|
Jean-Claude Wolff: Ënner deenen 11 Memberen, déi fir d’Palästinenser gestëmmt hu si Lëtzebuerg, awer och Frankräich, d’Belsch oder Irland. Fir de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn ass et vun Ufank u keen Zweiwel un der lëtzebuerger Haltung an där Fro ginn, de Grand-Duché huet dofir gestëmmt.
11 EU-Memberen hunn awer och dogéint gestëmmt, virop Däitschland an Holland, déi sech an de leschten Deeg am meeschte queesch geluecht hunn, wéi et ëm eng gemeinsam europäesch Haltung gaangen ass, déi hätt sollen eng Enthalung vun de 27 ginn.
Ënner deene 5 Staaten déi sech um Enn enthalen hunn, war och Groussbritannien. Deemno ware sech esouguer d’europäesch Membere vum UNO-Weltsécherheetsrot, Frankräich a Groussbritannien net eens. Kee gudden Dag fir den Image vun der EU, esou de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.
Jean Asselborn: Ech sinn traureg, datt mir keng gemeinsam Positioun fäerdegbruecht hunn. Mir hunn zu e puer probéiert fir op engem Minimum, dat heescht, bei der Enthalung vun de 27, e Konsens ze fannen. Dat war e Samschdeg schonn net méi méiglech. A selbstverständlech hunn do Länner carrément gesot, si géife wëllen dogéint stëmmen. Aner Länner hu gesot, mir wëllen och dofir stëmmen. Lëtzebuerg selbstverständlech war vun Ufank un do dobäi. An dat wat elo erauskomm ass, dat ass e Potpourri. Et sinn dräi verschidde Positiounen.
Jean-Claude Wolff: Wéi scho beim Nato-Asaz a Libyen huet Europa bewisen, datt et zu enger gemeinsamer Linn an der Aussepolitik kaum fäeg ass, seet de Jean Asselborn, deen de Vote net als Affront géint Israel a géint d’USA ugesäit.
Jean Asselborn: Mä déi Positioun ass jo net geduecht géint Amerika, wann een d’Palästinenser ophëllt, an och bestëmmt net géint Israel. Am Géigendeel: et muss een de Palästinenser weisen, als international Kommunautéit, datt si et verdéngen an engem souveräne Land ze liewen, als Stat an als Vollek unerkannt ze ginn an internationalen Organisatiounen. Dir wësst wéi schwéier datt et ass bei der UNO. Hei ass e Schratt an déi richteg Richtung fir deem Vollek och eng Dignitéit ze ginn, déi se verdéngen um internationale Plang.
Jean-Claude Wolff: Et sief dann – och ouni gemeinsam Haltung vun der EU sinn d’Palästinenser elo Vollmember an der UNESCO. Dat dierft fir d’Organisatioun awer gréisser Konsequenzen hunn. Et ass domat ze rechnen, datt Israel, a virun allem d’USA elo refuséieren hir finanziell Participatioun ze bezuelen. An den USA verbidden dat esouguer zwee Gesetzer aus den 1990er Joeren. Eng UNO-Organisatioun déi Palästina ouni Friddensaccord unerkennt an ophëllt, dierf keng Sue méi vun den USA kréien. A well d’USA mat ronn 22% vum UNESCO-Budget gréisste Financier vun der Organisatioun sinn, muss d’UNESCO wuel an Zukunft de Rimm méi enk zéien. Schonn tëscht 1982 an 2003 haten d’USA d’UNESCO wéinst där, wéi et geheescht huet, ze vill tiersmondistescher Ideologie finanziell boykottéiert.
|