Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Septembre 2011 > Jean Asselborn au sujet des dépêches diplomatiques publiées sur Wikileaks sur la possibilité du transit de bombes à sous-mutions (BASM) par l’aéroport du Findel

Interview
Jean Asselborn au sujet des dépêches diplomatiques publiées sur Wikileaks sur la possibilité du transit de bombes à sous-mutions (BASM) par l’aéroport du Findel
"Radio 100,7" du 04-09-2011

Vers le niveau supérieur
Jean Asselborn: Wat ech ka soen zu där Streebommegeschicht: ech hunn als lëtzebuerger Ausseminister wierklech héich appreciéiert, wat Handicap International gemaach huet. Ech hu mech deem Drock, deem ech ausgesat war fir heiansdo näischt ze maachen, hunn ech mech widersat. Mir hunn en Zousaz esouguer nach an dat Gesetz – mat der Chamber zesummen – gemaach, wou mir jo iwwer d’Finanzéierung vun de Streebommen och eng eegen Dispositioun geholl hunn, als eent vun e puer Länner eréischt op der Welt. Mir waren effektiv eent vun deenen éischte Länner, déi hiren Accord ginn hunn. An dat ass dat wat zielt.

Ech mengen, wa Kommentare gemaach ginn, oder wann d’Madame Ann Wagner mengt, si misst hirer Regierung soen, datt Lëtzebuerg do se misst berouegen, dann ass dat hir Affaire.

Mä déi präzis Froen, déi gestallt sinn, do gëtt selbstverständlech och eng präzis Äntwert drop gemaach.

Wat wichteg ass, dat ass datt Dir wësst, datt Lëtzebuerg – d’lëtzebuerger Regierung – matgehollef huet, datt déi Konventioun vun Oslo zustane komm ass. Mir sti selbstverständlech voll do hannendrun. An dat Gesetz wat gemaach ginn ass, dat ass e Gesetz, wat zu Lëtzebuerg applizéiert gëtt. Do ka jo emol keng Regierung soen, mir hunn elo e Gesetz, an et gëtt net applizéiert.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact