|
Roy Grotz: De Moien schonn um Telefon vu Bréissel de Jean-Claude Juncker. Schéine gudde Moien.
Jean-Claude Juncker: Gudde Moien.
Roy Grotz: Här Juncker den ominéisen Hiewel also muss nees ugesat ginn; virum Hannergrond och vum schwierege Fall zum Beispill Italien, besteet jo e gewëssenen Zäitdrock. Ma et schéngt wéi wann d'Investisseuren, zum Beispill déi aus Asien, retizent wieren fir de Rettungsfong ze speisen. Wat muss dann elo also wéi séier geschéien?
Jean-Claude Juncker: Mir hu gëschter déi technesch Viraussetzunge geschaf fir, datt mir déi Hiewelwierkung kënnen erreechen déi mir Enn Oktober um Niveau vum europäesche Conseil festgeluecht hunn. Mir stelle fest, datt d'Marchéeën, d'Investisseuren, méi héich Garantië froen wéi déi di mir wollte ginn. Mir wollten duefir suergen, datt wann een an engem Euroland investéiert, sécher ka sinn, datt een 20% vun dem Rettungsschierm zeréck bezuelt kritt wann et schief geet. Dat geet den Investisseuren net duer; et ass eng gréisser Vertrauenskris ronderëm d'Eurozone ausgebrach. Duefir soe mir elo, mir géifen 20 bis 30% Garantie ussetzen. Mir stelle fest, mir observéieren dat mat enger gewëssener Onrou, datt ëmmer méi Investisseuren e Bou ronderëm Europa maachen. Mir sinn elo a Gespréicher mat de Finanzmäert, mat dem internationale Währungsfong, mat anere fir ze kucken sou vill Geld wéi méiglech anzesammelen. Mir kréie wahrscheinlech keng Billioun zesumme wéi mir dat Enn Oktober gemengt hunn. Mä ech ginn awer dovunner aus, datt mir ëm déi 750 Milliarde wäerte landen.
Roy Grotz: Dir schwätzt ebe just, Här Juncker, vun där Onrou déi et den Ament am Euroraum gëtt. Wéi gesäit et da mat der Interventioun vun der europäescher Zentralbank aus? Frankräich ass jo éischter fir eng dach massiv Interventioun. Däitschland awer seet et misst e Rempart géint d'Inflatioun bleiwen. Wéi ass Är Meenung?
Jean-Claude Juncker: Et gëtt jo ëmmer gesot Däitschland a Frankräich géifen op enger Linn leien. Si géifen dat selwecht wëllen an ouni si géif et an Europa net goen. Dat ass och richteg, datt et ouni si an Europa net geet. Mä aus deem wat Dir sot gëtt jo schonn däitlech, datt se eben net an alle Punkten op enger Linn leien. Mir sinn der Meenung, datt mer der europäescher Zentralbank iwwert de Volume an iwwert d'Aart vun hiren Interventioune keng Virschrëfte solle maachen. Et ass eng onofhängeg Bank an déi muss och an der Kris, a grad an der Kris, hir Kredibilitéit erhalen. Et ass d'Saach vun der europäescher Zentralbank eraus ze fannen ob si, jo der nee, méi oder grad sou vill wéi bis elo, wëllt intervenéieren. D'Bank seet jo och net si géif dat maache fir eenzelne Staaten op d'Säit ze sprangen, mä seet, datt se dat mécht fir sécher ze stellen, datt hir währungspolitesch Decisiounen och op de Finanzmäert ukommen. Mir mussen d'Bank sou gewäerde loossen.
Roy Grotz: Ënner strengen Oploen dann sollen an Zukunft och aner méi schwaach Eurolänner finanziell kënnen ënnert d'Äerm gegraff kréien. Wann dës Oploen awer net respektéiert ginn, soll och kënnen en Ausschloss aus der gemeinsamer Währung méiglech sinn. Dat wäer net en Zil mä misst kënne geschéien, wéi gesot wann et noutwenneg wir. Dat sinn Aussoe vun Ärem Finanzminister Luc Frieden gëscht och ënnert anerem op eiser Antenn. Mä Här Juncker, hu mir dann net just eben dee System vun der Eurozone definitiv opginn? Dir hutt mol geschwat vun der artificieller Trennung. Dir hutt gewarnt do virdrun. Ass dat dann eben net de Fall wann et zu deenen Ausschlëss kënnt kommen?
Jean-Claude Juncker: De Finanzminister huet däitlech gemaach, datt et wichteg ass, datt all Länner déi an der Eurozone sinn, sech un déi Regelen, op déi mir eis gëeenegt hunn, mussen halen. Déi Derapagen déi mir an deene leschte Jore festgestallt hunn, datt eenzel Länner sech guer net oder deelweis net un d'Stabilitéitsregele gehal hunn, déi mussen der Vergaangenheet ugehéieren. De Vertrag dee gesäit aktuell net vir, den europäesche Grondlagevertrag, datt ee Memberstaat aus der Eurozone kann ausgeschloss ginn. Mir diskutéiere jo de Moment iwwer Vertragsännerungen. Da muss ee gesinn an deem Kader, ob esou eng Méiglechkeet soll geschaf ginn. Ech sinn do ganz zeréckhalend, well fir vun Ufank un dovunner auszegoen, datt wann ee sech net schéckt e kann erausgehäit ginn, dréit net noutwennegerweis zur stabiler Orientéierung vun deem ganzen Unternehme bäi.
Roy Grotz: Gëtt dann och weider iwwert d'Emettéieren vun Eurobonds geschwat, Här Juncker? Domat kéinte jo d'Scholde vun den Eurolänner souzesoen mutualiséiert ginn. Awer nach ëmmer dat rout Duch fir d'Kanzlerin Merkel.
Jean-Claude Juncker: Ech hu gëschter eng Stonn laang mat der Madame Merkel telefonéiert. An et stellt sech eraus, datt Däitschland no wéi vir bei der Positioun bleift, datt Eurobonds net sollen agefouert ginn. Mir si jo och net der Meenung, datt Eurobonds déi absolut Äentwert op eng absolut Kris wiren an datt ee muer de Moien kéint Eurobonds aféieren. An datt ee vu mar de Moien un kéint d'Schold vun der europäescher Währungszon vergemeinschaften. Ech sinn awer der Meenung, datt wa mir déi budgetär Disziplineregele stäerken, datt wa mir zu méi Koordinéierung vun der Wirtschaftspolitik kommen, wa mir eis alleguer ëm jiddwerengem säi Budget matbekëmmeren, datt dann quasi staatlech Viraussetzunge geschaf sinn, fir datt een an esou engem optimale Fall vun integraler Koordinéierung kann Eurobonds emettéieren. Ech hat déi Iddi jo d'lescht Joer am Dezember, wann ech mech richteg erënneren, mat als ee vun deenen éischte lancéiert. Dat ass deemools op heftege Widdersproch getraff. An dir hudd, wéi ech, festgestallt, datt de Widdersproch ofhëllt, an datt der elo vill mat där Iddi hauséiere ginn déi eigentlech virun engem Joer net hier war.
Roy Grotz: Här Juncker, Dir sidd awer net nëmmen an Europa gefuerdert. Muer ass och Tripartite. Natierlech mellen sech do déi verschidde Säiten zu Wuert. Gëscht ënnert anerem och d'DP. Der Regierung gouf do reprochéiert e Spill mam Feier ze maachen. Ech proposéieren Iech dës kuerz Ausso vum Claude Meisch.
Claude Meisch (O-Toun): Ech mengen, datt de Premierminister Jean-Claude Juncker de Lëtzebuerger definitiv eng Kéier muss soen ob en sech dann elo wëll fir si asetzen, hir Problemer heiheem léisen, oder ob e fir hir Problemer hei zu Lëtzebuerg dann definitiv keng Zäit méi huet an ech mengen da misst en aner Decisionen huelen. D'Absence vun engem Chef, vun engem Regierungschef, ass mat duefir responsabel, datt mir momentan keng Regierungsequipe hunn, mä datt mir eigentlech just eng Regierung vu lauter Eenzelkämpfer hunn, vu lauter Eenzelspiller hunn déi ouni kloer Ziler an ouni kloer Kohärenz probéieren dann an hiren Ressorten iwwert d'Ronnen ze kommen.
Roy Grotz: Souwäit also de Claude Meisch. Här Juncker, Dir wollt net, datt d'Tripartite reportéiert gëtt sou wéi d'Gewerkschaften gefrot hunn. Mat wéi enge Prémissë gidd Dir dann doran?
Jean-Claude Juncker: Ech wëll fir d'éischt mol soen, datt ech iwwert dem Här Meisch seng Aussoen trotzdem einegermoosse verwonnert sinn. Ech fueren net op Bréissel fir mir et gutt goen ze loossen. Als Chef vun der Eurogroupe bekëmmeren ech mech ëm eis gemeinsam Währung an et ass och d'Währung vun de Lëtzebuerger. Ech soutz bis hënnt 1 Auer mat de Kollegen zesummen an ech hat a kengem Moment d'Gefill ech géif eng Aarbecht maachen déi näischt mat Lëtzebuerg ze dinn hätt. Ech hu mech ëm déi Währung déi och d'Währung vun de Lëtzebuerger ass, ëm déi Kafkraaft déi och d'Kafkraaft vun de Lëtzebuerger ass bekëmmert.
Wat d'Tripartite ubelaangt hunn ech no Gespréicher mat de Gewerkschaften decidéiert déi Sitzung vu mar bäizebehalen, well mir solle mar iwwert d'Beschäftegungssituatioun, iwwert de Problem vun der Aarbechtslosegkeet zu Lëtzebuerg schwätzen. Déi Sitzung ass gutt virbereet ginn vum zoustännege Minister gemeinsam mat de Sozialpartner. An an enger zweeter Ronn diskutéiere mir déi aner Froen. An zwëschent der Sitzung vu mar an där Sitzung méi spéit am Dezember, wou mir iwwert déi allgemeng Problemer méi diskutéieren, féieren ech eenzel Gespréicher mat de Gewerkschaftspresidenten a mat de Vertrieder vum Patronat mat deenen ech och dëser Deeg mech doriwwer ënnerhalen hunn. Den Här Meisch soll sech keng Suerge maachen. Ech hunn Aarbecht genuch an ech maachen se.
Roy Grotz: Mar gëtt da wéi gesot e Stéck gemaach. Just nach ee Wuert ëm den ominéisen Indexsystem. Keen ominéise System, fir vill en noutwennegen. An awer den Nach-Wirtschaftsminister grad wéi och de Minister Frieden soen, datt et net ka sinn, datt am Fréijoer déi Tranche ausbezuelt gëtt. Sidd Dir och där Meenung?
Jean-Claude Juncker: Dat hu mir d'lescht Joer mat de Gewerkschaften an engem sougenannten Bipartiteofkommes ofgemaach. Mir hu gesot d'lescht Joer, datt wann eng Indextranche tëscht dem 1. Oktober 2011 an dem 1. Oktober 2012 géif erfalen, da géife mir driwwer schwätzen ob een déi net kënnt verréckelen. Duefir gëtt et do näischt Neies. A wann d'Ministere soen et dierf keng Indextranche am Februar an am Mäerz ausbezuelt ginn, da refletéiert dat d'Positioun vun der ganzer Regierung an hëllt eng Indikatioun op déi mir d'lescht Joer mat de Gewerkschafte festgeluecht hunn. Mir mussen elo driwwer schwätzen, dat maache mir och, ënnert wat fir enge Conditiounen an zu wat fir Rahmebedingungen esou eng eventuell Modulatioun ka gemaach ginn. Ech ginn dovunner aus, datt mir do eng Eenegung fannen. Mä déi siche mir net iwwert de Radio. Déi siche mir an der Tripartite an an eenzelne Gespréicher.
Roy Grotz: Esou maache mir et an do héiere mir eis da mar rëm. Villmools merci op Bréissel Här Juncker. Haut geet et weider mat Äre Gespréicher um Niveau vum Conseil Ecofin. Wéi gesot, nach e gudden Dag.
Jean-Claude Juncker: Jo, d'selwecht fir Iech. Awuer.
|