Jean-Claude Franck: Bei eis am Riicht eraus ass haut ee Minister dee schonn iwwer 3 Joer net méi an dëser Emissioun war, haut ass en nach Inneminister mat der Defense an der Groussregioun dobäi, awer net méi fir d'Landesplanung. Gudde Mëtteg Jean-Marie Halsdorf.
Jean-Marie Halsdorf: Gudde Mëtteg,
Jean-Claude Franck: Viru 7 Woche ware Gemengewahlen, Dir hutt zimlech all d'Schäfferéit vereedegt an Tëschenzäit, déi dann och zanterdeem mat hirer Aarbecht ufänke kënnen. Ass dat ee gudde Modell fir d'Transitioun tëscht deenen alen Gemengeréit an deenen neien, déi elo aus de Wahlen ervirgaange sinn? Deen Iwwergang, dee jo och wichteg ass, vun der aler Equipe op déi nei, ass dat ee gudde Modell?
Jean-Marie Halsdorf: Et ass kaum ee Gesetz wat esou oft scho geännert ginn ass an de leschte 50 - 80 Joer, dat huet och de Staatsrot scho mol geschriwwen an dat fannen ech och praktesch normal. Well ee Wahlgesetz ass den Ausdrock vun engem Staat mat senge Biergerinnen a Bierger, déi sech op dem lokalen Niveau eng nei Equipe wielen. An all Kéier waren et Diskussiounen, mol waren se esou, mol ware se anescht. Mäi Fazit wär, wann ech déi Diskussioune vun de leschte Wochen esou kucken, datt dee Modell dee mir hunn, datt dee gutt ass, en ass ganz demokratesch, en erlaabt am Fong geholl eppes wat et just nach an der Schwäiz gëtt, wou ech weess, de Panachage horizontal. Dat heescht Dir kënnt a verschiddenen Parteien Iech Är Leit erauswielen, wat an anere Länner wéi zum Beispill an der Belsch net de Fall ass. Do kënnt Dir panachéieren an enger Partei an dofir ass et och esou an der Belsch, datt wann Dir do wielt, dann ass déi Persoun vun der stäerkster Partei, déi dann do déi éischt ass, huet och do déi meescht Stëmmen. An dofir kann een dann do déi Logik spille loossen, déi jo an de Raum gesat ginn ass, notamment vun der LSAP fir am Fong geholl e bësse méi Gerechtegkeet an de System eranzekréien, déi kann een net einfach esou op Lëtzebuerg 1 zu 1 ëmsetzen. Well wann ech kucke ween déi meeschte Stëmmen huet an enger Gemeng an ech kucken d'Resultat, da kann ech zum Beispill Käerjeng huelen, do huet de Michel Wolter déi meeschte Stëmmen, mä seng Partei huet awer net déi meescht, d'LSAP huet déi meescht. An deem Modell gëtt et 100 Cas de Figures an nach méi. An ech mengen datt et kee System gëtt, wéi et och kee Medikament gëtt, dat soen ech als fräien Apdikter, dat keng Niewewierkungen huet an esou ass dat och hei. Dee System an dee Modell dee mir hei zu Lëtzebuerg hunn, en huet sech bewäert, en ass demokratesch, e gëtt de Bierger déi musse wiele goen, wat wichteg ass, déi néideg Flexibilitéit an déi néideg Méiglechkeete fir justement senge Virstellungen Ausdrock ze ginn.
Jean-Claude Franck: Dat heescht et kënnt net wierklech zu der Diskussioun elo iwwert vläicht eng Ännerung vum Wahlgesetz. Dir sot zwar, hutt zwar och gesot an der Vergaangenheet, Dir wäert op fir iwwert esou eng Buergermeeschterwiel ze schwätzen. Et schéngt awer net esou, wéi wann elo wierklech Beweegung an deen Dossier erakéim?
Jean-Marie Halsdorf: Déi Iddi vum direktgewieltene Buergermeeschter hunn ech bruecht, well wann een eng Iddi bréngt fir ze soen déi stäerkste Partei, da kann een och soen dee stäerkste Buergermeeschter. Dat ass ee Modell dee kann ech mir gutt virstelllen, dat ass jo de Modell wéi mir en am Saarland hunn notamment. Do kënnen natierlech Situatioune kommen, wou een e Buergermeeschter huet deen eng aner politesch Faarf huet wéi de Gemengerot. Dat fonctionnéiert, dat gëtt et och an Italien. Wéi ech Iech gesot hunn, et muss ee kucken.
Dat doten ass eng Diskussioun déi ee ka féieren deen Dag wou mir déi sougenannte Reorganisation territoriale, also déi Reform vun eiser Gemengelandschaft, wa mir déi ofgeschloss hunn, kann ee sech iwwerleeën, wéi ee vläicht hei zu Lëtzebuerg eng besser Ofstëmmung kritt vun deem wat sech an de Gemenge mécht a vun deem wat sech beim Staat mécht. Datt sech hei zu Lëtzebuerg an engem klenge Land – mir si jo keen esou ee grousst Land, et géif een heiansdo zwar menge mir wäre méi grouss – ass et jo esou, datt praktesch ganz vill wat an der Chamber decidéiert gëtt, wat een nationalen Interessi huet, och mam Brëll gekuckt gëtt vun der Gemengepolitik, well ganz vill Députés maire an der Chamber sinn. Dat huet Virdeeler, an et huet Nodeeler. Dat muss een eng Kéier ofweien wat besser ass, mä déi Diskussioun muss eng Kéier gefouert ginn.
Jean-Claude Franck: Dir wollt se jo eigentlech scho méi fréi féieren, am Kader vun där Territorialreform och um Enn vun der leschter Legislaturperiod. Dee Punkt do ass ausgeklammert ginn, dee vum duebele Mandat zum Beispill. Wéini soll dee Punkt an ärer Optik dann elo erëm relancéiert ginn?
Jean-Marie Halsdorf: Esou wéi et am Regierungsprogramm och dës Kéier steet, mir sollen dee Programmpunkt do diskutéieren wann déi sougenannte Reorganisation territoriale ofgeschloss ass.
Jean-Claude Franck: Dat heescht 2017, bleift et bei deem Kalenner?
Jean-Marie Halsdorf: Dir wësst, datt ech jo eng Bestandsopnam gemaach hu vun deem wat geschitt ass bis elo. Ech hu manifestement festgestallt, datt déi Moyenen déi mir haut hunn, datt mir et mat deenen net packen. Dofir fir elo de Point ze maachen, wëll ech éischtens déi neigewielte Gemengeréit respektiv Schäfferéit uschreiwen a si biede mir een Avis motivé ze maachen, wéi si hir Gemeng gesinn an den nächste Joren. Op Basis vun deenen Avisen kucke mir da wéi ee kann eng staark Gemengelandschaft kréien, op Basis vun deene Prémissen déi mir eis ginn hunn an zwar am ländleche Raum Fusiounen unzestriewen wou 3000 Bierger eng Borne ass, et ass keng absolut Borne, mä et geet eis jo drëm méi staark Gemengen ze kréien. Dorop hinn wëll ech eng sougenannte Taskforce, dat heescht Leit déi een neutrale Charakter hunn mol an d'Gemenge schécken, fir d'Biergerinnen an d'Bierger méi mat anzebannen, well ech fannen d'Initiative vun eise Bierger, d'Biergerinitiativen déi ass wichteg an déi mussen och hei zur Sprooch kommen.
Well de Referendum jo een Element ass, dat incontournabel ass, do komme mir net derlaanscht, mir hunn d'Charte vun der Autonomie communale ënnerschriwwen an déi obligéiert vier enger Ännerung vun der Grenz vun enger Gemeng ee Referendum ze maachen. Also d'Reegele si kloer. D'Reegele si grad esou kloer, datt näischt vun uewen erof erzwonge gëtt, mä et muss ee mat de Leit schwätzen. Et muss een op d'Leit zougoen an da gesi mir jo wat sech da mécht.
Jean-Claude Franck: Mä dat heescht den Datum vun 2017 ass net méi onbedéngt sécher, datt et bis dohin ofgeschloss ass, wann ech Iech elo richteg verstinn? Dir sot d'Moyene ginn net duer.
Jean-Marie Halsdorf: Ech si gewinnt ee Schrëtt no deem aneren ze goen. Déi Moyenen déi ech elo hunn, versichen ech de Maximum erauszehuelen. Enn 2013 maachen ech de Point an da gesinn ech ob dee Modell dee mir elo hunn, ob dat duergeet fir 2017 do unzekommen wou mir ukommen oder wat mir musse maachen fir dann unzekommen oder wat mir net maachen, fir dann net do unzekommen.
Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir wësst och nach net ob et bei 71 Gemenge bleift, déi Dir Iech virgestallt hat enger Cartologie no, déi 2017 nach soll Rescht bleiwen zu Lëtzebuerg, no enger Partie Fusiounen. Déi Zuel 71, ass dat eppes wou Dir dru festhaalt oder kann dat och herno ganz anescht goen?
Jean-Marie Halsdorf: Mir hunn eng sougenannte Cartographie gemaach, op Basis, dat ass ganz wichteg, vu landesplanereschen Iwwerleeungen. Well eist Land ass ee Ganzt an et muss een och kucken, datt een all Eck vum Land d'selwecht opgestallt kritt an zwar esou, datt all Bierger, egal wou en am Land wunnt, ee Recht huet déiselwecht Leeschtung ze kréien zu engem vergläichbare Präis. Dat geet nëmme wann d'Gemengen ähnlech opgestallt sinn an dofir hate mir dann déi landesplaneresch Matrice benotzt fir do een Equiliber ze siche.
Mir hu festgestallt, datt manifestement alleng déi landesplaneresch Iwwerleeungen net duerginn, well si net de Sensibilitéite vun de Biergerinnen a Bierger Rechnung droen, well hei si mir an der Proximitéit an hei spillen och ganz vill lokal an aner Elementer déi een net ka mat landesplaneresche Formele léisen. Dofir versiche mir elo an där Diskussioun, déi mir an den nächste Méint wëllen um Terrain maachen, deenen aneren Iwwerleeunge Rechnung ze droen. Do gëtt et zum Beispill a Gemengen Uertschaften déi méi op déi eng Säit tendéieren oder méi op déi aner.
Et gëtt dat gutt Beispill, wat ech scho gesot hunn, wou mir ugestrieft hunn fir Dippech mat Reckeng zesummen ze bréngen, wat landesplaneresch géif Sënn maachen. Da géif een dee Raum, dee ländleche Raum géif een equilibréiert kréien. Or, wéi mir do waren hu mir déi Diskussioun geféiert. Do huet eng gewielte Persoun mengen ech vu Reckeng gesot, et géif dach méi Sënn maachen, datt mir géife mat Monnerech eppes maachen, da kéinte mir Monnerech stäerken a si géifen eis stäerken. Dat mécht och Sënn. Da kritt Dir effektiv, da si mir scho méi am urbane Raum oder am städtesche Raum, kritt Dir eng staark Gemeng Monnerech oder da géift Dir eng staark Gemeng Monnerech kréien, wann Dir esou eppes géift ustriewen, déi ländlech oder räimlech gekuckt kéint déi grouss Gemenge vu ronderëm géigenequilibréieren. Déi grouss Gemenge ronderëm dat ass zum Beispill da Suessem, Esch oder Schëffleng.
Datselwecht ass geschitt am Fong geholl och zu Käerjeng. A sech hu mir staark Gemengen am ländleche Raum ugestrieft, mä zu Käerjeng hu mir elo eng staark Gemeng kritt am städtesche Raum oder am rurbane Raum, well Käerjeng ass elo au même Niveau praktesch kann ee soen, iwwert 10000 Leit, wéi Péiteng a wéi Déifferdeng an esouguer och nach Suessem, dat heescht dee Raum as do raimlech equilibréiert. Dat ass och een Zil.
Dofir déi raimlech Entwécklung vun eisem Land, déi staark Gemengelandschaft mécht sech ëmmer op zwee Niveauen. Am ländleche Raum bei 3000 Leit an am städtesche Raum bei 10000 Leit. Nach eng Kéier, dat sinn déi Zuelen déi däerf een net absolut kucken, et geet drëm fir Equilibren ze kréien a fir eben eng kohärent Struktur ze kréien, déi eben an deene groussen Erausfuerderungen déi haut op eis zoukommen – an et kommen der ëmmer nees neier dobäi, et gëtt alles méi komplex – fir deenen entgéint ze kommen. Kuckt zum Beispill, ech wëll jo d'Tutelle änneren. Dat heescht d'Gemengekontroll.
Jean-Claude Franck: Do wollt ech nämlech elo hikommen och bei d'Distriktskommissariater zum Beispill.
Jean-Marie Halsdorf: Voilà. D'Gemengekontroll, komm mir fänken domatt un, dat ass jo eng Tutelle. Haut gëtt praktesch alles wat am Gemengerot deliberéiert gëtt, wou eng Deliberatioun geholl gëtt - net alles, mä 70% vun den Akten – kommen an de Ministère an da kréien déi d'Approbatioun. Dat ass keng Simplification administrative, et ass schwéierfälleg, mä et kënnt aus enger Zäit wéi eben eis Gemengen entstane sinn. Dofir hunn ech gesot, an der moderner Welt vun haut muss et méiglech sinn sech anescht opzestellen. Dofir wëll ech elo an Zukunft aus der Approbatioun wat d'Regel war eng Approbatioun maachen als Ausnam. An d'Regel soll ginn eng sougenannten Notifikatioun. Dat heescht si deelen eis mat, an engem gewëssenen Delai, deelen si eis dat mat, dann huele mir Rechnung dovun, mir hu vläicht e puer Deeg Zäit fir drop ze reagéieren a wann do kee Problem ass, da leeft dat. Dat heescht, mir responsabiliséieren déi eenzel Gemengeréit, si huelen hir Decisioun a si kënnen se direkt ëmsetzen. Ee klengen Délai just fir ze kontrolléieren, point.
Jean-Claude Franck: Wéini soll dat konkret ginn?
Jean-Marie Halsdorf: D'nächst Joer am Fréijoer.
Jean-Claude Franck: Dat heescht do kënnt ee Gesetzesprojet…?
Jean-Marie Halsdorf: Ee Gesetzesprojet wou ech dat do wëll maachen. An da geet dat och vill méi séier, dat ass eng Simplification administrative, et geet méi séier. Wann ee Problem ass, kann ee mateneen dialogéieren a wann een net eens gëtt, geet ee virun den Tribunal administratif. Also dat ass déi modern Strukturen déi mir hei zu Lëtzebuerg hunn gutt benotzt, well wéi dat do existéiert huet fréier, d'Tutelle, d’ass keen Tribunal administratif ginn an esou weider. Mir benotzen also déi nei Instrumenter a gi méi effizient, mä, an elo kënnt et, da muss ech awer och eng Gemeng hunn, déi administrativ, am technesche Beräich, am finanzielle Beräich an am administrative Beräich esou opgestallt ass, datt si och kann Deliberatiounen huelen déi hieb- und stichfest sinn, wou mir herno net nach mussen nofueren. A wahrscheinlech gëtt et méi schwiereg fir eng kleng Gemeng do matzehale wéi fir eng grouss. An dat ass ee weidert Argument fir z'erkläre firwat datt mir déi grouss staark Gemenge brauchen. An ech soen et nach eng Kéier: wësst Dir ech kéint mir et einfach maachen an elo soen, looss si gewäerden, dat geet schonn. Ech maache mir hei jo am Fong geholl méi Aarbecht.
Jean-Claude Franck: Si wëlle jo och net datt et esou weidergeet, d'Gemenge selwer fuerdere jo och Ännerungen an all deenen do Beräicher.
Jean-Marie Halsdorf: Also verschiddener fuerderen der, mä et si verschidde Brëllen déi si unhunn. Deen een huet esou ee Brëll un, deen aneren een aneren. Mir geet et drëm, an ech hunn net scho gesot an ech soen et och nach eng Kéier hei, ech soe wierklech deene Gemenge besonnesch aus de ländleche Raim vum Norde vum Land Merci fir d'Versteesdemech. An Dir hutt jo gesinn, do fonctionnéiert dat elo wonnerbar. Mir hunn vill Gemengen déi schonn déi leschte Kéier fusionéiert haten, notamment Wëntger a Rammerech. Elo hu mir jo mat der Gemeng Klierf, mat dem Park Housen, hu mir nei Gemengen an ech hoffen an ech wënsche mir, datt och déi aner Géigende vun eisem Land, ob dat de Westen ass oder den Osten oder den Zentrum, datt déi och verstinn, datt een nom Motto zesumme si mir staark, déi Servicer, déi Erausfuerderungen déi op eis zoukommen besser ka léisen.
Jean-Claude Franck: Ech hat virdrun d'Distriktskommissariater genannt, de Kongress vun de Gemengepolitiker hat d'lescht Joer d'Ofschafung vun deene Kommissariater verlaangt an datt déi Leit sollen an de Ministère integréiert ginn, ass dat eppes wat Dir maacht an wéi wäit sidd Dir an deenen Iwwerleeungen?
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass och eng vun de Fuerderungen, net nëmme vum Syvicol, et ass och eng Fuerderung vun der Spezialkommissioun, iwwert d'Reorganisation territoriale. An dat ass och een Element wat ech an deem Dokument wat ech 2005 ausgeschafft hunn iwwert eng Reform am Fong geholl vun eise Gemengen hei zu Lëtzebuerg, et ass och ee Bestanddeel vun deem Dokument. Esou datt et kloer ass, et kann och do net esou weidergoen, wéi et elo ass. Dat wëllt net heeschen, datt et elo net gutt fonctionnéiert, well eis Dikstriktskommissariater maachen eng gutt Aarbecht, si berode ganz vill Gemengen. An an deem Sënn ze soen, mir schafe si of well si näischt bréngen, dat ass falsch
Jean-Claude Franck: D'Gemenge soe jo et wär eng duebel Kontroll an dat géif alles méi schwéierfälleg maachen
Jean-Marie Halsdorf: Genau do wëll ech hikommen, et ass eng schwéierfälleg Struktur an et muss een och kucken, datt een déi och an d'21. Jorhonnert kritt. Do gi mir a Richtung, wéi ech dat och schonn annoncéiert hunn, datt mir wëllen eng Verwaltung maachen, déi dann ebe regional kann och ee Büro hunn, mä et gëtt am Intérieur eng Verwaltung, déi dann eben hëlleft an dem Coaching vun de Gmengen an an der Proximitéit nees eng Kéier och an der Berodung an doriwwer eraus dann och nach an deem Contrôle oder an där Fonction contrôle oder contrôle de légalité, awer och kënnen eng Hand mat upaken. Well et si Beräicher wéi vun den Taxen, do musse mir weider de Contrôle hunn. PAP a PAG, dat si Beräicher déi hunn net nëmmen eng lokal Connotatioun, mä déi hunn och eng regional voire eng national Connotatioun an dofir muss een do och weider eng Approbatioun héichhalen. Wat de finanzielle Beräich ugeet, do geet et drëm och Strukturen ze kréien am Beräich dunn dem Contrôle budgétaire an am Contrôle financier, fir och do Strukturen ze maachen esou wéi mir se elo bei der Chamber hunn, mat enger Cour des comptes. Wa mir an déi Richtung ginn, kënne mir och déi Decisioune vun de Gemengen dann esou regelen, datt se och net méi mussen approuvéiert ginn. Si ginn dann herno nach just a posteriori kontrolléiert an do ass keen a priori Contrôle dann noutwenneg.
Jean-Claude Franck: Et soll jo allgemeng eng Reform vun de Gemengefinanze gemaach ginn, dat ass jo eppes wat scho laang an der Diskussioun steet, wat scho vun Ärem Virgänger ugestrieft gouf. Do ass allerdéngs nach net vill geschitt. Dir gouft scho mol zitéiert mat de Wierder Dir wéilt elo Gas ginn an deem Beräich, dat ass awer elo och schonn erëm eng Zäitchen hir. Wéi geet et elo virun domat?
Jean-Marie Halsdorf: Konkret ginn ech Iech Recht, ass nach net vill geschitt, mä dat ass och eng komplex Matière. Mir sinn am gaangen eng Radiographie ze maachen a mir hunn eis als Zil ginn déi Radiographie bis Mäerz 2012 duerch ze hunn. Et geet drëm am Fong geholl eng Analyse ze maachen vun de Stäerkten a vun de Schwächten vun der Gemengelandschaft en fonctioun vun de Fusiounen déi sech maachen, en fonctioun vun de sougenannte Centres de développement et d'attraction déi déi eenzel Gemenge solle kréien, laut Landesplanung. Da gëtt also gekuckt, wat muss wouhinner kommen an d'Iddi ass déi fir ee Benchmarking ze maachen, eng Typologie vu Gemengen. Dat do ass eng Gemeng vun deem Typ, déi muss déi Sue kréien an esou weider an esou fort. An dofir hu mir missen déi Bestandsopnahm maachen, fir mol ze gesi wat lass ass. Et gëtt ëmmer gesot zum Beispill d'Gewerbesteier wier volatil. Dat stëmmt. Si ass volatil an och den FCDF deen ass och volatil. Dat ass de sougenannte Fonds communal des dotations financières. Mä den ICC ass méi volatil wéi dat anert. Mir hu Saachen do festgestallt déi mir vläicht scho wëssen, mir mierken och, datt d'Recettë vum Staat an d'Recettë vun de Gemengen d'selwecht volatil sinn, dat si Saachen déi mir gesinn hunn, mir hu gekuckt zum Beispill wéi d'Gemenge finanzéiert ginn. Wa si bis Ufanks den 80er Joere knapps 200 Milliounen Euro kritt hunn, kréie si elo 1,6 Milliarden Euro, dat heescht 8 mol méi Suen. Ok d'Liewen ass méi deier ginn. Dat sinn awer Saachen déi ee feststellt.
Jean-Claude Franck: De Staatsbudget ass och an där Zäit däitlech gewuess.
Jean-Marie Halsdorf: Voila. An et stellt een och fest zum Beispill, datt d'Subventiounen immens an d'Lut gaange si vun 1998 bis 2009, duerch d'Maisons relais, duerch de Pacte logement. Also all déi Saache muss een hunn an da kann een och dann déi éischt Conclusiounen zéien. An ech hätt gär objektiv, praktesch wëssenschaftlech ersichte Conclusiounen. Mir stelle fest, datt 54% vun den Depense vun de Gemenge gi just a Missions originaires. Déi aner 46% kënnen d'Gemenge benotze fir hir Spezifizitéiten ze maachen, dat heescht facultativ Missiounen ze erfëllen, wat och gutt ass. Mä do gesäit ee mol, do kritt ee mol een objektiivt Bild an da muss ee kucke wat een da mécht fir ebe méi Gerechtegkeet an dee System ze kréien. Ech stelle mir och vir, datt deen neie System net vun haut op mar kënnt. Dee muss mat Iwwergangsbestëmmunge gemaach ginn. Wat d'Gemenge brauchen, dat ass eng besser finanziell geséchert Ausriichtung vun deem wat si maachen. Heiansdo kréie si méi, heiansdo kréie si manner wéi si denken. Do ass eng gewësse Volatilitéit do.
Jean-Claude Franck: Méi Stabilitéit einfach.
Jean-Marie Halsdorf: Si brauche méi Stabilitéit an dat si mir am gaangen ze kucken. An dofir géif ech am léifsten an Zukunft sougenannte Kompetenzsocklen aféieren oder Kompetenzberäicher aféieren a soen, wa si déi Kompetenzen hunn, da kréie si déi Suen. An dat Ganzt sollt an engem sougenannte Code communal opgefouert ginn. An all déi Aufgaben, all déi Missiounen déi am Code communal sinn, dat si Gemengemissiounen. An all déi Missiounen déi net am Code communal sinn, dat si keng Gemengemissiounen. An déi déi am Code communal sinn, déi si finanziell ofgedéckt an déi déi net dra sinn, si finanziell net ofgedeckt. A wann een eng dranhëlt, da muss ee kucke wéi een dat regelt. Esou stellen ech mir dat vir. Mä dat ass nach Zukunftsmusek. An dat si Saachen, kuckt mol wéi laang hei zu Lëtzebuerg déi meescht Reforme sech maachen. Huelt zum Beispill d'Reform am Rettungswiesen, do diskutéieren mir [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Op déi mir nach ze schwätze kommen.
Jean-Marie Halsdorf: Voilà do diskutéiere mir och scho Joren, awer mir kommen och do sérieux weider, dir wäert gesinn. Lëtzebuerg ass nu mol ee Land wou vill am Konsensus gemaacht gëtt, well mir no beienee sinn, versiche mir dann eben ee Schrëtt nom aneren ze maachen an dat geschitt och an de Finanzen. Well et komplex ass, sinn ech vläicht nach net esou gutt weiderkomm wéi ech wéilt, mä et ass awer och esouvill do nozekucken, ze rechnen, ze vergläichen, dofir hu mir jo och d'Banque centrale hei vu Lëtzebuerg mat ageschalt, déi beroden eis an déi paken eng Hand mat un, datt mir dann eben do weiderkommen. Ech ginn dovun aus, datt mir bis an d'Fréijoer d'nächst Joer wäerte kënnen éischt Elementer op den Dësch bréngen fir eng Ausriichtung ze maache wéi mir wëllen eis Gemengefinanzen an Zukunft ausriichten.
Jean-Claude Franck: Stéchwuert elo vun de Gemengefinanze fir 2012, also vun der Budgetspolitik vun de Gemenge fir d'nächst Joer. Dir hutt eng Circulaire gemaach, dir hutt d'Gemengen opgefuerdert virsiichteg Budgetspolitik ze maachen. Dat kritt eigentlech méi Urgence nach wann een elo déi nei Statec-Previsioune vun dëser Woch kuckt, déi wierklech däitlech no ënne revidéiert goufen, dat huet jo och nees een Impakt op d'Gemengen, déi da mat engem gewëssene Retard och vläicht manner Recettë kréien. Hutt Dir am Regierungsrot gëscht doriwwer geschwat? Ass dat een Thema gewiescht, datt d'Gemenge vläicht nach eng Schrauf méi mussen undréinen?
Jean-Marie Halsdorf: D'Visioun vum Ministère par rapport zu der Gestioun vun de Gemengefinanzen géif ech soen zeechent sech doduerch aus, datt si konstant déiselwecht war. Mir hunn ëmmer Virsiicht préchéiert, och viru 5-6 Joer wou mir och Plusvaluen haten, hu mir gesot si sollen ee sougenannte Fong opmaachen an déi Suen dorasetzen. Dat hu mir och dës Kéier gesot, well et weess een net wéi et weidergeet.
Jean-Claude Franck: Dat ass awer och net iwwerall geschitt.
Jean-Marie Halsdorf: Autonomie communale. Ech hätt léiwer et géif iwwerall geschéien an ech soen Iech, ech hu kee gutt Gefill fir dat wat sech de Moment am Finanzberäich hei an Europa deet. A wann ech Buergermeeschter wär an ech war et jo mol eng Kéier, wär fir mech ganz kloer Prudence de Mot d'ordre. Ech géif effektiv déi Suen déi dëst Joer méi erakommen, et komme jo praktesch 150 Millioune méi era wéi budgetiséiert waren, mir soen, déi Suen déi Dir als Gemeng da kritt vun deem Stéck vum Kuch, setzt deen net nees direkt als eng Depense an mä halt Iech déi als Reserve. Also ech mengen, datt dat net falsch wär dat haut ze maachen.
Jean-Claude Franck: Wa mir bei Finanze sinn, dann ass och iergendzwousch de Waasserpräis an där Logik dran. Et ass jo eng Diskussioun déi scho laang am gaangen ass. Duerch d'Ëmsetze vun enger europäescher Directive musse verschidde Critèren erfëllt ginn, ënnert anerem och de Käschtendeckungsprinzip. Trotzdem ass d'Diskussioun nach net eriwwer, well deen harmoniséierte Präis net jiddwereen zefridde stellt a well och nach ëmmer an de Gespréicher vun engem eenheetleche Präis fir d'ganzt Land geschwat gëtt. Wéini wëllt Dir déi Diskussioun endlech ofschléissen, esou datt d'Gemengen zefridde sinn an och d'Bierger?
Jean-Marie Halsdorf: Dat doten, wann Dir Iech dat do Zil setzt, wat Dir mir elo wëllt hei an de Mond leeën, da wësst Dir, datt et schif geet, well Dir kritt keng Situatioun wou jiddwereen zefridden ass. Dir musst jo wësse wou mir hierkommen. Mir hunn 116 Gemengen nach elo bis op den 1. Januar, da sinn et der nach 106. Mä esou wéi mir 116 Gemengen haten an 106 wäerten hunn, hate mir och esouvill Waasserpolitiken, bis eben dat neit Waassergesetz komm ass. Well jiddwereen huet säi Waasserpräis respektiv seng Käschten vum Ofwaasser a vum Drénkwaasser deelweis subventionéiert. Deen ee méi, deen anere manner. Dofir hate mir dann déi verschidde Präisser. D'Iddi vun der Kommissioun fir de Länner ee reelle Waasserpräis opzedrängen, dee sech un de Käschten orientéiert déi een huet, fannne ech richteg. Ech sinn 100%eg do hannendrun, well dat ass eng laangfristeg nohalteg Iwwerleeung déi ech guttfannen. Waasser ass dat wichtegst Gutt wat mir hunn [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Mä am Detail gëtt et do awer wierklech nach verschidden [gëtt ënnerbrach]
Jean-Marie Halsdorf: eng nohalteg Politik ass do erfuerderlech. An dofir muss een da kucke wéi een dann eben déi Equatioun déi virdrun 116 Variabelen huet, wéi een déi da kann ëmsetzen an eng Equatioun wou praktesch nach just eng Variabel dran ass. Dofir hat ech ee Rechemodell de Gemenge virun engem Joer zoukomme gelooss an ech hat si gefrot, fir datt si mir sollen hire Käschtepunkt dee si hu matdeelen, fir datt mir da kënne rechne wéi déi Waasserpräisser sech géifen dann artikuléiere fir hir Gemeng.
Jean-Claude Franck: Krut Dir dann do vill Réckmeldungen? Well Dir hat eng Kéier gesot, datt do eng Partie Gemengen sech eigentlech d'Material net geliwwert hätten.
Jean-Marie Halsdorf: Ma do bedaueren ech effektiv, datt bis op den Dag vun haut nach 21 Gemengen nach ëmmer net deen Tableau erageschéckt hunn, deen eis et géif erméiglechen no deem Modell dee mir hinne virgeluecht hunn, hire Waasserpräis auszerechnen. Dat ass net gutt. Dat ass esou. Mir hate jo och d'lescht Woch déi Diskussioune beim Sommet vun der Agrikultur an ech bedaueren och, datt nach praktesch 78 Gemengen oder 76 Gemenge keng Differenzéierung maachen an de Waasserpräisser. Dir wësst jo, datt och gesot gëtt et misst een 3 Beräicher definéieren, ee Beräich fir Privatpersounen, ee Beräich fir d'Industrie a fir d'Landwirtschaft. A mir haten dat och esou prekoniséiert an eise Modell huet och esou fonctionnéiert, datt de Präis fir déi meescht Gemenge sech esou géif artikuléieren, datt fir d'Baueren géif ee Präis kommen ëm 1 Euro bis 1,40 - 1,50 Euro fir de Waasserpräis, den Drénkwaasserpräis.
Jean-Claude Franck: Elo soen d'Baueren awer dat d'Gemengen dat awer net all esou applizéieren.
Jean-Marie Halsdorf: Genau dat ass de Punkt. An dofir hunn mir de Point gemaach [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Wat wëllt Dir dann do ënnerhuele konkret?
Jean-Marie Halsdorf: Ma ech wëll nach eng Kéier a 6 Méint de Point maachen, dat heescht am Fréijoer hu mir nees ee Sommet. An da gesi mir inwiefern d'Gemengen do lo weider op si zouginn oder net. Ech hu Versteesdemech datt et de Moment nach net esou ass, well jo op ville Plazen nei Gemengeréit komm sinn an dofir si verschiddener déi hu gezögert fir eben elo deen neie Modell ëmzesetzen. Ech ginn dovun aus, datt déi nei Gemengeréit dat wäerte maachen. Ech wäert och an den nächsten Deeg, wann elo d'Gemengeréit alleguerte vereedegt sinn – et sinn nach 5 Stéck wou mussen d'Buergermeeschteren an d'Schäffen an de Ministère kommen – an dann och nach herno d'Gemengeréit vereedegt ginn. Wann dat geschitt ass, schreiwen ech eng Circulaire nach eng Kéier un d'Gemenge fir si nach eng Kéier ze froen, si solle sech wann ech gelift un deem Modell orientéieren, déi mir hinne virgeluecht hunn. Dann hu mir schonn eng gewësse Gerechtegkeet am System. An da kënnt jo d'Fuerderung déi a mengen Aen och berechtegt ass, fir am Fong geholl ee Prix unique unzestriewen.
Jean-Claude Franck: Deen och Är Partei mol selwer am Wahlprogramm stoen hat.
Jean-Marie Halsdorf: Dee vill Leit an de Raum setzen, mä ech soen ustriewen. Well dat ass ee Prozess dee muss een esou maachen, datt een do och Gerechtegkeet drakritt. Well wann Dir vun haut op mar op eng Kéier sot, de Präis ass am ganze Land d'selwecht, da sinn déi déi gutt geschafft hunn, déi kréien hir Investissementer net esou unerkannt, wéi déi déi näischt gemaach hunn an dat wëll ech net. Ech hätt gär, datt jiddwereen ongeféier deeselwechten Niveau huet an da kënne mir dat maachen.
Jean-Claude Franck: Dat heescht, dat ass näischt fir dës Legislaturperiod méi?
Jean-Marie Halsdorf: Dat muss ee kucke wéi den Dossier evoluéiert, wéi d'Investissementer sech maachen an da kann een do dann déi Decisiounen zéien.
Jean-Claude Franck: Bei de Bauren, 1 Euro de Meter cube. Wann elo gewosst ass, datt d'Gemengen dat net all maachen, firwat maacht Dir elo net eng Circulaire, ee Bréif un d'Gemengen, wou Dir si elo direkt schonn opfuerdert dat ze maachen oder geet dat wéinst der Autonomie communale net?
Jean-Marie Halsdorf: Ech hunn dat elo grad gesot, datt ech dat géif maachen esoubal déi nei Gemengeréit [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: A 6 Méint hutt Dir gesot, géif de Point gemaach ginn.
Jean-Marie Halsdorf: Nee ech hu gesot, esoubal wéi déi nei Gemengeréit forméiert sinn, ech hu gesot et sinn der nach 5 déi mussen agfouert ginn, da schécken ech eng Circulaire. An da maache mir a 6 Méint beim Sommet vun der Agriculture, maache mir nach eng Kéier de Point inwiefern sech elo an de 6 Méint, déi Gemengen déi mir elo ugeschriwwen hunn dann an déi Richtung gaange sinn wéi ech si dat elo froen. Also dee Bréif dee geet nach viru Chrëschtdag eraus, well ech ginn dovun aus, datt ech an 1-2 Woche spéitstens déi lescht Vereedegunge maachen. Dann hu mir se alleguerten eran an da geet et lass.
Jean-Claude Franck: Allgemeng huet een den Androck, datt eigentlech an Ärem Beräich dacks gewosst ass wat muss gemaach ginn, mä datt et vläicht och un den néidege Leit iwwerhaapt an ärem Ministère feelt, fir all déi vill Chantieren déi ustinn, déi vill Fuerderungen déi un Iech gestallt ginn, fir dat ëmzesetzen. Hutt Dir eigentlech am Ministère déi richteg Moyenen?
Jean-Marie Halsdorf: Do misst Dir mir konkret soe wat Dir wëllt uschwätzen, da kann ech och konkret eng Äntwert ginn.
Jean-Claude Franck: Mir hunn eng ganz Partie Beräicher elo ugeschwat, mir wäerten och nach bei de Rettungsservicer Saachen uschwätzen, wann een och iwwert Gemengefinanzen oder esou schwätzt. Et ass zanter Joere scho gewosst, e bëssen a wéi eng Richtung et soll goen, mä et dauert ebe bei der Ëmsetzung. Kann dat och dru leien, datt am Ministère einfach net genuch Leit sinn, datt der vläicht méi am Intérieur, datt do méi Beamte misste schaffen?
Jean-Marie Halsdorf: Ech mengen net, datt dat de Problem ass. De Problem ass, datt mir hei zu Lëtzebuerg, ob dat gutt ass oder schlecht ass, villes wëllen am Konsens maachen. A wann een am Konsens et mécht, da geet dat net esou séier an den Däiwel läit am Detail. An ech mengen net, datt et dorun hänkt, datt déi Leit am Ministère net gutt wären oder net zu genuch wären. Et ass een ëmmer frou wann ee méi Leit kritt. Mä ech mengen awer datt dat net den Haaptgrond ass. An de Grond ass och net bei mir, datt ech elo géif do vill soen an näischt maachen, de Grond ass wierklech deen, datt den Däiwel am Detail läit a wann een ee Modell mécht da muss e sëtzen. Kuckt ee gutt Beispill ass do mengen ech d’Gesetz iwwert den Aménagment communal vun 2004. Dat ass relativ séier duerchgezu ginn an duerno hate mir Misère.
Jean-Claude Franck: Dat ass 2005 schonn erëm iwwerschafft ginn.
Jean-Marie Halsdorf: Do hunn ech et missen iwwerschaffen well jo do ee Blockage war an elo hu mir awer ee Gesetz gemaach, och an der Diskussioun mat de Leit um Terrain a mir hunn nee ganz gutt Gesetz gemaach. Dat soe vill Leit um Terrain. Mir hunn et och mat hinnen ausgeschafft. Mir haten et elo an der Chamber presentéiert. Déi meescht Deputéierte ware ganz zefridde mat der Ausriichtung wéi mir et elo gemaach hunn. Do hu mir och effektiv 4 Joer dru geschafft, bis dat stoung, mä elo ass et gutt. An esou soll een dat maachen an datselwecht wäerte mir och maachen notamment beim Gesetz iwwert d'Pompjeeen an iwwert d'Protection civile, iwwert eist Rettungswiesen zum Beispill.
Jean-Claude Franck: Ee Sujet op dee mir dann ze schwätze kommen am zweeten Deel vu Riicht eraus. Elo awer ass et Zäit fir d'Neiegkeeten.
[Noriichteniwwerbléck]
Jean-Claude Franck: A bei eis as nach ëmmer den Innen- a Verdeedegungsminister Jean-Marie Halsdorf a mat deem schwätze mir elo iwwert d'Reorganisatioun vun de Rettungsservicer. Eng Reform op kommunalem Niveau déi zimlech wichteg ass an och ee Beräich op deem och zimlech groussen Drock schonn op Iech war an de leschte Joren, well och d'Acteuren um Terrain einfach gesot hunn, elo muss eppes geschéien. Et sinn eng Partie Saache geschitt. Dat lescht wat Dir gesot hutt as, datt bis de Summer 2012 ee Gesetzesprojet do wier. Sidd dir esou wäit mat den Aarbechten am Timing, datt Dir dat kënnt realiséieren?
Jean-Marie Halsdorf: Also eppes ass kloer, am Beräich vum Rettungswiesen gëtt et hei zu Lëtzebuerg Handlungsbedarf. Dofir ass och 2004 ee Projet de loi gestëmmt ginn an der Chamber, deen déi sougenannte Médico-Sapeur ageféiert huet, dat heescht datt d'Leit gesondheetlech op der Héicht sinn an deen d'Formatioun an de Virdergrond gestallt huet.
Mä en huet awer net dat fäerdeg bruecht wat mir elo am gaange sinn drun ze schaffen, fir ee Rettungswiesen hei zu Lëtzebuerg ze kréien. Dofir hu mir do och vill Aarbecht um Terrain musse maachen, eng Bestandsopnam fir ze kucken em wat et geet, an eben een Timinig deen ech mir ginn hunn. Deen Timing gesait esou aus: viru gutt engem Joer hu mir dat Ganzt lancéiert, elo hu mir Aarbechtsgruppen an d'Liewe geruff an zwar a 6 Beräicher. Déi eng déi sollen eng Analyse maachen iwwert d'Risikoen déi et gëtt am Beräich vun de Rettungsdéngschter, dat heescht wou ka wat geschéien? Dann ass déi sougenannte Kaart opgestallt ginn vum CEPS-Instead zesumme mat deem Aarbechtsgrupp fir ze kucken: ech ginn Iech ee Beispill, zu Schengen ass een Tunnel. Wann deen Tunnel net zu Schengen wär, da wär sécherlech een anere Risikopotential do. Wann Dir de Merterter Hafen huelt, mat de Seveso Betriber, wou vill Saache stockéiert sinn, ass sécherlech een anert Risikopotential. An en Fonctioun vun der Situatioun an eisem Land an deene verschiddenen Plazen kuckt een eben Äntwerten ze sichen am Opstelle vu senge Potentialer. Dat ass also dat wat deen éischten Aarbechtsgrupp sollt kucken.
Deen zweeten Aarbechtsgrupp dee mir an d'Liewe geruff hunn, dee soll am Fong geholl de Statut vun deene Leit déi am Rettungswiese sinn festleeën, de Profil. Wat muss de Profil si vun engem Professionellen am Rettungsdéngscht, mir sinn am gaangen där anzestellen, och Ambulancieren, a wat ass dee vun engem Benevolen.
Deen Drëtten dee soll am Fong geholl kucken den Organigramme an d'Organisatioun vun der neier Struktur, wéi déi da soll fonctionnéieren, wéi alles do soll lafen. Ee véierten Aarbechtsgrupp dee soll sech domatt beschäftege wéi eng Moossname mir kënnen huelen a mussen huelen, fir d’Unerkennung vum Volontariat. Dee fënneften Aarbechtsgrupp dee soll nach eng Kéier kucke wou Inkohärenze sinn, Préventioun an Planifikatioun. Wéi kënne mir dat Ganzt plangen. An nach ee leschten hu mir gemaach, deen déi juristesch Elementer an déi finanziell Enveloppe vun deem Ganze soll analyséieren, och wéi eng Struktur solle mir maachen, fir dat eben dat Ganzt steet. Dat heescht, datt et fonctionnéiert. Eng paritéitesch Struktur fir Staat a Gemengen déi zesummen un engem Strang zéien, een Etablissement public. Dat ass dat wat elo hei gekuckt gëtt an elo den 12. Dezember maache mir de Point iwwert déi ganz Geschichten, wou mir da kucke wou mir dru sinn a wou mir weiderkommen.
Zilsetzung ass effektiv d'nächst Joer am Summer ee Projet de loi op den Instanzewee ze schécken. Mir sinn eis all bewosst an ech sinn och frou fir déi konstruktiv Mataarbecht déi mir dobaussen hunn, well ech muss wierklech soen, all hunn un engem Strang gezunn, ob dat d'Federatioun war vun de Pompjeeën, ob dat d'Gemenge ware mam Syvicol, ob dat de Comité des sages ass, dat sinn alleguerten déi Responsabel vun der Protection civile, ob dat eis Direktioun ass, alleguerte si si dovun iwwerzeegt, datt mir ee Rettungswiese brauchen an datt mir dat och esou séier wéi méiglech musse gutt ëmsetzen, datt eng Unerkennung muss kommen.
Also ech mengen datt do ee Konsensus ass. Vun 2004, elo si mir 2011 lo si mir 7 Joer am gaang. Dat ass eng laang Zäit. Mä wa mir et awer elo fäerdeg bréngen d'nächst Joer eppes Konkretes um Dësch ze hunn, dann hu mir eppes geschafft. An dat ass och wéi et hei meeschtens zu Lëtzebuerg geet, dat dauert ëmmer e bësse méi laang, mä wann eppes dobäi erauskënnt, da sinn ech zefridden an et ass och dat wat ech ustriewen, well déi Reform déi mir hei maachen, dat ass net dem Minister Halsdorf seng Reform, dat ass d'Reform vun de Leit um Terrain. Dat heescht déi Leit um Terrain gi sech d'Moyene fir besser ze schaffen, fir gutt Äntwerten ze fannen op déi vill Erausfuerderungen, eng gutt Formatioun ze hu fir déi eenzel Leit an esou weider an esou fort an et ass dat wat mir brauchen.
Jean-Claude Franck: Zanter datt d'Leit elo an deenen Aarbechtsgruppen involvéiert sinn, d'Leit vum Terrain, ass d'Kritik vum Terrain jo och op mannst mol op Äis geluecht gi fir et mol esou ze soen. Et ass jo zanter engem Joer elo wou et jo méi roueg ass, well ebe konkret geschafft gëtt. Et ass jo een Zeechen dofir, datt et awer virugeet?
Jean-Marie Halsdorf: Also ech si kee Mënsch dee Kritik net verdréit, respektiv dee seet Kritik wär eppes Negatives. Kritik kann och den Ausdrock si vun engem Engagement an den Ausdrock vun engem Wëllen eppes besser ze maachen. An esou verstinn ech dat och an dofir sinn ech och frou, datt mir esou konstruktiv fonctionnéieren, datt net Polemik gemaach gëtt. Ech wëll dat kloer an däitlech soen, dat ass och gutt. An dofir komme mir och gutt weider an ech erwaarde mir och, datt mir deen Timing dee mir eis ginn hunn, datt mir dee kënnen halen. Ech wäert och elo deemnächst ee Règlement grand-ducal op den Instanzewee ginn betreffend déi Unerkennungen an och eng Gesetzesännerung maachen. Dat deet sech ee Schrëtt nom aneren. Et kann een net alles beienee kréien, mä mir sinn um richtege Wee.
Jean-Claude Franck: Polemik, wann Dir dat Stéchwuert scho sot, gouf et déi lescht Méint an engem aneren Dossier an zwar iwwert d'Verhale vun der Regierung, net elo rezent, mä och virun allem am Joer 2009 an den Dossiere Wickreng a Léiweng. Deemools gouf jo decidéiert, datt deen Akafszenter deen zu Wickreng geplangt war, datt dee soll op Léiweng bei den nationale Futtballstadion, an deen Akafszenter deen dohi komme soll integréiert géif ginn. Bleift Dir dobäi, datt d'Regierung an deene Fäll richteg gehandelt huet? Well Dir waart jo deemools net nëmmen Inneminister, mä och Landesplanungsminister an deemno och konkret am Coup.
Jean-Marie Halsdorf: Ech mengen hei ass och den Dossier an deem Sënn cadréiert. Et ass eng Regierungsdecisioun do, d'Regierung steet nach ëmmer hannert där Decisioun. Déi Decisioun ass awer nëmme realisabel an ëmsetzbar, wann, hei si mir jo am Aménagement communal, wann d'Gemeng d'accord ass. D'Gemeng huet eng kloer Haltung. Si maache gär ee Referendum bei hire Biergerinnen a Bierger. Si hätte gären, datt de Projet soll méi kleng ginn an da gesi mir wat do dobäi erauskënnt.
Jean-Claude Franck: Wësst Dir dann ob konkret un engem méi klenge Projet geschafft gëtt am Moment?
Jean-Marie Halsdorf: Ganz éierlech, ech hu keng Kenntnis dovun wéi dee Projet soll ausgesinn. Datt dru geschafft gëtt, géif ech bal mengen, wann ech héiere wat d'Gemengepolitiker a Politikerinne vu Réiser soen, ginn ech dovun aus, datt dat och de Fall ass. Wéi dat ausgesäit hunn ech net Kenntnis dovun. Ech si jo de Moment just doduerch befaasst, datt well et jo ee PAP ass, ee Plan d'aménagement particulier, datt d'Prozedur muss gemaach ginn iwwert den Inneminister. Mä a sech wier de Projet emol nach net bei mir gewiescht, e war héchstens an der Commission d'Aménagemment. Dat ass net beim Minister, well et gëtt eng Trennung tëscht der Commission d'aménagement an dem Minister. An de Minister dee statuéiert réischt herno wann d'Prozedur fäerdeg ass. Ech hat awer hei an d'Prozedur agegraff, well ech héieren hat et wären Onrechtméissegkeeten dran. Dat hu mir jo verifiéiert an dofir hu mir jo gesot, der Gemeng Réiser, wa si nach eng Kéier wéilt ee PAP maachen, muss se déi Prozedur nees ab initio ufänken, do wou de Feeler geschitt ass an deen ass jo geschitt deemools wou déi Persoun déi am Schäfferot war [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: d'Madame Ferro-Ruckert
Jean-Marie Halsdorf: …mat um Vote deelgeholl huet. Et ass also ganz kloer, de Ball läit bei der Gemeng, e läit och bei der Regierung, sécherlech. An et muss ee kucke wat elo dobäi erauskënnt.
Jean-Claude Franck: Dir hutt déi staatlech Commission d'aménagement ugeschwat. Am Dezember 2008 gouf et een negativen Avis vun där Kommissioun fir d'Vergréisserung vun enger Aktivitéitszone um Site zu Léiweng, wou elo dee Projet soll hikommen. De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké sot elo virun den Deputéierten an der Chamber an deenen Debatten, sot hien, ech wosst jo net, an hee war jo deemools och Sportminister an deemools engagéiert am Projet, ech wousst jo net, datt do een negativen Avis do wär. Firwat huet do an der Regierung déi Kommunikatioun net geklappt wann een dat esou gleewe kann, datt Dir als zoustännege Minister vum Intérieur, datt de Jeannot Krecké do als Sportminister net wousst, datt et do een negativen Avis gouf?
Jean-Marie Halsdorf: Ech kann Iech just dorop soen, datt déi ganz Iwwerleeungen déi Dir do féiert, datt déi sou waren oder och net esou waren, dat ass net relevant. Relevant ass wéi d'Situatioun elo ass a wat dobäi erauskënnt. Kloer ass et, datt d'Commission d'aménagement wéi si virdru fonctionnéiert huet, nom ale Gesetz, ëmmer nëmmen deliberéiert huet oder nëmme fonctionnéiert huet, wa si deliberéiert hunn. Haut hu mir eng Commission d'aménagement, déi permamnent am Amt ass, dat heescht de President an de Vizepresident plus déi 3 Leit déi an der Cellule PAP sinn, sinn ëmmer do, esou datt also do ee ganz anere Flux informationnel ass. Et ass eng ganz aner professionell Approche, well jo och do alleguerten déi Acteuren déi an engem PAP gefuerdert sinn mat agebonne ginn, vun Ufank un bis zum Schluss. Dat war mat deem ale Modell och de Fall, mä et war alles méi ponctuel, well do ware jo och dann zum Beispill den Environnement ware jo och Member an där Kommissioun. Grad esou wéi den Transport, grad esou wéi Sites et monuments. Ob dat elo doduerch war, duerch d'Opstellung vun deem Ganzen oder duerch aner Elementer, dat ass fir mech net méi relevant.
Jean-Claude Franck: Dat heescht Dir hutt den Avis och net kannt ?
Jean-Marie Halsdorf: Ech gesi keen Avis deen d'Commission d'aménagement erausschéckt. Et ass eng strikt Trennung tëscht den Avisen déi erausgeschéckt ginn an deem wat de Minister mécht. De Minister kritt Kenntnis dovun, wann d'Prozedur nom Vote definitiv ofgeschloss ass. Dat muss och esou sinn.
Jean-Claude Franck: Mä da war jo d'Gemeng eigentlech net éierlech, datt si net gesot huet, mir hunn awer elo réischt een negativen Avis kritt. Si hunn den Avis jo kritt.
Jean-Marie Halsdorf: Dir ditt mech elo nees eppes hei oprullen, dat a sech scho kale Kaffi ass. Ech weess net ob dat Iech elo Freed mécht, mir mécht et net terribel vill Freed, mä ech soen Iech dat dann awer nach eng Kéier. Et ass esou, datt deen Avis dee geholl ginn ass vun der Kommissioun, ass op Basis geholl gi fir eng Vergréisserung vun enger Zone d'activité économique. An deen heiten Avis, den zweeten Avis ass geholl ginn op Basis vun enger nationaler Struktur d'importance nationale. Dat sinn zwee verschidde Puer Schong a wou do den Detail läit, ech sinn net Fachmann genuch fir den Detail ze gesinn. Ech kann awer verstoen, datt deen een Avis doduerch anescht ass wéi deen aneren. Wéivill anescht en net ass oder ass, dat ass eng aner Geschicht
Jean-Claude Franck: Et gëtt der Politik, an dat war een aneren Aspekt vun der Diskussioun, jo ënnert anerem och eng ze grouss Proximitéit zu grousse Promoteure virgeheit. Dir hutt ausgesot virun den Deputéiert, Dir wiert ni mam Promoteur Flavio Becka mam Fliger geflunn, och Är Ministerkollegen hunn esou Aussoe gemaach, datt der och keng Auer kritt hätt. Muss ee sech awer net Froe stelle wann eng hallef Regierungsbänk do muss iwwerhaapt zouginn, datt et esou Zweiwel gëtt.
Jean-Marie Halsdorf: D'Aart a Weis wéi mir do matenee fonctionnéieren, domatt stellen ech mir och Froen.
Jean-Claude Franck: Mä datt esou Zweiwel opkommen bei esouvill Ministeren, do musse jo awer och iergendwéi dann grouss Doute sinn. Wéi erkläert Dir Iech dat, datt d'Politik esou man u Credibilitéit iergendwéi huet, datt et iwwerhaapt esou wäit kënnt, datt een an enger Chamberkommissioun 6 Ministere musse Stellung huelen zu esou Saachen. Hutt Dir Iech iergendwéi eng Erklärung dorop gemaach?
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass eng Zäiterscheinung, datt haut ganz oft Schlechtes geduecht gëtt bei Saachen déi vläicht guer net esou schlecht sinn an och näischt Schlechtes geduecht gëtt bei Saachen déi schlecht sinn. Duerch de Flux informationnel dee mir haut hunn, gëtt et ganz vill Méiglechkeete Problemer unzegoen, z'iwwerleeën, an esou weider an et ass dann ze verstoen, datt dann déi eng Leit dat eent sichen, déi aner Leit dat anert. Ob dat elo gutt ass oder net gutt ass, et ass d'Zeeche vun eiser Zäit an dat gehéiert zu dem politesche Prozess wéi mir en haut am Alldag hunn.
Déi Phänomener déi Dir elo uschwätzt, déi gëtt et net nëmmen zu Lëtzebuerg, déi gëtt et an alle Länner. Mol ass et richteg, mol ass et manner richteg, mol ass eppes drun, mol ass näischt drun. Ech hu keng Erklärung firwat dat esou ass, ausser déi, datt et op der Hand läit, datt wa jiddweree sech kann expriméieren, an doduerch datt en eppes seet huet en eppes gesot an et bleift ëmmer eppes hänken, ob dat richteg ass oder net, ech bedaueren déi Aart a Weis Politik ze maachen. Ech sinn ee Mënsch deen normalerweis versicht sachlech mat Fakten z'argumentéieren. Och anstänneg ze argumentéieren. Ech sinn een deen d'Polemik haasst, mä et ass awer ee Bestanddeel vun eisem Geschäft. An et si Leit déi Spaass hunn domatt an déi kommen ëmmer nees domatt erëm, dat ass och hire Business, déi mussen och kucken, datt si zu hirem kommen. Ech kann Iech just soen, datt ech esou eng Aart a Weis mateneen ze fonctionnéieren respektiv esou eng Aart a Weis fir Prozesser weiderzedreiwen, datt ech déi wierklech net terribel fannen.
Jean-Claude Franck: An deem Kontext froen ech Iech dann nach eng perséinlech Fro, ier mir bei d'Police ze schwätze kommen, et gouf iwwert Amtsmiddegkeet vu Ministeren a vu Politiker jo vill geschwat. Elo de Jeannot Krecké hält op, de Jean-Louis Schiltz huet mat der aktiver Politik opgehalen. Am Lëtzebuerger Journal stoung, Dir wäert och amtsmidd, ass dat wouer?
Jean-Marie Halsdorf: Wann ech all Kéier misst op Saache reagéieren déi an enger Zeitung oder soss an der Press vehiculéiert ginn, dann hätt ech villes ze dinn.
Jean-Claude Franck: Et ass och wichteg, datt een awer vläicht heiansdo Saache richtegstellt.
Jean-Marie Halsdorf: Ech weess mol net wou ee kann objektiv Grënn fannen, firwat ech soll politikmidd sinn oder net sinn. Ech fannen, datt ech ëmmer mäi Maximum ginn, ech hu mech bis elo nach net geäussert no baussen datt ech an iergendenger Form wéilt d'Knëppele bei d'Tromm geheien. Ech sinn zefridde mat deem Job deen ech maachen, och wann een net ëmmer esou weiderkënnt wéi een dat gären hätt. Also ech hunn net d'Gefill datt ech politikmidd wär.
Jean-Claude Franck: Dat heescht Dir hutt och wëlles 2014 bei den nächste Chamberwahle weider ze kandidéieren?
Jean-Marie Halsdorf: Kommt Zäit kommt Rat, dat gesi mir. Am Prinzip soll ee mol déi eng Aufgab fäerdeg maachen an da kuckt een, da mécht een ee Bilan an da kuckt ee wat ee weidermécht.
Jean-Claude Franck: Schwätze mir iwwert d'Police. Dir sidd nämlech och zoustänneg fir d'Police an do stoung an der Aktualitéit eng Diskussioun iwwert d'Effektiver vun der Police judiciaire. De Procureur général Roby Biever hat kritiséiert d'PJ hätt net genuch Spezialiste fir zum Beispill a Fäll vu Finanzkriminalitéit z'enquêtéieren. Esou eng Ausso ass jo eigentlech net besonnesch positiv fir ee Land wat esou eng wichteg Finanzplaz huet wéi Lëtzebuerg ?
Jean-Marie Halsdorf: Tatsaach ass, datt d'Regierung weess, wou de Schong dréckt, och an deem heite Fall. Mir hunn an de Regierungsprogramm 2009 geschriwwen, datt mir wéilten d'Gesetz iwwert d'Polizei op de Leescht huelen. A wa mir dat maachen ass automatesch och dann eis Kriminalpolizei Bestanddeel vun deem Gesetz. Well awer wierklech Urgence ass am Beräich vun der Police judiciaire, also vun der Kriminalpolizei, hu mir een interministeriellen Aarbechtsgrupp an d'Liewe geruff, ënnert der Obhut vum Inneminister a vum Justizminister dee soll da Propositiounen ausschaffen, déi dann analyséiert ginn, wou fir mech d'Qualitéit ee wichtegt Element ass, ee mot d'ordre an ech géif och soen d'Effizienz. Dat Ganzt ass ausgeschafft ginn an enker Collaboratioun mat den Autorités judiciaires policiaires, fir eben erauszekommen aus där Situatioun. Zil ass dat éischtens no der Opwäertung vun der Police judiciaire, doduerch datt mir hinnen eng besser Formatioun maachen, datt si eng spezifesch Carrière kréien. Well haut, wéi et haut ass, ass effektiv déi Carrière net ganz sexy wann een dat däerf esou soen.
Jean-Claude Franck: Mir schwätzen hei och vu finanziellen Elementer?
Jean-Marie Halsdorf: Finanziellen Elementer an esou weider an zweetens solle si och opgewäert ginn am Organigramme selwer vun der Polizei, wou mir dann och d'Police judiciaire op den Niveau bréngen, datt am Fong geholl an engem Beräich, d'Police judiciarire ass am Fong geholl eng national Politik an do muss ee kënnen dee Constat national maachen an da gëtt alles vun der Direktioun aus decidéiert. Et ass dat wat wichteg ass.
Jean-Claude Franck: Musst Dir dann do eigentlech vläicht och un een anere Statut denke wéi dee vläicht méi rigide Statut vum Fonctionnaire?
Jean-Marie Halsdorf: De Polizist ka jo op där enger Säit an engem Commissariat de proximité sinn, et kann an engem Commissariat régional sinn an e kann an d'Police judiciaire goen an e kann och nach an d'Spezialeinheite goen, deen huet jo all Méiglechkeeten. Esou soll et och an Zukunft sinn, datt d'Poliziste sech kënnen an deene verschiddenen Niveauen aklicken. Wat mir mussen hikréien, dat ass datt d'Police judiciaire eben als national Struktur esou fonctionnéiert, datt si der Politik déi si wëll maachen, datt se déi an enker Zesummenaarbecht mécht mat den Autorités judiciaires an datt se ee Gesamtbild kritt. Dofir behale mir och weider déi sougenannte SREGen, dat sinn d'Services régionaux kann ee soe vun der Police judiciaire an Zukunft. An déi sollen dann à titre subsidiaire mat deenen aneren zesumme fonctionnéieren an et ass dat wat mir ustriewen. Well Mangel ass, hunn ech och ee Bréif beschriwwen un de Premierminister fir kënne Spezialisten, Employéen, anzestelle mat engem BAC+5 fir justement am Beräich vun der Finanzkriminalitéit fir do kënne besser weiderzekommen.
Jean-Claude Franck: Employé de l'Etat dann ?
Jean-Marie Halsdorf: Mir musse kucken, ech hunn nach keng Äntwert kritt, ech hunn dee Bréif zesumme mam François Biltgen geschéckt. Well souwisou alles wat mir am Kader vun der Police judiciaire maachen, dat ass eng Geschicht déi ech zesumme mam Justizminister maachen, déi mécht de Polizeiminister net alleng, an och zesumme mam Procureur, well deen huet zum Beispill proposéiert, fir ee Comité d'accompagnement ze maachen, wou dann Haut magistrats dra wären mam Personnel policier, fir déi ganz Prozesser ze begleeden, dat hu mir och zréckbehalen, déi ganz Iwwerleeungen och an der Direktioun vun der PJ. Esou datt ech mengen, datt mir do wierklech elo eng Aart a Weis fonnt hu fir mateneen ze fonctionnéieren, déi am Intérêt ass vun der Situatioun déi mir elo hunn.
Jean-Claude Franck: Um Mëchelsdag am September sot de Policegeneraldirekter Romain Nettgen et géif ee Problem ginn, deen ëmmer méi grouss géif ginn an zwar vu Gewalt géint Polizisten. Do wier och ee Moossnamekatalog deen un Iech gaange wär. Wéi eng Suitë gitt Dir deene proposéierte Mesuren?
Jean-Marie Halsdorf: Et sinn effektiv Verbesserungsvirschléi u mech gemaach ginn. Mir kucken elo wéi mir am Fong geholl an Zukunft déi Elementer kënnen esou zesummebréngen, datt der Situatioun ka beschtméiglechst begéint ginn. D'Violence an der Polizei, also déi ass, wéi soll ech elo soen, déi ass zu Lëtzebuerg an all Länner an der ganzer Welt, ass déi an d'Lut gaangen. Esou datt Buschaufferen attackéiert ginn, esouguer Zuchleit. Eng Kéier ass eng Ambulanz zu Nidderkuer attackéiert ginn. Ech mengen dat ass ee Phenomen, dee wësse mir. Mä dofir musse mir kucken, éischtens d'Formatioun vun de Beamten upassen, zweetens den Encadrement wa si an Operatioune sinn, jonk Leit bei méi eeler Leit setzen, déi Erfahrung hunn. Mir musse kucken datt mir Preventiounsprogrammen op d'Bee setzen, dat ass net nëmmen alleng den Inneminister, dee muss dat och da mam Familljeminister a mat anere Ministere maachen. Ech hunn allzäit d'Polizeidirektioun domatt chargéiert, nodeems mir déi Linne gemaach hunn, eben do Neel mat Käpp ze maachen, dës Mesuren also ëmzesetzen.
Jean-Claude Franck: Et gëtt awer och Gewalt vu Polizisten. Dir hutt rezent an enger Äntwert op eng Question parlementaire geschriwwen, datt et 31 Enquêten am Joer 2010 goufen, bei der Inspeciton générale de la police géint Polizisten, wou Plainte gemaach goufen, datt si gewalttäteg gi wären an hirem Beruff. Ass dat ee Problem deen och zouhëlt?
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass och een Zeeche vun der Zäit. Deen een esougutt wéi deen anere léisst sech näischt méi gefalen. Et gëtt direkt geklot, mir hunn och eng kloer Linn. Wann eppes ass chargéieren ech entweder d'IGP oder awer d'Geriichter maachen dat, de Parquet.
Jean-Claude Franck: Dat schuet awer och dem Image vun enger Police, déi jo eigentlech fir Recht an Uerdnung antriede soll, wa grad där hir Leit, mir schwätzen hei vun 31 Enquêten, natierlech net jiddwereen, mä wann awer do der drënner sinn, déi do aus der Rei danzen.
Jean-Marie Halsdorf: Dofir hunn ech jo gesot, Moossnamen déi mir wëllen elo ugräifen fir eben do méi den Duerchbléck ze kréien sinn déi, datt mir éischtens nach eng Kéier d'Formatioun vun de Beamte verbesseren, datt mir si besser operationell kënnen encadréieren, datt mir si psychologesch begleeden. Well wësst Dir, déi Leit si permanent am Stress. Polizist sinn ass haut net méi einfach. A wann een dat, ech hat schonn eng Kéier d'Méiglechkeet, nach net esou laang hir, fir eng Kéier Owes dobäi ze sinn op der Gare. Dir wësst jo et sinn 2 Plazen am Land wou et méi brennt, dat ass op der Gare a ronderëm an dann och eben zu Esch. A wann een do dobäi ass an et gesäit een déi Aarbechtskonditioune vun deene Leit, da kann ech Iech just soen, dann dinn ech den Hutt of. Well wat déi mussen do heiansdo matmaachen, dat ass net evident. An dofir mengen ech sollt een, wann een esou iwwert ee Beruffsstand schwätzt oder iwwert eng Fonctioun schwätzt wéi déi vum Polizist, soll een och dat néidegt Fangerspëtzegefill hunn, fir ze verstoen, datt déi Aufgab déi si maachen an deen Job dee si hunn, datt dat keen einfachen Job ass.
Jean-Claude Franck: En Thema deen Iech och concernéiert ass d'Videoiwwerwaachung an der Stad Lëtzebuerg. Den neie Schäfferot huet sech virgeholl, datt si dofir antrieden, datt dat net verlängert gëtt. Dir hutt awer elo ganz rezent ee Reglement grand-ducal op de Wee bruecht, deen et rëm ee Joer verlängert. Eigentlech kann d'Gemeng Lëtzebuerg, och wa si dat wëllen, net wierklech verhënneren, datt Dir als Ministère déi Videosurveillance weiderdreift an der Stad Lëtzebuerg?
Jean-Marie Halsdorf: Et muss ee wësse wou mir hei hierkommen. Mir hunn am Joer 2007 op Nofro, eng nodrécklech Nofro vun der Stad Lëtzebuerg [gëtt ënnerbrach]
Jean-Claude Franck: Déi awer elo geännert huet. Dat ass effektiv wouer?
Jean-Marie Halsdorf: Hu mir op verschidde Plazen maache mir Videosurveillance a mir kucken dann ebe wat do lass ass. D'Iddi war déi, wou vill jonk Leit sinn a wou vill Mouvementer sinn, fir do ze kucken. Dat huet sech elo iwwert e puer Joer ass dat weidergefouert ginn. D'Chamber huet mir eng Motioun ginn a gesot ech misst een Expert huelen, deen eng Analyse géif maachen. Deen Expert, den Här Bonem ass huet seng Analyse virgeluecht. Ech hunn der Chamber déi virgestallt an do sinn déi Conclusiounen dran, déi och gréisstendeels gedeelt ginn. Zum Beispill déi fir ze soe an dat stëmmt, well et ass eng Ëmfro gemaach ginn, datt d'Bierger an d'Biergerinnen duerch d'Videosurveillance oder d'Videoprotection, ech géif éischter vu Videoprotection schwätzen, wéi vu Videosurveillance, datt déi am Fong geholl d'Sécherheetsgefiller, d'subjektiv Sécherheetsgefill vum Bierger verbessert.
Jean-Claude Franck: Wat eigentlech awer, Dir sot et selwer, subjektiv, dat ass een Androck, dat heescht awer net, datt et an der Realitéit och wierklech eppes un der Situatioun verbessert?
Jean-Marie Halsdorf: Also et verbessert éischtens dat subjektiv Sécherheetsgefill vum eenzelne Bierger, wat fir de Bierger eng Plusvalue ass. Ob dat elo, wéivill dat ass a wat, dat ass eng Tatsaach. Zweetens ass effektiv festgestallt ginn, datt Verdrängungseffekter stattfonnt hunn op der Gare, net duerch d'Videosurveillance, mä doduerch, datt den Tox-in op eng aner Plaz komm ass. A wa mir haut Problemer op verschiddene Plazen hunn, huet et och vill domatt ze dinn, datt do Strukture sinn, Sozialstrukturen. Ob eng Videosurveillance präventiv wierkt oder net, do hutt Dir zwee Campen. Déi eng soen déi wierkt an déi aner soen déi wierkt net. A si hunn allenzwee Recht a si hunn allenzwee net Recht, well et ass net ze beweisen.
Dat eenzegt wat ze beweisen ass, dat hu mir a 4 Fäll fäerdegbruecht, Retraçagen. Op der Gare ass eng Persoun doutgemaach ginn, dat ass festgestallt ginn, an du konnt déi Persoun iwwerfouert ginn. Dir wësst virun e puer Méint war ee Bommenalarm op der Gare, do ass déi Persoun déi telefonéiert hat, déi war zoufälleg duerch déi Kamera gaangen, do konnt een déi och dann erwëschen.
Souwisou wéi d'Diskussioun wéi mir se féieren iwwert déi Videosurveillance oder Videoprotection, ech fannen dat net gutt. Wa mir ee System hätte wéi d'Englänner wou op all Eck eng Kamera steet, da géif ech soen, ok dat do ass net méi sérieux, dat do geet an d'Privatsphär vum Eenzelnen eran. Wann et awer esou ass wéi et bei eis ass, datt mir déi nëmme selektiv op 3 Plazen am Land, elo huele mir si esouguer um Hamilius ewech, op 2 Plazen am Land asetzen a wierklech nëmmen punktuell a wéi ech Iech elo gesot hu mat engem kloeren transparente Message no baussen, mir maachen net einfach esou datt mir do Biller huelen, mä mir maach e just punktuell op 2 Plazen am Land kucke mir dat, fannen ech dat guer net esou dramatesch. An doriwwer eraus, wëll ech och net méi interpretéieren an déi Videosurveillance wéi dat wat se ass. Well eng gutt Videosurveillance fonctionnéiert nëmmen, an dat seet och d'Stad Lëtzebuerg an dat hunn ech och ëmmer scho gesot, éischtens wann ee Polizeipatroulle mécht, zweetens wann ee sozial Mesuren hëlt, zum Beispill Streetworker op d'Plaz setzt, drëttens wann een architektural Mesuren hëlt, wéi zum Beispill Beliichtung oder Hecke schneiden an esou weider. Dat heescht dat ass een Element vun engem Package. An dofir wëll ech och net méi dran interpretéiere wéi dat wat et wäert ass.
Ech sinn der Meenung an dat hu mir kloer an däitlech vun enger grousser Majoritéit vu Biergerinnen a Bierger gesot kritt, déi mir gefrot hunn, fir si ass d'Videosurveillance eng subjektiv Verbesserung vum Sécherheetsgefill, awer och nëmme fir Insibilitéiten, mol net fir sérieux Saachen. Also nëmme fir Geschichten, wann der do Panz déck voll hunn oder wa si soss Radau maachen a Saachen. Dat heescht manifestement wann ech do dat wëll interpretéieren wat Verschiddener maachen, wat ech awer net maachen, fir ze soen dat kéint verschidde Saachen, grouss Kriminalitéit eng Präventioun vun der grousser Kriminalitéit, dat hunn ech ni gesot dat wäert ech och net soen an et ass och net d'Aufgab dovun. D'Aufgab ass déi fir op deene Plazen eng gewësse Qualité de Vie, loosse mir et mol esou nennen, fir déi do ze hunn, net méi an net manner. An dofir sinn ech och beim Status quo bliwwen an an engem Joer kënne mir nach eng Kéier doriwwer schwätzen.
Jean-Claude Franck: Et ass awer d'Fro ob déi Moyenen, déi finanziell Moyenen a personell Moyenen déi do dragestach ginn, ob een déi net integral einfach kéint an der Präventioun asetzen. Dir sot dat ass och wichteg, dann hätt Dir do méi Moyenen. Ob dat net méi bewierke géif um Terrain.
Jean-Marie Halsdorf: Dat ass eng Fro déi kann ee sech stellen. Ech sinn awer der Meenung, no deem Rapport deen den Här Bornewasser eis gemaach huet, datt dat doten een Element ass vu 5 déi am Kuerf leien an esou deier ass dat net. Wann een dat dote misst a Leit engagéieren, da géift Dir net ganz vill maachen.
Jean-Claude Franck: Et sinn awer 7 Leit déi zum Beispill fir dee System do schaffen, fir Visupol.
Jean-Marie Halsdorf: D'accord, mä déi Leit bréngen awer eng gewësse Qualité de vie an deene Raim eraus a mir musse kucken, also ech mengen et soll een d'Situatioun weider evaluéieren. Ech si kee grousse Befürworter vun enger grousser Kameraopriichtung hei am Land, datt een alles misst do elo hirennen. Ech ginn Iech ee Beispill, ech si bis elo nach bei keng Gemeng gaangen an ech wäert och bei keng Gemenge goen, fir hinnen esou ee System ze presentéieren.
Jean-Claude Franck: Trotzdem lafe Gespréicher mat Ettelbréck zum Beispill?
Jean-Marie Halsdorf: Déi Ettelbrécker hunn eis ugeschwat an ech hu meng Hausaufgaben ze maachen. Wann de Buergermeeschter vun Ettelbréck bei mech kënnt an e freet mech an e seet wéi ass dat do, da soen ech him d'Konditioune vun der Stee. An net méi an net manner. Vun den Escher ass geschwat ginn, et war nach kee bei mir. Ech hunn och ni ugeruff op Esch a gefrot, wéi ass dat domatt. Ech mengen ech maachen hei meng Hausaufgab, meng Hausaufgab ass déi fir an enger gudder Zesummenaarbecht vu Staat a Gemengen de Maximum ze maache fir eis Biergerinnen a Bierger, fir datt si eben d'Gefill kréien, datt et Liewensqualitéit ass wou si wunnen. Hei ass eng Äntwert drop. Déi eng fanne se gutt, déi aner fanne se manner gutt, déi aner fanne se schlecht. Ech si bei deenen dee fënnt, datt si sech op mannst bewäert hunn am Sënn datt ganz vill Bierger soen, si géife sech méi wuel fillen.
Jean-Claude Franck: Radio 100,7 domatt geet eis Emissioun Riicht eraus op en Enn. Mir hätten och nach gären iwwert de Volet Défense geschwat, ënenrt anerem iwwert Sënn an Onsënn vu Militärmissiounen vun enger Lëtzebuerger Arméi am Afghanistan oder am Kosovo. Déi Zäit bleift eis net, dann huele mir dat eng Kéier op enger anerer Plaz getrennt no.
Merci Jean-Marie Halsdorf op jidde Fall, datt Dir bei eis am Studio waart.
Jean-Marie Halsdorf: Ech si gäre bei Iech komm an dat anert kënne mir gär eng Kéier nohuelen.
|