Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Novembre 2011 > Marie-Josée Jacobs, invitée de l'émission "Background am Gespréich"

Interview
Marie-Josée Jacobs, invitée de l'émission "Background am Gespréich"
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 26-11-2011

Vers le niveau supérieur
Corinne Folscheid: Gudde Mëtteg also am "Background am Gespréich". Invité haut ass d’Familljen- a Kooperatiounsministesch Marie-Josée Jacobs. Gudde Mëtteg, Madame Jacobs.

Marie-Josée Jacobs: Gudde Mëtteg.

Corinne Folscheid: Ech hat et scho virdru gesot, mir hu vill Sujeten, déi mir elo an dëser Stonn wäerte mateneen diskutéieren. Fänke mir vläicht virop emol mat der Flüchtlingsproblematik un. Dir hutt an de leschte Woche jo fir vill Opregung an Discussiounë gesuergt. An Äre Ressort fällt ënnert anerem de Logement vun deene betraffene Leit. Zu Péiteng do ware viru 14 Deeg jo d’Awunner op d’Strooss gaangen, well iwwer 150 Demandeurs d’asil an hirer Gemeng elo logéiert ginn. Verstitt Dir d’Ängschte vun de Leit, wa se op d’Stroosse ginn, fir déi zum Ausdrock ze bréngen?

Marie-Josée Jacobs: Also ech mengen, datt et net néideg as fir op d’Strooss ze goen. Datt d’Leit sech duefir interesséieren, a mir haten elo eng Rei vu Versammlungen, déi an aneren Uertschafte waren, wou eben elo gesot gouf, hei dat an dat ass elo, déi Leit déi kommen, déi komme nëmme fir eng Zäitchen, esou wéi och zu Péiteng. Et ass net definitiv, datt déi do bleiwen. Et sinn der och keng 150 mä 70, déi dohinner komm sinn.

Mä de Leit ze soen, dat si Leit déi komme mat Kanner, an dat hei sinn an der grousser Zuel Famillje mat Kanner, déi kommen net heihinner fir abriechen ze kommen, déi kommen net heihinner fir anere Leit Kanner ze klauen, oder ech weess net wat se solle maachen. Vun dohier kann ech eigentlech net verstoen, ech ka virun allem och net akzeptéieren, wann déi Leit duergestallt ginn, wéi wann dat alleguer Krimineller a Gangster wieren.

An ëmmer erëm gesinn ech, an dat hunn ech am Laf vun deene Joeren, wou ech déi do Aufgab maachen, gesinn, datt ganz dacks an Uertschaften, wann d’Leit net gewinnt si mat Flüchtlingen, dann hu se eng gewëssen Angscht, eng subjektiv Angscht virun deem wat kënnt. An hannenno wann déi Leit bis do sinn, da gëtt et keng Discussioun méi driwwer.

Duefir sinn ech och frou, datt Dir dee Reportage hat, a besonnesch iwwer d’Weilerbaach an iwwer Bollendorf, wou dat ganz gutt zum Ausdrock komm ass, datt dat iwwerhaapt keng Répercussioun och op déi aner Leit hat. Vun dohier, wéi gesot, denken ech, wann déi Leit bis e bësselchen do sinn, a jiddweree gesäit, datt dat gutt fonctionnéiert, datt dat dann och keen Thema méi ass.

Corinne Folscheid: Mä feelt et net vläicht heiansdo e bëssen un der néideger Informatioun, Opklärung?

Marie-Josée Jacobs: Also, de Problem ass jo ëmmer deen, datt wann der laang am Viraus opkläre gitt, riskéiert dir jo gesot ze kréien, da gëtt dat jo esou héichgespillt, datt der et dann nach méi schwéier kritt fir et fäerdegzekréien. Mir wëssen och, datt mir Gemengewahlen haten, dat hat och net onbedéngt gehollef fir datt dat méi einfach war.

Ech wëll awer soen, datt ech ganz vill Gemengen hat, déi mir gehollef hunn. Mir hunn ëmmerhin 1.800 Leit déi awer logéiert goufen. Duefir huet och net jiddwereen nee gesot. Duefir wëll ech dat och soen, an och ënnersträichen, datt dat och awer wichteg ass, datt mir och gemeinsam da konnte gesinn.

Mä op där anerer Säit, an Dir hutt déi Äntwert do gesinn, déi mir ginn hunn op eng parlamentaresch Fro, datt awer ongläich Verdeelungen am Land sinn, wou mir also musse kucken an där nächster Zäit dat besser hinzekréien, fir datt net déi eng méi eng grouss Charge hunn, an déi aner eventuell iwwerhaapt keng hätten.

Corinne Folscheid: Voilà Stéchwuert Quoteregelung, do wäerte mir och nach drop agoen.

Vläicht e puer Wuert zum OLAI, den Office luxembourgeois de accueil et de intégration, dee këmmert sech em d’Betreiung vun den Demandeurs d’asil. Do gouf et awer och elo viru kuerzem vum President vum Syvicol, dem Dan Kersch, eng Kritik. Hie sot, datt dës Betreiung net optimal wier. Dir hat zwar schonn eng Kéier op déi Kritik reagéiert, mä vläicht fir e bëssen op d’Aarbecht vum OLAI anzegoen, wéi kann ee sech déi virstellen?

Marie-Josée Jacobs: Ech wëll éischtens soen, datt déi Leit sech ganz vill beméien. Et sinn, esou wéi och am Service beim Minister Schmit, net esou vill Leit do, wéi mir der bräichten, a wéi et ideal wier fir dat ze maachen. Duefir ass och heiansdo Informatiounsschwieregkeeten, datt dat op der Platz kënnt. Op där anerer Säit as awer och ze gesinn, datt dat ganz vill logistesch Aarbecht ass. D’Leit mengen, et géing da just duergoen, wa mir géife kucken, datt dann iergendwéi entweder ee Container do wier, oder iergend eppes anescht, wat eidel do steet. Mä mir musse kucken, datt eng Kéier gekuckt gëtt, éischtens mat de Gemengen, geet dat, geet dat net.

A wéi gesot, nach eng Kéier, ech si wierklech äusserst dankbar alle Buergermeeschteren, déi mir bis elo gehollef hunn, a Gemengen déi mir gehollef hunn. Et ass eng Aufgab, déi eng national Aufgab ass. A wann ech net Gemenge fannen, déi mir hëllefen, de Staat huet net ee Meter carré deen net an enger Gemeng läit. Also kann et net anescht goen, wéi datt mir dat doriwwer maachen.

Mir ginn dohinner, den OLAI geet dohinner wou ebe mir eppes ugebuede kréien. An datt do vill Saachen dobäi sinn, déi vläicht net optimal sinn, oder déi vläicht net gutt sinn, do ass guer keen Zweiwel drun, mä da musse mir awer kucken, a besonnesch well mir awer och virum Wanter waren, an déi Leit déi op de Campingen an den Zelter waren, konnte mir jo definitiv net do leie loossen, hate mir also och net ëmmer esou vill Zäit fir dat ze maachen.

Da musse si also kucken, iwwerhaapt emol eng Plaz ze fannen. Duerno musse mir kucken, wat maache mir, wéi an dëser Flüchtlingswell, well et ass net all Flüchtlingswell d’selwecht, hei komme Famillje mat vill Kanner. Wa Leit aus Afrika komm wieren, da wieren dat éischter alleinstehend Männer gewiescht, wat natierlech eng ganz aner Populatioun ass, wat ganz aner Erausfuerderunge sinn, wéi wann der Famillje mat Kanner hutt.

Da musse mir kucken, datt déi Kanner och kënnen an d’Schoul goen. Mir wëssen, datt d’Majoritéit vun dëse Leit net kann hei bleiwen, also erëm heem muss goen. Dann ass et net ganz sënnvoll, wa mir déi Leit a kleng Strukture leeën, wou dann d’Kanner an déi normal Klasse ginn, well si ganz dacks nach ni an hirem Liewen, Kanner déi 10 Joer al sinn, déi nach ni an enger Schoul waren, déi och nach ni bei engem Dokter waren. Wann déi also an eng normal Klass kommen, versti se näischt, si hunn näischt dovun, an et ass awer op där anerer Säit méi schwiereg och fir den Unterrécht fir d’Kanner déi ebe bei eis an de Klasse sinn.

Duefir kucke mir méi grouss Strukturen ze fannen, wou mir da selwer kënnen d’Schoul fir si organiséieren, zesumme selbstverständlech, ass deen Deel wat d’Schoul selwer ubelaangt, mat der Éducation nationale. Fir Iech vläicht einfach e praktescht Beispill ze ginn: Zu Weicherdang an zu Schëmpech hu mir Leit an esou Vakanzenhaiser, och Vakanzenservicer, wou ech iwweregens och deenen alleguer, Guiden a Scouten, der Caritas, der Croix rouge, dem Service national de la jeunesse, Infoplan, Merci soen, datt déi eis elo iwwer de Wanter déi Haiser zur Verfügung gestallt hunn. Da musse mir e Bus organiséieren, dee geet d’Kanner sichen op Schëmpech an op Weicherdang. An d’Gemeng vu Clierf huet eis zu Reiler an der Schoul zwee Säll zur Verfügung gestallt, fir d’Kanner dohinner ze kréien. Da musse mir kucken, an deenen Nomëtteger wou d’Kanner an der Schoul bleiwen, datt se an der Mëttesstonn ze iesse kréien. D’Maison relais ass esou iwwerfëllt, datt déi se och net kënne bekäschtegen. Musse mir organiséieren, datt déi hire Catering kréien, gekuckt gëtt, datt se duerno natierlech erëm heem kommen.

Fir einfach ze weisen, wéi vielfälteg datt dat ass. An dat ass jo och e grousse Va-et-vient. Och heiansdo gëtt gesot, mir kruten net fréi genuch gesot, datt do erëm Changementer sinn. Da gëtt et d’Beispill vun där Famill mat deem Bébé déi zu Péiteng waren, déi waren een Dag do, du goufe se eraus geholl, well awer do d’Konditiounen net esou waren, déi gënsteg waren, da komme se erëm éierens anescht, da kommen erëm anerer an d’Platz.

Also et ass ewell eng ganz schwiereg Aufgab, an duefir wëll ech wierklech hinnen, an all deenen anere Leit, déi sech dorëm beméien, och vun dëser Plaz aus Merci soen, well egal wéi d’Saache sinn, et ass net einfach, a wéi gesot, wann dobäi nach kënnt, datt am Fong awer op ville Plazen een net ganz frëndlech emfaange gëtt, da mécht dat d’Saach natierlech net méi einfach, an et mécht et och net méi einfach, wann ëffentlech se kritiséiert ginn. Duefir wëll ech soen, datt déi Leit wierklech hiert Allerbescht probéieren ze maachen, fir dat esou gutt wéi méiglech ze maachen.

Da kënnt nach dobäi, wat ech vergiess hunn, et muss jo gekuckt ginn, datt et propper ass, et muss gekuckt ginn, datt eng Sécherheet garantéiert ass, esou gutt fir déi Leit, déi dohinner kommen, wéi fir déi Leit, déi do sinn. Dat alles gëtt vun hinnen organiséiert, an dat ass net näischt.

Corinne Folscheid: Elo déi Quoteregelung, a wéi wäit kënnt déi hëllefe fir déi Problematik do besser an de Grëff ze kréien?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech denken, wa mir op de Wee géinge goe vun de Quoten, an ech sinn duefir, ech hat dës Woch mat dem Dan Kersch, dem nach-President vum Syvicol, a vläicht och deem nächsten erëm, eng Discussioun doriwwer.

Mir si verbliwwen, datt mir gesot hunn, mir géifen am Januar d’Buergermeeschteren eng Kéier invitéieren, fir ze kommen, an ze soen, esou an esou ass d’Problematik, a se ze froen, datt och wierklech jiddweree solidaresch sech soll an där Aktioun do bedeelegen. A mir hunn awer gläichzäiteg och festgehalen, datt mir sollen déi Démarchë viru féieren, fir ze kucken, wéi ee kënnt op de Wee vun deene Quote goen. Mir hu gëschter am Regierungsrot doriwwer geschwat, a mir hunn décidéiert, datt ech kënnt op de Wee goen, fir de Conseil d’État ze consultéieren, vu datt dat do jo eng Fro ass vun der Autonomie communale, wéi si géife gesinn, wéi een deen do Problem kënnt geléist kréien.

An dee Moment och wou Gemengen net domat d’accord wieren, oder sech dann awer géingen nach weigere fir Leit do opzehuelen, ganz dacks gëtt da gesot, majo mir kënne keng ophuelen, well mir hu keng Plazen a keng Logementer. An deem Fall géinge mir de Gemengen dann d’Containeren zur Verfügung stellen, wou d’Leit da kënnten ënnerbruecht ginn. Esou datt ech hoffen, datt mir an deenen nächste Méint dorop eng konkret a korrekt Äntwert kréien, fir datt mir kënnen doriwwer legiferéieren, ouni datt dat awer zevill laang dauert.

Politesch hunn ech d’Gefill, datt am Fong am grousse ganzen éischter eng Akzeptanz do ass vun deene verschiddene politesche Parteien, fir mat op dee Wee ze goen, well jiddwereen och spiert, datt awer eng ongläich Verdeelung ass, wéi gesot, déi mir gesinn, a bei där Beäntwertung vun där Question parlementaire, a vun do da jiddwereen d’selwecht gehale wier an der Solidaritéit. An ech mengen och, datt dat jo awer eppes ass wat wichteg ass, datt do net deen ee ka seng Verantwortung huelen, an deen anere se net hëlt. An dat ass jo net gutt.

Corinne Folscheid: Dacks komme ganz vill Leit op ee Coup op Lëtzebuerg. Zum Beispill am September waren et der iwwer 300. Muss do net och e bëssen an deene betraffene Länner selwer och vläicht nach méi informéiert ginn, an och nom Problem gekuckt ginn?

Marie-Josée Jacobs: Also, et muss ee jo soen, an dat ass eigentlech dat, wat am Fong ëmmer erëm e bëssen zum kierzte kënnt. Déi Leit, déi komme jo heihinner, well an hire Länner wierklech déi hei Leit ganz schlecht behandelt ginn. Dat hei si jo haaptsächlech Romaën, déi kommen, an déi ganz dacks, wéi gesot, deenen hier Kanner, bis 10 Joer emol net bei engem Dokter waren, net an enger Schoul waren, net uerdentlech ze iesse kréien.

Mech huet dat déif beréiert, wéi ee vu menge Mataarbechter mir gesot huet, wéi se d’Leit am Oktober, oder am September nach an Zelter geluegt hunn, datt déi dräi Mol Merci gesot hu fir kënnen an engem Zelt um Buedem ze leien. Och all déi Saachen, déi do erzielt gi vun deem Luxus dee se alleguer hätten, esou ass dat net. Wann et esou schéi wier bei hinnen doheem, da géife se net fort goen. An ech mengen, kee Mënsch geet gären doheem fort. Jiddweree wëllt jo a sengem Land bleiwen, jiddweree wëllt bei senger Famill, bei senge Frënn bleiwen. Dat ass sécher net de Grond firwat datt déi Leit ginn, mä se hoffen e bessert Liewen ze hu fir sech a fir hir Kanner. A géife mir, wa mir an deem Fall wieren, net dat selwecht maachen?

Ech wëll emol jiddwereen deen nolauschtert, froen, wann dir an deem Fall wiert, géing dir dat net och probéieren, e bessert Liewe fäerdegzekréie fir är Kanner a fir iech selwer? An dat da vläicht emol anescht ze gesinn, wéi ze mengen, déi géinge just wëllen heihinner profitéiere kommen.

Dat selwecht ass mat all deene Suen, déi mir hinne géife ginn, also dat alles entsprécht jo selbstverständlech net der Realitéit. Si kréien e Minimum fir kënnen eben iwwer d’Ronnen ze kommen. A mir hunn och probéiert eng Partie vu Saachen als Sachleeschtungen ze ginn, amplaz a Geldleeschtungen, esou datt een net dovu ka schwätzen, datt se géifen heihinner komme fir hei räich ze ginn.

Corinne Folscheid: En anere Sujet, deen déi lescht Woche fir net manner Discussiounë gesuergt huet ass d’Situatioun am Fleegesekteur, do feelt et ouni Zweiwel u Personal. An Dir hat do bei verschiddene Leit mat der Ausso, Leit aus Tunesien ze rekrutéieren, fir nawell hefteg Reaktioune gesuergt, notamment bei den Associatiounë vum Spidolspersonal. Kënnt Dir déi Opregung verstoen?

Marie-Josée Jacobs: Also déi kann ech nun definitiv net verstoen, awer wierklech net.

Éischtens kommen ech selwer aus deem Beruff, weess also och e bësselche wat dat heescht. A wann ech weess, datt zu Lëtzebuerg an engem Joer normalerweis em déi 30 Infirmière kënnen ausgebilt ginn, an en Diplôm kënne kréien, da weess ech, datt dat bei Wäitem net der Demande entsprécht, déi mir brauchen, well mir gesinn, datt virun allem och an deenen nächste Joeren d’demographesch Entwécklung zu Lëtzebuerg, esou wéi an där ganzer Géigend, an der ganzer Groussregioun, vill méi séier virugeet, dat heescht, datt vill manner Kanner op d’Welt kommen, jonk Leit op den Aarbechtsmaart kommen, an op där anerer Säit mir alleguer méi al ginn, ass et ganz evident, datt an deenen nächste Joeren eng grouss Demande op eis zoukënnt fir zousäzlech Personal ze kréien.

Mir hunn elo iwwer 40% vu Leit déi an dem Fleegeberäich schaffen, déi net Lëtzebuerger sinn, a wou mir wëssen, wéi gesot, datt mir se an der Groussregioun net méi fannen. Duefir hunn ech mech wierklech erféiert, wéi ech héieren hunn, datt gesot gouf, déi jonk Leit fäerte gedoe gouf, déi eben esou e Beruff léieren, datt déi keng Aarbechtsplaz méi géife kréien. An dat wat mech nach méi erféiert huet, dat ass déi Ausso déi gemaach gouf, wou déi al Leit fäerte gedoe goufen, do komme Leit aus enger anerer Kultur, an dat ass geféierlech. Wann ee Politiker dat gesot hätt, da wier d’lëtzebuerger Land definitiv ze kleng gewiescht.

Ech si ganz erstaunt, datt déi Leit, déi soss ëmmer op d’Mënscherechter an op d’Diskriminatioun oppassen, datt hei sech keen dozou zu Wuert gemellt huet. An ech géif wierklech net wëllen hunn, datt mir esou Discussiounen hätten, fir ze soen, wat kënnt dann elo op déi aarm Leit do zou.

Wann elo ee géif kommen aus Tunesien, oder aus iergend engem anere Land, an ech hunn et gesot, well ech weess, datt zum Beispill an Däitschland haut ganz vill Leit schaffen aus Polen, ganz vill Leit schaffen, déi vun de Philipinne kommen. Da muss een also wëssen, mir brauchen an deenen nächste Joeren, well mir och héich Uspréch stellen, eng Kéier an der Fleeg vun de Leit, datt vill qualifizéiert Personal gebraucht gëtt, wat mir mat Sécherheet net zur Verfügung hunn. An da mengen ech, ass et awer och d’Flicht vun engem Politiker, vläicht proaktiv ze denken, an emol ze soen, wat kënnt dann an där do Fro eng Léisung sinn?

Wann natierlech andauernd dann, esoubal wéi nëmmen ee Wuert gesot huet, dat ewell erëm do verschriee gëtt, dann ass et och schwéier. Mä ech mengen einfach, datt mir musse konkret, an dat gëtt och gemaach, esou gutt mat dem Minister vun der Santé, an der Sécurité sociale, mir hate jo déi gemeinsam Pressekonferenz, wéi och mat der Éducatioun kucken, wéivill Leit kënne mir motivéieren, oder wéivill Leit sinn do, déi kënnen esou e Beruff léieren. Awer och ze wëssen, datt et net duergeet, datt ech, well mir elo 6% Chômage hunn, datt dann all Mënsch soll fir Infirmier oder fir Infirmière goen. [gëtt ënnerbrach]

Corinne Folscheid: Mä wier dat dann net eventuell awer eng Léisung, oder op d’mannst emol de Gedanke fir do Leit esou eng Formatioun ze proposéieren, déi vläicht wéilten einfach de Beruff wiesselen, an op déi do Schinn goen?

Marie-Josée Jacobs: Also, ech mengen, dat ass och eppes, wou mir wëssen, datt et geschitt, net an engem groussen Ausmooss. Dir wësst, datt mir déi verschidde Formatiounen, a mir kennen eenzel Leit déi hunn eben déi Formatioun vum Aides sociaux-familiales gemaach, well se vläicht, wéi se jonk waren, keng Geleeënheet hate fir dee Beruff ze léieren, duerno den Aide-soignant gemaach hunn, an dann den Infirmiersberuff gemaach hunn.

Et muss een awer wëssen, datt dat alles Studie sinn, déi net einfach sinn, an déi also, wann dir déi en Cours d’emploi maacht, da musst dir ganz staark motivéiert sinn, a wéi gesot, och d’Méiglechkeet hu fir dat eben ze maachen.

Also, wéi gesot, ech hätt méi Angscht, wann ech géing gefleegt vun engem, dee just fir Infirmière geléiert hätt, fir eng Plaz ze kréien, wéi vun engem dee wollt Infirmier léieren, an deen aus engem anere Land kënnt, dee selbstverständlech muss Lëtzebuergesch léieren, dat ass ganz evident. Mä déi Infirmieren an déi Infirmièren, déi mir vu Metz haten, a vun Arel haten, hunn och kee Lëtzebuergesch geschwat. Duefir mengen ech, ass dat a sech net dee gréisste Problem.

Corinne Folscheid: Bleiwe mir nach een Ament am Fleegesecteur. D’lescht Woch hat de lëtzebuerger Konsumenteschutz e Communiqué erausginn, wat d’Erhéijung vun de Pensiounspräisser am Altersheem zu Hamm betrëfft. Do ginn et deelweis ganz hefteg Haussë fir d’Leit. An dësem Communiqué gouf dann och d’Fro opgehäit, wat de Familljeministère an deem Punkt gedenkt ze maachen. Ech ginn emol d’Fro un Iech weider, Madame Jacobs?

Marie-Josée Jacobs: Also, de Familljeministère, an de Staat, këmmert sech net em d’Präisser an den Haiser, an an den Institutiounen. Dat ass deenen eenzelnen Träger, dat hei ass den Hospice civil vun der Stad Lëtzebuerg, ass deene fräigestallt, fir déi Präisser esou ze maachen, wéi si dat fir richteg fannen.

Mir hunn ëmmer gesot, op Grond och vun deem Ugebuet wat do gemaach gëtt, mussen d’Leit kënne wielen, ginn ech léiwer an dëst Altersheim, oder an dëst Fleegeheim, wat éischter vläicht eng Spezialisatioun wëllt maachen, wat d’Demenz ubelaangt, dat heescht, all déi Leit déi éischter Alzheimer hunn, oder ob ech éischter wëll op de Wee goen, an en Haus ze goen, wat méi Wäert leet op Schmäerzbehandlungen. An déi dann och selwer déterminéiere wat de Pensiounspräis vun hiren Haiser ass.

Ech muss awer soen, zu dem wat d’Haiser selwer betrëfft, d’Alters- an d’Fleegeheimer, déi gi gebaut zu Lëtzebuerg an der Regel vun de Gemengen, oder vu privaten Träger, déi net kommerzieller sinn, an déi kréien da vum Staat zwëschen 70% an 80% fir de Bau ze bezuelen. Dat heescht op där anerer Säit, datt se och musse kucken, datt se 20% bis 30% selwer erwirtschaften. A wéi kënne se dat anescht maachen, wéi iwwer de Pensiounspräis.

Ob där anerer Säit wësse mir och, datt déi Präisser an deenen Haiser zu 80% Personalkäschte sinn. Da gesitt Dir also, datt dat eppes ass, wat enorm deier ass. Mir si mëttlerweil esou beim Präis vun 2.400 Euro, mir wëssen och, datt et Haiser gëtt, déi en anert Ugebuet hunn, déi vill nach méi héich sinn. Mä wéi gesot, et ass awer ongeféier 2.400, 2.600 Euro de Mount fir de Pensiounspräis. Da kënnt nach, wann d’Leit fleegebedürfteg sinn, nach d’Fleegeversécherung dobäi. Da kënnt Dir Iech virstellen, wat dat eigentlech och d’Ëffentlechkeet an eis alleguer kascht, well dat gëtt jo bezuelt iwwer Steieren, respektiv iwwer Cotisatiounen. Da gesitt Dir also, datt dat wierklech eppes ass, wat enorm präisintensiv ass.

Mä op där anerer Säit, mir hätten gären den Index, da geet natierlech de Pensiounspräis an d’Luucht. Eng Kéier iergere mir eis, wann dat eent net kënnt, eng Kéier iergere mir eis wann dat anert da kënnt. All déi Saachen hänken zesummen, an duefir mengen ech, ass et och richteg, datt een dat och emol gesäit.

Mä wéi gesot, nach eng Kéier, net de Staat leet de Pensiounspräis fest.

Corinne Folscheid: Do si jo awer vill Leit, déi kënne sech dat net onbedéngt leeschten. Do ass et awer och dann e bëssen ongerecht, wann déi elo missten an en Haus goen, wat vläicht elo manner freet. Gëtt do net och vläicht dann e bëssen eng Zweeklassegesellschaft geschaf, a wéi gëtt deene Leit gehollef?

Marie-Josée Jacobs: Also, éischtens hutt Dir gesot, mir géingen duerno nach iwwer d’Aarmut schwätzen, mir hu Gott sei Dank zu Lëtzebuerg keng Altersaarmut. A villen anere Länner gesi mir, datt al Leit nach musse schaffe goen, fir iwwerhaapt iwwer d’Ronnen ze kommen. Lëtzebuerg huet dat Gott sei Dank net, well mir uerdentlech Pensiounen hunn, well mir vill bäileeën iwwer verschidde Mëttelen.

An ee Moyen fir eben och där Altersaarmut, wann déi Leit dann eben net de Pensiounspräis kënne bezuelen, déi kënne gehollef kréien iwwer de Fonds de solidarité, do hu mir eppes dat heescht den Accueil gérontologique. An et sinn ongeféier 700 Leit vun deene iwwer 5.000, déi mir an den Alters- a Fleegeheimer hunn, déi dovunner profitéieren. Do ass heiansdo nëmmen e ganz klenge Montant dee brauch bäigeluegt ze ginn, heiansdo ass et awer och méi wat muss bäigeluegt ginn, fir eben dee Pensiounspräis kënnen ze bezuelen.

An deemools ass jo och ëmmer gesot ginn, vill Leit déi eigentlech missen an esou Haiser goen, ginn net, well se net wëllen hunn, datt dann herno d’Kanner iwwer de Fong hiert Haus ewech geholl kréien. Duefir ass elo eng Fräigrenz do, wann ee Kanner huet, datt een dann 220.000 Euro fräi huet, iert ee muss eppes an de Fonds de solidarité erëm zeréckbezuelen. Dat ass eng Bestëmmung, déi de Fong huet. Wéi gesot, bei Leit, déi keng Kanner hunn, ass et jo kee Grond do, datt dann emol d’Ierwen hannenno sech do servéiere ginn, duefir ass et also bei deene manner, an de Fong kënnt dann éischter erëmfroen, wat jo richteg ass.

Corinne Folscheid: Dir hat virdrun elo d’Aarmut ugeschwat, eng Tatsaach déi et leider awer och bei eis gëtt. Elo goufe jo nees déi neieste Chômagezuele publizéiert, nees iwwer 200 nei Chômeuren, déi dobäi komm sinn, d’Faillitë ginn an d’Luucht, ëmmer méi Leit falen och an den RMG, d’Wunnengspräisser sinn dacks guer net ze finanzéieren. Dat si vill Problemer mat deenen d’Regierung konfrontéiert ass. Madame Jacobs, déi Leit, déi brauche jo awer och Hëllef, wéi gitt Dir do vir?

Marie-Josée Jacobs: Also, beim État de la nation hat de Staatsminister jo doriwwer geschwat, a mir sinn am gaangen dorunner ze schaffen.

Dat wat ee muss wëssen, dat ass, de Risque de pauvreté zu Lëtzebuerg ass bei 14,5%, et ass elo en halwe Prozent erofgaangen, mä wéi gesot, dat ass jo net relevant. Et muss ee wëssen, datt een zu Lëtzebuerg am Risque de pauvreté ass, wann een zu zwee Erwuessener mat zwee Kanner 3.400 Euro de Mount huet. A Frankräich, Däitschland ass ee ronn em 2.000 Euro. Dat heescht, mat 1.300 Euro méi de Mount ass een zu Lëtzebuerg am Risque de pauvreté, wéi a Frankräich oder an Däitschland.

Mir wëssen awer, datt dat och Ursaachen huet. D’Liewen zu Lëtzebuerg ass méi deier, besonnesch eng vun deene grousse Schwieregkeeten, oder Problemer déi mir hunn, dat ass jo, datt d’Logement immens deier ass. A vun dohier féiert dat ganz dacks dozou, a mir hunn eng ganz Rei vu Propositiounen, och zesumme mam Minister Schank, déi mir gemaach hunn, oder maache wäerten och entweder an der Tripartite, respektiv dann och iwwer d’Regierung, fir eben och do méi gezielt kënnen ze hëllefen.

Corinne Folscheid: Well eng Populatioun déi a Gefor ass fir an den Aarmutsrisiko ze falen, allengerzéiend Mammen a Pappen, déi dacks kleng Revenuen hunn, déi hir Kanner awer och mussen adequat versuergt kréien. Wéi gitt Dir do vir, wéi gëtt deene Leit gehollef?

Marie-Josée Jacobs: Also, ee vun deene Punkten, déi mir do hunn, ass jo natierlech d’Aarmut hänkt jo ëmmer zesummen och mat der Aarbecht. Mir hu gesinn, datt och d’Zuele vun deene Leit, déi am RMG sinn, gewalteg eropgaange sinn. Wann Dir gesitt, 2009 hate mir 7.800 Leit déi dra sinn, 2011 si mir op 9.326, a fir d’nächst Joer rechne mir mat iwwer 10.000 Leit déi an den RMG kommen.

A wann ech Iech d’Zuele soen aus der Allocatioun vun der Deierechtzoulag, do ass nach vill méi erstaunlech, an nach vill méi, wou Dir gesitt, do ware mir 2007 op 9.495 Leit, do si mir 2011 op 18.800, an do rechne mir bis 20.000 Leit d’nächst Joer. Duefir musse mir deem och onbedéngt Rechnung droen. Mir gesinn zum Beispill am RMG, datt ee vun de Problemer ass, datt d’Kanner am Fong net esou vill, wéi soll ech dat soen, net esou héich gerechent ginn, wéi een et am Fong misst maachen. Dat ass eng reng finanziell Geschicht.

An dann op där anerer Säit awer d’Problemer déi sech stellen, wéi gesot, och do erëm d’Fro vum Logement, an dann déi och vun der Kannerbetreiung. Also mir hunn zwar villes wat mir gemaach hunn, dorop wäerte mir jo ze schwätze kommen, mir gesinn awer, datt et nach ëmmer fir eng Partie vu Famillje schwiereg ass, och Zäite wou op ass, ze verbanne mat deem wou wierklech d’Leit schaffe kënne goen. A vun do si mir am gaangen och ze kucken, wéi ee besser dat ka matenee kombinéieren, datt een net nëmmen d’Plaze schaaft, mä dat awer och zu verschiddenen Ëffnungszäiten, fir eben och deene Leit besser kënne gerecht ze ginn.

Corinne Folscheid: Mir wäerten am zweeten Deel vum Background nach eng Kéier kuerz op déi Saach agoen, also Kannerbetreiung, do kënnt dann och nach de Bénévolat zur Sprooch. En anere Ressot, deen Dir och hutt, d’Kooperatioun, wäerte mir och nach kuerz driwwer schwätzen. An domat sinn et elo gläich dräi Minutte bis halwer eng. Elo gläich de Journal.

[Mëttesjournal]

Corinne Folscheid: Komme mir nach eng Kéier ganz kurz op en Thema zeréck wat mir am éischten Deel haten. D'Situatioun am Fleegesecteur. Do hate mir jo driwwer geschwat, datt do och net genuch Personal gëtt. Doropshin huet e Prof a President vum Profecomité vum LTPS bei eis an der Redaktioun ugeruff an e seet d'Ministesch déi géif léien. 116 Schüler sinn dëst Joer am leschte Joer ageschriwwen. 90 hätten der d'lescht Joer den Diplom krut. Dir hat virdru vun der Halschent geschwat.

Marie-Josée Jacobs: Also, wann een do ëmmer direkt bei sou Saache seet, déi litt, also dat ass jo… Ech hunn déi Chiffren esou gesot kritt an ech hunn se erëm gesot. Wann et der méi sinn, desto besser an ech entschëllege mech beim Här, datt e gemengt hat ech géing hei wissentlich und willentlich léien. Wat et der méi sinn wat et besser ass.

Corinne Folscheid: Gutt, Kannerbetreiung war virdrun och e Sujet wou mir scho kuerz ugeschwat haten. A senger Erkläerung zur Lag vun der Natioun hat de Premier annoncéiert, datt den Ausbau vun der Kannerbetreiung eng vun de grousse Prioritéite wir. Et ass awer bis elo nach net genuch geschitt, bedauert d'APEG, d'Associatioun vun den Educateurs gradués. U wat hängt et elo an dësem Beräich, datt et do einfach net esou richteg viru geet?

Marie-Josée Jacobs: Oh, do geet et immens séier virun, well 2004 hate mir 7.700 Plazen. 2010 hu mir der 32.300 Plazen a mir hunn en Angebot fir 41 % vun de Kanner zwëschent 0 an 12 Joer wat enorm ass. Plus nach 464 Dageselteren déi och nach iwwer 2.000 Kanner versuergen a 45.000 Kanner déi vun den Chèques Services profitéieren. Do sinn natierlech och déi Angeboter dobäi déi an de Vakanze sinn, respektiv awer och déi iwwer de Sport an iwwer d'Musek gemaach ginn. Dat ass natierlech och alles net zum Nulltarif an Dir wësst, datt virun enger Rei vu Joren d'Kannergeld desindexéiert gouf fir ebe just déi heie Saache kënnen ze finanzéieren. Mir hunn am Budget vun 2012, 212 Milliounen Euro virgesinn reng fir op de Fonctionnement vun deene Strukturen – do sinn also keng baulech Aktiviéiten agerechent. Wann nei gebaut gëtt ass net dobäi virgesinn – a 4000 Leit déi doranner schaffen. Ech fannen, datt dat awer e Chiffer ass dee relativ bemierkenswäert ass.

Mir hunn also an deene leschte Jore ganz vill gemaach wat eben d'Kannerbetreiung, wann Dir wëllt d'Plazen, ubelaangen an och do sinn ech, ech sinn ëmmer erëm deen dee bei de Gemenge vir an der Dir steet fir gären eppes ze hunn. Do sinn ech wirklech ganz frou, mir hunn de Moment keng eenzeg Gemeng am lëtzebuerger Land déi iwwerhaapt keen Angebot huet. All Gemeng, net jiddwereen huet ee komplett Angebot, mä awer jiddwereen huet sech awer beméit an deene leschte Joren ze schaffen. An do wou mir gesinn, datt nach muss nogebessert ginn, dat ass wat d'Qualitéit ubelaangt an ech mengen och, datt den Här Pletsch dat virun allem wollt monéieren an och dat wat de Staatsminister gesot hat. An duefir si mir amgaang dorunner ze schaffen mat den Träger déi d'Gestioun maachen mä awer och mat de Gemengen, och do fir ze soen wat besteet bei iech an der Gemeng. Dat heescht mir hätte gären, datt esou e Plan communal gemaach gëtt wou, wéi gesot festgehale gëtt, wat gëtt et, wat brauche mir nach fir nach besser kënnen ze plange fir d'Zukunft. Doriwwer hu mir och diskutéiert mat dem President vum Syvicol, mam Här Kersch. An et ass eng Interpellatioun gefrot vun dem Deputéierte Meisch, wou mir wollten hunn, datt mir fir d'éischt e Projet, mir mussen e Gesetzprojet änneren, mir musse Reglementer änneren. Ech denken, datt ech bis den Ufank vum Joer kann an de Regierungsrot goen domatter fir eben ze kucken och méi Personal wat méi qualifizéiert ass anzestellen.

Also och d'Fro, wou fanne mir déi Leit? An natierlech och déi vum Präis. Well wat ee méi qualifizéiert Leit astellt, wat een dat jo muss bezuelen. Op där anerer Säit awer virun allem och ze kucken, datt ee ganz jonke Secteur, vill jonk Leit déi doranner schaffen, wou also och muss gekuckt ginn, datt ee Formation continue mécht. Well mir erwaarde jo enorm vill, wat alles soll ugebuede ginn, fir eben de Kanner besser Chancen ze ginn an der Schoul virun ze kommen an herno kënnen eng Aarbecht ze fannen, am Liewen iwwerhaapt eens ze ginn. Och Kanner déi eng Behënnerung hu si wëllkomm an deene Strukturen. Dat setzt also villes viraus. Mir wëllen och kucken, datt mir niewent der Formation continue och Supervisioun maachen an da wëlle mir awer och eng Qualitéitskontroll aféieren. Well ech mengen och dat ass eppes wat wichteg ass. Wou Leit kucke ginn net nëmmen ob Meter-Carreeën richteg sinn an ob dat alles klappt mä, datt och wirklech gekuckt gëtt wéi d'Qualitéit dovunner ass an dann awer och kënnen déi Leit dann ze beroden wann dat net deem entsprécht wat een am Fong gären hätt.

Dat ass elo am ganz Schnellverfahren dat wat mir wëlles hunn. Mä ech denken, datt mir do och eng ganz Partie Aarbecht zesumme mat der Uni Lëtzebuerg an och mat engem Institut vu Kleinkindforschung vu Wien amgaange sinn dat ze preparéieren fir dann och kënnen deene Remarquë gerecht ze ginn.

Corinne Folscheid: Vläicht dann nach eng aner Remarque wou och fir vill Leit e Problem duerstellt. Dat sinn d'Ouvertureszäitë vun de Crèchen. Zemools och alleng erzéiend Leit oder Leit déi op Schichte schaffen, déi Nuets schaffen. Mammen déi Owes schaffen, Pappen déi Owes schaffen. Gëtt do och vläicht dru geduecht fir do eventuell an déi Richtung mol no enger Léisung ze sichen?

Marie-Josée Jacobs: Also mir hunn eenzel Léisungen, mä ech muss soen déi di mir bis elo fonnt hunn sinn awer net terribel zefriddestellend. Mir hunn zum Beispill d'Crèche an der Fiels déi mécht moies, ech soen elo um halwer 5 op – mä dat kann och véierel fir 5 sinn net, datt elo erëm ee seet ech hätt gelunn, mä ëm déi Zäit ongeféier – bis Owes halwer 11. Dat ass natierlech heavy fir d'Kanner déi dohinner ginn.

A vun do soen ech mir éischter, datt mir musse kucken wéi mir et organiséiert kréien a mir sinn doriwwer amgaang och nozedenken, well mir gesinn, datt dat wirklech jo e reelle Problem ass wéi een dat organiséiert kritt. Fir datt d'Kanner awer net déi sinn déi hanneno déi domm dobäi sinn, datt se moies schrecklech fréi mussen opstoen oder owes laang mussen op sinn. Mir haten eng Crèche déi 24 Stonnen op 24 am Spidol zu Esch fonctionnéiert huet. Déi hu mir zougemaacht. Well natierlech dann owes d'Kanner ëm 8 Auer hu mussen do sinn a bis Moies 7, halwer 8 do waren, d'Elteren awer vun 10 bis 6 geschafft hunn. Déi hunn dann all Kéiers sou vill Zäit do dozwëschent verluer an dat war wéi gesot och net gutt.

Mä mir sinn amgaang ze kucken wéi ee kann iwwert d'Maisons Relais Systemer entwéckelen mat Dageselteren oder mat Elteren oder mat anere Leit déi eventuell kënnen dann an d'Famillje schaffe goen oder bei de Famillje sinn fir domatter de Kanner eng uerdentlech Qualitéit, och vu Liewensqualitéit ze bidden.

Corinne Folscheid: En anere Sujet, Madame Jacobs, d'Benevolat. D’Joer vum Bénévolat geet elo geschwënn op en Enn. Wéi ee Bilan zidd Dir do? Sinn nach ëmmer genuch Leit motivéiert an engagéiert fir sech an deem dote Beräich anzesetzen?

Marie-Josée Jacobs: Dat wat ee feststellt, dat ass, datt de Benevolat changéiert huet. Ech mengen net, datt manner Leit sech engagéieren, mä d'Leit engagéieren sech aneschters. Mir wäerten herno nach e bëssen iwwer Kooperatioun ze schwätze kommen. Mir fanne ganz vill Leit déi gären um Terrain schaffen, mä mir fannen et ganz schwéier an deene villen Assocatiounen déi mir hunn, fir Leit ze fannen déi an de Comitéeë matschaffen. Dat ass eppes wat ee mierkt wou et méi schwéier gëtt fir Leit ze fannen. Op där anerer Säit och esou punktuell. D'Leit gi gären sech engagéieren, 2, 3 Deeg fir mengetwegen och nach Thüringer ze grillen, mä si si wéi gesot op déi laang Zäit wéi dat fréier war, wann de Papp an der Musek war, da sinn d'Kanner och an d'Musek gaangen, dat gesidd Dir haut manner.

Mä mir gesinn awer op där anerer Säit, an do sinn ech enorm frou, an ech hunn Iech dat och matbruecht, well elo nach eng nei Initiative och am Jugendberäich ass, wat heescht "Fräi, well ech wëll. An Du, fräiwëlleg?". An ech denken, datt dat eppes ass wou een och gesäit, wou se eng hallef Dose Postkaarte gemaach haten wou Jugendlecher drop sinn déi ebe selwer am Benevolat schaffen. An ech wëll do natierlech net vergiessen déi enorm Aarbecht déi gemaach gëtt an deem Jugendberäich vum Jugendlechen, op dat an de Guiden an de Scouten ass, ob dat an der UGDA ass, ob dat am Sport ass. An ech fäerten ëmmer fir een opzezielen, well een ëmmer ee vergësst.

RTL: Dës Woch waart Dir jo och zu Bouneweg am Lycée. Do sinn erëm 577, muss ee soen, jonk Leit, déi hunn do de Brevet vum Animateur iwwerreecht krut vun Iech.

Marie-Josée Jacobs: Ech sinn total begeeschtert wann Dir dat gesidd, 577 Jugendlecher déi do Formatioune gemaach hu fir mat Kanner a Jugendlechen ze schaffen. A wann ee weess, datt dat Formatioune sinn, dat sinn zwëschent 50 an 300 Stonnen, déi ee muss maachen. Dat muss ee sech mol iwwerleeën wat dat bedeit. A bis elo hu se och nach misste selwer zu engem Deel bezuelen. Do hoffe mir, datt mir zum Enn vum Benevolatsjoer et awer souwäit kréien, datt mir wéinstens do kënnen eng Partie vun deene Fraisen erëm ginn.

Op där anerer Säit gesi mir awer och, datt dat jo flott ass. Well och de fräiwëllegen Déngscht ass jo wéi villes aneschters och, alles dat wat ee gëtt, kritt ee jo an engem grousse Mooss erëm. Et ass jo am Fong esou wéi d'Frëndlechkeet. Wann ee frëndlech ass, sinn déi aner Leit jo och frëndlech mat engem. Meeschtens wéinstens. Mä duefir mengen ech och, dat wir eppes wat mir eis vläicht erëm méi missten zu Häerz huelen fir eist Liewen och selwer méi schéin ze maachen, mä et ass wéi gesot eng super Affär.

A mir gesinn och, mir haten elo virun e puer Joer zesummen mat der Union des entreprises luxembourgeoises, mat der FNEL esou e Portfolio gemaach fir deene Jugendlechen ze ginn déi eben am Benevolat geschafft hunn an domatter herno besser Conditiounen oder besser Aussiichten ze hunn och fir eng Aarbecht ze fannen. An ech hunn ee Beispill wat mech wirklech och selwer frappéiert huet. E Jong dee Mathematik wollt an England studéieren a wou d'Universitéit en net ugeholl huet, well e keng sozial Kompetenzen huet a virausser net sech irgend ëm eppes sou bekëmmert huet, datt dee gesot kritt, géi elo mol heem an da méchs de mol eent Joer irgendeppes am soziale Beräich, also fir sozial Kompetenze ze kréien, da kanns de erëm kommen.

Do gesidd Dir also och, datt ëmmer déi Formation informelle, mir hätte jo elo kënnte bei der Kannerbetreiung doriwwer schwätzen, och hei dobäi schwätzen, ëmmer méi wichteg gëtt an och op europäeschem Niveau ëmmer méi och doropper gehale gëtt, esou datt ech mengen, datt mir an deenen nächste Joren mir et eigentlech net baang ass fir dat wat am Benevolat geschitt, mä wat mir eis mussen drop opstellen, datt et eben aneschters gëtt.

Corinne Folscheid: Et sinn elo geschwënn 2 Joer, datt op Haiti e ganzt schlëmmt Äerdbiewen mat iwwer 300.000 Doudeger war. Deemools koume 14 kleng Adoptivkanner op Lëtzebuerg wou d'Adoptiounsprozedur schonn deemools um Lafe war. Mä duerch dee ganzen Duercherneen eben deemools war et net méiglech d'Prozedur esou ofzeschléissen am Fong wéi et hätt misse sinn. Wou ass dee Prozess haut, no bal 2 Joer drun?

Marie-Josée Jacobs: Dir erënnert Iech drun, datt ech deemools och vill kritiséiert gi sinn well ech do e bësselche méi zeréckhalend war a gesot hunn dat do gëtt alles ganz schwiereg. An dat ass selbstverständlech och agetratt. Elo no 2 Joer sinn déi Adoptiounen net ofgeschloss. Trotz deenen enorme Beméiungen déi mir gemaach hunn, also wa mir méi Zäit hätten, da géing ech Iech do Geschichten erzielen, mä mir sinn nach ëmmer amgaang. Dat heescht d'Elteren, d'Familljen sinn nach ëmmer amgaang elo op 2 Plazen eigentlech ze probéieren déi Adoptiounen fäerdeg ze kréien. Mir hate laang probéiert dat iwwer Haiti fäerdeg ze kréien, dat as bis haut net an der Rei. Mä wéi gesot déi Demarchë ginn awer virun do. Mä zur gläicher Zäit och de Prozess vun enger Adoptioun hei zu Lëtzebuerg, an do gesi mir mengen ech awer elo un den Enn vum Tunnel.

Corinne Folscheid: D'Demande ass immens grouss. Vill Familljen hei am Land géife gär een oder méi Kanner adoptéieren. D'Prozedure sinn allerdéngs net ëmmer déi einfachst. Wéi presentéiert sech och elo do déi aktuell Situatioun den Ament? Wéi schwéier ass et wirklech?

Marie-Josée Jacobs: Et ass ganz schwéier. An et gëtt ëmmer méi schwéier. Net wéinst de Prozeduren, mä well mir gesinn, datt ëmmer manner Länner Kanner fräi ginn fir d'Adoptiounen. Dat ass dee gréisste Problem. Mir haten an de leschte Jore relativ vill Kanner déi komm sinn aus Korea, vill Kanner déi komm sinn aus Südafrika. Ech hat och elo déi Elteren déi a Südafrika wëllen adoptéieren eng Kéier do, déi gesot hunn, dat dauert enorm laang, a Korea déi soen, déi Adoptiounen déi zougestane sinn kucke mir nach, datt dat geet, mä duerno wëlle mir am Fong keng Kanner méi rausginn. Mir hätte gär, datt d'Kanner dann an eise Länner adoptéiert ginn. An duefir si mir elo, an dat gesidd Dir, datt mir och probéieren Kohärenz an eis Politiken ze kréien, als Ministesch vun der Kooperatioun systematesch mat eise Länner, déi Partnerlänner sinn, deen Thema och unzeschwätzen. De Minister am Senegal an och deen am Niger ware bereet fir an hiren Ofschlossrapport dran ze schreiwen, datt mir géifen déi Demarchë maachen. Mir mussen natierlech ëmmer kucken, datt dat och ofgeséchert ass.

Bei Adoptiounen ass jo ëmmer dat wichtegst, d'Recht vum Kand an deem säi Wohlergehen. Dat ass jo dat alleréischten Zil a vun do muss een also och sécher stellen, datt et net Kanner sinn, déi entweder irgendwou wechgeholl goufen oder ech weess net wat domat geschitt ass. Mä wéi mir elo am Vietnam waren, hu mir och do an engem Kannerhaus gesinn, Kanner wou d'Schwëster déi sech drëm gekëmmert huet, gesot huet souguer vu Kanner déi an Dreckseemere gehäit goufen, well et Meedercher waren oder well se vu ganz aarmen Ethnien sinn, no deene kee kuckt. An duefir denken ech ass et wichteg, datt mir och viru fueren, awer ze probéieren d'Kanner, dat kann ni déi grouss Mass sinn, mä deene Kanner an deenen Elteren déi wëllen e Kand ophuelen, ze probéieren dat awer fäerdeg ze kréien.

Corinne Folscheid: Dir hat elo grad de Vietnam ugeschwat, wou Dir rezent jo och mam Grand-Duc waart. Elo e Méindeg da flitt Dir a Südkorea. Do huelt Dir un engem Forum deel wou et ëm d'Efficacitéit vun der Hëllef geet. Wéi efficace ass d'Hëllef an der Kooperatioun?

Marie-Josée Jacobs: Dat ass wéi gesot, mir passe ganz gutt op hei zu Lëtzebuerg, datt mir de Maximum maachen, datt dat eppes ass wat éischtens mat de Länner selwer, déi Programmer déi gemaach ginn, mat hinnen an hir Strategie era passen. Mir soen hinnen net wat si ze maachen hunn, mä mateneen definéiere mir déi Programmer, déi bei eis virun allem an d'Schoul ginn, an d'Gesondheet ginn, an d'Waasser an elo och d'Ernährung, fir ze kucken, datt dat sécher gestallt ass.

Mir ginn net ganz vill, dat wat een nennt Aide budgétaire. Dat heescht, datt mir Sue ginn ouni, datt déi direkt gebonne sinn un eppes. Well mir eigentlech soen et ass wichteg, datt mir och gesi wat mat deene Sue geschitt. Mir si frou, datt d'Lëtzebuerger oder déi Leit déi hei liewen ganz generéis sinn op där enger Säit. Wa mir d'Beispill vun Haiti huelen. Deemools huet d'Regierung 5 Millioune ginn a mir hu 5 Millioune Spende kritt vu Lëtzebuerger fir dat ze maachen. Dat ass enorm. Duefir musse mir natierlech och sécher stellen, datt déi Suen och duefir verwendt ginn an net aner Saachen domatter geschéien wéi dat wat net soll sinn.

Corinne Folscheid: Madame Jacobs, mir kënnten nach ganz vill matenee schwätzen. Mir hate jo elo scho vill Sujeten op der Lee stoen. Leider fänkt d'Zäit u knapp ze ginn. Erlaabt mir awer trotzdem nach e bësse vläicht eng méi privat Fro wat Iech betrëfft. Ären Regierungskolleg Jeannot Krecké huet jo rezent annoncéiert, datt en sech wëll zeréck zéien aus der Politik. Hie wëll sech méi op säi Privatliewen konzentréieren. D'nächst Joer am Januar hutt Dir Gebuertsdag. Do feiert Dir Ären 62. Wa mir dat dierfe soen. 2014 gëtt en neit Parlament gewielt. Hutt Dir wëlles do nach eng Kéier matzegoen? Oder wëll d'Madame Marie-Josée Jacobs och elo mol e bësse méi sech op dat Privat konzentréieren?

Marie-Josée Jacobs: Also ech hu keent Schëff, ech brauch also mol net op dat ze goen. Mä 62 Joer ass eppes wou ee jo net weess wat mat senger Gesondheet geschitt. Dat ass awer och eppes wou ee muss gesinn, kréie mir nach eppes bewegt? Sinn nach Saachen déis de wëlls maachen? Ech menge mir hunn de Mëtteg nach vill Sujeten gesinn wou mir nach dran ze schaffen hunn. Ee Beräich iwwert dee mir zum Beispill net geschwat hunn ass den Handicap wou mir och amgaang sinn an engem nationalen Aktiounsplang ze schaffen. Déi nächste Kéier wann ech erëm kommen, da schwätze mir doriwwer.

Corinne Folscheid: Natierlech.

Marie-Josée Jacobs: Mä Dir gesidd also, datt et net direkt dorunner ass. Mä wann ech awer eng Kéier mierken, datt een d'Flemm domatter kritt. Dir musst awer wëssen, datt et ee Beruff ass, deen net esou einfach ass. A wann ee wéi gesot entweder d'Flemm huet, da kann een deen definitiv net viru féieren. Duefir dat weess ech elo nach net. Oder wann ech zevill rose gemaach ginn, datt ech dann eng Kéier ophalen.

Corinne Folscheid: Gutt, Madame Jacobs. Da kucke mir mol nach wat esou geschitt. Ech soen Iech op jiddwer Fall merci, datt Dir de Mëtteg an de Background komm sidd. An nach e ganz schéine Weekend.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact