|
Frank Goetz: D'Fro ass natierlech, wann d'Banken dat net wëlle fräiwëlleg maachen, wat geschitt dann? Dat ass eng Fro déi ech dann och dem President vum Eurogrupp virdrun an engem Interview gestallt hunn.
Jean-Claude Juncker: Privatgläubiger, d'Banken also, de Privatsecteur, musse sech an engem ganz substantielle Mooss dorunner bedeelegen, fir datt ka sécher gestallt ginn, datt op Dauer d'Scholdelaascht vu Griicheland tragfäeg gëtt. Mir haten am Juli gesot, dat missten 21% sinn. Domat geet et erkennbar net duer. Dat muss däitlech méi héich sinn. An d'Géigend vu 50%, 60% - gëtt gesot.
Frank Goetz: Nach eng Kéier: fräiwëlleg oder ginn se dann dozou gezwongen?
Jean-Claude Juncker: Ech hu jo gesot, et misst doriwwer verhandelt ginn. Dat heescht also, datt mir och effektiv verhandelen.
Ech hunn d'lescht Woch schonn hei mat der internationaler Bankenassociatioun 2, 3 Gespréicher gefouert. Meng Bréisseler Leit sinn amgaang dat virun ze féieren.
Wann ee seet Verhandelungen, seet ee jo fräiwëlleg. Well wa mir dat imposéieren, da gëtt et dat wat een e Kreditereignis, e Credit Event nennt, an da fält alles zesummen. Dofir ass et wichteg, datt mir dat op enger fräiwëlleger Pist hikréien.
D'Banke mussen allerdéngs wëssen, datt wa se sech net bewegen am Kader vun deene fräiwëlleg ugeluechte Verhandlungen, datt mir da vläicht zu enger obligatorescher Léisung misste kommen. Dat schléissen ech aus, dat wëll ech net, well dat hätt ganz grave Konsequenzen – net nëmme fir Griicheland, well da wir Griicheland faillite. Et hätt och grave Konsequenze fir de gesamten Euroraum. Mä mir kënnen eis net vun de Banken, wann Dir sou wëllt, un der Nues erëmféiere loossen.
Frank Goetz: Elo trëfft dat jo net all Bank d'selwecht. Wann elo eng Bank doduerch grouss Problemer kritt, ginn déi da gestäipt, vun de Steierzueler och?
Jean-Claude Juncker: Mir hu jo souwisou e ganzt Gespréich iwwer d'Rekapitaliséierungsnoutwennegkeet vun de Banken amgaangen. Mir hunn décidéiert, datt mir d'Banke musse rekapitaliséieren.
Mäi Virschlag zanter 2 Méint ass – dee gëtt och hei breet gedroen – datt d'Banke probéiere fir d'éischt sech op de Finanzmäert ze approvisionéieren. Wann dat net klappt, datt dann d'Staaten, esouwäit wéi se dat kënnen, déi Rekapitaliséierung maachen. Da bleift et jiddwer Stat iwwerlooss, wat fir Konsequenzen datt se doraus zitt.
Mir hu jo och Suen an d'Banque Générale abruecht, a mir hunn doduerch Aktionärsrechter kritt.
Et geet menger Meenung no net, datt een einfach Steiergelder hëllt an de Banken déi gëtt, an dann dréint ee sech ëm an da geet een erëm. Do muss een dru bleiwen. A wa Staten do sinn déi keng Suen hunn, oder déi sech ze vill géife verschëlde fir d'Banken ze rekapitaliséieren, da kënnen déi sech un de Rettungsschierm wenden, deen EFSF heescht, an da kréien d'State vun deem Sue geléint, déi se da kënnen an d'Banken abréngen.
Frank Goetz: Ee vun de grouse Sträitpunkten, virun allem tëscht Däitschland a Frankräich, ass jo, wéi een de Rettungsschierm méi staark ka maachen. Hei geet et ëm déi berühmte Feierkraaft. Ma och hei schéngt et, wéi wann een an den Diskussioune weider komm wir.
Jean-Claude Juncker: Wéi kann een aus de 440 Milliarden déi ech hu méi maachen? An do kënnt déi esou berühmten Hiewelwierkung, déi ee kann asetzen.
A mir hunn ënner villen Optiounen déi um Dësch leie gëschter Owend der 2 zréckbehalen, déi mir och de Staats- a Regierungschefen e Sonndeg virleeën, an déi weider mussen ausgeschafft ginn.
|