|
Jean Asselborn: D’Fro war: ka Lëtzebuerg d’accord sinn, datt wann d’USA en Transfert maache vu Prisonnéier vu Guantanamo zréck an hir Länner, ob si do kéinten de Findel benotze fir e Refueling ze maachen oder fir e Stop ze maachen. A selbstverständlech war ech domat d’accord. Ech huelen un, datt d’Deputéiert oder datt een Deputéierten, a vläicht och Leit déi dat ze kommentéieren hunn, gemengt hunn, mir hätten en Accord gi fir Prisonnéier op Guantanamo ze féieren, wat komplett falsch ass. Esou eppes ass et ni ginn. Hei waren also, nach eng Kéier ganz kloer, Prisonnéier déi sollten entlooss gi vu Guantanamo. Do sinn an Europa verschidde Länner, huelen ech un, gefrot ginn. Lëtzebuerg ass och gefrot ginn. Mir ware jo frou, datt déi Leit, déi als Prisonnéier zu Guantanamo sëtzen, erëm kënnen zréckgoen, an datt mir als Lëtzebuerg eben esou kéinten hëllefe wéi ech elo gesot hunn, mat engem Stop deen hei um Findel géif gemaach ginn. Méi ass et net.
|