Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Novembre 2011 > Jean-Claude Juncker au sujet des réunions de l'Eurogroupe et de la situation politique en Grèce

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet des réunions de l'Eurogroupe et de la situation politique en Grèce
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 08-11-2011

Vers le niveau supérieur
Frank Kuffer: Gëschter Owend war schonn Eurogrupp, also d’Réunioun vun de 17 Euro-Finanzministeren. Hire President, de Jean-Claude Juncker, hu mir elo live um Telefon. Gudde Moien, Här Staatsminister.

Jean-Claude Juncker: Bonjour, Här Kuffer.

Frank Kuffer: Dir hutt gëschter mam griicheschen nach-Premier Papandreou telefonéiert. Wéi wäit si se dann zu Athen mat der Formatioun vun der neier Regierung? Wësst Dir scho méi? Wësst Dir och scho wie Premier kéint ginn?

Jean-Claude Juncker: Den Här Papandreou huet mir gëschter Moien ugeruff fir mir en Topo, wéi ee seet, iwwer d’Situatioun a Griicheland ze ginn, fir mir matzedeelen hie géif zrécktrieden an deenen nächste Stonnen – ech schwätzen elo vun engem Gespréich vu gëschter Moien. Et géif en neie Premier genannt ginn, an eng Koalitiounsregierung gebilt ginn, déi e puer Méint am Amt wier fir dee Spuerpak, an dee Konsolidéierungspak, dee mir de 26. a 27. Oktober zu Bréissel ugeholl hu parlamentaresch iwwer d’Bühn ze bréngen. An deenen nächste Stonne gëtt en neie Premier genannt.

Frank Kuffer: Sidd Dir e bëssen iwwerrascht, datt dat nach net ofgeschloss ass a Griicheland, respektiv gëschter Owend konnt Dir jo an deem Sënn nach net vill décidéieren?

Jean-Claude Juncker: Och wa schonn en neie Premier gëschter Owend do gewiescht wier, hätte mir och net méi Décisioune kënnen huelen, déi méi wäit gaange wiere wéi déi, déi mir geholl hunn. Dat hänkt jo net nëmme vun der Persoun vum Premier of, dat hänkt vun der Gesamtkonstellatioun of.

Ech hu gëschter Owend verlaangt, datt den neie Premier, zesumme mat de Chefe vun deenen zwou grousse Parteien – Pasok an Nea Dimokratia, also Sozialisten a Konservativer – eis missten dës Woch e Bréif schreiwe wou se däitlech maachen, datt se de Pak vum 26. a 27. Oktober unhuelen.

An ech hätt gär, datt déi zwee Parteipresidenten och ënnerschreiwen, well mir musse sécher sinn, datt och iwwer den Datum vun den nächste Wahlen eraus, wat wahrscheinlech d’nächst Joer am Februar wäert sinn, déi Engagementer, déi d’Griichen iwwerhuelen, och agehale ginn.

Frank Kuffer: Wéi géif dann eng ideal Regierung a Griicheland ausgesinn? Ass dat eng wierklech mat Parteipolitiker, oder muss et éischter eng si mat Experten, mat Finanzexperten? Do gëtt jo och vill driwwer geschwat.

Jean-Claude Juncker: Här Kuffer, ech hu scho Schwieregkeete genuch ëmmer zu Lëtzebuerg eng Regierung ze bilden, ech mësche mech net an d’Aart a Weis a wéi an anere Länner eng Regierung soll gebilt ginn.

Frank Kuffer: Mä gëtt net iwwerhaapt ze vill Politik gemaach ronderëm dat Ganzt? D’Oppositioun wollt am Ufank net maachen, elo awer – dat ass eppes wat Iech awer net esou richteg gefall huet?

Jean-Claude Juncker: Ech war ëmmer kritesch agestallt der griichescher Oppositioun géintiwwer, dem Här Samaras, deen ech gutt kennen, well ech bemängelt hunn, datt d’Griichen net amstand waren, elo si se et Gott sei Dank, selwer an hirem eegene Land dee Minimum un nationalem Konsens erbäizeféieren, deen ee brauch fir datt eng Politik ka mat Erfolleg duerchgefouert ginn. Ech hunn déi Verweigerungshaltung vun der Oppositioun ni gutt fonnt. Déi Verweigerungshaltung vun der Oppositioun ass elo opgi ginn, an ech ginn elo dovun aus, datt déi haapt-politesch Kräften a Griichnland sech esou rappen, datt Griicheland aus der Situatioun kann erausgefouert ginn, an där et sech befënnt.

Frank Kuffer: Mengt Dir, Här Juncker, d’Vollek géif iech Politiker nach verstoen? An Däitschland, do ginn d’Steieren elo geschwënn erofgesat; Frankräich kritt en neie Spuerplang – ginn et wierklech déi mega Ënnerscheeder an de Politiken an Europa, an de Finanzsituatiounen? Wéi kann dat do iergendwéi vermëttelt ginn?

Jean-Claude Juncker: D’Situatioun vun all Land ass verschidden. Frankräich huet e ganz héije Budgetsdefizit, a muss dofir Konsolidéierungsmoossnamen aleeden. Dir wësst, datt déi gutt Bonitéit, déi gutt Bewäertung vu Frankräich, Triple “A�? nenne mir dat, vun eenzelne Ratingagenture mëttelfristeg ënner negativ Perspektiv gestallt ginn ass. Dat heescht, datt Frankräich de Risiko leeft, datt wann et net substantiell méi spuert, datt et dann déi gutt Bonitéit verléiert.

Géif Frankräich deen esou genannten Triple “A�? verléieren, da géif och den europäesche Rettungsschierm dee verléieren, well deem seng gutt Bonitéit fousst op de gudde Bonitéite vun deene 6 Memberstaate vun der Eurozon, dorënner Lëtzebuerg, déi déi beschten Note vun de Ratingagenturen kréien.

Däitschland kënnt zu enger ganz liichter Steierofsenkung, déi 10, 12 Euro de Mount bei de Leit wäert ausmaachen. A vu datt déi däitsch Finanzsituatioun besser ass wéi déi vu Frankräich an déi vun anere Länner, besteet Haushalts- a Budgetsraum a –marge genuch fir esou liicht Steierofsenkunge virzehuelen.

Ausserdem ass um G20 zu Cannes, wéi och schonn an der Eurogrupp, ëfters undiskutéiert ginn d’Fro, ob Däitschland net méi misst maache fir säi Bannekonsum ze befeieren, fir méi Ausgabe bei den Haushalter, bei de Stéid ze provozéieren. Insofern sinn dat Politiken, déi, och wa se ënnerschiddlech sinn, trotzdem beienee passen, well se op eng ënnerschiddlech ausgeprägte Lag vun deene verschiddene Länner mat adequaten, méi differenzéierte Methode reagéieren.

Frank Kuffer: Erlaabt mir, Här Juncker, datt ech zum Schluss nach eng Kéier beim eventuelle Gruef tëscht Politik an dem Vollek bleiwen.

Jean-Claude Juncker: Deen ass net eventuell, deen ass do.

Frank Kuffer: Dir hiewelt Konten. Ech hu virun enger Woch e bësse provokativ an engem Commentaire gefrot, ob Dir dat och mat mengem Kont kënnt maachen. Mä am Eescht, Här Juncker, den Normalstierflechen, dee weess jo awer net wat elo geschitt do?

Jean-Claude Juncker: Jo, mir probéiere mat Methoden déi an der Finanzwelt bekannt sinn, an experimentéiert gi sinn, déi Geldmass déi mir zur Verfügung hunn esou ze verwalten, datt mir iwwer déi Hiewelung méi Kreditvolume kënnen zur Verfügung stellen.

Anstatt de Leit an d’Täsch ze gräifen, wéi Dir an Äre Commentairë géift soen – wann Dir a From sidd, a meeschtens sidd Dir jo a Form – probéiere mir mat moderne Finanzinstrumenter eng Mehrfachwierkung vun deem zur Verfügung steeënde Kapital ze kréien.

Wa mir elo hätte missten d’Leit froen erëm doheem, d’Deputéierten an d’Leit, fir méi Suen zur Verfügung ze stellen, da wier dat jo och schaarfer Kritik ënnerworf ginn. An esou notze mir bekannten Instrumenter fir zu dem selwechten Zil ze kommen.

Ech gi gär zou, datt dat vun der Methodik hier relativ komplizéiert ass, mä et ass awer besser mir maachen dat, wéi wa mir eis net géifen d’Méiglechkeet gi genügend Finanzkapazitéit a Feierkraaft zur Verfügung ze stellen.

Frank Kuffer: Här Juncker, ech soen Iech villmools Merci, datt Dir Iech de Moien Zäit geholl hutt.

Jean-Claude Juncker: Ech soen Iech Merci.

Frank Kuffer: Äddi.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact