Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Juillet 2011 > Jean Asselborn au sujet de son entrevue avec le secrétaire général de l'ONU Ban Ki-moon

Interview
Jean Asselborn au sujet de son entrevue avec le secrétaire général de l'ONU Ban Ki-moon
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 27-07-2011

Vers le niveau supérieur
Lynn Gaspar: De lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn war gëschter op Visite beim UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon zu New York. U sech sollten d’Gespréicher sech ronderëm déi international an europäesch Politik dréinen, méi präzis ronderëm d’Entwécklung an Nordafrika, an de Friddensprozess am Noen Osten. Ma schlussendlech waren d’Attentater vum leschte Freideg an Norwegen direkt en Thema, esou de Jean Asselborn.

Jean Asselborn: An der Analys ware mir eis och eens. Mir waren alle béid der Meenung, datt et ze einfach ass ze soen, dee Kriminellen ass en Dereguléierte mat faschistoiden Zich, deen dës Barbarei duerchgezunn huet – e Verbriechen, wéi och elo richteg gesot, géint d’Mënschlechkeet. Dat ass eben eng Fatalitéit, an domat fäerdeg.

Et huet een erausgespuert an eisem Gespréich, datt, aus der Siicht vum Ban Ki-moon, mir an Europa vläicht vill méi Gewiicht nach musse leeën op d’Initiativ vun der UNO, nämlech d’Allianz vun den Zivilisatiounen, an och déi Iddien nach méi ënnerstëtzen, datt een net e Clash dierf provozéieren tëscht de Kulturen, mä wierklech eng Allianz. An de Schoulen, an am Gesellschaftsliewen missten mir all Keime vun Egoismus, a virun allem och vu Frieme Feindlechkeet, déi et ginn, konteren.

Lynn Gaspar: An der Diskussioun ronderëm Israel a Palästina wëll den UNO-Generalsekretär Ban Ki-moon eigentlech kee status quo an der Fro vun engem Palästinenserstaat.

Jean Asselborn: Also wann ech status quo soen heescht dat: weder Verhandlungen tëscht den Israelien an de Palästinenser, nach Unerkennung vum palästinensesche Staat, oder eng Memberschaft vun de Palästinenser an der UNO.

Ech hat och donieft Gespréicher mat ganz héije Vertrieder vun de Palästinenser. An et muss ee leider dovunner ausgoen – ech mengen, datt een elo scho ka festhalen – datt d’Amerikaner wäerten de Veto aleeën, wat d’Memberschaft vun de Palästinenser an der UNO ugeet. Or, wann een dat weess, da muss ee versichen aner Weeër ze fannen.

Lynn Gaspar: A fir deem Veto vun Amerika eben ze entgoen, iwwerleet ee sech Palästina de Status vun engem “observer state�? ze ginn.

Jean Asselborn: Do wier d’Wuert ‘Staat’ dran, a mat alle Konsequenzen déi dat kéint implizéieren, datt och d’Palästinenser kéinte Member ginn an den Agencen, an den internationale Geriichter zum Beispill. An dat wier och e Vote an der Assemblée générale mat einfacher Majoritéit, dat heescht, wann eng Majoritéit vun der UNO dat géif festhalen, da wier dat Acquis. Dat ass eventuell e Wee, wou och d’Palästinenser driwwer nodenken.

Lynn Gaspar: Wat Libyen betrëfft, wier et dem Jean Asselborn no wichteg, datt d’UNO géing e Plang virleeën, fir ënner anerem eng Struktur fir en Dialog iwwer d’Zukunft vu Libyen kënnen auszeschaffen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact