|
Jean Asselborn: De Gaddafi ass net méi un der Muecht, mä e mécht alles, quasi als Bandechef, fir mat deene puer honnert, oder puer dausende Leit, déi nach a senger Hand sinn, fir Terror a Gewalt ze propagéieren. Mir hunn dat um Beispill vun deem Spidol de Moie virun Ae gefouert kritt, wat grausam ass. Honnerte Läiche loungen do, d’Dokteren an d’Infirmièren, d’Infirmieren hu misse fortrenne virun der Gewalt.
Ech hoffe just, datt hie ka séier festgeholl ginn, an op Den Haag transféréiert ginn. Ménger Meenung no ass dee Moment, wou de Gaddafi festgeholl gëtt, och dee Moment, wou ee kann hoffen, datt d’Gewalt agestallt gëtt.
Paul Konsbruck: Déi international Communautéit misst séier an onkomplizéiert de Leit a Libyen hëllefen. Kuerzfristeg géif dat och net ouni d’NATO goen, déi e Mandat huet fir d’Populatioun ze schützen, esou de Jean Asselborn. Laangfristeg awer missten d’Vereenten Natiounen hëllefen, an den nationalen Iwwerganksrot d’Responsabilitéit fir den Neesopbau hunn. En Haaptelement vun där Hëllef fir Libyen sinn donieft dann och déi zeg Milliarden Dollar, déi am Ufank vum Konflikt op Konten uerschtert Welt agefruer gi waren. Och hei verlaangt de lëtzebuerger Ausseminister eng eminent Léisung.
Jean Asselborn: Op enger Säit gëtt et international Regelen, datt de Conseil de sécurité, deen déi Suen afréiere gelooss huet, och misst eng Décisioun huelen, fir déi Suen erëm ze “ent-äisen�?.
Et ass ee Beispill elo just gëschter festzehalen, datt d’Amerikaner 1,5 Milliarden Dollar fir humanitär Zwecker lassgeäist kritt hunn. Do waren d’Traktatiounen op der UNO, mä do ass en Accord komm.
Ech géif mir wënschen, datt mir och an eisen Discussiounen, déi mir elo an der Europäescher Unioun wäerten op dem Ausseministertreffen vun der Gymnich d’nächst Woch wäerte féieren, datt mir esou séier wéi méiglech zu engem Accord kommen, datt den UNO-Sécherheetsrot och kéint, wéinstens fir humanitär Zwecker, d’Autorisatioun ginn, a soen, datt déi Gelder, déi agefruer sinn – an déi zum groussen Deel jo och vum Gaddafi selwer détournéiert gi waren – datt déi him net privat gehéieren, mee datt dës Suen kéinte geholl gi fir de Leit ze hëllefen, datt se eppes ze iessen hunn.
Paul Konsbruck: Och fir déi medezinesch Versuergung nëmmen duerch en Déblockéiere vun dëse Suen ze garantéieren, esou nach de Jean Asselborn.
|