|
Max Theis: Gëschter koum d’Nouvelle, datt d’Stolwierk zu Schëffleng am Oktober virleefeg zougemaach gëtt. Zu Rodange ginn Kapazitéite staark erofgefuer, de Site soll restrukturéiert ginn. Bis zu 600 Mataarbechter si betraff. ArcelorMittal huet d’Gewerkschaften OGB-L an LCGB gëschter informéiert. Als Ursaache ginn déi schlecht ekonomesch Situatioun genannt, eng Iwwerkapazitéit um Marché an de Rettungsplang, deen am Fréijoer ausgehandelt gi war, géif net esou gréife wéi gewënscht.
D’Syndikater hunn urgent eng Stoltripartite gefuerdert, an déi ass och wahrscheinlech schonn den 11 Oktober. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an den Aarbechtsminister Nicolas Schmit proposéieren deen Datum haut am Regierungsrot, wou d’Nouvellen iwwer Schëffleng a Rodange een Haaptsujet sinn.
De Jeannot Krecké sot eis, hie wier natierlech guer net frou doriwwer. Et houng scho méi laang an der Loft, datt esou Annoncë géife kommen, a fir d’Regierung war kloer, datt et eng Tripartite misst ginn:
Jeannot Krecké: Dat hu mir scho bei den éischte Gespréicher, déi mir mat ArcelorMittal haten, hu mir hinnen dat direkt gesot, datt dat do net a Fro kënnt, datt mir dat einfach esou hinhuelen, mä datt mir doriwwer eng Stolpartite wäerte maachen.
Max Theis: Schëffleng gëtt op onbestëmmten Zäit zougemaach. Rodange, do gëtt op eng ondefinéiert Phas Kapazitéiten erofgefuer. Ass dat vläicht den definitiven Aus fir Schëffleng?
Jeannot Krecké: Dat ass am Moment schwéier soen. Déi Gespréicher si jo elo eréischt ugefaange ginn. An ech kann Iech och net en Ausbléck elo ginn do drop, dee méi präzis ass, wéi dat wat ugekënnegt ass, well ech net méi weess. Ech mengen, hei mussen eng ganz Rei Saachen hannerfrot ginn. Hei muss villes gekuckt ginn, an da muss ee sech e Bild maachen. Mä dat ass elo alles ze fréi, well esou laang wësse mir dat do och nach net.
|