|
Umoderatioun: E Land wat scho laang zu de Wackelkandidaten zielt, ass Portugal, no Griicheland an Irland dat drëtt Land wat mat Milliarde virun der Faillite gerett gouf. Portugal muss dann och grouss Spuerprogrammer duerchzéien, géint déi d’Leit dohanne sech awer wieren, mat Streiker a Protester.
Déi portugisesch Finanzsituatioun steet dann och am Mëttelpunkt vun enger offizieller Aarbechtsvisite vum lëtzebuerger Premier haut a muer a Portugal.
Frank Goetz: Den neie portugisesche Premier Pedro Passos Coelho huet mam Jean-Claude Juncker net nëmmen de lëtzebuerger Staatsminister emfaangen, mä och de President vum Eurogrupp. An et ass och éischter an deem Kader, wou dës Visite ze gesinn ass.
Zanter 5 Méint um Rudder a Portugal, de konservative Premier a Successeur vum Sozialist José Socrates, deen am Mäerz nom Échec beim Vote iwwer de Spuerprogramm vu senger Regierung zréckgetrueden ass. An och op deen neie Premier kënnt eng Mammutsaufgab duer.
Portugal steet scho mat 78 Milliarden Euro ënner dem Europäesche Rettungsschierm. Dobäi kënnt e ganz haarde Spuerprogramm, deen déi nei portugisesch Regierung schonn ugefaangen huet. An awer sinn déi finanziell a budgetär Aussiichte vu Portugal alles anescht wéi gutt. An dofir ass et d’Hoffnung vum lëtzebuerger Premier a President vum Eurogrupp, datt Portugal séier a virun allem aus eegener Kraaft seng finanziell Problemer an de Grëff kritt.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): De Budget fir 2011 wäert wahrscheinlech, esou wéi d’Saachen haut leien, mat engem méi héijen Defizit ofschléissen, wéi deen dee laut Programm ofgemaach war. Wahrscheinlech en Defizit vun iwwer 7%, 1,8% méi héich wéi ugeduecht. Doriwwer musse mir schwätzen. Do musse weider Moossname getraff ginn, an et musse virun allem am Budget 2012 aussergewéinlech grouss Efforte gemaach ginn.
Dat ass net einfach fir dat Land, an deem et jo net nëmme räich Leit gëtt, mä och Leit déi scho virdrun net ganz gutt dru waren, an déi elo riskéieren natierlech ënner dem Effet vun deene Spuermoossname besonnesch staark ze leiden. Mä Portugal ass e Land wat eis Lëtzebuerger jo méi no steet wéi vill anerer, a Portugal gëtt och net alleng gelooss an dëse schwierege Momenter.
|