Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Novembre 2011 > Jean-Claude Juncker au sujet d'un référendum en Grèce et de la crise de la dette publique en zone euro

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet d'un référendum en Grèce et de la crise de la dette publique en zone euro
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 03-11-2011

Vers le niveau supérieur

Jean-Claude Juncker: Mir hunn dem Här Papandreou gëschter Owend gesot, datt et Respekt verdéngt, wann een d’Vollek selwer freet, dat Vollek wat an éischter Linn betraff ass. Ech trieden hei net u fir géint d’Iddi vum Referendum opzetrieden. Seng eege Leit ze froen, geet an d’Rei.

Mä e Referendum ass ëmmer eng schwiereg Fro, well et muss ee sech froen, ob et am richtege Moment stattfënnt, an et muss ee sech froen zu wat fir enger Fro, datt e Referendum stattfënnt.

De Moment ass net richteg, well mir haten eis virun iwwer enger Woch zu Bréissel op e Gesamtpak, Griicheland an d’Euroverschëldungskris betreffend, gëeenegt. Den Här Papandreou huet deemools net gesot, hie géif e Referendum maachen, obschonn en an deene leschte Méint e puer Mol och mat mir geschwat hat, mä elo eben net méi.

An dofir hu mir him gesot, datt déi eigentlech Fro déi sech stellt déi ass, ob Griicheland wëll an der Eurozon bleiwen, oder wëll aus der Eurozon erausgoen. Wa Griicheland wëll an der Eurozon bleiwen, mussen d’Griichen domat averstane sinn, datt se déi Verflichtunge wouerhuelen, zu deene se sech engagéiert hunn, dat heescht, fir e strikten haushaltspolitesche Konsolidéierungskurs ze fueren.

Wa se da net méi wëlle maachen, sech aus der Solidaritéit ausklénken, ergo och d’Solidaritéit vun deenen aneren, och vun de lëtzebuerger Steierzueler, net verdéngen, da musse se all Konsequenzen zéien an aus der Eurozon austrieden.

Ech géif gär dobäi soen, datt ech vill – ech soen net gär Matgefill, dat ass domm, dat kléngt karitativ – mä vill Verständnes hu fir den Ierger vun den Duerchschnëttsgriichen, déi jo déi Kris hei net erbäigefouert hunn. An dat verdéngt Respekt, wéi déi Leit sech musse ploen.

Mä de Problem ass, wann een 170%, 180% Schold huet vu sengem Bruttosozialprodukt, da kann een net virufuere wéi wann näischt geschitt wier. Ech hätt mir gewënscht, an och virgestallt, hunn dat och ëmmer erëm mengem Kolleg Papandreou gesot, datt virun allem déi räich Griichen emol géifen zur Kees gebiede ginn, ier een erëm déi Kleng an déi Bluttaarm esou dréint a kéiert, datt een hinnen an eng Täsch fiert, an där net vill ass. Et gëtt a Griicheland ganz vill räich Leit, déi solle blechen.

Roy Grotz: Kommt, mir huelen dann emol dee Szenario dann, Här Juncker: effektiv, wat ass dann, wann d’Griichen effektiv am Referendum géife soen, et gouf eis schonn esou vill opgelaascht, déi Adhésioun am Euroraum déi bréngt eis näischt méi, mir wëllen a sech erëm zréck? Wat heescht dat fir den Euroraum, wat heescht iwwerhaapt fir d’Zougehéieregkeet zur EU?

Jean-Claude Juncker: D’Memberschaft vu Griicheland an der Eurozon huet Griicheland enorm vill bruecht, well Griicheland vu ganz nidderegen Zënsen déi iwwer Nuecht agefouert gi sinn, profitéiert huet. Griicheland ass bis haut e grousse Profiteur, am nobele Sënn vum Wuert, vun dem Euro.

Wann awer d’Griichen elo net méi bereet sinn déi Ustrengungen ze maachen, déi mir aner musse verlaangen, well mir musse jo eisen Deputéierten, eise Leit hei am Land erklären, firwat datt mir bereet sinn ze hëllefen; wa Griicheland net méi bereet ass déi Obligatioune wouerzehuelen, déi et agaangen ass, da muss Griicheland sech d’Fro stellen, ob et weiderhin an der Eurozon ka bleiwen.

Géif Griicheland austrieden, mir kënnen d’Griiche jo net erausgeheien, mä géif Griicheland austrieden, an d’Drachme nees aféieren, dann hätt dat terribel sozial Konsequenzen a Griicheland. An et géif eis och viru ganz grouss Problemer stellen, well d’Infizéierungsgefor grouss ass op aner Länner, an op d’Gesamtsoliditéit vun der Eurozon. Dofir wënschen ech dat net, an dofir hätt ech gär, datt d’Griiche géifen, wa se déi richteg Fro gestallt kréien, déi richteg Äntwert ginn.

Eng gutt Entwécklung ass dat net, fir festzestellen, datt fir d’éischt zënter dem Zweete Weltkrich eng esou genannte weiderentwéckelt Ekonomie an eng Situatioun kënnt, wou se muss eigentlech Bankrott erklären. Dat muss ee mat alle Mëttele verhënneren, mä d’Äntwert läit bei de Griichen, an d’Griichen hunn e Schlëssel.

Roy Grotz: Wat heescht dat da fir déi aner Booter, déi och op deem Euro-Mier do ënnerwee sinn, notamment Italien, Spuenien, och d’Belsch an deem hei Fall, déi mir jo missten uschwätzen?

Jean-Claude Juncker: Also, éischtens emol ass d’Belsch deelweis och a Gefor, wat eis soll driwwer beléieren, datt et gutt ass, datt mir net méi de belsch-lëtzebuerger Frang hunn, mä den Euro, soss wiere mir mat a Gefor. Elo si mir net a Gefor, well eis Situatioun global betruecht zu deene beschten an der Eurozon gehéiert.

Mä wat mir elo musse maachen, Griicheland Referendum hin oder hier, dat ass, datt mir déi Brandschutzmauere mussen opriichten, déi solle verhënneren, datt dat wat mir elo a Griicheland gesinn iwwerspillt an Italien, a Portugal, a Spuenien an an aner Länner. Dofir musse mir den nächste Méindeg, dann ass déi nächst Sitzung vum Eurogrupp, lues a lues dee Rettungsschierm voll opmaachen, dee mir d’lescht Woch zu Bréissel décidéiert hunn, a Schutzmoossnamen treffen, fir Italien an aner och méi schwächelnd Länner, virun engem Iwwergrëff vun den Negativkonsequenze vun der Griicheland-Kris ze schützen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact