Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Août 2011 > Jean Asselborn au sujet de la situation en Libye

Interview
Jean Asselborn au sujet de la situation en Libye
"DNR" du 22-08-2011

Vers le niveau supérieur
Jean Asselborn: No all deem wat ech iewer elo kann héieren, och wann dat trotzdem eng Évolutioun ass, déi selbstverständlech nach ze confirméieren ass, mä déi d’Welt awer erwaart huet. Et kann een dovunner ausgoen, datt dat do iewer dohinner dréint – effektiv wéi Dir sot – datt no 42 Joer de Gaddafi net méi un der Muecht ass.

An et muss een och direkt hannendru soen, datt den Haaptverantwortlechen do duefir d’libyscht Vollek ass, wat immens vill Affer bruecht huet.

Et muss een och soen, datt déi UNO-Resolutiounen 1970 an 1973 doutsécher net ëmsoss waren, trotz aller Kritik, déi och doutsécher heiansdo berechtegt war.

Mä et gëtt keng Besatzungsmuecht a Libyen! Ech mengen, dat ass emol deen alleréischte Punkt, deen ee muss festhalen. Zweetens, d’libyscht Vollekt kritt eng Chance fir selwer hiert Schicksal an d’Hand ze huelen.

Et muss een och soen, datt ouni den Asaz – leider! – vu militäreschen Operatiounen, wéi déi, déi och vun der Nato no e puer Wochen ënnerholl goufen nodeem datt d’Resolutioun 1973 gestëmmt ginn ass, dës Entwécklung net méiglech gewiecht wier.

Et ass awer elo e ganz, ganz wichtege Moment an där Iwwergankszäit hei, datt den Iwwerganksrot, dee jo gebildt ginn ass an de leschte Méint, datt deen och wierklech d’Recht huet fir duefir ze warnen, virun allem an deenen nächsten Deeg, datt keng Vengeanceakten zu Tripolis elo geschéien. D’Welt kuckt op Tripolis an d’Demokratie muss effektiv eng Chance kréien.

Dat ass e grousse Moment, mengen ech op jiddwerfalls, fir d’libyscht Vollek an et ass och déi Évolutioun do, déi eigentlech och vun der Europäescher Unioun a vun all deenen, déi d’internationalt Recht an och déi fundamental an elementar Mënschenrechter considéréieren, erwaart gouf.

Et ass elo net méi un der Nato! Ech mengen, dat ass evident. D’Nato huet hir Operatiounë gemaach. D’Nato kann héchstwahrscheinlech och nach e wéineg bäistoen, mä et ass elo un der UNO – an dat seet d’Nato och ganz kloer – fir d’Saach an d’Hand ze huelen, fir dann déi zwou Saachen ze maachen:

Dat eent dat ass d’Zesummeschaffe mam Conseil national de transition fir effektiv en Opbau ze maachen vun der Demokratie an deem Land.

An zweetens awer och – an dat dierf een net vergiessen : Dir wësst datt d’Cour pénale international, also den internationale Geriichtshaff zu Den Haag, wat jo eng Institutioun vun der UNO ass, datt d’Cour de Gaddafi mat séngem ganze Clan sicht, fir hien zur Rechenschaft ze zéien. An dat wier fir all Diktaturen, soen ech elo emol, op der Welt eigentlech eng Warnung, eng grouss Warnung, datt Regimer, déi op hir Leit schéissen, datt déi och vun hirem Vollek gebrach ginn, an datt se och zur Rechenschaft gezu ginn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact