Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Octobre 2011 > Jean Asselborn au sujet de la mort de Muammar Kadhafi et de la situation en Libye

Interview
Jean Asselborn au sujet de la mort de Muammar Kadhafi et de la situation en Libye
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 21-10-2011

Vers le niveau supérieur

Jean Asselborn: Et ass kloer, datt dat physescht Enn vun desem Diktator esou wéi et gëschter geschildert ginn ass, deen 42 Joer laang säi Vollek mat extremster Brutalitéit tyranniséiert huet, eigentlech d’Spigelbild ass vun deem, wéi hie mat 10.000e Libyer emgaangen ass. Politesch ass hie jo schon eng Zäit "dout" gewiescht.

A wat elo wichteg ass, dat ass d’Fro vu der Zukunft vun deem neie Libyen: wéi gesäit dat aus? Dat ass gëschter ugaangen. Elo muss virun allem de Conseil national de transition, also d’Häre Jalil an Jibril, et fäerdeg brénge fir eng nei Verfassung auszeschaffen, fir da Wahlen ze organiséieren an d’Rechtstaatlechkeet opzebauen.

Dir wësst, an deem Conseil si fréier Unhänger vum Gaddafi dran, et sinn och Islamisten dran. Dat gëtt also déi grouss Fro. Mä de Wëllen an d’Energie déi sinn do, an dat ass dat, wat een dem libesche Vollek och muss kënne wënschen.

Pierre Reyland: Hutt Dir de Gaddafi perséinlech erlieft? E war 40 Joer laang un der Muecht a Libyen, hat och eng Zäit gutt Relatioune mat europäesche Länner?

Jean Asselborn: Jo, ech hunn zwee Evenementer am Kapp.

Dat eent dat war op der UNO 2009, wou en annerhallef Stonn sech do produzéiert huet an de Conseil de sécurité als Räiberband duergestallt huet, d’Charte vun den Nations Unies zerrappt huet, an déi duerch de Sall gehäit huet.

Ech hunn en och erlieft zu Addis Abeba bei der Union africaine, wou hie le “roi des rois�? gespillt huet, also wierklech “Folklor bis zum geht nicht mehr�?.

Mä de Misère war do dobäi, datt hien eng immens Influenz hat a villen afrikanesche Länner, doduerch datt hie mat de Sue vum libesche Vollek, dat jo iwwer de Pëtrol erakomm ass, domat Afloss hat, esouguer vill Länner praktesch dominéiert huet. An ech hoffen, datt alleguer déi Länner elo agesinn, datt dat do eng falsch Pist war. Ech mengen d’Kapitel Gaddafi ass eriwwer.

Mä e Sonndeg sinn an Tunesien Wahlen. Et muss ee sech drunn erënneren, datt dat Ganzt virun 9 Méint an Tunesien ugefaangen huet. Wann déi Wahle fir e Conseil Constituant gutt verlaafen, dann ass dat erëm en Zeechen en plus och fir d’libescht Vollek, datt et och anescht geet. An ech hoffen, datt dat och en Zeechen ass fir d’egyptescht Vollek! Ech hoffen och, datt dat wat elo mam Gaddafi geschitt ass, och eng positiv Influenz huet op d’Muechthaber a Syrien: well et weist, datt eigentlech Diktatoren – wann een an deene leschten 9 Méint un de Mubarak, de Ben Ali an elo un de Gaddafi denkt – keng Chance hunn, an datt se ophale mussen hier Vëlker ze kniechten. A Syrien leiden d’Leit grad esou vill wéi se a Libyen während Joerzéngten gelidden hunn. Dat muss en Enn kréien.

Pierre Reyland: Ma à propos Syrien, do gouf a gëtt kritiséiert, datt Syrien net esou gehollef kritt wéi Libyen dat krut. D’NATO kënnegt wahrscheinlech haut un, datt de Militärasaz a Libyen eriwwer ass. Kann een envisagéieren, datt Syrien och eventuell gehollef kritt?

Jean Asselborn: A Syrien ass et extrem, extrem komplex. Do ass d’Bereetschaft vun der Arabescher Liga net stark genuch fir eegenen Drock ze maachen. D’Golfstaate sinn dogéint, verschidden arabesch Länner och. Den Drock a mengen Aen, op jiddwerfall an dëser Phas, kann nëmme just vun der Ligue arabe ausgoen.

An et muss een och wëssen, datt déi komplex Situatioun déi a Syrien ass mat Israel, mat dem Iran, mat där ganzer Regioun, déi jo eigentlech immens fragil ass, dat ass natierlech eng Operatioun, déi net ka vun der NATO décidéiert ginn. Dat ass onméiglech. Dat eenzegt wat kéint gemaach ginn a mengen Aen, dat ass d’Erhéijung vum Drock vun der Arabescher Liga op Syrien, fir eben dem syresche Vollek ze hëllefen.

Pierre Reyland: An esouwäit de Jean Asselborn iwwer den Doud vum Muammar Gaddafi, an d’Konsequenzen dovunner fir déi ganz Regioun.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact