|
Umoderatioun: Den UNO-Weltsécherheetsrot soll e Méindeg schonn iwwer d'Demande vun de Palästinenser fir eng Vollmemberschaft an de Vereenten Natiounen délibéréieren. De Palästinenserpresident Mahmud Abbas hat d'Demande gëschter, trotz internationalem Drock, agereecht. Allgemeng gëtt ugeholl, datt d'USA déi Demande mat hirem Veto blockéieren. Ouni Accord vum Weltsécherheetsrot, mä just mat enger 2 Drëttel Majoritéit an der Vollversammlung kéint Palästina awer als Observateur opgeholl ginn, ähnlech wéi de Vatikan. Wat kann den diplomatesche Schachzuch vum President Abbas elo bréngen? Ass et eng Gefor fir de Friddensprozess? De lëtzebuerger Ausseminister am fréien Nomëtteg vun New York.
Jean Asselborn: Eigentlech net. Ech mengen, de Palästinenserpresident huet gëschter un d'Weltgewëssen appeléiert. Hien huet gesot, Palästina existéiert. Wann ech gelift, UNO, huelt dat zur Kenntnis an akzeptéiert eis als Member. Mir wëllen a Fridde liewen, souverän, als fräit Land. All Forme vun Terror, vu Gewalt sinn ofgewise gi vun him. Dat ass jo eigentlech eng fundamental Ausso. Op deem Punkt, nämlech zu New York, wou d'Völkergemeinschaft beieneen ass. Den israelesche Premierminister huet eigentlech och geäntwert: Bon, mir akzeptéieren e palästinensesche Stat, allerdéngs ënner der primordialer Conditioun, datt fir eis d'Sécherheet un alleréischter Plaz kënnt.
Béid Säite wëllen elo verhandelen. Allerdéngs – an dat ass, mengen ech, net meng subjektiv Astellung – allerdéngs sti Beton a Steng am Wee. Dir wësst, datt esou laang déi Sidlungspolitik vun dëser israelescher Regierung, dat heescht datt Land konfiskéiert gëtt, pickegen Drot ronderëmmer gemaach gëtt an da Wunnenge fir Israelie gebaut ginn, datt et immens schwéier wäert bleiwen fir datt Verhandlunge kënnen opgeholl ginn. Ech hoffen, datt no deenen zwou Rieden déi gëschter gehale gi sinn, an och nodeem wat d'Quartett elo gesot huet, datt mir wierklech e Redémarrage vum Friddensprozess kënne fannen, an datt een och am Geescht op der israelescher Säit agesäit, datt hei muss e Punkt gemaach ginn, fir sérieux Verhandlunge kënnen opzehuelen.
Jean-Claude Wolff: Am Fall vun engem Veto vun den USA, kann d'Vollversammlung jo awer elo mat 2 Drëttel Majoritéit en Observateurstatus décidéieren, déi esou genannte "Vatikanléisung". Wéi stinn d'Chancen do?
Jean Asselborn: Jo, do muss ee ganz gutt oppassen a Saachen Prognosen, well dat changéiert all Dag. Déi meescht Leit hei sinn dovun ausgaangen, datt de Sécherheetsrot vum Secrétaire général vun der UNO net esou séier géif befaasst ginn, elo ass dat schonn e Méindeg. Wat awer elo de Sécherheetsrot mécht, do gëtt et vill Méiglechkeeten.
Et gëtt zwou Saachen am Conseil de sécurité. Éischtens, brauch een 9 vu 15 Stëmmen, also elo aus palästinensescher Säit gesinn, fir Member ze ginn. Zweetens, dierf kee vun deene 5 déi d'Vetorecht hunn de Veto aleeën. An Dir wësst, datt d'Amerikaner jo do scho kloer Positioun bezunn hunn. Ech mengen awer, datt dee Risiko, deen de President Abbas agaangen ass am Conseil de sécurité, eng éischt positiv Konsequenz dovunner ass, datt d'Quartett sech ganz séier eens ginn ass. D'Quartett – Dir wësst, d'UNO, Russland, Amerika an d'Europäesch Unioun – ass sech eens ginn, an dat obwuel een am Laf vun der Woch gesinn huet mat wat fir enger Crispatioun datt an allen Diskussioune déi mir mat de Russen, mat den Amerikaner an och an der UNO selwer haten.
Mä et ass eng Deklaratioun vum Quartett, wou zwar keng wiesentlech Substanz dran ass, ofgesi vun zwou verstoppte Substanze. Et steet dran, et dierf keng Partei eng unilateral Provokatioun maachen. Dat ass d'Sidlungspolitik awer nun emol. Et steet och dran – dat ass eng Referenz op d'Ried vum Obama vum Mee 2011 – datt d'Grenze vun 1967 mat Swaps solle berücksichtegt ginn. Dat heescht, Terrains-Austoscher sinn ugedeit. Et ass och en Zäitplang dran.
Ech si bal sécher, datt ouni déi Démarche vum President Abbas et vläicht net esou séier méiglech gewiescht wier fir déi Deklaratioun vum Quartett ze kréien.
Jean-Claude Wolff: Wann elo an der Vollversammlung géing iwwer dee Beobachterstatus do votéiert ginn, huet Lëtzebuerg do schonn eng kloer Usiicht, wéi Lëtzebuerg sech do géing verhalen?
Jean Asselborn: Mir mussen oppassen, ier mir vu Lëtzebuerg schwätzen. Mir musse selbstverständlech fir d'éischt vun der Europäescher Unioun schwätzen. An der Europäescher Unioun – ech si kee Pessimist, mä ech kann an dëser Situatioun keen Optimist sinn – ass et extrem schwéier fir déi 27 Länner an deen nämmlechten Zuch ze kréien.
Lëtzebuerg, an dat ass déi eenzeg Politik déi eigentlech misst gemaach ginn an allen europäesche Länner, seet engersäits datt d'Palästinenser e Recht hunn z'existéieren, mat volle Rechter dann och an der UNO, an d'Israelie selbstverständlech hunn e Recht a Sécherheet ze liewen. Béides ass liéiert.
Et gëtt e Link tëscht deenen zwou Saachen an dat heescht op Lëtzebuergesch: Sécherheet fir Israel bedéngt d'Existenzrecht vu Palästina. An dat ass d'Linn op där d'lëtzebuerger Positioun sech opbaut.
Ech weess elo net mat wat fir Voten datt ee konfrontéiert gëtt, vläicht mëttelfristeg mat kenge Voten. De Conseil de sécurité huet natierlech elo vläicht déi éischt Décisioun ze huelen. Mä déi muss geholl ginn, menger Meenung no, ier et op de Wee kënnt vun enger Resolutioun. Eng Resolutioun, déi kann nëmme just de Statut opwäerte vun de Palästinenser, e Statut wou ech mech och schonn dofir ausgeschwat hunn, datt mir dat selbstverständlech géifen ënnerstëtzen, e Statut vun engem Upgrading, dat heescht, datt si e Statut kréiche vun engem Observer State, dat heescht e Beobachterstaat.
|