|
Jean-Claude Juncker: Et geet hei net ëm de richtege Moment, obschonn et de leschte méigleche Moment war. D'Troika huet e Bericht musse maache fir festzestellen, ob zanter dem Versement vun der 5. Tranche, dat heescht der leschter, an der nächster, dat heescht déi 6., Griicheland deene Conditioune gerecht ginn ass déi mir vu Griicheland verlaangt hunn, an déi Griicheland och ugeholl huet. A mir mussen och feststellen, ob op Dauer déi griichesch Schold tragfäeg ass. Elo musse mir dee Rapport studéieren.
Ech hat virun 2 Woche gesot, ech géif mengen dee Rapport wir éischter positiv. En ass net nëmme positiv, wat ech bis elo dovu gesinn hunn. Ech ginn dovun aus, datt déi 6. Tranche vun den 8 Milliarden, opzedeelen zu 2 Drëttel op den Eurogrupp an zu 1 Drëttel op den Internationale Währungsfonds, wäert fristgerecht ausbezuelt ginn, esou datt déi Suen zur Verfügung stinn am Ufank vum Mount November, well Griicheland ka vu Mëtt November u weder Paië vun de Beamten nach Rente vun de Pensionéierte bezuelen. An domat ass de griichesche Problem nach net geléist, mä dat do ass eng wichteg Etapp.
Frank Kuffer: Bedeit dat och elo eppes konkret fir Lëtzebuerg?
Jean-Claude Juncker: Jo, dat bedeit alles dat wat de Finanzminister ugekënnegt huet. An dat hei ass jo Deel vun dem lafende Programm fir Griicheland. Dat do sinn also keng suplementar Contraintë fir d'lëtzebuerger Staatsfinanzen, mä dat ass Exekutioun vun deem Programm dee mir d'lescht Joer ofgemaach hunn.
Frank Kuffer: Deet dat de Boursen awer elo erëm gutt, dat do?
Jean-Claude Juncker: Wann ech net Chef vun der Eurogrupp wier, a wann net alles géif weltwäit widderholl gi wat ech Iech soen, géif ech soen, datt dat mir relativ egal ass. Ergo soen ech net, datt dat mir egal ass.
Mir kënnen eis net dauernd vun de Finanzmäert a vun de Boursen dreiwe loossen. Mä et ass ouni Zweiwel eng Noriicht, falls dann den Eurogrupp gréngt gëtt kritt fir dee Versement do ze maachen, dee vun de Finanzmäert als e weidere Schrëtt zur Baliséierung vum griichesche Wee an Zukunft ugesi gëtt. Mä wa mir elo déi 6. Tranche, déi 8 Milliarden, ausbezuelt hunn, dann ass de griichesche Problem net geléist. Mir mussen nach ganz aner Saachen am Hierscht maachen.
|