Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Septembre 2011 > Jeannot Krecké au sujet du projet de Livange et d'éventuelles assurances données aux investisseurs

Interview
Jeannot Krecké au sujet du projet de Livange et d'éventuelles assurances données aux investisseurs
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 30-09-2011

Vers le niveau supérieur

Jeannot Krecké: Ech mengen d'Regierung huet just am Dokument gefrot, datt si kommunikéiert iwwert dat wat drasteet an net déi Leit ëm déi et u sech geet. An dat ass den der Zwëschenzäit iterativement geschitt, dat heescht schonn e puermol hu mir dorausser zitéiert an do gëtt et net een eenzege Punkt, deen net bekannt ass.

Dat Zweet ass, wat ganz wichteg ass a wat jo vum Mouvement écologique wëssentlech ënnerschloe gëtt, dee Bréif geet jo haaptsächlech drëm fir ee Problem ze léisen dee Wickreng betrëfft. D'Decisioun vun der Regierung fir ee Projet eranzereechen zu Léiweng, dat ass jo net d'Decisioun fir een ze maachen, et ass jo d'Decisioun ee Projet eranzereechen, déi war jo schonn am Februar 2009 geholl ginn, och publique gemaach ginn. Hei geet et drëm fir de Problem vu Wickreng ze léisen.

Zu Wickreng ass ee Shopping Center vum Classes moyennes Minister autoriséiert ginn an de Minister zoustänneg fir d'Landesplanung war dogéint, aus diverse Grënn. An dunn huet d'Regierung d'Decisioun geholl an dat steet hei als alleréischte Punkt am Bréif, datt mir opposéiert sinn, datt zu Wickreng dee Shopping Center geschitt. Da steet dran, datt déi Offre commerciale, déi schonn accordéiert gi war, datt een déi eventuell misst transferéieren anzwousch anescht. Den Här Rollinger huet zu deem Zäitpunkt envisagéiert, wann d'Regierung do net géif noginn, viru Geriicht ze goen. Mir waren och der Rechtslag net 100% sécher a hu gesot, mat et wier jo besser, mir géingen dann eens ginn, datt déi Surfacen oder zumindest d'Halschent vun de Surfacë géingen op een anere Site kommen an do hu mir proposéiert, vu datt d'Regierung schonn e puer Méint virdrun dee Projet Léiweng envisagéiert huet, ob een dat dann net am Kader vu Léiweng géing maachen. An am Bréif geet et da weider, datt dann een neie Plang fir Wickreng misst gemaach ginn.

De Bréif, ech soen et nach eng Kéier, dee geet iwwert Wickreng an datt et dann zu engem Echange vun Terraine misst kommen zu Wickreng. Dat steet alles am Bréif. Selbstverständlech seet d'Regierung, wa si scho proposéiert fir eppes ze verleeë vun enger Plaz op déi aner, seet si, datt si natierlech dee Projet zu Léiweng och ënnerstëtzt, vu datt se de Projet am Regierungsrot als Projet ugeholl hat.

Journalist: Weider misst een an desem Dokument erausliesen datt d’Regierung sech och vis-à-vis vum Här Rollinger engagéiert hätt, sollt nämlech naischt aus dem Projet Léiweng ginn, géing d’Regierung actif no engem neien Site sichen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact