Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Octobre 2011 > Jean Asselborn au sujet du retrait annoncé des troupes américaines de l’Irak

Interview
Jean Asselborn au sujet du retrait annoncé des troupes américaines de l’Irak
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 22-10-2011

Vers le niveau supérieur
David Wagner: Fir Chrëschtdag sinn alleguer d’US-Zaldoten, déi den Ament am Irak sinn, nees doheem, huet den amerikanesche President Barack Obama gëschter Owend no enger Videokonferenz mam irakesche Premier Nuri al-Maliki ugekënnegt.

Den Haaptgrond fir den Ofzuch ass wuel, datt déi irakesch Regierung net méi bereet ass den US-Zaldoten Immunitéit ze garantéieren, an dat war awer eng zentral Fuerderung vun den USA.

Vun de Republikaner gouf de President Obama wéinst där Entscheedung schaarf kritiséiert. Ma et ass eng Décisioun, déi den Ausseminister Jean Asselborn novollzéie kann.

Jean Asselborn (O-Toun): Fir d’alleréischt muss ee wëssen, datt den deemolege Senator vum Illinois, Barack Obama, schon 2002 gesot huet, hie wier géint "domm Kricher". Hien hat och e Versprieche gemaach a senger Wahlcampagne, nämlech datt en all US-Zaldote géif aus dem Irak zréckzéien. Drëttens huet hien och gesot, hie géif d’Zuel vun den Zaldoten am Ausland reduzéieren. Wéi hie President ginn ass, waren 180.000 Zaldoten am Ausland, Enn vun 2011 sinn et der nach 90.000. Dat reit sech also eben an dat Konzept an.

Dofir, wann Dir mech frot: kënnt Dir verstoen? Jo. Dir hutt Recht: et ass eng Kritik, et ass Polemik an den USA. Bachmann a McCain soen, datt dat do eigentlech e strategeschen Erfolleg wier fir d’Feinden.

Mä et muss ee wëssen, an deem Krich – en esou genannten "domme Krich" wéi och de President Obama deemools gesot huet, e Jugement wat ech och deelen – sinn 100.000 Ziviliste gestuerwen, an et si 4.400 US-Zaldote gestuerwen. Den Irak ass haut net stabil no deem Krich wou jo keen UNO-Mandat virloung. Dat ass e Fait.

David Wagner: De Jean Asselborn schwätzt och vun enger Fatigue de guerre vun den Amerikaner. Wat och verständlech ass, schliisslech dauert de Krich elo schonn 9 Joer.

Jean Asselborn (O-Toun): Ech mengen, wann Dir Iech kënnt erënneren huet ee ganz bekannten Politolog, de Robert Kagan, 2003 gesot, datt d’Amerikaner vum Mars kommen, dat si Krieger, an d’Europäer vun der Venus kommen, dat si Pazifisten. Domat huet hien den Déclin vun Europa verbonne mat eben der Superpuissance Amerika, déi sech méi géif imposéieren.

Haut, do hutt Dir ganz Recht, kléngt et e wéineg manner martialesch aus den USA, wann ech esou dierf soen. An d’Venus huet och Schied um Capitol hannerlooss. An ech mengen, et ass eng Fatigue de guerre do. Amerika wëll sech manner no bausse produzéieren a selbstverständlech déi ganz Energie, déi si dofir brauchen, och investéiere fir hir wirtschaftlech Problemer am eegene Land ze léisen.

David Wagner: Den Obama huet a senger Usproch och vun enger neier Bezéiung mam Irak geschwat. Et wäert eng normal Relatioun sinn, baséiert op gemeinsamen Interessien a géigesäitegem Respekt. Am RTL-Interview huet de Jean Asselborn och drun erënnert, datt Lëtzebuerg dem Irak hëlleft.

Jean Asselborn (O-Toun): Ech mengen, wat Lëtzebuerg mécht, dat sinn nach ëmmer zwou Saachen. Hei zu Lëtzebuerg maache mir weider am Kader vun der EULEX, dat ass eng europäesch Missioun, Formatioun fir irakesch Riichteren a fir Sécherheetskräften.

Mä virun allem denken ech drun, datt mir an eiser Presidence am Juni 2005 do e ganz grousse Schrëtt gemaach hu mat enger grousser internationaler Konferenz deemools, wou 83 Länner an international Organisatiounen deelgeholl hunn, hu mir virun allem iwwer den Opbau vum Irak geschwat, wou d’Wuerzele geluecht goufe fir deen Erëm-Opbau, a wou och eng Réconciliatioun gemaach ginn ass tëscht souwuel den europäesche Länner, an och Europa mat Amerika.

David Wagner: De Jean Asselborn ass iwwerzeegt, datt d’Amerikaner an d’Iraker elo d’Méiglechkeet hunn, fir normal Relatiounen opzebauen, an datt och mat Europa interessant politesch a wirtschaftlech Lienen kënnen opgebaut ginn, wa sech d’Situatioun dann e bësse stabiliséiert huet.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact