|
David Wagner: Dem Jean Asselborn no misst een déi Ried vum Mahmud Abbas mat der Ried vum israelesche Premier Netanyahu verbannen.
Jean Asselborn (O-Toun): De Premier Netanyahu huet geäntwert: Mir akzeptéieren e palästinensesche Staat, allerdéngs zu eise Conditiounen, an eis Conditiounen heescht, datt d’Sécherheet vum israelesche Staat primordial ass.
David Wagner: Et kléngt also zimlech einfach. Béid Säite wëlle jo och verhandelen, allerdéngs stinn do Betong a Steng am Wee.
Jean Asselborn (O-Toun): Dir wësst, d’Sidlungspolitik vun dëser israelescher Regierung – dat heescht, datt se Land vun de Palästinenser confisquéieren, eng Mauer oder Stacheldrot ronderëm maachen, an da Wunnenge baue fir Israelien – datt dat en Hinderniss ass, wat kaum ze iwwerwannen ass fir d’Palästinenser. Ënner dëse Conditioune besteet kee Vertrauen, an eng Reprise vun de Verhandlungen ass héchstwahrscheinlech och onméiglech. Et muss genau do e Schrëtt gemaach ginn. An och wann do e Schrëtt gemaach géif gi vun der israelescher Regierung, da mengen ech wieren och Verhandlunge méiglech,
David Wagner: Dofir war et ganz positiv, datt d’Quartett – UNO, Amerika, Russland an Europa – séier op déi Demande reagéiert huet, an direkt eng Déclaratioun mat zwee wichtege Punkte gemaach huet.
Jean Asselborn (O-Toun): Dat eent dat ass, datt keng unilateral provokativ Akten – an dorënner ass d’Sidlungspolitik ze verstoen – dierfe gemaach ginn.
An zweetens, dat ass och eng Referenz op d’Ried vum President Obama vum Mee 2011, wou d’Grenze vun 1967 mat de Swaps jo ugeschwat gi sinn, mat den Austauscher déi méiglech sinn. Dat zweet dat ass, datt en Zäitplang dran ass, ee Mount fir de Kalenner opzestellen, innerhalb den éischten dräi Méint konkret Léisunge fir d’Froe vun Territoire an Sécherheet, 6 Méint fir weidere substanzielle Progrès ze erreechen, fir da bis Enn vun 2012 kënnen zu engem Ofschloss ze kommen. Hei ass en éischte positive Punkt a mengen Aen. D’Amerikaner hu wierklech do ganz séier reagéiert, iwwer Nuecht praktesch, a waren domat d’accord. Dat kann entscheedend sinn, fir datt den Drock ganz grouss gëtt op d’israelesch Säit, fir datt ee sech erëm un den Dësch sëtzt an d’Verhandlungen ophëllt.
|