Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Novembre 2011 > Mady Delvaux-Stehres au sujet des tests de dépistage de drogues au lycée technique agricole d'Ettelbruck

Interview
Mady Delvaux-Stehres au sujet des tests de dépistage de drogues au lycée technique agricole d'Ettelbruck
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 25-11-2011

Vers le niveau supérieur
Umoderatioun: D’Direktioun vun der Ettelbrécker Akerbauschoul geet nawell wäit. Fir d’Situatioun vun den Drogen ënner de Schüler an de Grëff ze kréien, gräift si op aussergewéinlech Mesuren zréck. D’Police ka mat hirem Drogenhond geruff ginn, an et kënnen och Urintester an de Klassen duerchgefouert ginn. Dat si schonn aussergewéinlech Mesuren, ma wat seet d’Éducatiounsministesch selwer dozou? De Guy Kaiser huet d’Mady Delvaux ëm hir Gefiller bei esou Décisioune gefrot:

Mady Delvaux-Stehres: Ma, ech mengen, dat éischt wat ech emol fannen, dat ass Schued, datt iwwerhaapt mussen esou Moossname geholl ginn, well d’Ettelbrécker Akerbauschoul, mécht sech säit Joere Suergen ëm hir Schüler. A si si jo och oft an enger Situatioun, wou d’Schüler mat ganz geféierlechen Apparater mussen an de Bësch goen. An ech fannen, datt si hir Verantwortung gutt iwwerhuelen, mä ech fannen et ganz bedauerlech, datt een iwwerhaapt muss esou drastesch duerchgräifen, wéi si dat elo hu misse maachen an der Akerbauschoul.

Guy Kaiser: Dat do ass awer och eng geféierlech Situatioun fir eis Gesellschaft. Vu virera gëtt emol jiddweree beschëllegt, Droge geholl ze hunn.

Mady Delvaux-Stehres: Ech hu laang mat der Directrice doriwwer geschwat. Et ass natierlech esou, wann een nëmmen eenzel Leit eraushëlt, dann huet een déi jo schonn a priori verdächtegt. An anerer, déi ginn iwwerhaapt net considéréiert. Dofir hu si och laang iwwerluecht, wéi solle mir dat do ugoen? Solle mir dat systematesch maachen, oder net? A si hunn dat jo och an hirem Conseil d’éducation, wou d’Elteren an d’Schüler vertruede sinn, hu si dat jo och diskutéiert, an zesummen décidéiert. Dofir fannen ech, datt hir Démarche eigentlech ganz exemplaresch ass. Et ass elo net, datt dat vum Himmel gefall komm ass, ouni datt ee wosst, wat elo géif op en zoukommen.

Guy Kaiser: D’Eltere goufen hiren Accord. Wéi ass et dann elo, wann an engem Fall deen Accord net do ass, respektiv wann e Papp sech radikal dogéint wiert?

Mady Delvaux-Stehres: Ech hoffen, datt dat net de Fall ass, well déi Elteren an déi Schüler géife sech jo eigentlech net un d’Charta vun der Schoul halen. An da musse se sech iwwerleeën, ob se d’Kanner nach weider an där Schoul do géife loossen.

Et ass jo festgehalen an der Charta vun der Schoul, datt dat do géif gemaach ginn.

Also, ech muss soen, mir hätten awer gär och eng Haltung vu zéro Toleranz vis-à-vis vun den Drogen. Mir hätte jo gär Kanner, déi gesond erzu sinn, déi wëssen hir Verantwortung ze iwwerhuelen. Do muss ee sech awer och iwwerleeën, wéi eng Moyene kann een asetze fir dat ze erreechen?

Guy Kaiser: Maache mir dat dann och elo an anere Schoulen? Well ech mengen, et gëtt och aner Schoule wou mat geféierlechen Instrumenter geschafft gëtt.

Mady Delvaux-Stehres: Also, et ass net a menger Absiicht de Schoulen esou e Regime ze verpassen. Wann awer eng Schoul déi Initiativ hëllt, well se einfach d’Noutwennegkeet dovunner agesäit, dann ass dat eng Décisioun vun der Schoul, an ech wäert mech deenen net opposéieren.

Guy Kaiser: Kann ech déi do Situatioun net och als totalen Échec interpretéieren, esou gutt fir d’Direktioun, déi keen aneren Auswee gesinn huet, an och fir d’Elteren?

Mady Delvaux-Stehres: Bein, dat weist eigentlech d’Schwieregkeet vun der Erzéiung haut. Ob een dat elo als Échec soll bezeechnen, esou wäit wëll ech net goen, mä dat weist einfach, datt d’Welt immens komplizéiert ginn ass, an d’Erzéiung vun de Kanner och. An dat erkläert och, denken ech, en Deel vun deem Malaise deen d’Enseignanten haut hunn, well se mat esou vill Problemer konfrontéiert sinn, déi eigentlech net dierften an der Schoul opdauchen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact