Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Novembre 2011 > Jean Asselborn au sujet de la visite à Ankara

Interview
Jean Asselborn au sujet de la visite à Ankara
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 29-12-2011

Vers le niveau supérieur

Umoderatioun: Den Ausseminister Jean Asselborn huet haut zu Ankara d’lëtzebuerger Ambassade do opgemaach. Eng Vertriedung vum Grand-Duché an der Türkei, dat huet natierlech e wirtschaftlechen Hannergrond, fir mat dësem Land an d’Geschäft ze kommen. Et sinn awer och politesch Iwwerleeungen, fir déi bilateral Relatiounen ze verbesseren. Do denkt een natierlech un eng eventuell Memberschaft vun der Türkei an der Europäescher Unioun.

De Jean Asselborn huet am RTL-Interview drun erënnert, datt Lëtzebuerg dës geplangte Memberschaft vun Ufank un ënnerstëtzt huet.

Jean Asselborn: Ech weess net ob mir – a mir sinn elo 6 Joer am gaangen – schonn op der Halschent sinn. Et wäert nach ganz, ganz laang daueren. Mä et wier e Feeler, géif ech mengen, wa mir déi Négociatiounë net weiderféieren, zumols wann Europa wëllt net nëmmen e regionale Player sinn, mä e globale Player sinn, a virun allem Influenz wëll hunn an där Regioun, wou am meeschten Dynamik besteet, net nëmmen am Noen Osten, mee doriwwer eraus an där ganzer Regioun ëm d’Türkei.

D’nächst Joer gëtt e ganzt schwieregt Joer, well am zweete Semester huet Zypern d’Présidence vun der Europäescher Unioun.

Mä mäi Message hei ass, datt et am Intérêt vun der Türkei ass, an am Intérêt selbstverständlech vun der Europäescher Unioun, datt et net zu engem Crash kënnt, datt d’Négociatiounen net gestoppt ginn, mä datt wierklech weidergefuer gëtt, an datt een dann, wann een um Enn vum Prozess ass, eng Décisioun hëlt – an ech hoffen natierlech fir d’Türkei, mä och fir d’Europäesch Unioun – datt dat kéint positiv ausgoen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact