Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Septembre 2011 > Jeannot Krecké au sujet du projet de Livange et d'éventuelles assurances données aux investisseurs

Interview
Jeannot Krecké au sujet du projet de Livange et d'éventuelles assurances données aux investisseurs
"Radio 100,7" du 30-09-2011

Vers le niveau supérieur
Umoderatioun: Am Radio 100,7-Interview huet de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké am Nomëtte schonns op Nofro hin op de Bréif, deen de Mouvemennt écologique publizéiert huet, reagéiert. Wann een dee Bréif genee géing liesen, seet de Jeannot Krecké, da géing een erausfannen, datt et dobäi ëm Wickreng geet an net ëm Léiweng, Jay Schiltz.

Jay Schiltz: Alles wat hei an deem Bréif steet ass vun der Regierung kommunikéiert ginn, seet de Minister Jeannot Krecké, au fur et à mesure. An et ass also näischt dra wat geheim wier. De Minister reprochéiert dem Mouvement écologique wuelweislech nëmmen dee leschten Abschnitt vum Bréif iwwer Léiweng erausgegraff ze hunn an net dat wat virdrun iwwert Wickreng steet. D'Regierung wëllt de Projet Wickreng net, seet de Jeannot Krecké.

Jeannot Krecké: Mir wollten dee Wickrenger Shopping Center net op där Plaz, aus landesplanerescher Siicht, waren awer net sécher, datt mir viru Geriicht géinge Recht kréien. Den Här Rollinger huet envisagéiert fir viru Geriicht dat do duerchzedrécken. Do hu mir probéiert, mat him ze verhandelen, ob et dann net méiglech ass wann e géing drop verzichten, datt een Deel vun deem wat hie schonn eng Kéier vum Classes moyennes Minister krut, nämlech déi Surfacen, datt en deen Deel géing eriwwerhuelen an ee Projet deen am gaange wier zu Léiweng ausgeschafft ze ginn.

Jay Schiltz: Mir kënnen dach net zu engem soen e misst op eppes verzichten an e soll et anerwäerts realiséieren, ouni him op der anerer Säit als Regierung ze soen, mir si fir de Site Léiweng. Dat ass näischt Neits, seet de Jeannot Krecké, datt mir fir Léiweng sinn.

Jeannot Krecké: Dat ass jo näischt Neits. Dat hu mir elo virun e puer Wochen nach eng Kéier als Regierung gesot, et ass also och näischt Geheimes a mir hu gesot, mir wäerte selbstverständlech dee Projet och mat begleeden. An da soe mir, well mir eis net wëllen an déi Affairen awer trotzdem amëschen, soe mir zu deenen zwee déi concernéiert sinn, kuckt, datt Dir een Arrangement fannt ënnert Iech an da sot Dir eis just Bescheed ob dat geet oder net. Dat heescht, da sot Dir eis Bescheed, ob et méiglech ass deen Transfert vun deene Volumen vu kommerzielle Flächen, wann een dee kann eriwwerhuelen, arrangéiert dat eis, da gëtt Wickreng net dat wat et ee Moment virgesi war.

Jay Schiltz: Sollt aus wéi engen Ursaachen och ëmmer Léiweng näischt ginn, da musse mir probéiere mam Här Rollinger een anere Site ze fannen, esou de Jeannot Krecké weider.

Jeannot Krecké: All Punkt deen an deem Bréif ass, ass du Domaine publique an ass bekannt an ass vun der Regierung à diverses occasions erläutert ginn, fir d'Lescht nach eng Kéier och vum Här Wiseler.

Jay Schiltz: De Bréif geet ëm dem Här Rollinger seng Problemer zu Wickreng, präziséiert de Jeannot Krecké nach emol an d'Léisung dovunner läit eben zu Léiweng. Firwat dee Bréif just vun 3 Minister ënnerschriwwen ass, dorop seet de Jeannot Krecké, datt net all Kéiers 15 Minister ëm een Dësch sëtzen, wann een Accord getraff gëtt. An dësem Fall souzen 3 Minister zesumme fir dee Problem ze léisen, mat deem mir konfrontéiert waren. Dat ass alles näischt Aussergewéinleches, esou de Jeannot Krecké ofschléissend.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact