Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Août 2011 > Jean Asselborn au sujet de l'évolution de la situation en Libye

Interview
Jean Asselborn au sujet de l'évolution de la situation en Libye
"Radio 100,7" du 22-08-2011

Vers le niveau supérieur
Carine Rippinger: Um Telefon begréissen ech elo de lëtzebuerger Ausseminister. Gudde Moien, Här Asselborn:

Jean Asselborn: Gudde Moien, Madame Rippinger.

Carine Rippinger: Här Asselborn, deelt Dir d’Meenung, datt d’Gaddafi Ära no 42 Joer kuerz virun hirem Enn steet?

Jean Asselborn: Jo, déi Évolutioun, déi net nëmme Libyen, mä d’ganz Welt praktesch d’ganz Woch iwwer erwaart huet, déi schéngt sech ze confirméieren. Dat sinn och déi Informatiounen, déi ech konnt kréien.

Dir hutt dat richteg gesot, no 42 Joer ass de Gaddafi net méi un der Muecht. An deen Haaptverantwortlechen do duefir – dat muss ee ganz kloer am Ufank direkt soen – ass d’libyscht Vollek, wat immens vill Affer bruecht huet.

Et huet sech awer och festgestallt – ech mengen zëmools haut – datt déi UNO-Resolutiounen 1970 an 1973, datt déi net ëmsoss waren, trotz aller Kritik.

Et ass keng Besatzungsmuecht a Libyen! Libyen kritt eng Chance fir selwer säi Schicksal an d’Hand ze huelen an eng Demokratie kënnen opzebauen.

D’Nato huet déi westlech Militäroperatiounë misse coordinéieren no enger gewëssener Zäit. Dir wësst, am Ufank war et méi schwiereg. Ouni Hëllef hätten déi Opstänneg net kënnen zu enger Victoire kommen.

Also et ass elo en immens wichtege Moment. Den Iwwerganksrot, dee mir jo gesinn haten zu Bréissel als Benelux-Ausseministeren, huet zu Recht gesot, et dierfen absolut keng Vengeance Akten elo zur Geltung kommen. D’Welt kuckt op Tripolis, d’Demokratie muss eng Chance kréien. Et ass also e Moment, wou mengen ech d’libyscht Vollek, mä awer och alleguer déi, déi sech fir d’Mënscherechter op der Welt asetzen, datt déi iewer haut ee ganz grousse Moment erliewen.

Carine Rippinger: Dir hutt d’Roll vun der Nato an deem Ganzen ugeschwat. Mä wéi eng Roll muss déi international Communtéit am Ganzen an Ären Aen no der Chute vum Regime, wann de Regime dann effektiv fällt, spillen?

Jean Asselborn: Ech mengen, dat ass déi wichtegst Fro. Et ass net d’Nato, déi do d’Haaptroll spille muss, an och do net spille wëllt.

D’lescht Woch zu Bréissel ware ganz kloer och d’Messagen aus de Sitzunge vun der Nato, datt d’Nato net déi Institutioun ass, oder déi Organisatioun ass, déi elo no der Chute vum Gaddafi eigentlech dann eng "leading", also eng féierend Positioun kréien soll, mä dat ass d’UNO. D’UNO muss elo kooperéieren mam Conseil national de transition. Ech mengen d’arabesch Liga, déi regional Organisatioune si gefuerdert.

Awer virun allem zielt elo och de Rôle vun der Cour pénale internationale, also den internationale Geriichtshaff zu Den Haag. Dat ass eng UNO Institutioun an ech mengen déi ass elo am Recht fir nach méi staark drop ze pochen, datt de Gaddafi an säin Clan, wann ech dat dierf soen, och zur rechtlech Rechenschaft gezu ginn zu Den Haag.

An da kënnt d’Europäesch Unioun och an d’Spill. Dir wësst, datt d’Europäesch Unioun virun e puer Wochen zu Bengasi eng Missioun opgemaach huet. An ech sinn och iwwerzeegt, datt mir geschwënn elo als Europäesch Unioun och zu Tripolis sinn, a kënnen hëllefen eng wichteg Roll beim Opbau ze spillen.

Et muss een nach vläicht eppes Leschtes soen, dat ass, datt dat wat d’Biller vun Tripolis haut weisen e kloere Message ass un all Länner, loosse mir soen, net nëmmen an där Regioun, mä op der ganzer Welt, datt Regimer déi op hir eegen Leit schéissen, datt déi gebrach ginn, gewéinlech vum eegene Vollek, an datt een dee Message och vläicht a Länner, déi net wäit vu Libyen ewech leien, och eescht hëlt.

Carine Rippinger: Just als lescht Fro, a fir nach eng Kéier op d’Roll vum internationale Stroofgeriichtshaff zeréckzekommen. Et heescht aus Libyen, d’Membere vum Regime géifen drun denke fir, pardon, d’Rebelle géifen drun denken d’Membere vum Regime a Libyen selwer viru Geriicht ze bréngen. Ass dat fir Iech keng Optioun?

Jean Asselborn: Ech mengen, datt dee Conseil national de transition, datt do ganz kloer, och am Virfeld, gesot ginn ass, datt wa si d’Responsabilitéit géifen an der Transitiounsphase iwwerhuelen, datt déi international Engagementer, d’Engagementer vum internationale Recht géifen iwwerweien.

Ech mengen, et wier absolut – ech soen emol vläicht dat Wuert "interessant" ass falsch – et wier absolut berechtegt, a richteg, datt den internationale Geriichtshaff kënnt mat alle Moyenen déi him zur Verfügung stinn – déi sti jo den Ament net a Libyen zur Verfügung –och do déi responsabel Leit, de Gaddafi a Compagnie, zur Rechenschaft zéien. Dat ass op jiddwerfalls dat, wat d’Europäesch Unioun wëllt. An ech hoffen, datt d’UNO selwer och et fäerdeg bréngt, mat deene Moyenen déi eben zur Verfügung stinn, fir dat esou ze maachen.

Et wier falsch an et wier schlecht, wa géif elo iwwer Vengeance Akten ebe Saache geschéien, déi net méi gutt ze maache sinn, a wou dann eben d’international Communautéit d’Chance net kriit, och wierklech déi Leit, déi dat do ugeriicht hunn, mat Argumenter kënnen ze confrontéieren, an datt déi sech misste justifizéieren, an dann och hir Strof kréien.

Carine Rippinger: Gutt Här Asselborn, da soen ech Iech Merci fir dës éischt Reaktioun.

Jean Asselborn: Merci Madame Rippinger, Äddi.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact