Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Novembre 2011 > Jean-Claude Juncker au sujet de la décision de la Grèce de soumettre le plan d'aide à un référendum

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de la décision de la Grèce de soumettre le plan d'aide à un référendum
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 01-11-2011

Vers le niveau supérieur

Roy Grotz: Och de Chef vum Eurogrupp seet sech irritéiert iwwer d’Aussoen déi vun Athen kommen.

Jean-Claude Juncker: De griichesche Premier huet déi Décisioun geholl ouni mat senge Kollegen an Europa doriwwer ze schwätzen. En huet an de leschte Méint ëmmer erëm ugedeit, an och kloer gesot, e kéint eventuell eng Kéier e Referendum musse maachen. Dunn huet en déi Iddi erëm fale gelooss, elo huet e se opgegraff.

An déi Initiativ déi e geholl huet, déi wäerft enorm vill Froen op. Ech verstinn, datt en innepolitesch an enger Situatioun ass, wou e Kloerheet brauch, a wou e muss iwwerpréiwen ob d’Majoritéit vum griichesche Vollek hannert senger Politik steet, dat verstinn ech. Mä dat zitt awer ganz vill aner Froen no sech.

Kënne mir ënner dëse Conditiounen déi 6. Tranche, déi 8 Milliarden Euro déi mir virun zwou Wochen décidéiert hunn, nach iwwerweisen, wa mir net wëssen ob d’Griichen och mat deem wat ofgemaach ginn ass, averstane sinn? Wéi ass et mat deem Plang, dee mir opgestallt hunn de leschte Mëttwoch, Donneschdeg zu Bréissel? Wat fir Froe wëll de Premier genee stellen? Alles dat wësse mir net, an dofir ass et verfréit fir eng integral Aschätzung vun der Situatioun ze ginn.

Ech hu mech de Moie laang ënnerhale mam Här van Rompuy, mat der Madame Merkel a mam Här Sarkozy, a mir musse kucke wéi mir an den nächste Stonnen an Deeg op déi agetruede Situatioun reagéieren. Et ass ze fréi fir Endgülteges dozou ze soen. Mä et erliichtert d’Saach net, et bréngt nei Nervositéit an d’Finanzmäert an an d’Reaktiounsfelder vun der Politik an Europa. Ech hätt gär op déi do Nouvelle verzicht.

Roy Grotz: Déi Nervositéit déi Dir uschwätzt, déi gesi mir och schonn de Moien op de Boursen eben. Wat fir eng Prämisse wäerft dat do dann elo op de G20, et ass ee quasi zum Handele forcéiert?

Jean-Claude Juncker: Jo, de G20 dee kann déi Fro do net klären. Mir setzen eis um Rand vum G20 zu e puer zesumme fir d’Situatioun ze beroden, mä de G20 selwer ka keng décisiv Influenzen an där Fro do huelen, well et ass leschten Enns eng Fro, déi déi griichesch Demokratie fir sech selwer muss beäntweren. Mä awer mat alle Konsequenzen am Bléck. Wann d’griichescht Vollek alles ofleent, wat bis elo ofgemaach ginn ass, da gesinn ech och net wéi mir kënnen a gudden Termë mat Griicheland virufueren. Mä et ass wéi gesot ze fréi fir déi Froen ze beäntweren.

Roy Grotz: Mä bei engem Neen, Här Juncker, an deem Referendum, am schlëmmste Fall wier dann d’Staatsfaillite fir Griicheland de Fall?

Jean-Claude Juncker: Ech kann dat net ausschléissen, datt dat de Fall wier, mä dat hänkt dovun of wéi d’Fro formuléiert gëtt, a wouriwwer genee datt vum griichesche Vollek ofgestëmmt gëtt. Esou laang wéi een d’Fro net kennt, kann och d’Konsequenzen net ausmolen. Wann nëmme bestëmmten Elementer vum Dispositiv zum Referendum gestallt ginn, dann ass dat eng aner Saach, wéi wann dat Ganzt zur Ofstëmmung bruecht gëtt. Dofir ass et ze fréi fir dat ze soen.

Dat do ass eng Saach, déi grouss Nervositéit bréngt, grouss Onsécherheete bei déi souwisou scho grouss Onsécherheete bäisetzt, an dofir musse mir elo a Rou mat där Situatioun do eens ginn.

Roy Grotz: "Mir gleewen un d’Uerteelsverméige vun eise Bierger, mir gleewen un hir Décisioun," esou gëtt de Papandreou zitéiert. Gleeft Dir och drun?

Jean-Claude Juncker: Mir musse wëssen, datt dat wat de griichesche Bierger, besonnesch deene klenge Leit Griicheland, zougemutt ginn ass déi lescht Méint, an zougemutt wäert ginn an deenen nächste Méint, esou zolitt ass, datt dat jo zu ganz erhiefleche sozialen a politeschen Onrouen a Griicheland gefouert huet. Vläicht kann et sinn, datt wann d’griichescht Vollek viru seng lescht Responsabilitéit gestallt gëtt, datt et da sech an déi richteg Richtung entscheet.

Dofir wier et och nëtzlech an de Reaktioune vun eis aneren op déi Initiativ vum Här Papandreou esou ze reagéieren, datt dat net erëm eng Kéier parallel verleeft mat weideren negativen a béise Sätz iwwer d’griichescht Vollek. Dat hunn déi einfach Griichen net verdéngt.

Roy Grotz: Merci fir dat Gespréich.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact