|
Frank Kuffer: A bal alle Gemenge stinn déi nei Koalitiounen. Dobäi gouf méi oder manner vill Parzeläin zerbrach. Dräierkoalitiounen, wou déi stäerkst Partei op der Säit gelooss gouf; Gewieltener, déi hiert Mandat net unhuelen; Sträit an de Fusiounsgemengen. Gehéiert dat einfach dozou, oder muss ee verschidde Saachen am Wahlgesetz iwwerdenken? Doriwwer schwätze mir an den nächste Minutte mam Inneminister Jean-Marie Halsdorf. Gudde Mëtteg.
Jean-Marie Halsdorf: Gudde Mëtteg.
Frank Kuffer: Et ass jo keng vun de grousse Parteie ganz onschëlleg. Jiddwereen huet iergendwéi iergendwou de Wielerwëllen, ech wëll net soen net respektéiert, mä vläicht e bësse bosseg interpretéiert. Wat sot Dir dann zu deenen Dräierkoalitiounen, zum Beispill? Gëtt dat net awer schwiereg fir eng Gemeng ze féieren?
Jean-Marie Halsdorf: Déi Diskussiounen déi elo stattfannen, déi hu stattfonnt viru 6 Joer, virun 12 Joer. Ech erënnere mech nach [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Et hat een awer d’Impressioun, wéi wann et der dës Kéier méi wieren, neen?
Jean-Marie Halsdorf: Dat mag sinn, datt et der méi sinn. Mä wat ech weess, dat ass zum Beispill zu Esch hate mir an der Zäit Diskussioune mam Ady Jung. Mir haten d’Diskussioun déi leschte Kéier zu Dikrech, wou Dir jo elo gesitt, am Fong geholl, wann eng Kéier d’Décisioune geholl gi fir Koalitiounen ze maachen, dem esou genanntene Wielerwëllen entspriechen, datt da ganz oft dat nees riicht gebéit gëtt. Dikrech ass e gutt Beispill dovun.
Dräierkoalitiounen hate mir schonn an där Gemeng, wou ech nach wunnen a wou ech selwer eng Kéier Buergermeeschter war. Do war och emol eng Koalitioun, wou déi Blo, déi Gréng an déi Rout zesumme géint d’CSV eng Koalitioun haten.
Dat hues de gemaach, an duerno regelt dat sech. Esou datt ech net d’Gefill hunn, datt mir elo nei Saachen erliewen. An ech fannen dat och bal normal, well mir hunn e System, wësst Dir, deen, éischtens ass et emol eng representativ Demokratie, dat heescht d’Leit wielen e Gemengerot. Esou wéi bei der Chamber wielen d’Leit eng Chamber, an doraus gëtt eng Regierung. An an der Gemeng wielen d’Leit e Gemengerot, an doraus entsteet e Schäfferot.
De Problem ass natierlech deen, datt well mir dee System hu mat dem ville Panachage, a wat ëmmer méi gemaach gëtt, datt jiddweree säi Gemengerot wielt, a jiddweree mengt dann an där individualiséierter Welt, a mat sengem Rechtsverständnis, a sengem Demokratieverständnis misst et an déi Richtung goen, wéi hie gewielt huet. An doduerch kréie mir déi vill Meenungen dobaussen, an doduerch kréie mir déi vill Diskussiounen, wat och gutt ass, wat ech och net schlëmm fannen.
A wann een d’Resultater kuckt, do kann ee verschidden interpretéieren. Ech huelen d’Beispill, wat schonn oft genannt ginn ass, vu Beetebuerg. Effektiv, do hu mir eng Dräierkoalitioun, dat ass vertrietbar. Well den Haaptpersonage, an dësem Fall d’LSAP, hat bal 10% verluer.
Frank Kuffer: An der nach iwwer 40% behalen.
Jean-Marie Halsdorf: Jo, d’accord. Mä do ass awer e Message, dat kann een zwee Mol interpretéieren. Et kann ee soen effektiv, mir maachen entweder dat wat do geschitt ass, oder ebe si verléieren eng Majorité absolue, a maachen eng Koalitioun mat iergend engem Partner. Dat ass alles vertrietbar, mir sinn an engem Rechtsstaat an dat ass alles méiglech. Dofir ass dat fir mech näischt Aussergewéinleches.
Conter huelen ech als Beispill. Do war et esou, datt dës Kéier d’CSV, de Buergermeeschter massiv Stëmme bäikritt huet. D’CSV ass staark progresséiert, déi aner Parteie sinn zréckgaangen, si hunn eng Koalitioun dogéint gemaach, well déi leschte Kéier deen Zirkus anscheinend war. Gutt, dann ass dat eben esou, da muss ee Rechnung dovun huelen.
Eis Bierger si grouss an al genuch fir ze wëssen, an eis Biergerinnen och, wat se maachen. An ech ka mat deene Saachen liewen. An ech fannen déi Saachen, wéi gesot, net aussergewéinlech, well se waren nach all Kéier esou.
Frank Kuffer: Elo koum an deene leschten Deeg awer d’Fuerderung no Ännerungen, oder op d’mannst Diskussiounen iwwer d’Wahlgesetz. Kéint Dir Iech virstellen, datt déi stäerkst Partei einfach d’office misst de Buergermeeschter kënne stellen?
Jean-Marie Halsdorf: Ech mengen, datt dee System dee mir hunn, datt deen net schlecht ass. Datt mir Iwwerleeunge maache fir en nach méi performant ze maachen, dat mécht Sënn, mä ob zum Beispill déi do Iwwerleeung Sënn mécht, kann ech och un 2 Beispiller illustréieren.
Kommt mir huele Stengefort. Zu Stengefort hat d’LSAP eng Majorité absolue, déi sinn op 5 Sëtz erop gaangen. D’CSV huet 5 Sëtz och kritt. Do sinn déi zwee, si hunn allen zwee 5 Sëtz, wien huet dann elo do d’Initiativ? Wie gëtt dann do de Buergermeeschter? Oder Iechternach.
Frank Kuffer: Dee mat deene meeschte Prozenter.
Jean-Marie Halsdorf: Mä wat awer zielt herno sinn d’Sëtzer, an net d’Prozenter.
Oder Iechternach. Do hu mir dräi Parteie mat dräi Sëtz. Déi Gréng, déi nach guer net dra waren, déi dräi Sëtz kréien, eng CSV déi dräi Sëtz huet, an eng LSAP déi dräi Sëtz huet. Wéi maache mir dat do?
Frank Kuffer: Et huet ëmmer eng Partei prozentual méi Stëmmen.
Jean-Marie Halsdorf: D’Moral vun der Geschicht wier déi, wa mir dat do maachen, da kréie mir aner Froen déi sech stellen, an aner Diskussiounen dobaussen, mä mir fanne keng Solutioun déi am Fong geholl esou wier, datt se géif an deem Sënn d’Situatioun 100%eg regelen.
Frank Kuffer: Hätt Dir dann eng Léisung, eppes Besseres?
Jean-Marie Halsdorf: Wat ech mir kéint virstellen ass, well mir hei zu Lëtzebuerg jo vill éischter an dem Gemengenniveau Leit wielen, mir hunn eng Personifizéierung vun de Leit, mir wielen eise Gemengerot, mir wielen eis Leit – et kéint ee sech dat iwwerleeën, wat zum Beispill am Saarland ass, oder an Italien, oder soss, wou de Buergermeeschter gewielt gëtt. Well ech kéint mir virstellen, datt een de Buergermeeschter duerch eng Direktwahl géif wielen.
An donieft géifen déi selwecht Leit dann och hire Gemengerot wielen, an da géif de Buergermeeschter dann d’Gemeng, wat jo eng Administratioun ass, dee wier de Chef vun der Administratioun, an aus dem Gemengerot eraus kréich en da seng Schäffen, an da kéint en déi Gemeng féieren. Dat wier eng Iddi, dat kann een diskutéieren.
Ob d’Gesetz dat elo hiergëtt, ech mengen, d’Verfassung misst een, mengen ech, änneren. Mä dat ass eng Iwwerleeung wäert dat och ze denken, well jo do am Fong geholl da jiddweree seet, hei dat ass de Personnage, deen hätt ech gär Chef vu menger Administratioun vu menger Gemeng. Dann hätt een do op d’mannst en Dénominateur commun, well do wier et jo kloer: deen déi meeschte Stëmmen huet, dat ass en.
Frank Kuffer: Eng Direktwahl vum Buergermeeschter also?
Jean-Marie Halsdorf: Eng Direktwahl vum Buergermeeschter.
Frank Kuffer: Elo ginn et jo awer och Plazen, Iechternach zum Beispill, wou dann deen Éischtgewieltenen de Poste vum Buergermeeschter net unhëllt. Elo kann een natierlech kee forcéieren, mä fannt Dir dat korrekt vis-à-vis vum Wieler, dee jo awer normalerweis deen Éischtgewieltenen als Buergermeeschter wollt? Elo si mir erëm e bëssen esou op der Säit Buergermeeschter wielen.
Jean-Marie Halsdorf: Ech kenne Gemengen, am Majorzsystem esouguer, wou och besonnesch Leit gewielt ginn, wéi zum Beispill zu Fiichten, do ass de Buergermeeschter Véiertgewieltenen, e bleift awer Buergermeeschter. Zu Feelen ass de Buergermeeschter Zweetgewieltenen, e bleift Buergermeeschter.
Dat ass och gutt, wann déi Leit ënnereneen esou eens ginn. Ech mengen, eise System léisst dat zou. Da muss ee mat deenen Iwwerleeungen do liewen, an dat gehéiert einfach dozou.
Frank Kuffer: D’Diskussioun dann iwwer de Vollzäitbuergermeeschter, déi ass och erëm aktuell. D’Jonk Sozialisten hunn zum Beispill gefuerdert, datt de Michel Wolter elo misst als Deputéierten zrécktrieden, well e 40 Stonne Congé politique huet. Dobäi muss een awer soen, datt de Buergermeeschter net déck bezuelt ass.
Jean-Marie Halsdorf: Et ass esou, datt jo am Kader vun der Réorganisation territoriale, déi Diskussiounen do geféiert gi sinn, an datt am Regierungsprogramm steet, mir géifen op déi Fro do zréckkomme wann déi esou genannte Réorganisation territoriale op den Horizont 2017 ofgeschloss wier. Dat heescht, fir eis Gemengen ze fusionéieren, manner Gemengen ze kréien, mat professionelle Buergermeeschteren. Dofir ass déi Fro de Moment, wat de Regierungsniveau ugeet, ausgeklamert, esou steet et am Regierungsprogramm.
Dir wësst, datt ech perséinlech et gutt géif fannen, wann een dat eent an dat anert géif maachen, dat heescht, wann een an der Chamber ass, soll een d’Chamber maachen, a wann ee Buergermeeschter ass, soll een de Buergermeeschter maachen.
Mir sinn awer nach net op deem Punkt, dofir ass et och vertrietbar, datt déi Leit, déi Député-maires déi mir hunn, datt déi weider an d’Chamber ginn, an och an hir Gemengen. An ech mengen, dat kann een nëmme léise wann een eng staark Gemengelandschaft huet, wat ech jo ustriewen, mat groussen, staarke Gemengen.
An da kéint ech mir och virstellen, datt een zum Beispill d’Buergermeeschtere kéint dann an enger Aart Chambre des bourgmestres zesummebréngen, an déi kéinten dann och um Gesetzesniveau, wann hire Secteur betraff wier, do e Wuert matschwätzen. Dat ass eng Iddi, dat ass eng Iwwerleeung, déi sollt ee kucken.
Awer elo punktuell déi Iwwerleeung esou ze féieren, datt ee seet, okay, wann s de eng Gemeng hues iwwer 10.000 Leit, hues de 40 Stonnen. Do muss jiddweree mat sengem Gewësse maachen, dat wat hie mengt, datt dat Bescht wier. Wann hien der Meenung ass, hie kann déi zwou Saache gutt maachen, da soll hien et maachen [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Jo, d’Gewëssen ass déi eng Saach, d’Pai ass déi aner Saach. D’Lydia Mutsch hat zum Beispill bei eiser Table ronde gesot, datt si, mengen ech, 2.500 Euro zu Esch kritt fir déi Stad ze féieren. Domat kënnt een net ganz wäit.
Jean-Marie Halsdorf: Jo, mä Dir wësst jo awer, wann dir Congé politique hutt an enger Gemeng vun 10.000 Awunner, hutt dir 40 Stonne Congé politique, dat heescht op Lëtzebuergesch, datt dir Är Pai, wou dir net méi schaffe gitt, weider kritt. Plus déi Indemnitéit wou Dir als Buergermeeschter kritt, plus déi Indemnitéit déi Dir an de Syndikater kritt, esou datt dir net manner hutt wéi virdrun. Well Dir kritt jo Är Pai weider.
Frank Kuffer: Kritt dann en Deputéierten och seng Pai weider, wann ee géif zrécktriede fir just nach Buergermeeschter ze spillen?
Jean-Marie Halsdorf: En Deputéierte kritt 20 Stonne Congé politique, dat heescht, säi Patron kritt d’Halschent vu senger Pai bezuelt, an déi aner 20 Stonne muss en nach schaffe goen.
Frank Kuffer: Jo, mä de Michel Wolter, wann hien elo géif ophalen als Deputéierten. zum Beispill, géif da seng Pai weiderlafen?
Jean-Marie Halsdorf: Seng Deputéiertepai?
Frank Kuffer: Jo.
Jean-Marie Halsdorf: Neen, dat ass jo eng Indemnitéit. Ech schwätze vun der Pai [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Maja gutt. Da kann hie sech dat zum Beispill net erlaben.
Jean-Marie Halsdorf: Geld ass net alles am Liewen.
Frank Kuffer: Jo, awer vill. Dir hutt elo geschwat vun der Reorganisatioun bis 2017. Dat ass nach wäit, an awer och net méi. Wann een d’Politiker dacks héiert schwätzen, mir hunn der och elo vill begéint an der Virphas vun de Gemengewahlen, do sinn der vill déi net wëlle fusionéieren. Musst Dir net awer elo eng Kéier soen, elo geet et duer, elo maache mir Neel mat Käpp?
Jean-Marie Halsdorf: Ech hu jo mäi Programm virgestallt, ech hunn de Point gemaach iwwer déi lescht Period. Mir maachen elo eng esou genannten Task force, ech kann dat och nennen, e puer Leit déi dann op den Terrain ginn a mat de Gemengen nach eng Kéier schwätzen. Mir versichen d’Biergerinnen an d’Bierger méi mat anzebannen, Basisdemokratie ze maachen an ze kucken, ob wierklech déi Gemenge wëllen esou weider fuere wéi et elo ass. An da maache mir e Point.
Ech hu jo gesot, 2012, am Dezember, bis dohinner mussen d’Gemenge mir matdeelen iwwer hir Schäfferotserklärung, respektiv iwwer eng Délibératioun, wéi si hir Zukunft gesinn.
Da bis Enn 2013 kucke mir da wéi mir dat Ganzt getässelt kréien. An da muss d’Regierung, respektiv den Inneminister kucke wat e mécht, wat e proposéiert fir déi nächst Regierung, oder wat an dëser Regierung nach gemaach gëtt. Well mir kommen ëmmer méi no, mä de Wee ass virgezeechent.
Frank Kuffer: Äert Zil wier et awer, datt 2017 déi Kaart steet?
Jean-Marie Halsdorf: Mäin Zil ass dat, mat deene Moyenen déi ech hunn, de Maximum ze maache fir eist Land. Kloer ass et, datt mir déi Kaart kengem imposéieren, et si fräiwëlleg Fusiounen. An et ass wichteg, datt d’Leit mussen e Referendum maachen a soen, ob si d’accord si fir ze fusionéieren oder net. Mir hate jo d’Beispill Käerch, wou d’Leit net d’accord ware mat Simmer ze fusionéieren. Dat muss ee respektéieren.
Frank Kuffer: Déi Gemeng, déi hir Leit emol guer net wëlle froen, mengen ech, well d’office de Gemengerot net wëll, de Schäfferot net wëll, eng Fusioun?
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass ee vun de Grënn, déi mech dozou geféiert hunn op den Terrain ze goen, a mat de Leit ze schwätzen, mat de Biergerinnen a Bierger ze schwätzen, datt se vläicht esouguer eng Biergerinitiativ maache fir eng Fusioun, datt een dat eng Kéier wierklech kann am Fong kucken, wéi et esou schéin op franséisch heescht: “pour avoir le coeur net�?. Da weess een, dat geet esou oder esou.
Frank Kuffer: Eng ganz aner Fro dann nach, Här Halsdorf. Gëschter koum eng parlamentaresch Fro eran, wéini ass eng Stad eng Stad? Konkret gouf gefrot, firwat ass Miersch keng Stad? Wat muss ee maache fir eng Stad ze ginn?
Jean-Marie Halsdorf: Nun, fir eng Stad ze ginn, do kann ech Iech an engem Saz äntwerten, da muss de Gesetzgeber e Gesetz maache wou en dat dann domat festhält. Well d’Geschicht ass déi zu Lëtzebuerg, datt mir historesch Stied hunn, vun de Festungsstied aus dem Mëttelalter, dat ass d’Stad Lëtzebuerg, dat sinn da Veianen, Woltz, Iechternach, Dikrech a Gréiwemaacher. Déi hunn och am ale Gemenge Gesetz vun 1843 eng Reconductioun kritt als Stad, an och beim Gemengegesetz vun 1988.
Da sinn, 1906 an 1907, dat hutt Dir jo matkritt, an de leschte Joeren hu mir 100 Joer Stad gefeiert, dat war 1906 d’Stad Esch, an 1907 Rëmeleng, Déifferdeng, Diddeleng an Ettelbréck, déi am Fong geholl Stied gi sinn. Esch, dat war 1906, do ass am Fong geholl, de Wuesstem vun där Stad dee war enorm. Op eng Kéier hunn do 15.000 Leit gewunnt, an do ass gesot ginn, okay komm mir ginn eis Critèren, an de Conseil d’État huet deemools d’Critèrë gi fir ze soen, wie gëtt elo Stad a wien net. Do ass gesot ginn, d’Bevëlkerung ass fir d’éischt gekuckt ginn, dann ass gekuckt ginn de Sëtz vun der Industrie, wat do lass war, dann ass gekuckt ginn d’Beliichtung vun de Stroossen, dann ass gekuckt ginn d’Mobilitéit, oder am Fong geholl, wéi séier kann ee sech bewegen an där Gemeng, an dann och d’Services publics sinn och gekuckt ginn.
Dat sinn also Critèren, déi deemools geholl gi sinn. An du sinn déi Stied do ebe Stied ginn, oder déi Uertschafte Stied ginn, Esch, Rëmeleng, Déifferdeng, Diddeleng an Ettelbréck.
Awer déi Critèren do, déi sinn net op haut transposabel, esou datt ee misst, wann ee géif an esou eng Richtung haut goen, da misst ee sech vläicht aner Critèrë ginn. A wéi komplizéiert dat ass, dat hutt Dir jo scho matkritt an den Diskussiounen iwwer d’Landesplanung, wou mir déi esou genannte Centres de développement et d’attraction definéiert hunn, déi CDAen. An do ass jo och d’grouss Diskussioun gewiescht, wien ass een a wien ass keen. Esou datt, wann een déi Diskussioun do féiert, datt ee sech do wierklech muss strikt Critèrë gi fir am Fong geholl aus engem eng Stad ze maachen, aus deem aneren net.
Ech weess, déi Gemeng wou ech [gëtt ënnerbrach]
Frank Kuffer: Zum Beispill och d’Katonalhaaptstied wéi also Réiden, Miersch, firwat sinn dat keng Stied?
Jean-Marie Halsdorf: Ech hunn Iech jo gesot, déi Critèren déi de Staatsrot deemools geholl huet. Firwat ass Péiteng keng Stad? Péiteng ass déi 5. gréisst Gemeng, an ech weess, datt fréier Schäfferéit, wou ech emol net dra war, déi hunn ëmmer gefrot fir Stad ze ginn.
An ech ka mech erënneren, déi Fro déi ech elo kritt hunn, déi ass och schonn eng Kéier gestallt gi viru Joere vum Nico Loes. Deen huet déi selwecht Fro gestallt och betreffend, wie gëtt Stad, an esou weider.
Dat ass also eng Thematik, déi een eng Kéier ka sécherlech diskutéieren, mä déi awer ganz schwiereg wäert sinn, well d’Zäiten immens geännert hunn. Well wann deemools, am Ufank vum 20. Joerhonnert am Fong geholl d’Urbanitéit vun der Stad en Argument war fir eng Stad ze maachen, dann ass haut praktesch dat keen Argument méi, well eis Uertschaften, déi meescht sinn alleguer urban.
Frank Kuffer: Jean-Marie Halsdorf, villmools Merci, datt Dir de Mëtteg komm sidd fir eis déi Präzisiounen ze ginn.
Jean-Marie Halsdorf: Et ass gär geschitt.
|