Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Octobre 2011 > Marie-Josée Jacobs au sujet des problèmes qui existent pour loger les demandeurs d'asile

Interview
Marie-Josée Jacobs au sujet des problèmes qui existent pour loger les demandeurs d'asile
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 04-10-2011

Vers le niveau supérieur
Umoderatioun: A well d’Diere vum Immigratiounsbüro zou sinn, ass et den Ament och onméiglech fir vill Immigranten, an der Haaptsaach aus Serbien, an eng Prozedur ze kommen. An ouni Prozedur si se dann awer och net méi am Centre de premier accueil Don Bosco vum Roude Kräiz zougelooss. Do gi si net méi opgeholl, deen ass nämlech komplett iwwerlaascht.

Den David Wagner huet mat der Ministesch fir d’Integratioun, Marie-Josée Jacobs, iwwer dee Problem, an iwwer eng eventuell Léisung geschwat.

David Wagner: Em wéivill Leit et sech den Ament handelt, kann een allerdéngs guer net soen.

Marie-Josée Jacobs: Dat wat ech gesot kritt hunn d’lescht Woch ware 15 Leit, déi net konnten ënnerdaach geholl ginn. A wéivill datt dat der elo haut sinn, kann ech Iech net soen, well dat ass relativ vill va-et-vient do, esou datt ee mat Bestëmmtheet elo net ka soen, den Owend sinn et der 15, oder et sinn der 20, dat weess ech net.

David Wagner: Obwuel den Don Bosco iwwerlaascht ass, gëtt awer déi eng oder aner Ausnam gemaach.

Marie-Josée Jacobs: Op där anerer Säit hu mir awer gesot, datt mir géife kucken, datt wéinstens d’Fraen a kleng Kanner, Leit déi krank sinn, an esou, datt déi awer ënnerdaach geholl ginn, och ouni datt se dann an der Prozedur dra sinn.

David Wagner: D’Marie-Josée Jacobs präziséiert awer, datt déi aner, déi elo net an den Don Bosco erakommen, awer och net einfach op der Strooss sëtze gelooss ginn.

Marie-Josée Jacobs: Wéi gesot, wann dat Kanner sinn, déi am Alter si fir scolariséiert ze ginn, déi mussen an d’Schoul goen, dat ass eng Konventioun un déi mir eis mussen halen, a dat maache mir och, wat natierlech och fir d’Schoul ganz grouss Erausfuerderunge duerstellt, a fir d’Éducatioun.

An op där anerer Säit natierlech ginn déi Leit logéiert, a si kréien z’iessen, esou wéi dat och bei deenen aneren, déi an der Prozedur dra sinn, de Fall ass. Well, wéi gesot, et ass jo awer keen, deen elo wëllt do erhéngere loossen.

David Wagner: Den Ament probéiert een also se iergendwou ënnerzebréngen, wou grad Plaz ass, zum Beispill op Campingen. Et gëtt selbstverständlech och no laangfristegen a bessere Léisunge gesicht, ma dat ass guer net esou einfach, wann een am Immigratiounsministère schonn net nokënnt mat den Demanden.

Marie-Josée Jacobs: Dir musst Iech virstellen de leschte Weekend sinn alleng 200 Leit komm. Dat alles, dat setzt jo viraus, datt awer och ganz ëmfangräich Enquêten do musse gemaach ginn, an datt déi net vun haut op muer erëm dat alles verschafft hunn.

David Wagner: D’Intégratiounsministesch déi jo zur selwechter Zäit och Kooperatiounsministesch ass, huet och betount, datt een am gaangen ass mat de betraffene Länner Projeten opzebauen, fir datt vläicht net méi grad esou vill Leit iwwerhaapt eng Ursaach hunn aus hirem Land fortzelafen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact