|
Michel Delage: D’Annonce vum griichesche Premier iwwer e Referendum soll fir Iech komplett iwwerraschend komm sinn. De griichesche Regierungsspriecher sot gëschter allerdéngs, datt de Giorgos Papandreou d’EU-Leader iwwer e méigleche Referendum an d’Bild gesat hat, quitt datt keen Datum genannt gouf?
Jean-Claude Juncker: Dat ass richteg a falsch. Déi Nouvelle, nodeem mir eng Eenegung zu Bréissel d’lescht Woch fonnt hunn, eng Gesamtléisung, déi ass iwwerraschend komm.
Den Här Papandreou huet e puer Mol mat mir driwwer geschwat, viru Méint, datt hie géif drun denken e Referendum ze maachen, mä hien huet eis ni gesot, datt hien zu deem Gesamtpak, dee mir elo geschnürt hunn, géif e Referendum maachen. Dat hu mir als eng illoyal, well en neit Element an d’Debatt aféierend, ëmfonnt.
Mä ech wëll emol soen, datt ech a priori jo net dogéint sinn, datt een engem Vollek wat déif betraff ass duerch déi Krisenevenementer, an d’Léisungsvirschléi déi gemaach ginn, ëm seng eege Meenung freet. Dat ass an demokratesche verfaasste Systemer jo net einfach als eng Verierung vum Geescht ze interpretéieren. Dat ass gutt.
Mä e Referendum ass eng Fro déi ee sech muss eeschthaft stellen, andeem ee sech freet, wéini ass de richtege Moment fir dat ze maachen, an a wat fir Finanzmaartconditioune mécht een dat?
De Moment ass net gutt, dee Referendum hätt missen éischter stattfannen. Ech hunn den Här Papandreou ni découragéiert e Referendum ze maachen, mä nodeem mir elo eng Gesamtléisung fonnt hunn, halen ech dat fir en irritéierend Element an der Debatt.
Michel Delage: Firwat kënnt déi Annonce dann elo, wéi erkläert Dir se?
Jean-Claude Juncker: Ech muss mech net an d’Séileliewe vu Premierministesch-Kollegen aloossen. Ech mengen, dat huet haaptsächlech innepolitesch Grënn. Den Här Papandreou ass amgaange seng parlamentaresch Majoritéit ze verléieren, an dofir adresséiert hie sech elo un d’Vollek.
Dat halen ech fir prinzipiell net falsch, mä ech halen, wéi gesot, de Moment fir falsch, well dat Turbulenzen op de Finanzmäert an Duercherneen an de Käpp vun deenen anere Regierunge provozéiert huet. An dee gesamten Zoustand, deen erbäigefouert ginn ass, ass net gutt. Duerch déi Annonce e Referendum ze maachen, huet sech déi atmosphäresch, fir däitsch ze schwätzen, Grosswetterlage, fundamental geännert.
Michel Delage: De griichesche Regierungschef huet virgëschter och d’Spëtzt vun der Arméi ofgesat. Dat ass eng Informatioun déi e bëssen ënnergaangen ass. Läit a Griicheland eventuell e Militärputsch an der Luucht, ass dat net och en Element vun där innepolitescher Situatioun?
Jean-Claude Juncker: Ech gesinn dat net esou.
Michel Delage: Dat heescht, ass dat en Zoufall einfach datt [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Juncker: Et ass keen Zoufall, et kënnt a Griicheland regelméisseg zu engem Auswiessele vun de Spëtzte vun de verschiddenen Deeler vun der Arméi. Ech mengen net, datt dat an engem direkten inhaltlechen Zesummenhang steet mat der Verscholdungskris vu Griicheland.
Michel Delage: Dee Referendum soll elo viraussiichtlech de 4. Dezember organiséiert ginn, an do ass och eng wichteg Fro d’Ausformuléierung vun der Fro déi gestallt gëtt. Elo ass et awer esou, datt d’Eurozon-Staten plus ou moins och déi Fro do wëllen diktéieren. Geet dat iwwerhaapt?
Jean-Claude Juncker: Neen, dat geet selbstverständlech net. Mir hu mam Här Papandreou gëschter Owend zu Cannes en intensiivt an heftegt Gespréich iwwer déi Gesamtsituatioun gefouert, an him däitlech gemaach, datt déi eigentlech Fro, déi d’Griiche musse beäntweren, déi ass, ob se wëllen an der Eurozon bleiwen oder net. An et hänkt vun de Griichen of, ob se wëllen an der Eurozon bleiwen, a wa se wëllen dra bleiwen, da musse se eng Rei vu Verflichtungen iwwerhuelen, well mir musse jo och eisen ëffentleche Meenungen, an eise Parlamenter géintiwwer erkläre kënnen, wéisou a firwat datt mir bereet sinn eis Steiergelder zur Dispositioun ze stelle fir Griicheland ze hëllefen.
An dat bréngt noutwennegerweis mat sech, datt Griicheland eng Rei vun Ustrengunge muss maachen, vun deenen ech fir de Rescht weess, datt se besonnesch fir den Duerchschnëttsgriich extrem schwiereg sinn.
Mä mir kënnen net d’Fro formuléieren, dat ass eng Saach vun de griichesche Regierungsstellen, vun der griichescher Politik. Mir kënnen dat griichescht Vollek jo net bis hin zu der Formuléierung vun där Fro, déi se solle beäntweren, regelrecht bevormunden. Do sinn ech radikal dogéint.
Ech sinn der Meenung, Griicheland stëmmt of, ob et wëll, Jo oder Neen, an der Eurozon bleiwen. Mä wéi déi Fro formuléiert gëtt, dat ass nu wierklech eng Saach aus där mir eis sollen eraushalen. Mir sinn net d’Meeschteren a Griicheland.
Michel Delage: Wat geschitt elo am Fall vun engem negative Vote, sollt et zu deem Referendum och kommen? Ass en Austrëtt vu Griicheland aus der Eurozon ëmmer méi probabel ginn doduerch?
Jean-Claude Juncker: Wann ee sech konstant net wëll un d’Regelen halen, a wann ee géif dat duerch e Votum zum Ausdrock bréngen, dat op enger Volleksbefroung berout; wann een also seet, mir wëllen net déi Efforte maachen, déi mir musse maache fir datt mir erëm op d’Gleis vun der Eurozon zréckkommen, dann huet een domat gläichzäiteg zum Ausdrock bruecht, datt een net wëll an der Eurozon bleiwen. Dat ass de griichesche Kollegen a Frënn ganz däitlech gemaach ginn.
Michel Delage: Weist dësen neie Moment a Griicheland net eemol méi och d’Limitë vum Fonctionnement vun der Eurozon, d’Demokratie mat hire laangwierege Prozeduren engersäits, an anerersäits d’Efficacitéit an d’Schnellegkeet, déi vun de Finanzmäert verlaangt gëtt?
Jean-Claude Juncker: Ech bezweiwelen, ob d’Schnellegkeet vun de Finanzmäert automatesch zu enger Efficacitéit an Effizienz vun deene selwechte féiert, well vill Irrationales wieft sech do an d’Entscheedungsfindung eran, déi d’Finanzmäert treffen.
Ech si fundamental der Meenung, datt de Primat vum Handel der Politik zoukënnt, weess awer och, datt d’Finanzmäert selbstverständlech méi séier reagéieren. Do hu mir och eis d’Fro ze stellen, akzeptéiere mir dat, oder akzeptéiere mir dat net? Ech sinn der Meenung mir sollen dat net akzeptéieren.
Ech soen dobäi, d’Demokratië brauche méi laang Zäit fir sech ze décidéieren. Mir musse Parlamenter iwwerzeegen, mir mussen ëffentlech Meenungen iwwerzeegen, mir musse mateneen diskutéieren an der Eurozon. Dat kascht alles Zäit, an d’Finanzmäert hunn natierlech en aneren Zäithorizont.
Dat ass en Zäithorizont heiansdo vu Stonnen, vu Minutten, vu Sekonnen. D’Demokratie fonctionnéiert net am Sekonnentempo, mä berout op laangwieregen Explikatiounsprozesser. Dat ass d’Schwieregkeet vun der Demokratie, et ass gläichzäiteg hir Gréisst. Ech hu léiwer e System wou d’Demokratien no hire Regelen décidéieren, wéi datt se einfach de Rythmus vun de Finanzmäert adoptéieren.
Michel Delage: Eng lescht Fro vläicht. Wéi verhält sech elo d’Eurozon, wéi verhaalt Dir Iech als President vum Eurogrupp bis de Referendum, viraussiichtlech an engem Mount? Gëtt um Griichelandpak weider gefeilt, wéi dat elo virgesinn ass, vun e Méindeg un?
Jean-Claude Juncker: Ech hunn de 26. Oktober eng Décisioun am Eurogrupp erbäigefouert, där Gestalt, datt Griicheland eng zousätzlech Hëllef vun 8 Milliarden Euro zougesprach kritt. Déi Hëllef musse mir elo op Äis leeën, well mir net wësse wéi et a Griicheland virugeet. Griicheland huet also 8 Milliarden an Aussiicht gehat, an huet se elo verspillt.
Ech sinn der Meenung, datt mir alles musse maache fir Griicheland ze hëllefen, dofir fuere mir virun dorunner ze schaffen.
Mä méi wichteg ass et, datt mir déi esou genannte Brandschutzmaueren opriichten, déi solle verhënneren, datt déi Griicheland-Kris sech iwwerspillt an Italien, a Spuenien, a Portugal an an Irland. Dofir wäerte mir den nächste Méindeg an der Eurogrupp-Sitzung probéieren esouwäit wéi méiglech dee Rettungsschierm a sengem Hiewelungsdeel, deen eis also méi Méiglechkeete gëtt fir ze intervenéieren, definitiv opzespanen. Ob mir schonn den nächste Méindeg domat fäerdeg ginn, bezweiwelen ech, mä dorunner schaffe mir. Mir loossen net zou, datt aus der Griicheland-Kris sech eng gesamt Eurokris ergëtt.
|