|
Jean Asselborn: D’Madame Ann Wagner war jo eng Zäit Ambassadeur vun Amerika zu Lëtzebuerg. Si hat mech net an hiert Häerz geschloss. Fir mech war et eng ganz léif Persoun, mä si hat 2 Feeler.
Deen éischten dat war, si huet net d’Intérête vun Amerika hei vertrueden, mä d’Intérête vun der Republikanescher Partei. Et war eng Virreiderin vun der Tea-Party an hire politesche Positiounen. Mä dat ass jo hir eege Saach, si huet d’Fräiheet fir dat ze maachen.
Zweetens, si huet och e wéineg den Dréi gehat fir ee géint deen aneren auszespillen. An dat Spillche maachen ech net mat.
Ech mengen, wat d’Substanz ugeet, wat ech liesen esouwuel bei der [inaudible], dofir hunn ech haart dat gesot – an an der Aussenpolitik muss een och heiansdo kënnen haart schwätzen, an net nëmmen denken – dat gesot, wat meng Positioun ass. An ech hu jo net Onrecht dora kritt.
A Saache Bankgeheimnis ass selbstverständlech de Luc Frieden deen, deen domat ze dinn huet. Mä wann ech mech gutt erënneren war ech an der Schwäiz e puer Deeg virum 13. Mäerz 2009 – dat war e Freideg – wou mir eist Bankgeheimnis reforméiert hunn. An ech hunn e puer Deeg virdru gesot, well dat och meng Meenung war, datt mir d’Bankgeheimnis, och fir Lëtzebuerg, esou wéi fir verschidden aner Länner – dat ass jo och an Éisterräich geschitt, dat ass an der Schwäiz geschitt – dat mussen op eng nei Schinn setzen an eis eben un d’Conditiounen halen, déi d’OCDE virschreiwt. Dat hu mir jo och gemaach.
Dofir ass dat an der Substanz guer kee Problem. Ech mengen och net an de Relatioune mam Luc Frieden, datt dat e Problem ass. Wann een zesummen an enger Regierung ass, dann ass ee komerodschaftlech mateneen, an och solidaresch, soss gehéiert een net mateneen an eng Regierung.
|