|
Umoderatioun: D’Finanzmäert hu gëschter negativ reagéiert op d’Behaaptungen, Italien wier deen nächste Kandidat, deen an der Eurozone misst virun der Faillite gerett ginn. Italien ass déi drëtt gréisst Wirtschaftsmuecht vun den Eurolänner, d’Land huet 1,84 Billiounen Euro Scholden, dat ass bal ee Véierel vun de Gesamtstaatsscholden vun alle 17 Eurolänner. Deenen hir Finanzministere wëllen elo nei Mesuren aféieren, fir ze verhënneren, datt d’Scholdekris aner Eurozonlänner ustécht.
Um Telefon begréissen ech elo de Chef vum Eurogrupp, de lëtzebuerger Premier Jean-Claude Juncker. Gudde Moien, Här Juncker.
Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.
Pierre Reyland: Wéi eescht ass d’Situatioun vun Italien dann? Dir schafft un engem, wéi Dir sot, anti-Ustiechungsprogramm, ass dat net schonn ze spéit?
Jean-Claude Juncker: Italien ass ugestach, an esou kéint een denken, dat wier schonn ze spéit. Mee et geet elo drëm, déi Kontagiounseffekter, déi iwwergespronge si vu Griechenland, a vun deenen anere méi schwaache Länner, op Italien ze bremsen. An dofir hu mir gëschter nach eng Kéier däitlech gemaach, datt alles wäert ënnerholl gi vu der Säit vun den Eurofinanzministeren, fir d’Stabilitéit an der Währungszone sécherzestellen.
A mir hu bewisen, andeem mir déi Décisiounë geholl hunn, datt mir bereet sinn dee Rettungsschirm, dee mir hunn, méi flexibel ze gestallten, dat heescht, deem méi Instrumenter zur Verfügung ze stellen, fir anti-kontagiounsméisseg kënne wierksam ze ginn.
Pierre Reyland: Sinn déi Instrumenter och zum Deel méi Suen, wann een dat esou ka soen?
Jean-Claude Juncker: Neen, mir maachen een zweete Programm fir Griichenland, dat hu mir am Prinzip décidéiert. Déi Zuelen, déi do valabel sinn, déi treffen zou.
Mee déi Instrumenter, déi mir elo zousätzlech an Opstellung bréngen, déi Mëttelen, déi mir gebrauchen, déi bedénge keng weider Ausgaben, déi fanne Plaz an deem Schirm, dee mir hunn, an déi fanne Plaz an deem zweete Griichenlandprogramm.
Pierre Reyland: Dee Programm ass awer nach net décidéiert, ee vun de Knackpunkten ass do d’Participatioun vun de Banken, an de Versécherungsentreprisen. Firwat ass dat esou schwiereg, wëllen déi einfach do net mat bezuelen?
Jean-Claude Juncker: Dee Programm deen ass prinzipiell décidéiert, an dee gëtt och elo séier finaliséiert. Seng Haaptelementer kenne mir, mä seng Finanzéierungsstruktur, déi ass nach net kloer, well mir musse waarden, wat eigentlech bei deem Effort, fir de Privatsekteur un der Finanzéierung vun deene sougenannte Rettungsaktioune participéieren ze loossen, nach net feststeet.
Et ass net esou, datt de Bankesekteur an Europa sech géif verweigere fir matzemaachen. Mä et ass och esou, datt muss séchergestallt ginn, datt ee Matmaache vum Bankesekteur (…) datt dat net zu enger Bewäertung vun de Ratingagenture féiert, där Gestalt, datt dat en Zahlungsausfall wier. Well wann all Ratingagenturen soen, et wier en Zahlungsausfall, da féiert dat zur Konsequenz, datt d’Europäesch Zentralbank keng Pabeiere vun deem Staat méi unhëlt, well déi dann als Ramschpabeieren agestuft wieren. Dofir ass dat eng schwiereg, net direkt Verhandlung, mä e schwieregt Gespréich mam Privatsecteur.
Pierre Reyland: Déi Ratingagencen, déi hunn een enorme Pouvoir, a maachen Drock op de ganzen Eurogrupp. D’Viviane Reding, d’Justizkommissärin, hat gëscht déi dräi grouss vun deenen Agencen attackéiert. Sidd Dir do hirer Meenung?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn, wéi Dir Iech kënnt erënneren, viru 6 Méint gesot, deen Totalpouvoir vun deene Ratingagenturen, dee misst gebrach ginn, an et wier nëtzlech a gutt, wa mir an Europa eng eege Ratingagentur hätten, statt datt mir eis mussen op d’Bonitéitsbewäertungen, déi aus de Vereenegte Staate vun Amerika kommen, verloossen. Mä esou eng eegen Agentur opzeriichten, ass eng Saach déi Zäit hëlt, mä dorunner gëtt geschafft.
Fir de Rescht sinn ech net prinzipiell géint déi Bewäertungen, déi d’Ratingagenturen ofginn, well déi si jo do fir den Investisseuren ze soen, wou se sollen investéieren, a wou net. An datt een de Moment zur Conclusioun kënnt, Griichenland wier kee gudden Terrain fir ze investéieren, ass verständlech, mä mëttelfristeg natierlech net gutt, well Griichenland brauch Investitiounen.
Ech reege mech méi op iwwer de Moment, wou esou Bewäertunge lassgelooss ginn, well dat ganz oft an engem Moment geschitt, wou d’Staaten am gaange sinn hir ëffentlech Finanzen an Uerdnung ze bréngen. Mir wäerten am Laf vum Dag vun haut, oder vu muer, nach weider Iwwerraschungen an deem Sënn kréien.
Pierre Reyland: Eng lescht Fro awer zu engem ganz anere Sujet, wann Dir wëllt Här Juncker, nämlech den neien Äerzbëschof. De Mëtteg gëtt den Numm offiziell ugekënnegt. Eisen Informatiounen no gëtt et de Jean-Claude Hollerich. D’lëtzebuerger Regierung muss do zoustëmmen. Wat erwaart d’Regierung sech da vum neie Bëschof?
Jean-Claude Juncker: Déi Zoustëmmung, déi d’Regierung muss ginn, dat ass keng, déi un Erwaardunge geknäppt ass. D’Regierung muss d’Zoustëmmung ginn, well den Äerzbëschof vum Staatsminister vereedegt muss ginn, a den Äerzbëschof eng Pei vum lëtzebuerger Staat kritt.
Mir leeën do keng inhaltlech Bewäertungsmoossstäb un, à moins datt dee Kandidat, deen de Poopst géing virschloen, eins ee schéngt ze sinn, deen absolut net an d’lëtzebuerger Landschaft passt. Déi Propositioun, déi de Vatikan eis ënnerbreet huet, ass eng déi an d’lëtzebuerger Landschaft passt, an duefir huet d’lëtzebuerger Regierung och hir Zoustëmmung dozou ginn.
Mä ech iwwerloossen eisem Äerzbëschof, den Numm vun deem neie Bëschof bekannt ze ginn, well ech si jo net, wéi Dir wësst, de Spriecher vum Äerzbistum, mä dee vum Eurogrupp.
Pierre Reyland: Dir dementéiert awer och net, datt et den Här Jean-Claude Hollerich gëtt?
Jean-Claude Juncker: Den Äerzbëschof ass zoustänneg fir déi Matdeelung ze maachen. Dat ass eng Affaire, déi d’lëtzebuerger Kierch betrëfft, et ass net um Staatsminister fir deem virzegräifen.
Pierre Reyland: Jean-Claude Juncker, villmools Merci fir den Interview de Moien.
Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci, an ee schéinen Dag.
|