Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Août 2011 > Jean Asselborn au sujet de l'évolution de la situation politique en Libye

Interview
Jean Asselborn au sujet de l'évolution de la situation politique en Libye
"DNR" du 27-08-2011

Vers le niveau supérieur
Jean Asselborn: Libyen huet nach keng Rou. Wann een déi schrecklech Biller gesäit, zum Beispill aus Tripolis, wou a Spidäler honnerte Läiche leien, wou d'Dokteren, d'Infirmieren an d'Infirmièren héchstwahrscheinlech hu misste virun deenen, déi do mat Gewalt operéiert hunn, flüchten. Wat fir eng Säit dës Grausamkeeten begangen huet, dat kann een elo net vun hei feststellen. Dat ass awer schonn eppes wat un ee geet. An et muss ee wëssen, datt trotz dem de facto Sturz vum Gaddafi, Libyen nach ganz, ganz vill erdroe muss.

Et ass ze hoffen, datt den Iwwergangsrot et sou séier wéi méiglech fäerdeg bréngt fir wirklech Rou a Stabilitéit eranzebréngen, oder mindestens dofir ze suergen, datt déi Kämpf ophéieren. Mä Dir gesidd – an dat ass jo och wat bericht gëtt vu Leit déi sur place sinn – datt déi Unhänger, déi nach zum Gaddafi halen, alleguerten toréiert sinn a bis zum leschten alles maache wat se kënne maache fir do Massakeren unzeriichten an dat ass natierlech net esou einfach.

Radio DNR: Iwwerdeem freet den nationalen Transitiounsconseil, datt libesch Staatssuen déi weltwäit agefruer sinn, deblockéiert solle ginn. Fir de lëtzebuerger Ausseminister ass de Weltsécherheetsrot elo op deem Punkt gefuerdert. Dëst hunn dann och d'Benelux-Länner an engem Positiounspabeier kloer gemaach.

Jean Asselborn: Ech kënnt mir virstellen – a wann ech dat aus ménger Siicht soen, da soen ech daat och aus Siicht vun de Benelux-Länner – datt am Conseil de sécurité vun der Vereenten Natiounen eng generell Décisioun geholl ka ginn, soudatt fir humanitär Zwecker déi agefruere Gelder disponibel gemaach ginn, déi zum Deel – dat muss ee wëssen – détenéiert („détenu“, ndlr) Gelder si vum Gaddafi. Déi gehéieren net dem Gaddafi, déi gehéieren dem libesche Vollek. Dës musse kënnen agesaat gi fir humanitär Zwecker, fir an dëser Situatioun kënnen anzegräifen. Dat ass fir mech dat Allerwichtegst an dësem Moment. Selbstverständlech sollen d'Kämpf ophéieren an et muss alles gemaach ginn fir déi humanitär Situatioun ze verbesseren.

Radio DNR: Souwäit d'aktuell Aschätzunge vum Ausseminister Jean Asselborn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact