseignantë motivéiert sinn, datt d'Kanner léieren, an datt d'Elteren och associéiert ginn an och verstinn, wou hiert Kand steet an op wat hiert Kand soll schaffen. Also, ech hunn de Klima ganz positiv fonnt.
Eric Ewald: Fir nach eng Kéier dann op déi eenzel Changementer anzegoen. Tëschebilanen, wéi gesot, et bleift bei deenen 3 Reuniounen d'Joer. Et ginn nëmmen nach 2 där Bilanen ausgefëllt. Ass dat souzesoen e bëssen eng Konzessioun un eben d'Schoulmeeschteren an d'Jofferen, déi gesot haten, datt et awer vill Opwand wär?
Mady Delvaux: Haaptsächlech hu mir eng Léier gezunn aus deenen 2 Joer wou mir elo Praxis haten. Wou ech vun alle Bedeelegte gesot kritt hunn, datt ganz vill Schoulmeeschteren a Léierinnen dauernd amgaange wiere Kräizercher ze maachen an ze teste fir kënne Kräizercher ze maachen.
An d'Schoul ass jo am Fong do fir ze léieren, an net nëmme fir ze testen.
Dofir hu mir dat berücksichtegt. An et muss een och soen, dat seet och all Spezialist vun der Entwécklung vun de Kanner, datt een an 3 Méint net onbedéngt e grousse Fortschrëtt ëmmer feststellt. Dofir ass et wichteg, 2 Mol am Joer de Bilan ganz ze maachen, an Ouschteren dann eben en Tëschebilan, wou een eigentlech kuckt, wou d'Schwieregkeeten am éischten Trimester waren, fir datt mir am 2. Trimester dorop schaffen.
Dat hei ass iwwregens de Modell, dee mir hate bei den Écoles en mouvement. Déi Schoulen déi Précurseur waren, do hate mir och nëmmen 2 Bilanen. Mir haten du gemengt, et misst een der awer 3 maachen, aus der Traditioun eraus, a mir kommen am Fong elo erëm op déi éischt Erfahrungen zréck déi mir deemools bei den Écoles en mouvement gemaach haten.
Eric Ewald: Wat d'Fortschrëtter vun de Kanner elo ugeet, do gëtt jo dann, wat d'Haaptfächer ugeet, pro Kompetenz u sech gekuckt, a wat d'Niewefächer ugeet méi global. Do hate sech d'Gewerkschaften erhofft, datt Dir op dee globale Wee op béiden Niveauë géift goen.
Mady Delvaux: Jo, dat war d'Demande vun de Gewerkschaften, an op déi wëll ech awer net agoen, well mir ebe gär hätten, datt genau gekuckt gëtt – ech huelen elo d'Beispill vun der Mathematik, oder ech kann och déi huele vum Däitschen.
Wa mir soen, eng Production orale kucke mir, do gëtt et en Ënnerscheed, ob ech ee vis-à-vis sëtzen hunn, ob ech kann op Froen äntwerten, oder ob ech kann alleng eng Geschicht erzielen, oder ob ech ka virun engem grousse Publikum eppes erzielen. Dat si jo verschidde Kompetenzen.
An et ass jo awer scho wichteg, datt een all Kompetenz op d‘mannst übt. A meng Angscht war, wa mir nëmme géifen een Domaine huelen, datt dann net méi alles géif gekuckt ginn. An d'Gewerkschafte waren och mat mir d'accord, datt wann een nëmmen een Domaine hëllt, datt een awer muss déi verschidden eenzel Kompetenze kucken. Well si jo da mussen awer en Arbitrage maachen a soen, wou maachen ech dann elo mäi Kräiz?
An dofir ware si d'accord fir awer am Däitschen, am Franséischen an an der Mathematik déi verschidde Kompetenzen alleguer ze huelen. An doriwwer sinn ech ganz frou.
Eric Ewald: Da gitt Dir, wat d'Haaptfächer ugeet, op de Wee vun engem Exzellenzniveau. Do hunn d'Gewerkschaften u sech gefaart, datt do den Drock, ënner anerem op d'Kanner géif erhéicht ginn. Dat ass manner Är Meenung?
Mady Delvaux: Dat do war eng Diskussioun déi opkomm ass, éierlech gesot, mat där ech net gerechent hat, wëll ech soen. Ech kréie jo ëmmer reprochéiert, ech géif do jiddweree wëlle gläichstellen.
Meng Suerg war fir ze weisen, mir hunn eng Kéier en Niveau-socle. Dann hu mir en Niveau avancé. An et ginn awer Kanner déi ganz gutt sinn, a mir wëllen déi och encouragéieren an hinnen och weisen, hei dir sidd ganz gutt. An dofir hu mir drop behalen, datt et en Niveau excellent géif ginn.
Ech mengen net, datt dat d'Kanner elo ënner Drock setzt, mä et ass éischter en Ureiz an eng Usporn, fir datt se sech dru ginn a sech net domat zefridde gi fir einfach nëmme genuch ze kréien. An ech mengen, datt ee vu Kanner am 5. a 6. Schouljoer scho ka verlaangen, datt se sech e bësse méi dru ginn, an datt se och weise wat se kënnen. Well meng Erfahrung ass, datt déi Kanner ebe meeschtens ganz stolz si fir ze weisen, wou se hir gutt Leeschtunge fäerdeg bréngen.
Eric Ewald: Elo sinn dat heite Changementer déi déi nächst Rentrée ulafen. Wéi steet an Ären Aen d'Schoul elo virun där Rentrée am September allgemeng do?
Mady Delvaux: Ech géif mengen, datt mir gutt do stinn. Well dee leschte Punkt dee mir eigentlech elo nach ze entwéckelen haten, dat war, wéi sollen d'Bilanen am Cycle 4 ausgesinn? Dat ass déi eenzeg Neierung déi elo nach op eis zoukënnt. Elo wësse mir, wéi se fir d'nächst Joer sinn, a wéi se fir dat Joer duerno sinn.
De Programm steet, mir hunn dat och schéi strukturéiert. En ass vill méi lisibel. Ech mengen, d'Eltere kréien och fir hir Kanner e Bichelche mat, wou se dat alles kënnen doheem a Rou noliesen.
Also ech gesinn elo keng grouss Changementer wat d'Grondschoul ugeet fir d'nächst Schouljoer.
Dat éischt Joer war schwéier. Dat zweet Joer ass scho besser gaangen an ech sinn och zouversiichtlech, datt et weider besser geet. Well all Changement heescht jo awer och, datt all d'Akteurë sech mussen ëmstellen. Dat ass ustrengend, dat mécht ee midd an dat gëtt och emol Reiwereien. Mä ech denken, datt mir elo lues a lues an e System kommen, wou d'Leit méi rodéiert sinn.
Eric Ewald: Eng lescht Fro un Iech, Madame Minister. D'lescht Woch ass eng Ëmfro eraus komm – vun Ëmfroe kann een hale wat ee wëll. Do gouf ënner anerem festgehalen, datt Dir, wat d'Sympathiewäerter ugeet, elo net der Däiwel gutt ofgeschnidden hutt.
Huet een an deem Sënn nach Loscht, fir iwwerhaapt Reformen ze maachen? Wann ee vläicht gesäit, datt dat eventuell Repercussiounen dann duerno an der Stëmmungslag dobaussen huet?
Mady Delvaux: Dat sinn elo Consideratiounen, déi mech elo net esou geheien. Mir geet et wierklech drëm fir d'Schoul esou opzestellen, datt am 21. Joerhonnert déi Kanner déi zu Lëtzebuerg an d'Schoul ginn eng Chance kréie fir sech ze entwéckelen a fir sech ze qualifizéieren. An ech weess, datt dat grouss Ëmstellunge si fir d'Schoul. Dat ass net einfach. Do stéisst een och heiansdo un d'Gewunnechten, och un eng Traditioun. An dat ass eigentlech mäin Uleeës, an dat ass fir mech Motivatioun genuch fir all Dag erëm unzepaken.
Eric Ewald: Merci fir dës Explikatiounen.
Mady Delvaux: Merci och.
|