|
Jean Asselborn: Jo, also ech kann nëmme just soen, datt mir jo alleguer d’accord waren, datt Guantanamo soll zougemaach ginn, och hei zu Lëtzebuerg.
An deem Kontext ass den Här Dan Fried – dat war de Beoptragte vum President Obama fir Guantanamo zouzemaachen – bei mech komm an huet mech gefrot ob, wann elo déi Prisonnéier entlooss gi vu Guantanamo, Lëtzebuerg dann d’accord wier, wa sie missten e Stopover maache fir e Refueling, also wa si Bensin bréichten um Findel zum Beispill, fir datt déi Fligeren, déi d’Prisonnéeir heemfléien, datt déi kéinten hei landen an da weider fléien. Méng Äntwert war "Jo", an ech mengen ech hu mech och schrëftlech engagéiert. Dat ass jo nëmmen natierlech.
Ech mengen, den Iertum dee kann entstoen ass, datt op eemol dat esou interpretéiert gëtt, wéi wann d’lëtzebuerger Regierung d’accord gewiescht wier fir am Transit Prisonnéier op Guantanamo ze féieren. Hei ass just de Contraire gewiescht. An ech mengen, domat ass déi ganz Diskussioun och eriwwer. Déi Fro ass och beäntwert, datt dat selbstverständlech war fir deen ëmgedréinte Wee, fir vu Guantanamo ewech an d’Heemecht zréck.
|