Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Juillet 2011 > Françoise Hetto-Gaasch au sujet de la promotion du Luxembourg dans le cadre du Tour de France

Interview
Françoise Hetto-Gaasch au sujet de la promotion du Luxembourg dans le cadre du Tour de France
"RTL Radio" du 01-07-2011

Vers le niveau supérieur

Christiane Kremer: Mir si live dobäi am Tour de France, deen zwar wuel muer eréischt esou richteg ufänkt, mä natierlech sinn all d’Preparatioune scho laang gemaach, d'Équipë si virgestallt, d'Pressekonferenzen hale sech eng no där aner of, an op der Arrivée au Mont des Alouettes, zu Les Herbiers, do sinn och am Fong geholl schonn alleguer déi grouss Mediestatiounen installéiert.

Mir sinn och dobäi mat dëser Emissioun, mir sëtzen am Car vun RTL France, sinn do gutt versuergt, an hunn och scho relativ vill Interessantes iwwer d'Vendée erzielt kritt an natierlech awer och iwwert d'Presentatioun vu gëschter.

Lëtzebuerg ass natierlech vertruede mat enger ganzer Équipe, mat Leopard Trek, natierlech mat eisen 2 Schleck-Bridder, mä Lëtzebuerg ass awer och nach aneschters vertrueden dëst Joer am Tour de France. An zwar an der Caravane publicitaire, an dat, fir e bësse Reklamm ze maache fir eist Land.

An dofir sinn ech elo mol verbonnen iwwer Telefon op Lëtzebuerg mat der Ministesch fir Tourismus, dat ass d'Françoise Hetto. Gudde Mëtteg.

Françoise Hetto: Ee schéine gudde Mëtten.

Christiane Kremer: Wéi war dann do d'Iddi hierkomm? Also, Vëlo stelle mir duer, natierlech, Lëtzebuerg ass am Vëlosféiwer, schonn zanter laangem. Ass dat dann och wichteg, d'Land a sengem Féiwer duerzestellen?

Françoise Hetto: Ech menge schonn. Mir hunn jo zanter 2010 ugefaangen eist Land per Themen duerzestellen. Da siche mir eis ëmmer een Highlight eraus. D'lescht Joer war dat op der ITB d'Lea Linster an d'Expogast, dëst Joer Vëlo.

An do hu mir eis en Highlight fir dëst Joer erausgesicht an dunn hu mir gesot, ok, wa mir schonn eng lëtzebuergesch Équipe hunn déi matfiert, mat de Schleck-Bridder, dann ass dat natierlech och flott fir sech iwwer dee Wee bekannt ze maachen. Dat ass eng onheemlech Couverture déi mir do kréien. Wann een alleng bedenkt, déi 15 Millioune Leit, déi aus deene verschiddene Länner do elo laanscht d'Strooss wäerte stoen, alleguer déi léiere Lëtzebuerg vläicht esou eng éischte Kéier kennen.

Christiane Kremer: Et kann een elo jo scho bal soen, d'Gebridder Schleck maache jo scho bal e bësse Promotioun fir d'Land?

Françoise Hetto: Mir maachen dat da mat hinne gär zesummen. Ech mengen, si maachen dat op hir Aart a Weis a mir hunn dann d'Chance dann iwwer de Wee vun eise 4 Autoen, déi mir vum Garage Losch gesponsert kruten, awer och eng ganz Partie flott Gadgeten ënner d'Leit ze bréngen, wou Informatiounen iwwer Lëtzebuerg drop sinn, mä wou awer och ëmmer op eisen Internetsite drop zréckgewise gëtt, wou ee kann Informatioune sammelen, de visitluxemburg.lu.

Christiane Kremer: Wéi gesäit dat dann elo konkret aus? Wéi geet dat an där Karawan?

Françoise Hetto: Mir hu jo en Opruff gemaach gehat, am Fong geholl, wou mir Leit elo gesicht hu fir matzefueren. Do hate mir iwwer 150 Kandidaturen erakritt. Dunn hu mir eng Selektioun gemaach. An op Grond dovun hu mir elo déi 8 sympathesch dynamesch Leit déi dann elo do matfueren, an deene 4 Autoen.

Si si bei eis e bësse preparéiert ginn. Si kréien och haut nach vum Tour de France eng extra Formatioun dohannen, ebe wéi si sech solle behuelen am Tour, awer och wéi muss een oppasse beim Fueren. Well dat ass jo och net evident. Do muss een ëmmer drop gefaasst sinn, datt een engem ka virdru lafen. Also, si si scho richteg gebrieft.

A wat da ganz flott ass, net nëmmen elo fir Reklamm dohanne fir Lëtzebuerg ze maachen, mä awer och fir de Lëtzebuerger d'Chance ze ginn e bësse mat ze erliewe wat si dohannen do matkréien: mir maachen e Facebook- an och een Twitter-Account, wou si am Fong geholl hir Erliefnesser de ganzen Zäit dropsetzen, esou datt d'Lëtzebuerger vun hei dat dann och kënne live mat suivéieren.

Christiane Kremer: Wat erwaart Dir Iech dann vu Repercussiounen op déi Aktioun?

Françoise Hetto: Ech erwaarde mir éierlech gesot ganz vill. Ech hunn elo gesot kritt vu menge Leit, déi do ënne waren, elo am Village du Tour, datt si iwwerlaf si gi vu Leit, déi Informatioune wollten iwwer Lëtzebuerg hunn. Dat ganzt Material wat si mathaten, ech denken d'Prospekter iwwer Hotelsguiden, awer och iwwer Lëtzebuerg selwer, dat hu si scho ganz vill dohanne quasi alles verdeelt.

Dat sinn elo net déi Saachen déi mir elo während der Karawan erausginn, mä dat sinn einfach allgemeng Informatiounen iwwer Lëtzebuerg.

Dat heescht jo awer, datt de Besoin och do war vun de Leit, datt si einfach net genuch iwwer eist Land wëssen. Do freeën ech mech driwwer an ech hoffen, datt mir ganz vill Leit einfach virwëtzeg maachen drop, fir Lëtzebuerg kennen ze léieren.

Christiane Kremer: Wéi stellt Dir Lëtzebuerg duer? Kloer, et ass d'Thema Vëlo, Vëlosland Lëtzebuerg. Wéi stellt een dat duer?

Françoise Hetto: Mir hunn do op deem enge Gadget dee mir erausgeheien, dat ass am Fong geholl esou eng ganz kleng Kaart wou d'Vëlosweeër alleguerten drop sinn, wann ee se ausernee faalt. An déi aner Säit, do sinn eng ganz Partie allgemeng Informatiounen iwwer Lëtzebuerg, mat dann ëmmer erëm dem Site visitluxemburg.lu, wou ee weider Informatioune ka fannen.

Ech mengen, mir wësse jo, dëst Joer wëlle mir d'Leit e bësse fir de Vëlostourissem sensibiliséieren. Wa mir si bis eng Kéier op eisem Site hunn, wa mir si emol eng Kéier op eist Land opmierksam gemaach hunn, dann denken ech, da kréie mir si och eng Kéier dozou beweegt heihinner kucken ze kommen.

En plus hu mir esou e flott Spill wat mir maachen, wou d'Kaarten déi mir erausgeheien, wou mir elo eng onwahrscheinlech schwéier Fro stellen, ech kann dat elo soen, well d'Leit eis net nolauschteren. Dat sinn da 5 Fotoen, do froe mir, wéi eng dovunner ass dann d'Gëlle Fra? Et ass relativ evident fir eis. An domat kënne si dann eng Rees op Lëtzebuerg gewannen. Ech mengen, dat ass och eng Méiglechkeet fir Leit ze sensibiliséiere matzemaachen.

Nieft deene anere Saachen déi mir hunn, eis Bouffen, Bidonen, T-Shirten, eis flott DVD “Is it true what they say about Luxembourg?�? Ech mengen, do kann ee vill ënner d'Leit bréngen.

An dann, déi meescht Leit, dat ass gewosst, 39% vun deene 15 Milliounen déi do stinn, déi kommen haaptsächlech wéinst der Karawane, wéinst der Ambiance, wéinst de Gadgeten dohinner.

Christiane Kremer: Dat ass jo relativ grouss, wéi Dir dat elo do opgezunn hutt. Et si Leit déi sinn 3 Woche mat ënnerwee. Et ass e richtegen Investissement. Ass et dat wäert? Oder erhofft Dir Iech, datt et dat wäert ass?

Françoise Hetto: Also ech menge schonn. Hei erreeche mir e ganz anere Public wéi mir dat vläicht erreeche soss wa mir op eng Foire ginn.

Ech huelen elo ee Beispill: eng Präsenz op der ITB zu Berlin, dat kascht eis 150.000 Euro. Hei leie mir ënner deem Budget. Ech muss awer och soen, dat ass awer och wéi gesot well mir déi Autoe gesponsert krute vum Garage Losch. Mir hunn déi T-Shirten an alles, déi ganz super Kleeder wou eis Leit do unhunn, déi 9 Leit déi an der Karawane do matfueren, dat hu mir vum GIGI ART 11 gesponsert kritt. Dat mécht natierlech vill aus.

Dat heescht, mir kënnen do largement ënner deem Budget bleiwen, wat eng ITB eis kascht.

An op där anerer Säit, déi Leit déi maachen dat jo och elo fräiwëlleg, déi gesinn dat als eng eemoleg Chance, als eng Erfahrung. A si kréie vun eis natierlech den Hotel bezuelt an dat wat si verziren de ganzen Dag, dat ass jo kloer. Mä esou datt dat Investissement an deem Sënn net esou grouss ass. A wann een da vergläicht, mat enger Präsenz op enger Foire, mengen ech, datt een awer do vill méi eng grouss Retombée huet wéi elo eng Präsenz eben zu Berlin.

Christiane Kremer: Wann dat sech esou ergëtt, bleift et da bei där enger Kéier oder denkt Dir vläicht driwwer no nach eng Kéier ze widderhuelen?

Françoise Hetto: Also, ech erhoffe mir jo wierklech, datt et e Risesuccès gëtt, a mir kënnen dat jo net elo direkt moossen, war fir eng Repercussiounen datt et huet. Mä ech mengen, wann net e Succès gëtt a wann dat dote sech bewährt, da géif ech mengen, da sollte mir eis dat net huele loossen all Joer d'Präsenz vu Lëtzebuerg an der Caravane publicitaire ze weisen.

Christiane Kremer: Ass d'Tourismusministesch och eng Kéier ënnerwee um Tour de France?

Françoise Hetto: Si huet net d'Zäit während, mä si ass awer zum Schluss dobäi an et ass natierlech och vläicht ee vun deene flottste Momenter, oder och net. Et ass egal, mä ech wäert op Paräis kommen.

Christiane Kremer: Merci, Françoise Hetto, fir d'Präzisiounen. A mir wäerten eis natierlech och mat de Leit hei an der Caravane publicitaire vu Lëtzebuerg ënnerhalen, an och e bëssen hir Meenung iwwer hir Erliefnesser un Iech weiderginn. Merci.

Françoise Hetto: Merci och.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact