Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Juillet 2011 > Jean Asselborn au sujet de son entevue avec le secrétaire général de l'ONU Ban Ki-moon et des attentats en Norvège

Interview
Jean Asselborn au sujet de son entevue avec le secrétaire général de l'ONU Ban Ki-moon et des attentats en Norvège
"DNR" du 27-07-2011

Vers le niveau supérieur
Jean Asselborn: Mir hunn an der Analys festgehalen, datt mir eigentlich der Meenung sinn, datt et ze einfach wier wann ee seet: "OK, dat do ass ee Kriminellen, en Deregléierten, praktesch e Faschist, deen dës Barbarei op seng Kap duerchgezun huet. Verbrieche géint Mënschlechkeet, bon dat ass eng Fatalitéit." An domat hätt et sech.

Et huet een och eraus gespuert, datt de Ban Ki-moon Suergen huet, datt an Europa – an zu Europa gehéiert Norwegen, gehéiert d'Schwäiz – sech an de leschte Joeren awer trotzdem gewisen huet, datt et fruchtbare Buedem gëtt géint eben dat, wat jo eigentlech d'Aushängeschëld soll si vun der Europäescher Unioun a vun Europa en général: nämlech eng offen, eng tolerant op Diversitéit opgebaute Gesellschaft, wou eben all Kulturen, all Reliounen hir Plaz hunn, a wou d'Diversitéit eigentlech d'Stäerkt ass vun esou enger Gesellschaft.

An aus der Siicht och vum Generalsekretär vun der UNO misste mir vläicht och als Europäesch Unioun, wann ech sou däerf soen, méi Gewiicht leeën op eben d'Iddie vun där Initiativ déi geholl ginn ass um Niveau vun der UNO an déi dirigéiert gëtt vum Här Jorge Sampaio, dem fréiere President vu Portugal, nämlech d'Allianz vun den Zivilisatiounen. Datt mir wierklech och an de Schoulen an am Gesellschaftsliewen en général probéieren déi Keime vun Egoismus a vu Friemefeindlechkeet a vun Ontoleranz ze konteren.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact