|
Jean Asselborn: Dat do ass dat physescht Enn vun engem Diktator, dee 42 Joer laang säi Vollek wierklech tyraniséiert huet. Dëst Enn, esou wéi et gëschter geschildert ginn ass op jiddwer Fall, ass jo eigentlech d'Spigelbild vun deem, wéi hien mat 10.000e vu sengen eegene Landsleit ëmgaangen ass.
Politesch war hie jo schonn eng Zäit "dout". Mä gëschter, a mengen Aen, an dat ass jo dat allerwichtegst, huet d'Zukunft vum neie Libyen ugefaangen.
A wat elo immens wichteg ass, dat ass ze kucken ob den Conseil de transition, d’Hären Abdel-Jalil an Jibril, et fäerdeg bréngt dee Conseil zesummen ze halen. Do si fréier Unhänger vum Gaddafi dobäi. Et sinn och Islamisten dobäi. Brénge si et fäerdeg fir eng nei Verfassung fir d’Land opzebauen, Wahlen ze organiséieren, d'Rechtstaatlechkeet anzeféieren? Ech kann nëmme soen, datt mir e puer Mol d’Geleeënheet an Europa an och am Benelux hate fir mat hinnen ze schwätzen. De Wëllen, d'Energie ass do. Dat ass dat, wat een dem libesche Vollek nëmme wënsche kann.
Carole Schimmer: Här Asselborn, hutt Dir de Muammar Gaddafi selwer erlieft?
Jean Asselborn: Jo, 2 Kéieren op jiddwer Fall. Et huet een deemols vläicht e wéineg driwwer gegrinst, mä et war trotzdem en Zeeche wéi verréckt déi Welt ka sinn an där mir liewen. Ech hunn hie gesinn 2009 an der Assemblée générale vun der UNO wéi hien de Conseil de sécurité als Räiberband duergestallt huet, a virun allem och d'Charta vun den Nations Unies zerrappt huet.
Ech hunn en och eng Kéier gesinn zu Addis Abeba, dat war Ugangs dës Joers, wou hien „le roi des rois“ gespillt huet. Den afrikanesche „roi des rois“, also komplett folkloristesch. De Misère ass, datt de Gaddafi ebe duerch dat Geld wat e verdeelt huet fir Influenz ze hunn, nach immens vill Appui hat. An datt dat och ville Länner gefall huet wéi en do opgetrueden ass! Dat ass, hoffen ech op jiddwer Fall, elo eriwwer, no deenen Evenementer, an nodeem d'ganz Welt gesinn huet, wéi hie mat sengem Vollek ëmgaangen ass.
Carole Schimmer: Här Asselborn, ass dat dann och en Zeeche fir aner Diktatoren, notamment fir de syresche President Bashar al-Assad?
Jean Asselborn: Jo, also, ech mengen et war kee "gutt Joer", wann ech dat ka salopp soen, fir Diktatoren op der Welt, zumol an Nordafrika. Dir wësst: Ben Ali, Mubarak an och elo de Gaddafi. De syresche President schéngt nach net ganz verstanen ze hunn. Ech mengen et geet net ëm deem seng Persoun. Mä et geet drëm, datt och a Syrien – dat muss ee wëssen – d'Leit grad sou vill leiden wéi se a Libyen gelidden hunn an och nach weider leiden. Et muss een déi Dimensioun gesinn an hoffen, datt wierklech d'Influenz vun der Ligue arabe nach méi staark gëtt, an datt och net nëmmen d'Golfstaaten, mä déi ganz Arabesch Liga deen Drock mécht, deen noutwenneg ass fir do eigentlech dann och Hoffnung eran ze bréngen.
|