|
Umoderatioun: No 42 Joer Diktatur kéint haut ee ganz groussen Dag fir d’Leit aus Libyen sinn. Wéi déi international Press schonn dee ganze Moien iwwer mellt, ass d’Haaptstad Tripolis an der Hand vun de Rebellen. Den arabeschen Tëlevisiounssender Al-Jazira hat schonn de Moie fréi annoncéiert, datt de Staatschef Gaddafi gestierzt ass. Zanter gëscht ass et d’Nouvelle, datt de Gaddafi sech aus dem Stëpps gemaach huet, den Ament wier awer net gewosst, wou hie sech ophält. Donieft sollen och dräi vu sénge Jonge festgeholl gi sinn. Dee ganze Moie schonn zelebréieren dausende Libyer op der zentraler “Grénger Plaz�? hir Fräiheet.
An datt de Regime vum Muammar Gaddafi no 42 Joer esou gutt wéi um Enn ass, wier eng gutt Nouvelle, seet de lëtzebuerger Ausseminister. D’Danièle Weber huet mam Jean Asselborn geschwat.
Danièle Weber: D’Entwécklung géif weisen, datt d’UNO-Resolutiounen, déi dëst Joer am Mäerz décidéiert goufen, net ëmsoss waren, esou den éischte Constat vum Ausseminister. An deene Resolutiounë war ënnert anerem festgehale ginn, datt all déi néideg Mesurë missten geholl ginn, fir d’Zivilbevëlkerung ze protégéieren. Dëst hat als Suite di ëmstridde militäresch Interventioun vun der Nato. D’Resolutiounë ware richteg, esou de Jean Asselborn.
Jean Asselborn: Et ass haut keng Besatzungsmuecht a Libyen, contrairement zu den Évolutiounen an anere Länner am Noen Osten. Dat ass eng ganz wichteg Feststellung. Et ass och eng Chance fir d’libescht Vollek säi Schicksal selwer an d’Hand ze huelen.
An et muss een och soen, datt d’Nato eben déi Roll gespillt huet, déi se huet misse spillen. D’militäresch Agrëff waren noutwenneg fir datt iwwerhaapt déi Opstänneg konnten haut dee Sieg feieren.
Danièle Weber: D’Nato dierft an der Iwwergankszäit keng féierend Roll spillen. Wichteg wier et, datt de Gaddafi a säi Clan virun en UNO-Geriicht kommen.
Jean Asselborn: An dat wier, mengen ech, ee ganz, ganz groussen Erfolleg, och fir d’UNO. Et géif och, mengen ech, Regimer an där Regioun an och iwwerall soss op der Welt weisen, datt Regimer, déi op hir eege Leit schéissen, datt déi gebrach ginn, virun allem och vum eegene Vollek.
Danièle Weber: Et gëtt Stëmmen a Libyen, deenen no de Gaddafi net zu Den Haag, mä doheem sollt viru Geriicht stoen. E Wonsch, deen een en Vue vun där grousser Ënnerstëtzung, déi de libesche Staatschef iwwer all déi Joeren aus dem Westen krut, vläicht ze verstoen ass.
Dem Jean Asselborn no ass awer a Libyen kee Justizapparat do, deen dat kéint iwwerhuelen. Ganz wichteg ass et, esou de lëtzebuerger Ausseminister, datt elo net eng Zäit vun der Vengeance a Libyen kënnt.
Jean Asselborn: D’Demokratie muss d’Zil sinn no deem Regime vun 42 Joer a Libyen. Institutiounen ewéi d’UNO hunn eng führend Roll do. Mä och d’EU, déi jo eng Missioun elo a Bengasi schonn zënter e puer Wochen huet. Mir wäerten och als Europäesch Unioun eng ganz, ganz wichteg Roll do spillen beim Erëmopbau vun deem Land.
An et muss sech elo weisen, datt och déi Gefaangen, an och déi fréier Zaldoten, datt déi traitéiert gi wéi d’internationalt Recht, a wéi d’Mënschenrechter iwwerhaapt, dat virgesinn. Dat ass e ganz wichtege Punkt.
Danièle Weber: Wie sinn déi Rebellen? Dat ass deels eng Inconnue, dowéinst ass d’Fro wéi sécher et ass, datt a Libyen effektiv séier eng Demokratie installéiert gëtt, nach op.
Am Interimsconseil, dee vu ville Länner, dorënner och Lëtzebuerg, als legitim Vertriedung vum libesche Vollek unerkannt gouf, gouf et vill Meenungsverschiddenheeten, esou de Jean Asselborn.
Jean Asselborn: Et muss een elo natierlech gesinn, wat fir eng Autoritéit datt dee Conseil national de transition am Vollek huet. Dir wësst, déi meescht Memberen sinn aus Bengasi, net aus Tripolis, an tëschent Bengasi an Tripolis do leie Welten. Dat ass och esou gewollt gewiescht vum Gaddafi, datt do keng Unité nationale geherrscht huet op alle Gebidder. Mä et muss ee gesinn, wéi dat sech elo entwéckelt. Ech géif mengen, à première vue op jiddwerfalls, datt dee Conseil national de transition, esou wéi en elo zesummegesat war, trotzdem een Instrument wier fir d’Zukunft vu Libyen ze preparéieren.
Danièle Weber: D’Entwécklung a Libyen kéint och Répercussiounen op d’Situatioun an anere Länner hunn, zum Beispill Syrien. Do ginn d’Sanctiounen déi am Ablack op internationalem Niveau décidéiert goufen, dem lëtzebuerger Ausseminister no, net duer.
|