Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Octobre 2011 > Jean Asselborn au sujet du vote sur l'adhésion de la Palestine à l'Unesco

Interview
Jean Asselborn au sujet du vote sur l'adhésion de la Palestine à l'Unesco
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 31-10-2011

Vers le niveau supérieur

Jean-Marc Sturm: Ass dësen UNESCO-Vote vun de Mëtteg dann elo effektiv en diplomateschen Erfolleg? Mir hunn d’Fro dem lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn gestallt.

Jean Asselborn: Onbedéngt! Zënter 22 Joer huet Palästina och an der UNESCO drop gewaart, fir international unerkannt ze ginn.

Et ass fir mech virun allem och en diplomateschen Erfolleg fir de President Abbas a seng Leit aus der Palästinensescher Autoritéit. Dir wësst, datt deen Austausch vun de Prisonnéier virun allem jo op d’Kap gaangen ass vum Hamas. Daat hei deet dem President Abbas ganz gutt, an dofir sinn ech och frou, datt wierklech d’palästinensescht Vollek och haut erëm e Schratt gemaach huet fir als vollwäertegt Vollek, an och mat engem Stat selbstverständlech, an der Suite unerkannt ze gi vun der internationaler Kommunautéit.

Jean-Marc Sturm: Den Här Asselborn ass dann awer alles anescht wéi frou wat de verwurrelte Vote aus de Reie vun der Europäescher Unioun ugeet. Hie seet esouguer, d’EU hätt sech selwer zu engem Zwerg degradéiert.

Guy Kaiser: Ass dat Ganzt net d’Kou vun hannenop gesuedelt? Hätten d’Palästinenser net fir d’éischt musse Member gi vun der UNO, well de ganze Rescht no ënnen hätt sech deen Ament jo quasi vum selwen declinéiert?

Jean Asselborn: Jo, Här Kaiser, Dir hutt ganz Recht, mä d’Palästinenser sinn – dat hu se an hirer Geschicht geléiert – e pragmatescht Vollek. Dir wësst, Member ze gi vun der UNO dat steet an de Stären, well fir Member ze gi vun der UNO brauch een net nëmmen am Conseil de sécurité mindestens 9 Stëmmen, mä et ass och esou, datt kee vun deene Memberen déi d’Vetorecht hunn dierf de Veto aleeën. A mir wëssen, datt déi Gefor awer ganz grouss ass.

D’Palästinenser kënnen eng Chance och hunn an der Assemblée générale vun den Nations Unies, esou wéi och hei elo bei der UNESCO, mä doduerch gi se nach net Member vun der UNO.

Hei ass e Schratt fir awer der internationaler Kommunautéit ze weisen, datt ganz vill Länner op der Welt hannert der Iddi stinn, datt Palästina soll e Stat kréien, an datt et soll unerkannt ginn als Vollek.

Guy Kaiser: An elo, wat d’Positioun betrëfft vun der Europäescher Unioun, dat ass jo och net grad eng Glanzleeschtung. An Dir gouft schonn am fréien Nomëtteg en Interview bei Spiegel Online, wou Dir zitéiert gitt: "Europa degradiert zu einem Zwerg".

Jean Asselborn: Jo, mir haten effektiv probéiert zu e puer an der Europäescher Unioun op engem minimale Konsens eis eens ze ginn. Mir kennen d’Positioun vu verschiddene Länner. Et war net méiglech fir alleguer déi 27 op e Jo ze kréien. Dofir hate mir probéiert, zu e puer, ob et méiglech wier fir effektiv dann zu 27 eis ze enthalen? Dat wier net ideal gewiescht, mä dat war awer eng Propositioun déi gemaach ginn ass, och vu ville Länner, déi ebe wollte vun Ufank u Jo stëmmen, dorënner Lëtzebuerg.

Dee Konsens ass gebrach ginn e Samschdeg vun 2 Länner, an dat ass wierklech net ganz erbaulech.

An dat wat elo erauskomm ass, dat sinn elo déi dräi Positiounen. 11 Länner hunn ganz frou dofir gestëmmt, dorënner, wéi gesot, mir. Et hunn der och 11 sech enthalen, déi kënnen nach vill gutt maachen, a leider hu 5 Länner vun der Europäescher Unioun dogéint gestëmmt.

Dir kënnt Iech virstellen, datt wann ee sech engagéiert fir eng gemeinsam europäesch Aussepolitik, datt dat do wierklech e Schlag an d’Waasser ass, esouguer e Schrëtt zréck ass. D’Leit verstinn en Europa net wat an esou enger kapitaler Fro dräi Positioune muss hunn.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact