Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Septembre 2011 > Le Premier ministre Jean-Claude Juncker invité de l'émission Riicht eraus

Interview
Le Premier ministre Jean-Claude Juncker invité de l'émission Riicht eraus
"Radio 100,7" du 24-09-2011

Vers le niveau supérieur

Jay Schiltz: Geplangt war dëst Gespréich eigentlech scho virum Summer. Ma Mëtt Juli huet de Staatsminister misse kuerzfristeg ofsoen, well déi europäesch Aktualitéit ronderëm d'Euro- an d'Scholdekris him e Stréch duerch d'Rechnung gemaach huet. Haut, 2 Méint méi spéit, gesäit et a villem net vill besser aus. Gudde Mëtteg, Jean-Claude Juncker.

Jean-Claude Juncker: Gudde Mëtteg, Här Schiltz.

Jay Schiltz: A Merci datt Dir Iech trotz allem awer Zäit geholl hutt fir bis bei eis an de Studio ze kommen. D'Lëscht vun de Sujeten iwwer déi mir wéilte schwätzen ass laang. De Problem: mat wat fänke mir un?

Vläicht mat deem wat am noosten ass, a wat d’Lëtzebuerger an d’Land ëmmer nees beweegt, wann dru gefréckelt gëtt: d'Stolindustrie. Genee eng Woch ass et elo hir, datt si sech selwer gefeiert huet, zu Esch an der Rockhal, Dir waart do mat dobäi. Grad emol eng Woch drop kënnt dann d'Hiobsbotschaft, datt ArcelorMittal am Oktober elo säi Wierk zu Schëffleng zoumécht. Bis zu 600 Leit si betraff. Och zu Rodange gesäit et net gutt aus. Wat bedeit dat elo fir de Standuert Lëtzebuerg?

Jean-Claude Juncker: Fir d'éischt ass dat eng Nouvelle, déi elo vun ArcelorMittal matgedeelt gouf, déi fir eis Lëtzebuerger esou wéi e Schlag an de Bauch ass, oder op de Mo. Déi zwee di wéi.

An déi Nouvelle trëfft mech net onvirbereet, dat kann ech net soen, well ech zanter Woche schonn den Androck hat, datt sech do eppes géif maachen. Ech hat och mam Här Mittal doriwwer geschwat. Den Här Mittal, wou ech mech wierklech drëm beméien eng gutt perséinlech Relatioun ze hunn, well et e wichtegen Industriellen zu Lëtzebuerg ass. An ech hunn him och gesot, datt dat zu Lëtzebuerg net kéint opgeholl gi wéi en normale Virgang.

Nu si mir mat där Situatioun konfrontéiert a mir hu fir den 11. Oktober mëttes eng Stoltripartite aberuff, wou mir eis dee ganzen Dossier erkläre loossen. Well ech géif gär wëssen, nieft dem Drama u sech, ob et och zu deenen Décisioune komm wier, wann et net zu enger Fusioun tëscht Arcelor a Mittal komm wier, oder ob et och zu där Décisioun komm wier wann d'Arbed alleng bliwwe wier, ouni aus der Arbed d'Arcelor ze maachen.

Mir kucken elo alles no wat mir an der Zäit, wéi et zu där Fusioun komm ass, iwwer déi, vläicht kënnt Dir Iech nach dorunner erënneren, ech ni ganz begeeschtert war. Just zum Schluss, wéi dat sech méi frëndlech ugesinn huet.

Ech géif einfach gär wëssen, ob dat fusiounsbedéngt ass oder ob dat standuertbedéngt ass. Wieren déi Standuerter gutt, wann et net zu ArcelorMittal komm wier? Dat géif ech einfach gär wëssen.

An da musse mir kucke wéi mir mat där Situatioun do liewen. Ech hat bei där Jorhonnertfeier jo gesot, datt d'Restrukturatioun nach net eriwwer wier. An ech hat drop opmierksam gemaach, datt et eppes wéi e Kontrakt tëscht der Stolindustrie an dem lëtzebuerger Land gëtt. Ech wëll dat elo hei weider net ausféieren. An ech hu gesot, ech géif hoffen, datt d'Dirigente vun der Stolindustrie vun haut sech géifen un déi extra-Relatioun, déi do besteet, erënneren. An dat wëll ech och iwwerpréiwen an deene Gespréicher déi elo kommen.

Well eng Saach ass, wann dat wierklech noutwenneg ass, wéinst den Defiziter déi déi Wierker fueren, déi Wierker rouegzeleeën oder zouzemaachen. Déi Saach gefält mir net, mä déi muss ee mat objektiven Donnéeë betruechten. Eng aner Saach ass wat dann duerno geschitt. Wat geschitt soss vun Investissementer op de Standuerter Lëtzebuerg, déi déi ofsécheren? Wat geschitt, géif dat Schlëmmst geschéien, nämlech eng Fermeture vun deenen zwee Standuerter, mat deenen Terrainen déi do sinn? Alles dat si Froen déi mir kucken.

An dann ass meng éischt Suerg déi, wat mat de Leit geschitt. Onofhängeg dovun, ob dat der elo 50 oder 600 sinn, dat ass relativ irrelevant, obschonn een e Problem vu 50 Leit méi liicht geléist kritt wéi ee vu 600 Leit. Mä mir loossen déi Leit jiddwerfalls net hänken.

A mir deet dat och richteg wéi. Dat ass dat Sentimentaalt u mir, well mäi Papp op Arbed Schëffleng geschafft huet. Ech hunn dat net gär, datt dat zougemaach gëtt.

Jay Schiltz: Dat Sentimentaalt, dat geet och heiansdo mat Iech duerch. Dir hutt et elo schonn ugekënnegt, an Ärer Ried an der Rockhal hutt Dir och vun der véierter Nationalfaarf geschwat, an Dir hutt d'ArcelorMittal-Leit drun erënnert, wat och d'Land fir d'Arbed a fir seng Nofolgergesellschafte gemaach huet. Hutt Dir dann den Androck, wéi wann esou Approchë bei Leit wéi dem Här Mittal eppes géife bewierken? Oder ass dat deem egal?

Jean-Claude Juncker: Mir hu mat der Stolindustrie zu Lëtzebuerg – wéi soll ech dat soen – en nationalen Tango gedanzt. Déi eng Beweegung vun deem Engen huet d'Beweegung vun deem Aneren erginn an dat ass zesumme gaangen. Dat war iwweregens ni esou romantesch wéi dat elo an der verkläerter Nobetruechtung kléngt. Dat war vill Sträit, och mat de Gewerkschaften, niewebäi bemierkt. Mä mir hunn dat gepackt.

An dat muss och eng Bindekraft, wéi déi Däitsch géife soen, fir d'Zukunft hunn. Dat hunn ech elo éinescht ugedeit, datt do eng Geschicht gewuess ass, déi ech gär géif sech virusetze gesinn.

Mä bon, wann een d'Welt kuckt wéi se ass – d‘Politik fänkt mat der Betruechtung vun der Wierklechkeet un – da muss ee feststellen, datt mir eng grouss Kris an der europäescher Bauindustrie hunn, datt d'Commanden net méi normal fléissen; datt eis Wierker vun deene mir hei schwätzen Defiziter gemaach hunn, obschonn a leschter Zäit hat ech den Androck, datt et erëm besser gaange wier. An da musse mir aus deem ganzen Imbroglio do probéieren dat Bescht fir d'Leit a fir déi betraffe Standuerter ze maachen.

Et beandrockt den Här Mittal ëmmer wann ech him dat soen. Mä d'Wierkung léisst heiansdo no.

Jay Schiltz: No bausse musst Dir dat jo och elo erëm eng Kéier kommunizéieren, wann den Här Mittal u sengen [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Juncker: Jo, mä et ass jo keng Décisioun vun der Regierung, et ass eng Décisioun vun ArcelorMittal. An ech sinn net de Spriecher vun dem Här Mittal, an och net vun ArcelorMittal. Déi Industrie, dee Betrib, déi Entrepris muss erklären, firwat datt si dat mécht a wat si soss an Europa mécht, fir datt ee ka verstoen, falls een et iwwerhaapt verstoe kann, datt déi Décisioun déi Standuerter an Europa betreffen net nëmme Lëtzebuerg betreffen, mä enger Gesamtiwwerleeung entspriechen. Net ech muss dat erklären, ArcelorMittal muss dat erklären.

Mä ech weess awer, datt och wann ArcelorMittal dat erkläert, datt ech awer mat där Erklärung leschten Enns eppes ze dinn hunn. Dat mécht mech net frou, mä bon dat ass esou.

Jay Schiltz: Mä Dir hutt elo schonn ugeschwat – 11. Oktober, d’Stoltripartite, ass elo kuerzfristeg aberuff ginn. Wéi kann d'Politik dann op esou Delokalisatioun oder Desindustrialisatioun – oder soll een et just Maximéierung vum Bënëfiss ouni Récksiicht op Verloschter nennen? Huet d'Politik dann iwwerhaapt nach eng Emprise dorop?

Jean-Claude Juncker: Jo, mä ech muss mech jo domat beschäftege wat d'Industriekonzept vun enger grousser Entrepris ass déi zu Lëtzebuerg ass.

A wann déi lëtzebuergesch Wierker, wat mir eben amgaange sinn z'iwwerpréifen, effektiv sech strukturell am defizitäre Beräich ugesidelt hunn, wéinst der Situatioun op de Mäert a wéinst der Qualitéit vun de Produkter, da sinn dat Elementer déi ee muss zur Kenntnis huelen. Ech kann déi jo net zwéngen e Wierk virunzeféieren, wat, well et defizitär ass, wann et dann esou ass, déi ganz Organisatioun vun deem Konzern duerchernee bréngt.

Mir hunn awer hei eege Regelen. Mir kucke gär no de Leit. An ech ginn dovun aus, datt dat bekäppt gëtt, datt mir einfach d'Leit net kënnen am totale Broch mat deem wat hei guttgewuessen Traditioune waren op d'Wiss setzen, mä datt mir eis ëm deene Leit hir Schicksaler ze bekëmmeren hunn. Dat ass mir scho wichteg. An da géif ech gär wëssen, wann et – wat ech net weess, wa mir déi Gespréicher nach féieren – wierklech zu Schléissunge vun deene Wierker kënnt, da wéisst ech gär wat do geschitt an zu wat fir Conditiounen. Mir hu ginn, mir hätten och gär.

Jay Schiltz: Bleift et da bei Schëffleng, Rodange? Oder hänken elo anerer och nach hannendrun?

Jean-Claude Juncker: Mäi Kenntnisstand ass esou, datt do näischt anescht op de klassesche Standuerter hannendrun hänkt. Mäi Wonsch ass, datt op anere Standuerter och investéiert gëtt, fir d'durabel Präsenz vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg och industriell a beschäftegungsméisseg ze garantéieren. Dat sinn, wéi gesot, Gespréicher déi an der Tripartite musse gefouert ginn.

Jay Schiltz: Äre Wirtschaftsminister Jeannot Krecké huet haut a verschiddenen Interviewen als Reaktioun och op déi doten Noriicht vun engem Wirtschaftsabroch och an der Industrie global geschwat. Ass do elo nach eppes ënnerwee wouriwwer d'Land sech misst Suerge maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn op Grond vun deene Virgäng iwwer déi mir schwätzen, ArcelorMittal, d'Suerg, datt mir eis net radikal, mä awer an Etappe lues a lues desindustrialiséieren, wat net gutt ass, well ech en industrielle Pilier an enger moderner Vollekswirtschaft wéi eiser awer fir essentiell wichteg halen.

Ech kann net ausschléissen, datt an den nächste Méint och nach aner schlecht Noriichten dobäikommen. Dat kann ech wierklech net ausschléissen.

Jay Schiltz: Dat heescht, mir stinn nach ëmmer matzen an der Kris?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech sinn heiansdo verwonnert, mat wat fir enger Rapiditéit, datt d'Enn vun der Kris zu Lëtzebuerg agelaut ginn ass. D'Leit hate scho Schwieregkeeten ze gleewen, datt mir an enger Kris wieren, a si hate wéineger Schwieregkeeten domat fir festzestellen, datt d'Kris eriwwer wier. Si ass awer net eriwwer.

Jay Schiltz: D'Spuermoossname vun 2009, ginn déi elo nach eng Kéier op de Leescht geholl, am negative Sënn? Kréie mir en neie Spuerprogramm?

Jean-Claude Juncker: Ech géif net mengen, datt mir am klassesche Sënn vum Wuert en neie Spuerprogramm kréien. D'Regierung ass amgaangen e Budget ze maachen, de Finanzminister am besonneschen.

Mir kucken natierlech all Statsausgabe millimetergenee no. Et ass dat wat e Screening genannt gëtt, an deem seng Resultater een d’ailleurs net einfach kann esou an enger Rubrik zesummeschreiwen. Mä dat gëtt scho gekuckt.

An dann, do wou gespuert gëtt, gëtt gekuckt, datt dat net konjunkturschiedlech ass. A vu datt déi international Situatioun déi ass déi se ass, nämlech eng wou ee muss fäerten, datt et eng Rezessioun gëtt – ech mengen iwweregens net, datt mir an eng Rezessioun erakéimen, et kënnt awer zu enger kloerer Dämpfung vum Wirtschaftswuesstem, och zu Lëtzebuerg. Mir wäerten am Joer 2012 mat Sécherheet net esou séier wuesse wéi am Joer 2011.

Et muss ee kucken, wat fir konjunkturstäipend Elementer een an déi Budgetsmasse vum Joer 2012 alafe léisst. Wat ech elo scho ka soen, dat ass, datt de Budgetsdefizit vum Joer 2012 däitlech méi héich wäert si wéi dee vun 2011.

Jay Schiltz: Déi nächst Woch kënnt d'Tripartite zesummen. Bal annerhalleft Joer sinn an d'Land gezunn, zanter Dir déi Tripartite-Gespréicher am Abrëll 2010 op en Enn bruecht hutt. Wat steet dann déi nächst Woch um Ordre du jour? Ënner anerem dat wat Dir elo ugekënnegt hutt?

Jean-Claude Juncker: Déi gewinnten Tripartite ass am Abrëll vum leschte Joer ouni Resultat op en Enn gaangen. Mä dee vun der Regierung staark gewënschten Dialog mat de Sozialpartner, Patronen a Gewerkschaften ass awer net op en Enn gaangen. Well mir hu jo Bipartite-Resultater fäerdeg bruecht, esouwuel mat de Gewerkschaften, wéi och mat de Patronatsvertrieder.

A mir mussen elo, den nächsten Donneschdeg, eis mat der Analys vun der wirtschaftlecher, vun der finanzieller a vun der sozialer Situatioun am Land beschäftegen. Dat ënnerteneen diskutéieren, ob mir d'Saachen d'selwecht gesinn, an do wou mir se net d'selwecht gesinn, firwat datt mir se anescht gesinn.

Ech gleewen net, datt et zu iergendwellechen Décisioune kënnt den nächsten Donneschdeg. Mä et ass déi éischt Ronn vun engem méi laang gestreckte Gespréichs- an dann och Verhandlungsprozess, an dee vill Elementer mussen alafen. Alles dat wat d'Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg betrëfft muss millimetergenee diskutéiert ginn. Et ass net ganz normal, datt an engem Moment wou d'Wirtschaft zu Lëtzebuerg besser wiisst wéi am Ausland, de Chômage zu Lëtzebuerg awer manner zréckgeet wéi dat am Ausland de Fall ass. Da musse mir eis also ganz genau driwwer ënnerhalen, wat d'Ursaachen dovu sinn a wat ee kann am Sënn vun der Aktivéierung vum Aarbechtsmaart a vun aneren Instrumentarien, déi ee kann opriichten, ënnerhuelen.

Mir mussen eis och, wéi ech fannen, iwwer e Phänomen ënnerhalen, dee vill Leit net interesséiert, dat ass dee vun der Aarmut, oder vun esou eppes wéi der Aarmut zu Lëtzebuerg. Et gëtt jo awer eng Zuel vu Leit déi wiisst – mä och wa si net géif wuessen, wier dat och nach egal – eng Zuel vu Leit déi ofgehaange ginn, déi net méi richteg matkommen. Elo kann ee soen, dat ass eis egal, deene meeschte Leit geet et jo gutt. Et geet deene meeschte Leit och besser wéi si mengen, datt et hinne géif goen. Mä et gëtt awer Leit, déi aus dem Rhythmus gerode sinn. An ech hunn esou eng almoudesch Opfaassung vu Politik, déi besteet doranner, datt ee sech dofir muss interesséieren, och wann dat ganz dacks net Lëtzebuerger sinn.

Déi Leit déi hei am Land kee parlamentarescht Stëmmrecht hunn, hunn awer trotzdem déi selwecht sozial Rechter, fannen ech, wéi déi Leit déi e politescht Matsproocherecht hunn. Ech fille mech esou zoustänneg fir déi net-Lëtzebuerger déi hei am Land wunnen, wéi fir déi Lëtzebuerger déi hei am Land wunnen. Och wann ech weess, datt déi eng wiele ginn an déi aner net.

Doriwwer ass sech ze ënnerhalen: wat kënne mir maache fir d'materiell Liewensconditioune vun deene Leit ze stabiliséieren? deenen och eng Perspektiv ze ginn?

Dann hu mir iwwer Beruffsausbildung ze schwätzen, wou mir grouss Fortschrëtter an deene leschte Wochen a Méint erreecht hunn. Mir hunn iwwer den Index ze schwätzen an iwwer alles dat wat mat der Wettbewerbsfäegkeet, mat der Kompetitivitéit vun den Entreprisen zesummenhänkt. Mir hunn iwwer d'Finanzsituatioun vum Stat ze schwätzen. Mir stinn den nächsten 29. September, Datum vun der Tripartite, e puer Deeg virun dem endgültegen Dépôt vum Budgetsprojet fir d'Joer 2012. Ech hätt gär, datt mir eis iwwer Grondausriichtungen dovu kënne verstännegen, a wann net verstännegen, dann eis zumindest kënnen doriwwer ausspriechen. Et ass also genuch wat op der Lee steet.

Jay Schiltz: Dir hutt vill um Ordre du jour, also hutt Dir dann Zäit genuch fir iwwerhaapt iwwer den Index ze schwätzen oder loosst Dir deen d'Office ewech?

Jean-Claude Juncker: Neen, mir mussen iwwer all Elementer schwätzen déi mat der Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft ze dinn hunn. Dozou gehéiert d'Indexproblematik ouni all Zweiwel, mä et ass bei wäitem net déi eenzeg. An ech wëll och keng dramatesch Iwwerfokusséierung elo op d'Indexfro erbäiféieren, mä iwwer d'wirtschaftlech Zukunft vu Lëtzebuerg schwätzen, ouni iwwer d'Indexproblematik ze schwätzen, dat wier wéi wann ee Fussball ouni Ball géif spillen.

Jay Schiltz: Ass dat esou e stillschweigend Ofkommes elo ënner de Sozialpartner, fir vläicht elo emol net méi driwwer ze diskutéieren, e bëssen e Statut quo? Et gëtt jo elo eng Indextranche.

Jean-Claude Juncker: Jo, mä mir kréien eng Indextranche den 1. Oktober a mir hunn en Accord mat de Gewerkschaften, datt falls da virum 1. Oktober 2012 nach eng Indextranche géif erfalen, an dat wäert mat Sécherheet geschéien, datt mir eis da mussen zesummesetze fir ze kucke wéi mir op esou eng Situatioun reagéieren, datt innerhalb vun e puer Méint, am Géigesaz zum Ausland, zu Lëtzebuerg d'Gehälter géifen op eng kuerz Zäit betruecht, ëm 5% automatesch an d'Lut goen, egal wat um Niveau vun deenen eenzelnen Entreprisen, besonnesch deene klengen Entreprisen, geschitt ass.

Doriwwer musse mir selbstverständlech diskutéieren.

Mä ech hätt och gär, datt mir dat objektiv diskutéieren. Ech sinn e bëssen iwwerrascht iwwer alleguer déi vir-Virlagen, déi elo zirkuléieren, wou déi eng soen, den Index muss ofgeschaaft ginn oder den Index muss moduléiert ginn, an déi aner soen, dat kënnt iwwerhaapt net an d'Tut datt mir dat maachen. Et soll ee sech emol mat der Situatioun beschäftegen. An da kucke mir wat mir maachen. Mä net driwwer schwätzen ass keng zukunftsorientéiert Method am Ëmgang mat där Problematik, wéi och mat anere Problemer net.

Jay Schiltz: Den OGB-L President Jean-Claude Reding sot dës Woch no der Sitzung vum Nationalcomité, datt et keng Ursaach géif gi fir eng Indextranche nach emol ze verschiben.

Jean-Claude Juncker: Jiddwereen dierf ëmmer virun der Tripartite soe wat en denkt, wat e mengt a wat soll geschéien. Just wann ech eppes soen, da gëtt gesot, da bräichte mir jo keng Tripartite méi ze halen. Dat selwecht zielt fir den Här Reding. Et ass eng Tripartite an do schwätze mir driwwer.

Jay Schiltz: Da schwätzt Dir och net iwwer Är strukturell Reform vum Indexsystem, déi Dir mol ugeduecht hat?

Jean-Claude Juncker: Ech hu gesot, mir géifen iwwer d'Indexproblematik schwätzen, an do läit villes dran. Ech bleiwen dobäi, wann ech dat zur Berouegung dierf soen, datt mir den Index net sollen ofschafen. Ech war ni der Opfaassung, datt een den Index comme tel sollt ofschafen, well deen eng Rei vun onverkennbare Mériten huet, och wann en am Ausland als System iwwerhaapt net verstane gëtt. Well mat Ausnam vun der Belsch, an nach, keen esou e System huet. Mir mussen driwwer diskutéieren, wéi mir dee System kënnen esou bäibehalen, datt en eis keng Schwieregkeete mécht.

Jay Schiltz: Ech kommen nach eng Kéier op ee Punkt zréck, deen Dir elo virdru scho kuerz ugeschwat hutt, dat ass d'Aarmut hei zu Lëtzebuerg.

Dir hat Iech eng Kéier an engem Pressebriefing nom Regierungsrot am Mee, mengen ech war dat, relativ besuergt gewisen iwwer, wéi Dir sot, d'Extensioun vun der Aarmut zu Lëtzebuerg. Dat kéint een esou net weidergoe loossen. Dir hat deemools vu Moossname geschwat déi net jiddwerengem géife gefalen. Ass eppes an déi Richtung?

Jean-Claude Juncker: Mir sinn amgaangen dat ze diskutéieren. D'Familljeministesch, d'Madame Jacobs, huet eng Rei vu Virschléi erabruecht, well dat war jo als Diskussiounsstoff fir de September virgemierkt ginn. An déi si mir amgaangen ze kucken.

A meng Erfahrung ass – dofir hunn ech dat deemools gesot – datt wann ee fir déi Leit deenen et net esou gutt geet eppes mécht, datt et da ganz dacks esou ass, datt déi Leit deenen et gutt geet oder ganz gutt geet kee richtegt Versteesdemech dofir opbréngen. An et ass awer nawell vläicht gutt wann ee probéiert, sech emol an d'Situatioun vu Familljen, ganz oft vun allengerzéiende Männer oder Fraen eranzesetzen, déi, och wéinst den héije Loyerskäschten zu Lëtzebuerg a wéinst anere Phänomener, wierklech net wësse wéi si um Enn vum Mount sollen eens ginn.

Dat kann engem egal si wann ee gutt um Enn vum Mount eens gëtt. Mä ech soen Iech, wann een eng bestëmmten Zuel vu Leit huet, déi aus dem Tratt geroden, dann deet dat eis alleguer net gutt. An ech hunn d'Politik eigentlech gär wa se sech emol ëm déi Problemer bekëmmert déi et wierklech gëtt, statt sech ëm Problemer ze bekëmmeren déi mir eis abilden.

Jay Schiltz: Wéi dramatesch géift Dir d'Situatioun da beschreiwen? Respektiv, de sozialen Décrochage hei am Land? Dir hat jo och an Ärer Deklaratioun zur Lag vun der Natioun eigentlech zum Ophänker gemaach.

Jean-Claude Juncker: ‘Ophänker’ ass e Wuert wat ech net esou ganz gär hunn. Et war eng [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Et war Iech awer wichteg fir domat unzefänken.

Jean-Claude Juncker: Et war eng eescht Suerg. An dofir hunn ech dat och an den Ufank vun der Erklärung gestallt, well et ganz bestëmmte Fläche vu Sozialpolitik a vun Zesummeliewe gëtt, déi mir net adäquat politesch, inhaltlech an och infrastrukturméisseg ofdecken.

An Dir wäert och gesinn – an ech hoffen, datt de Finanzminister net rose mat mir gëtt wann ech dat haut soen – datt e groussen Effort gemaach gëtt, fir och um infrastrukturelle Plang an um personelle Plang d'Viraussetzung ze schafen, datt mir déi richteg Äntwerte kënne formuléieren. Et gëtt einfach vill Leit am Land, déi dierf een net mat hirem Misère, oder mat hire Schwieregkeeten, oder mat hire Problemer, mat hiren Defizienzen alleng loossen.

An ech si schonn der Meenung, trotz ugestrengter Finanzsituatioun, datt mir do e besonneschen Effort muss maachen. Ënnerloosse mir deen Effort während e puer Joer, da gëtt de Präis fir d'net-Bekämpfe vun den Ufäng vun enger Problemmass wiesentlech méi deier wéi dat konsequent Aklammen an dat aggressiivt Bekämpfe vun den Ufäng vun deenen Noutstänn.

Jay Schiltz: Fannt Dir e politesche Konsens fir dat ze maachen?

Jean-Claude Juncker: Ech hätt et gär.

Jay Schiltz: Zweiwelt Dir awer drun? Dir hat nämlech deemools gesot, datt et schwéier wier dat duerchzebréngen.

Jean-Claude Juncker: Ech weess dat gëtt schwéier, well jiddwereen hëllt jo seng Geschichten, déi e jo gär adäquat mat Finanzmëttele géif beluecht gesinn. Mä ech fannen awer, datt et fir e Land, wann ech an d'Zukunft kucken, an déi nächst 20 Joer, et awer wichteg ass, wa mir ganz fréi kënnen erkennen, wat fir Kanner enorm Defizienzen hunn. D’Fréierkennung vun Defizienze bei Kanner, vun Desavantagen déi Kanner hunn, vun net-Kënne wat d'Kanner opweisen, ass wichteg. Well wann een dat 2-3 Joer net kuckt, net behandelt, sech net domat beschäftegt, da sinn déi fir de Rescht vun hirem Liewen ofgehaakt.

Hu mir dat Recht? Dat Recht hu mir net.

Da musse mir bereet sinn op eenzel Saachen ze verzichten, fir datt mir d'Finanzmëttele kënnen zesummendroen, déi mir brauche fir eis konsequent mat deene Problembildungen do auserneen ze setzen.

Dat ass och eng gesellschaftspolitesch Fro, wësst Dir. Well all déi Froen déi am Zesummenhang mat der Gesellschaftspolitik genannt ginn an déi fir mech och wichteg sinn: Avortement, Homo-Ehe, Divorce, Trennung vu Kierch a Staat, dat ass alles wichteg. Mä e gesellschaftspolitescht Problem huet sech an engem extreme Mooss zesummegezunn am Beräich vum Ëmgang vun eiser Gesellschaft mat Kanner oder mat Jugendlecher, mat Leit déi en Handicap hunn. An d'Behandlung vun deene Problemer ass mir wichteg.

Jay Schiltz: Gutt, domat wiere mir schonn esouwäit quasi um Enn vum éischten Deel vun dëser Emissioun, Här Staatsminister. Mir maachen eng kuerz Paus mat den Neiegkeeten an duerno da gi mir an Europa a schwätzen iwwer Scholden an Euro-Kris.

Jean-Claude Juncker: Ech freeë mech elo schonn drop.

[Noriichteniwwerbléck vum Jean-Claude Wolff]

Jay Schiltz: Zweeten Deel vun eiser Emissioun “Riicht eraus�?, haut mam Statsminister Jean-Claude Juncker. Mir kommen zur europäescher Aktualitéit.

Här Juncker, kënnt Dir mir haut eppes anescht soe wéi dat, wat Dir mir am Juli iwwer d’Scholdekris, iwwer Griicheland, iwwer den Euro gesot hätt, wa mir hätten dat Gespréich kënne féieren?

Jean-Claude Juncker: Jo, ech kéint Iech par rapport zu deem, wat ech Iech deemools geäntwert hätt, soen, datt d’Situatioun sech aggravéiert huet, datt se ganz grave ginn ass, an datt mir eis mat de Problemer mussen auserneesetzen déi all Dag méi déck ginn an all Dag méi schwéier ze droe ginn.

Mir stinn elo an enger Situatioun, wou een net kann ausschléissen – ech mengen ech hat dat elo éinescht scho gesot – datt mir erëm an eng Rezessioun erakommen, vun där ech mengen, datt se net wäert antrieden. Mä d’Wirtschaftswuesstem an der Eurozon, wéi och an Amerika, schwächt sech of, an déi kräfteg wuessend Ekonomien aus den opstriewende Länner entfalen net positive Volume genuch, fir datt d’Schwächt vun Amerika a vun Europa total ka kompenséiert ginn.

Mir hu Problemer am europäesche Bankesecteur, net esou grave wéi d’Madame Lagarde se am Numm vum Internationale Währungsfong beschreift, mä mir hunn trotzdem substantiell Problemer.

Mir hunn nach ëmmer d’Verschëldungsproblematik an eenzelne Länner vun der europäescher Währungszon. Irland huet sech relativ gutt erkritt: et ass ee Beispill dofir, datt wann een et seriös mengt mat dem Spueren, mat dem Consolidéieren, mat dem Neiausriichte vun der Politik, datt een da Resultater kann hunn. D’iresch Wirtschaft huet d’Halschent vun hirem Kompetitivitéitsverloscht, dee se accuséiert hat, entretemps erëm opgeholl.

A Portugal sinn ech net ouni Suergen, mä et gesäit een awer, datt a Portugal d’Zeechen éischter a positiv Richtunge weisen.

Griicheland bleift en dramateschen, bal tragesche Fall – wann dat net esou no géif leie vu griichescher Tragedie hei ze schwätzen – mat där mir eis erëmploen. An elo musse mir an den nächste Woche kucken, bis zum 3. Oktober, dann ass Eurogrupp zu Lëtzebuerg, wou mir Décisioune mussen huelen, ob déi griichesch Spuerefforten duerginn, fir datt mir déi aussteeënd 6. Tranche vun Hëllef u Griicheland an Héicht vun 8 Milliarden Euro kënnen ausbezuelen, oder net.

Et stellt ee fest a Griicheland, datt de Wëllen zum Spueren noléisst. Do hunn ech jo bal Verständnes dofir, wann ech d’Liewensconditioune vun deenen einfache Leit a Griicheland kucken. Dat ass jo keng einfach Saach, wat mir do dem Duerchschnëttsgriich wierklech zoumudden, mä et ass alternativlos. D’Bereetschaft fir weider Solidaritéit ze praktizéieren hëllt an eise Breedegraden of, och hei zu Lëtzebuerg.

Ech begéinen ni een op der Strooss dee mir seet, gitt de Griiche méi Suen. Ech begéine wierklech 10, 12 Mol den Dag Leit, déi mir soen, wou geet dat hi mat Griicheland, musse mir elo de Griichen hir Scholde bezuelen?

An dofir ass dat och, onofhängeg vun den inhaltleche Froen, eng gesamteuropäesch, athmosphäresch Fro, déi mech am héchste Mooss besuergt mécht. De Risiko vun extreme sozialen Explosiounen a Griicheland, dee gesäit ee kommen. An de Risiko vun engem sech anigele vun eise Länner, déi fannen, si hätte mat där griichescher Problematik do näischt ze dinn.

Elo si mir an enger Währungsunioun, a mir hu schonn domat ze dinn, a musse ganz gutt oppassen, datt eng falsch Behandlung vun der griichescher Kris net zu enger Infizéierung vun der nach-Stabilitéit an aneren Eurolänner féiert, déi och scho grouss Schwieregkeeten hunn.

Dat ass eng extrem schwiereg Situatioun wou ee sech dacks freet, wat solle mir elo maachen, fir datt dat Ganzt net zesummefält. Well wann dat Ganzt zesummefält, dann ass dee Klengsten aus der Währungsunioun, dat si mir, wahrscheinlech net deen, deen am beschten iwwerlieft.

Jay Schiltz: Ech stellen Iech dann emol d’Fro, wéi vläicht de Mann op der Strooss sech se da stellt. Ass et tatsächlech d’Léisung, all 3-4 Méint Milliarden op Athen ze pompelen, vläicht geschwënn och d’Aussiicht op Roum, Madrid?

Jean-Claude Juncker: Jo, dat hu mir esou ofgemaach, wéi mir dee Programm fir Griicheland zesummegesat hunn. déi 110 Milliarden, déi Griicheland soll kréien, ech drécke mech iwwerdriwwen einfach aus, do hu mir gesot, dat géif an Tranchë gemaach ginn, a mir géingen ënnerwee ëmmer gär préiwen, ob Griicheland och déi Oplagen, déi et gemaach kritt huet, an déi et iwweregens och ëmmer akzeptéiert huet, ob et déi géif erfëllen. Well een net ka veräntwerten, och net als lëtzebuerger Premier oder Finanzminister, datt mir einfach Suen esou iwwer d’Théik op Athen schubsen, ouni datt een eng Aussiicht drop huet, datt dat Land sech selwer erëm hëlleft.

Elo huet dat Land eng extrem héich Staatsschold. Dat Land ass schlecht organiséiert, dat wësse mir scho méi laang, mir hunn och scho joerelaang, och ier dat Ganzt krisenhaft lassgaangen ass, eis mat de Griichen doriwwer ënnerhalen. A Griicheland ka seng Verschëldungspolitik ganz einfach net viruféieren, an et kann een och wirtschaftlech net wuessen, wann ee Scholde mat Scholde bekämpft, dat geet net.

An dofir brauch een eng Reconsolidéierung vun der griichescher Finanzsituatioun an et brauch een awer och, an dat feelt mir e bëssen, am Rescht vun der europäescher Politik eng Démarche, déi d’Méiglechkeete schaaft, fir datt déi griichesch Wirtschaft erëm un d’Wuesse kënnt. Herno hu mir de griichesche Budget sanéiert, mä déi griichesch Ekonomie, de griicheschen Aarbechtsmaart, de griichesche Stat fonctionnéiert net méi. An dat ass eng Saach, déi sech, mä dat ass eben esou, dem Zougrëff vum Eurogrupp a vun där hirem President entzitt, well dat ass dann eng europäesch Politik, déi vun der Kommissioun a vun deene 27 Länner muss matgedroe ginn.

Do kann ee just ëmmer nëmmen drun erënneren, datt net nëmme Consolidéierung ugesot ass, datt net nëmme budgetär Orthodoxie ugesot ass, mä datt och wuesstëms- an impulsfördernd Politiken noutwenneg sinn.

Jay Schiltz: An do kënnt dann doraus direkt déi zweet Fro vum Mann vun der Strooss: mat wat sollen d’Griichen dann déi enorm Scholden zréckbezuelen? Esou vill Wirtschaftspotential hu se jo elo och net.

Jean-Claude Juncker: De Problem ass, datt Griicheland alles muss ofstelle wat exzessiv ass. Et gëtt an deem Land Zoustänn, déi ech elo hei net weider beschreiwe wëll, déi esou sinn, datt se ganz vill Sue friessen, et kann een dat roueg esou soen, ouni datt se Resultater bréngen.

Eng grouss Zuel vu Statsbetriber, déi mat schlechte Resultater schaffen, déi grad esou gutt privatiséiert wieren. Ech sinn iwwerhaapt, absolut keen Unhänger vun enger Radikalprivatiséierung. Dat war ni mäi Punkt, well ech ëffentlech Déngschtleeschtunge a fir kohäsiounsfördernd an engem Land aschätzen. Mä wann een eng grouss Zuel vu Statsbetriber huet, déi all Dag Defizit produzéieren, dann ass dat jo keng gesond Politik fir iwwer de Statsbudget déi Betriber virun ze ënnerstëtzen. An dofir muss déi Privatiséierung ganz eescht geholl ginn.

A wann déi Statsbetriber privatiséiert ginn, da schuet ee jo, wann dat anstänneg an net rabaukenhaft gemaach gëtt, net dem griichesche Bierger, mä d’Gewiicht, d’Konsolidéierungsgewiicht wat de griichesche Bierger muss op seng Schëllere lueden ass méi kleng, wat den Erléis vun de Privatiséierungen, och mat der Aussiicht op besser Resultater vun deene Betriber, méi grouss ass.

An alle Gespréicher mat menge griichesche Kollegen a Frënn insistéieren ech och drop, datt dat muss gerecht zougoen, ech géif gär soen, méi gerecht muss zougoen. Déi Leit, déi et hunn a Griicheland, där gëtt et jo awer do, déi mussen natierlech an engem onwahrscheinlech méi groussem Mooss zu där noutwenneger nationaler Solidaritéit a Griicheland erugezu ginn, wéi dat an der Vergaangenheet geschitt ass.

An ech fannen et net richteg, datt een eng Politik mécht wou den Androck gëtt, et géif elo just deene klenge Leit an d’Täsch gegraff ginn, an déi, an deenen hir Täschen een net kënnt, well deenen hir Boxen op vill méi héije Beem hänke wéi deenen anere Leit hir, déi ginn eigentlech kaum behellegt. An dat ass awer d’griichesch Regierung amgaangen ze maachen, mä dat hätt missten déi lescht 20 Joer a Griicheland gemaach ginn [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Déi lescht 5.000 Joer.

Jean-Claude Juncker: Datt net nëmmen déi Bluttaarm vun 1 Meter 50 do musse blechen, mä datt och déi, déi et hu musse blechen.

D’Politik ass d’Organisatioun vun der Gerechtegkeet.

Jay Schiltz: War et e Feeler, Griicheland iwwerhaapt an den Euro-System eranzehuelen? Hätt een dat net alles virdru kënne gesi kommen? Dat ass och eng Fro vum Mann vun der Strooss.

Jean-Claude Juncker: Jo, déi Fro verstinn ech gutt, well ech hunn zu deene gehéiert, déi dobäi waren wéi Griicheland an d’Eurozon komm ass. An déi Donnéeën, déi mir dee Moment virleien haten déi hunn och unhuele gelooss, datt dat géif säin normale Wee goen.

Nun huet Griicheland, vun un datt et an der Währungszon ass, enorm vill vu senger Wettbewerbsfäegkeet verluer. A kengem anere Land sinn d’Paien esou vill an d’Lut gaange wéi a Griicheland. An a kengem anere Land ass d’Produktivitéit esou vill gefall wéi a Griicheland.

Hei am Land huet ee jo och ëmmer Problemer, wann een iwwer Kompetitivitéit, iwwer Produktivitéit, iwwer Wettbewerbsfäegkeet schwätzt. Da gëtt gesot, och op Ärer Antenn, déi helleg Produktivitéit, déi helleg Kompetitivitéit. Jo, mä wann ech näischt méi am Ausland verkafen, da versauert meng sozialpolitesch Situatioun an engem Land. Ech hu keng Mëttele méi fir meng Sozialpolitik ze finanzéieren.

An d’Griichen hunn einfach, obscho se jo onendlech méi bescheide liewe wéi mir, iwwer hir Verhältnisser gelieft. An dat musse se an Uerdnung bréngen. D’Wirtschaftsstruktur vu Griicheland ass schif. Dee Betrib a Griicheland, deen am meeschten exportéiert, dat ass eng Offëllfirma vu Coca-Cola. Dat ass dee Betrib, deen am meeschten exportéiert. Esou kann een natierlech Volleksräichtum net organiséieren.

Dat bréngt mech erëm zréck op den Ufank vun eisem Gespréich. Et muss een eng fonctionnéierend, performant Industrie an engem Land hunn, och eng performant Schwéierindustrie, eng performant Finanzindustrie. Eng Vollekswirtschaft, fir datt et eng Wirtschaft gëtt, déi dem Vollek déngt, déi muss breet opgestallt sinn, déi dierf net ze vill ufälleg op d’Schwieregkeete vun engem Secteur sinn.

Do si mir jo och zu Lëtzebuerg net ouni Suergen, well mir si jo an engem vill ze vill staarkem Mooss ofhängeg vun den Aktivitéite vun der Finanzplaz. Dofir d’Beméien, och vum Finanzminister fir d’éischt, fir d’Aktivitéite vun der Finanzplaz méi breet ze streeën, vum Wirtschaftsminister fir zweet, fir aner Aktivitéiten an d’Land ze kréien, oder existent Aktivitéiten ze favoriséieren. Dat ass en Asaz vun all Dag. D’Griichen hu sech 20 Joer laang net all Dag agesat.

Jay Schiltz: Wat géif dann elo geschéien, wa Griicheland Faillite geet? Dat gëtt jo ëmmer nees och erëm envisagéiert, esouguer gefuerdert, prekoniséiert?

Jean-Claude Juncker: D’Hypothes vun engem griichesche Statsbankrott, respektiv vun engem Austriede vu Griicheland aus der Eurozon ass fir mech keng Aarbechtshypothes.

Mir musse mat de Griichen duerch programmatesch Festleeungen e Wee fannen, wéi Griicheland, wann et bestëmmte Politiken ännert a besser mécht, mat der Hëllef vun Anere kann iwwer de Bierg kommen. Dat ass e Prozess, deen ass net an 3, 4 Joer eriwwer, dat ass e ganz laanggestreckte Prozess.

Mä fir einfach kuerze Prozess ze maachen, an domat och déi Griichen, déi Leit do an totale Misère eigentlech ze geheien, dat ass net mäi Verständnes vun Europa. Ech loosse mech léiwer zu Lëtzebuerg dofir vernennen, datt mir de Griichen hëllefen, wéi datt ech géif tatenlos nokucken, wéi do e ganzt Vollek an der Aarmut ënnergeet. Dat ass net mäi Verständnes vun Europa.

Jay Schiltz: Mä wier dann en Enn mat Schrecken net vläicht besser wéi e Schrecken ouni Enn?

Jean-Claude Juncker: Mir schwätzen esou monter doriwwer, wa mir dat esou formuléieren wéi Dir elo, well jo de Schrecken eis net erreecht. De Schrecken ass fir d’Griichen.

An et geschitt awer och an eise Länner Schreckleches, wann dat geschitt, well dat jo am Bankesecteur e systemeschen Auswuess kritt, deen natierlech eis och wäert erreechen.

Nu sinn eis Banken net extra exposéiert a Griicheland, dat hält sech alles am Mooss. An d’Banke musse jo och fir den nächste Griichelandprogramm mat 21% bereetstoen, fir d’Laaschten ze droen. Et ass jo fir d’éischt wou mir dat maachen, datt d’Banken an d’Finanzindustrie um direkte Behiewungskäschtepunkt bedeelegt sinn. Mä dat gëtt esou eng Onrou am internationale Finanzsystem, datt natierlech eng Finanzplaz wéi Lëtzebuerg direkt dovu betraff wäert sinn.

Et gëtt Länner an Europa, déi sinn dovu guer net vill betraff. E Land wat keng Finanzindustrie huet a kee Finanzzentrum huet, ass manner betraff wéi e Land wat, wéi mir, eng performant Finanzindustrie huet, a muss behalen.

Dofir ass alles wat Griicheland betrëfft, a wat esou exklusiv griichesch ausgesäit, eppes wat eis ganz séier erreecht, wann alles d’ënnescht an d’iewescht geet.

Jay Schiltz: Dat heescht, et bleift eigentlech just d’Hoffnung, datt et riichtaus geet?

Jean-Claude Juncker: Neen, dat dierf keng Hoffnung sinn, dat ass e Must. Et muss a Griicheland dofir gesuergt ginn, datt déi Statsfinanzen an Uerdnung kommen. A mir mussen eis Instrumenter esou adaptéieren, ajustéieren, datt mir maximal Offiederungskraaft eis an d’Arsenal vun de Méiglechkeeten eraleeën, fir datt d’Griichen iwwerhaapt d’Méiglechkeet hu mat der Situatioun eens ze ginn.

Ech hätt och gär, datt déi Kohäsiouns- a Strukturfongen, déi mir an Europa hunn, méi flësseg a Richtung Griicheland kënne gemaach ginn. Griicheland, well dee Staat eben net fonctionnéiert, huet nëmmen 10% vun deene Mëttelen ofgezunn déi Griicheland eigentlech zegutt huet fir seng Infrastrukturen an esou virun ze verbesseren.

Mir hu jo eng extra Taskforce agesat vun 30 Mann héich – d’Halschent zu Athen, d’Halschent zu Bréissel – fir de Griichen ze hëllefen déi Mëttelen, déi Europa zur Verfügung stellt, besser kënnen ze gebrauchen. Déi kann een natierlech nëmme kréien, wann ee wierklech valabel Projete virweist. Mir hëllefen de Griichen déi Projeten ze fannen. Mir hëllefen de Griichen hire Steiererhiewungssystem ze perfektionéieren – perfektionéieren ass gutt gesot, iwwerhaapt emol dofir ze suergen, datt a Griicheland Steiere bezuelt ginn, besonnesch vun deenen déi genuch hu fir kënnen iwwerhaapt substantiell Steieren ze bezuelen. Mir hëllefen de Griichen hir Betriber, ouni se ze bevormunden, ze privatiséieren.

Et geschéien also net nëmmen Efforten a Griicheland selwer fir ze spueren, op eisen Drock hin, dat muss ech jo esou soen. Et geschitt och Villes, wouriwwer kaum bericht gëtt, fir de Griichen ze hëllefen nieft hirer Behiewung vun der Scholdekris wirtschaftlech erëm op d’Been ze kommen. Déi zwee si wichteg.

Jay Schiltz: Wéi grouss ass d’Gefor, datt beispillsweis e Land wéi, Dir hutt virdru schonn Irland ugeschwat, Portugal, Italien steet jo och elo all Dag ëmmer nees an der Aktualitéit, datt déi an deen Trëndel do erageroden? Wat fir eng Konsequenzen hätt dat?

Jean-Claude Juncker: Ma ech gesinn net, firwat datt Italien géif an deem selwechte Mooss wéi Griicheland ofgestrooft ginn. Keen anert Land ass an enger Situatioun déi mat der griichescher vergläichbar wier. Ech gesinn Italien net an där Gefor. Mä d’Konsequenze wieren ultra-grave.

Jay Schiltz: Wat bedeit d’Zouso vum G20, wëllen ze verhënneren, datt d’Scholdekris an der Eurozon weltwäit d’Finanzmäert an d’Banke schwächt?

Jean-Claude Juncker: Mir hunn op 2 Pole vun der wirtschaftlecher Weltkaart extrem Schwieregkeeten: an Europa an an den USA.

Ech sinn e bëssen irritéiert heiansdo, wann d’Amerikaner esou mat geneelte Schong a Sëtzungssäll kommen an eis erklären, wéi dann elo d’Kris an Europa ze behiewe wier. Si si selwer an enger massiver Kris. Hire Wuesstem ass schwaach, hire politesche Gouvernance-System – an eisen ass net gutt – ass nach méi schlëmm, well si sinn ee Land, wou si sech jo kënnen eenegen, mir si 17 Länner, wou mir eis mussen an der Eurozon eenegen.

Mä ech mengen, wat déi G20-Mënsche mengen, wa se dat soen, dat ass, datt mir elo eis sollen druginn fir all déi Décisiounen, déi mir beim Sommet vum 21. Juli décidéiert hunn, datt mir déi esou séier wéi méiglech sollen an d’Wierklechkeet ëmsetzen.

Wa mir dee Rettungsschierm, dee mir hunn, kënnen a sengen Instrumenter, déi e kritt, esou verbreederen, datt mir méi reaktiv kënnen direkt intervenéieren, wa Geforemomenter sech méi staark wéi bis elo weisen, da mengen ech schonn, datt mir déi Situatioun an de Grëff kréien.

Just, d’Welt déi eis nokuckt versteet eis net, well an alle Länner ginn déi Rettungsschiermer do séier kontrovers diskutéiert, besonnesch an Däitschland, besonnesch an Éisterräich, besonnesch a Finnland, besonnesch an Holland. Déi international Zeitungen an Asien, an Amerika sti voll mat deene kontroversen Debatten, déi an eenzelne Länner vun der Eurozon gefouert ginn. Dat mécht d’Investisseuren nervös, well se ëmmer fäerten, da géif et awer dozou kommen, datt mir dat ëmsetze wat mir décidéiert hunn. Jo, et ass schwiereg d’Demokratie duerch eng Kris ze féieren.

Jay Schiltz: Dir hutt et virdru schonn an engem Niewesaz esou ugedeit. Wéi schwiereg, oder fir wéi geféierlech haalt Dir dann déi aktuell Situatioun an Europa fir de Projet tout court? Et geet jo ëmmer nëmmen nach ëm Kris, ëm Scholden, ëm Finanzen. Kritt Europa, oder huet Europa net vläicht schonn iergendwéi, wéi soll ech dat elo nennen, en Identitéitsproblem, wann nach just doriwwer geschwat gëtt?

Jean-Claude Juncker: Jo, et gëtt, dat ass richteg, just doriwwer geschwat. Mä et gëtt awer ganz vill aner Saache parallel gemaach. Meeschtens an eng gutt Richtung, heiansdo och an eng manner gutt Richtung.

Mä et kann ee sech der Suergenintensitéit vum Moment net entzéien. De Moment gëtt ebe vill iwwer déi Verscholdungskris geschwat, well dat och ganz erhieflech Froe fir déi betraffe Länner, a fir d’Gemeinschaft en tant que telle, opwäerft. An et kann een deem net an der Behandlung vun den Themen a vun der Aktualitéit entgoen, och wann dat nëmmen ee Bléck ass, deen ee soll op Europa hunn.

Fir de Rescht, wann natierlech d’Eurozon, an d’Europäesch Unioun et net fäerdeg bréngen aus där Wirtschaftskris – an där mir nach ëmmer sinn, och wann zu Lëtzebuerg sech jo jiddwereen eens ass fir ze soen, et wier keng Kris méi – wa mir net Europa aus där Situatioun erausféieren, da maache mir jo eis Aufgaben net.

Ech kann och iwwer aner europäesch Theme schwätzen, europäesch Kulturpolitik, europäesch Sportspolitik – all méiglech Aspekter vun Europa. Mä mir ginn net dorop beuerteelt.

D’Mënsche beuerteelen eis dorop, bréngt dir et fäerdeg no där Kris déi 2008 ugefaangen huet ze verhënneren, datt dat selwecht nach eng Kéier geschitt? A bréngt dir et fäerdeg eis esou aus där Kris erauszebréngen, datt mir besser do sti wéi virun der Kris? Dat ass d’Aufgabestellung vum Moment. An deene Fragezeichen déi dat an d’Landschaft wäerft, deene kann een net doduerch entgoen, datt ee se automatesch zu Ausrufezeichen mécht. Mir mussen dorunner schaffen.

Jay Schiltz: Mä déi sozial Zouspëtzung, déi Dir observéiert, mir hunn dat virdrun ugeschwat, Griicheland, Spuenien och, Portugal, anerwäerts och, riskéiert dat dann net awer de Modell Europa iergendwéi ze hypothekéieren, iwwer déi Kris eraus?

Jean-Claude Juncker: Ech hunn 2008 gesot – ech weess net, ob dat Iech erënnerlech ass, mä et hëlleft eis och näischt, wann ech elo widderhuele wat ech virun e puer Joer gesot hunn – mä ech hunn 2008 gesot, wéi déi Bankekris lassgaangen ass, aus där finanzpolitescher Kris géif sech eng wirtschaftspolitesch Kris erginn, an aus där wirtschaftspolitescher eng Aarbechtsmaartkris ginn, an aus der Beschäftegungskris géif eng Sozialkris erwuessen, an aus all deene Krise kéint eng Systemkris erwuessen, där Gestalt, datt d’Leit net méi versti wat d’Politik mécht [gëtt ënnerbrach]

Jay Schiltz: Genee dat mengen ech.

Jean-Claude Juncker: An datt d’Leit sech an eiser Fassong fir Wirtschafts-, Finanz- a Sozialpolitik ze maachen, sech net méi erëmkennen, an och de System en tant que tel, ofleenen, well se d’Gefill hunn, dat ass net falsch, mä et ass virun allem och net richteg, datt déi, déi d’Kris verursaacht hunn eigentlech net déi sinn, déi fir d’Konsequenze vun der Kris muss riicht stoen.

Wien déi Gefor vun der Gerechtegkeetslücke net erkennt, a wie mengt et dierft een iwwer dat Gefill, wou d’Leit sech lues a lues net méi wuel fillen an eisem System, einfach esou ewechgoen, a soen, dat gëtt sech schonn, déi iere sech fundamental.

Déi Kris hei wäerft Froen op, déi och d’politescht Gewësse mussen interpelléieren. Well et kann een net regéieren, wann net e Grondkonsens iwwer de Gesellschaftsmodell besteet. An dee gesinn ech op ville Punkten a Gefor.

An dat entzünt sech u Klengegkeeten, déi iwwerhaapt keng Klengegkeete sinn, wéi déi, datt a ville Länner d’TVA muss erhéicht ginn, fir datt d’Statsfinanzen an d’Rei kommen, an datt an eenzelne Finanzindustriebetriber Bonusse bezuelt ginn datt et schellt, an datt Paien an de Chefetagë vun den europäesche Groussbetriber bezuelt ginn, déi einfach esou lächerlech sinn, datt se net ze beschreiwe sinn.

Och wa mir allen Ackermänner vun Europa hir Pai kierzen, da kréie mir d’Kris net geléist. Mä mir kréie se méi liicht geléist, wann déi Leit géifen agesinn, datt si net kënne virufuere wéi wann näischt geschitt wier. Well déi aner Leit kënne jo och net virufueren, wéi wann näischt geschitt wier. An et kann net sinn, datt déi eng net kënne virufueren, an datt déi aner awer virufueren.

An dat ass eppes wat mech eigentlech ëmdreift, a wat, mengen ech, och a ganze Quartiere vun der Politik iwwerhaapt net richteg gesi gëtt, datt d’Leit dës op eemol genuch hu mam System, ouni ze wësse wat fir en anere System datt si da wëllen an d’Plaz setzen. Déi Leit, déi a Spuenien demonstréieren, oder déi a Griicheland demonstréieren, déi hunn näischt fir an d’Plaz ze setzen. Mä dat weist awer déi Bewegung, datt dat wat mir dohinner gesat hunn net komplett ass. Dofir muss ee waakreg bleiwen.

Jay Schiltz: Fir wéi grouss haalt Dir déi Gefor dann elo effektiv, och dat Réckbesënnen op dat Nationaalt, d’Grenzen nees zoumaachen, einfach Léisungen op schwiereg Problemer?

Jean-Claude Juncker: Ëmmer wann d’Situatioune schwéier sinn, an ëmmer wann d’Verhältnisser sech verkomplizéiere kréien déi liichte Beifall op der ëffentlecher Plaz, déi mat einfache Methode probéieren, déi komplizéiert Situatioun a) ze beschreiwen a b) ze behiewen.

Et muss een, mengen ech, an der Politik de Courage hu fir de Leit ze soen, datt et esou net ka virugoen. Dat zielt och fir dat eegent Land. Wann ech mir heiansdo déi Fuerderungskataloge vun deenen Engen a vun deenen Aneren ukucken, mengen ech heiansdo d’Leit géife keng Zeitung liesen.

Jay Schiltz: Wéi ëmmer leeft d’Zäit fort, dofir kuerz nach eng Kéier zréck op Lëtzebuerg.

An allen europäesche Stierm zum Trotz, Här Juncker, heiheem dierft Dir virun op eng populatiounsiwwergräifend Ënnerstëtzung zielen. De Sondagen no attestéieren Iech d’Lëtzebuerger weiderhin esouwuel kaum ageschränkte Kompetenz wéi och Sympathie. Dat misst Iech jo awer am Fong geholl gutt doen, wann een aus Europa nees heem kënnt?

Jean-Claude Juncker: Éischtens sinn ech dankbar dofir. Mä ech gleewe jo de Sondagen net richteg. Ech soen ëmmer deenen, déi se maachen, wann ech eng Kéier méi wéi 100% Zoustëmmung hunn, da misste se vläicht hir Methoden emol kuerz hannerfroen. Mä bei Wahle stellen ech awer ëmmer fest, datt et grosso modo dat selwecht ass an der Wahlkabinn wéi bei de Sondagen. Ech sinn och dankbar dofir, an ech gi mir och Méi fir datt een deem Vertrauen, wat een do manifestement jo entgéint bruecht kritt, datt een deem gerecht gëtt. Woubäi ech mech ëmmer driwwer wonneren, datt een, wann ee schonn esou laang dobäi ass eigentlech, awer nach ëmmer esou Zoustëmmungswäerter huet. Dat mécht mech ëmsou méi dankbar.

An ech froe mech ëmmer, wat sot Dir hei op der Statioun, a bei RTL, a wat schreiwe se am Wort an am Tageblatt, wann ech e puer Prozent verléieren? Ech hunn heiansdo emol schonn 2, 3 Prozent verluer, dat ass ëmmer beschriwwe gi wéi den totalen Ënnergang vum Juncker. Ech si frou, datt d’Leit mir hëllefen d’Nues nach ëmmer e bëssen iwwer Waasser ze behalen.

Jay Schiltz: Manner schéi waren déi lescht Méint fir Är Partei op mënschlechem Plang, wann ech dat esou soen dierf. D’CSV-Fraktioun war bannent kierzester Zäit mat zwee Stierffäll konfrontéiert.

Fir d’éischt den Deputéierte Mil Majerus, dee ganz onerwaart gestuerwen ass, an net manner onerwaart war den Dout vun Ärem Fraktiounspresident Lucien Thiel. Wéi geet een domat ëm? Sot Dir Iech net och alt emol, stopp, et geet elo duer?

Jean-Claude Juncker: Domat ginn ech iwwerhaapt net eens.

Jay Schiltz: Vläicht grad an esou Momenter, wou Dir Iech da sot?

Jean-Claude Juncker: Ech soe mir dann, wann esou schlëmm Saache geschéie wéi mam Lucien Thiel oder mam Mil Majerus, da soen ech mir, an ech soen dat och a menger Partei, datt wann een esou erféiert gëtt, a mat deenen essentielle leschte Froe vum Liewe konfrontéiert gëtt, datt een da vläicht méi roueg mat den Opreegunge vum Alldag soll ëmgoen.

Firwat esou vill Sträit iwwer näischt an awer näischt, woubäi ee weess, an da gëtt ee jo ëmmer drun erënnert, datt et am Liewe ëm ganz aner Saache geet.

Ech fanne generell, et ass d’Leit net gutt genuch ënnertenee sinn. Et musse schonn ëmmer schlëmm Saache geschéien, fir datt een dat erëm mierkt. An da vergësst een et selwer erëm no zwou, dräi Wochen. Ech weess och schonn, datt ech dat no zwou, dräi Wochen erëm vergiess hunn, an datt ech mech iwwer alles a jiddwereen opreegen. An et ass eigentlech lächerlech sech iwwer alles opzereegen, fir aus alles eng Katastrof ze maachen, fir sech do ze vernennen. Mir sollen eis vläicht op déi wiesentlech Froe konzentréieren.

Jay Schiltz: Är Partei brauch en neie Fraktiounspresident. Déi Décisioun ass op no de Gemengewahle reportéiert. Wie wier dann Äre Kandidat, wann Dir e Kandidat ze bestëmmen hätt?

Jean-Claude Juncker: Ma éischtens hunn ech de Kandidat net ze bestëmmen, well dat ass eng Décisioun vun den Deputéierte vu menger Partei. An ech mengen, ech géif deem, deen ech am léifste géif do gesinn, keen Déngscht leeschte wann ech elo hei op Ärer Antenn géif soen, datt dat a mengen Aen déi beschte Besetzung wier.

Loosse mir eis Deputéiert do gewäerden, a loosse mir hoffen, ech sinn och iwwerzeegt, datt dat esou geet, datt dat onopgereegt gëtt, wéinst deem wat ech Iech elo grad virdru gesot hunn.

Jay Schiltz: Den 9. Oktober ginn hei am Land nei Schäffen- a Gemengeréit gewielt. D’CSV ass an alle Proporzgemenge vertrueden. Si Gemengewahle fir Iech en Indicateur och op d’Befindlechkeeten, wat déi national Politik ugeet? Oder limitéiert sech dat dann awer dach ze vill op déi lokal Begebenheeten?

Jean-Claude Juncker: Ech hale Gemengewahle fir e wichtege Virgang an eiser klenger Demokratie heiheem.

Ech hunn och eng extrem Bewonnerung fir Kommunalpolitiker. Wann ech kucke wat déi Leit musse leeschten, séier oft vun Ondankbarkeet begleet, a wat dat fir Asaz verlaangt, kann ech jiddwereen nëmme bewonneren, dee mat a Gemengewahle geet, an och nëmmen déi bewonneren, déi Mandater als Buergermeeschter oder als Schäffen, oder als Gemengeconseiller unhuelen, woubäi d’Aufgabestellung fir d’Buergermeeschteren a fir d’Schäffen eng besonnesch schwiereg ass.

Mä ech hunn ni fonnt, an d’Geschicht weist dat jo och, datt Gemengewahlen eppes kéinte si wéi national Testwahlen. Ech hunn nach all Kéier gesinn, datt, notamment wat meng Partei ubelaangt, d’Chamberwahlen an hir Resultater ganz anescht ware wéi Kommunalwahlen, déi 6 Méint duerno oder 2 Joer virdru stattfonnt hunn. An dofir kann ee menger Ansiicht no keng Schlëss zéie fir d’Nationalpolitik aus den, och zesummegeluechtene Resultater vu Gemengewahlen.

Mir kënnen d’Bierger jo net esou poole wéi mir gär hätten, datt se misste fonctionnéieren. Déi fonctionnéieren esou, wéi si et fir richteg fannen. An hirer Gemeng fonctionnéiere se no ganz anere Methoden, an no ganz aneren Aschätzungsbiller wéi dat bei Nationalwahle geschitt.

Ech hunn dëser Deeg, well dat mech interesséiert – ech interesséiere mech nämlech awer fir d’Gemengewahlen – emol d’Wahlresultater vu menger Partei bei Gemengewahlen a bei Chamberwahlen, a menger Gemeng an an deene Gemenge wou ech hierkommen, gekuckt. Dat gläicht sech net.

Jay Schiltz: Eis Zäit ass definitiv eriwwer. Eng perséinlech Fro, wéi ëmmer zum Schluss. Ech stellen Iech se all kéiers. Hutt Dir net och alt emol d’Flemm, denkt Dir un d’Ophalen? Géift Dir gär eppes aneschtes maachen? Wa jo, wat? Bëschof kënnt Dir net méi ginn, deen ass dës Woch vereedegt ginn.

Jean-Claude Juncker: Jo, och wann en net vereedegt gi wier, hätt ech et awer net kënne ginn, dofir, do hunn ech eppes ze vill am Liewen, oder net genuch.

Neen, wësst Dir, d’Flemm hutt Dir jo och heiansdo hei, denken ech, a jiddwereen deen eis nolauschtert huet och iergendwann op senger Aarbecht d’Flemm, oder an deem Milieu wou hien dee Moment ass.

Mä esou geet dat net. Ech si gewielt. Et huet kee mech forcéiert fir mech enger Wahl ze stellen. Ech sinn elo e puer Mol gutt gewielt ginn, an d’Leit hunn eigentlech e Recht drop, dat ass dee Kontrakt, deen een och mat de Leit huet, datt ech do meng Aarbecht maachen. Datt ech d’Flemm hunn, kann de Leit egal sinn. Ech mengen och, datt et hinne largement egal wier. Mä ech ginn net bezuelt fir d’Flemm ze hunn, ech gi bezuelt fir meng Aarbecht ze maachen.

Jay Schiltz: Gutt, dat loosse mir als Schlusswuert esou stoen. Merci Här Juncker, datt Dir trotz allen terminleche Schwieregkeeten awer Zäit hat fir bis bei eis an de Studio ze kommen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact