|
Danièle Weber: Gudde Mëtteg also an der Émissioun "Background". Haut net wéi gewinnt mat engem Invité, ma fir iwwer de Sujet ze diskutéieren, deen an de leschten Deeg a Woche fir vill Emotioune gesuergt huet, hu mir 4 Leit invitéiert.
Bei mir um Dësch sëtzen d’Éducatiounsministesch Mady Delvaux, de Guy Foetz vum Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft, hien ass Économist, Prof am Lycée Nic Biever zu Diddeleng, d’Chantal Serres, fréier Member am SEW a franséisch Prof am Lycée Aline Mayrisch, an de Maxim Weber, Schüler op der 2ième A am Jongelycée, a Member vum Aktiounscomité géint d’Reform. Dir Dammen, dir Hären, gudde Mëtteg.
Alleguer: Gudde Mëtteg.
Danièle Weber: De Sujet haut ass d’Reform vun eisem Schoulsystem, méi konkret dee vum Secondaire.
En huet, ech hunn et scho gesot, an der lescht nawell fir vill Opreegung gesuergt. Iwwermuer soll den Text vum Avant-projet presentéiert ginn. Dës Ronn wäert fir eisen Usproch haut, soll dozou bäidroen, d’Debatt op engem sachlechen Niveau e bësse méi verständlech ze maachen.
Fänke mir emol bei där Persoun un, déi de Steen un d’Rulle bruecht huet. Dat ass an dësem Fall d’Ministesch, an deem se iwwerhaapt op de Wee vun enger Reform gaangen ass.
Madame Delvaux, vun där Manifestatioun vun de Schüler war Dir iwwerrascht? Dat sot Dir an engem Interview am "Jeudi". Dat huet mech e bëssen iwwerrascht, an ech hu mech gefrot, ob een dann am Ministère net weess wat bei de Schüler leeft, wat an de Schoule leeft?
Mady Delvaux: Also de Ministère ass net esou no bei de Schüler wéi d’Lycéen. An ech muss soen, mir hate jo geplangt vum Dezember un eng Kommunikatiounscampagne ze lancéieren.
An ech war, d’Schüler sinn eigentlech deem zevir komm, an deem se kuerz no Allerheljen do manifestéiert hunn.
Mä ech fannen awer, wëll ech dat awer och hei soen, ech fannen et gutt, datt mir dann elo an d’Discussioun kommen, an ech mengen, et wier och wichteg, datt mir eis och Strukture ginn, a Kanäl, fir datt een iwwer all Punkt an der Reform ka konstruktiv diskutéieren.
Danièle Weber: Dat hu mir jo haut wëlles. Här Weber, Dir hutt mat demonstréiert.
Beim Protest goung et jo ursprünglech em d’Reform vun der Formation professionnelle, iwwer déi mir elo net am Detail schwätze wëllen.
Wéi huet sech dann dee méi breede Protest géint d’Reform vum Secondaire organiséiert? Gouft Dir vu baussen ugestiwwelt, oder sinn d’Schüler alleng aktiv ginn?
Maxim Weber: Also, d’Schüler sinn éischter, fir d’éischt war jo deen ee Protest, dat war Ufank November, wou mir virun de Ministère gaange sinn, an do hate sech och schonn esou em déi 300, also d’Medien hu dovu geschwat vun 300 bis 400 Schüler, ech géing éischter soen, et waren der esou 250, déi sech virum Minstère versammelt hunn.
An dorops hin ebe goufe mir vun der, d’Schüler hunn dat awer schonn zimlech autonom décidéiert, dat heescht, et ass jo vun zwee Schüler, ee vun hinnen ass och Member beim Aktiounscomité, den Tom Ecker, an de Christopher Santos, déi zwee Schüler hunn dat eben esou an d’Rulle bruecht iwwer Facebook, déi éischt Demonstratioun. An déi zweet Informatiounssëtzung elo de 17. November, déi war ebe vun der Ministesch aus komm.
Danièle Weber: Wat war dann Är Motivatioun fir do matzemaachen?
Maxim Weber: Ech si jo net méi direkt vun der Reform betraff, mä ech hunn deelweis Frënn am Technique zum Beispill, wou schonn d’Reform als Testprojet duerchgefouert gouf, an déi waren zimlech onzefridden domat, déi hu mech och drop ugeschwat. An ech hunn nach kleng Cousinen, déi elo wahrscheinlech an de Lycée ginn, a jo, nach vill Frënn, déi nach a méi nidderege Klasse sinn, an déi och, falls se duerchfale sollten oder esou, also an den neie System kéinten erarutschen. An ech kennen och nach méi Jonker, zum Beispill meng Nohëllefschüler, déi och nach deen neie System wäerte mat erliewen, an déi dowéinst och concernéiert sinn.
Danièle Weber: Ech hunn et firdru scho gesot, et goufe Pancarden, "Mir wëllen halen, wat mir hunn". Dat ass keng besonnesch revolutionär Revendicatioun, et ass wierklech am Contraire konservativ. Sinn d’Schüler dann an der Majoritéit konservativ, wëlle se wierklech dat hale wat se hunn?
Maxim Weber: Neen, also ech géing soen, et ass zimlech verschidden. D’Schüler si schonn, also si si scho gréisstendeels mam ale Schoulsystem zefridden, mä natierlech si se sech och duerchaus bewosst, datt et verbesserungswierdeg Punkte ginn.
A mir sinn och open fir Verännerungen, genee esou wéi wahrscheinlech ech denken, datt Proffe fir Verännerunge open sinn, mä mir wëllen eben net déi Reform wéi se ënnert dëser Reform ass.
Mir si kloer géint déi Reform, wéi se elo vun der Ministesch proposéiert gouf. Mir wëlle gäre méi eng konsequent, a méi konkret Reform wéi se elo ass, fir eben déi Verbesserungspunkten duerchzeféieren.
Danièle Weber: Wéi konkret dat dann ass, schwätze mir nach driwwer.
Här Foetz vun Ärer Säit, domat mengen ech elo den SEW, wosst ee scho virdrun, datt Dir där Reform kritesch géift géingeniwwer stoen. Huet Iech dann den Engagement an d’Argumenter vun de Schüler iwwerrascht?
Guy Foetz: Also et huet eis Freed gemaach, datt d’Schüler endlech sech och beweegt hunn.
Et ass jo ganz vill an der Vergaangenheet scho geschitt, ganz besonnesch och an der Reform vum Professionnel.
Fir eis ass dat hei am Fong esou en drëtten Ulaf, gell, also mir hate schonn um Niveau vun der Formation professionnelle ugesat, mir haten eng Manifestatioun virun der Chamber gemaach, wéi et em de Chargés de cours hir Formatioun gaangen ass.
An elo an dësem Fall gesi mir wierklech, datt d’Leit erwächen, datt se sech Froe stellen iwwer de Cumul vun deene Reformen, déi net ausgeräift sinn, wou Chaos entsteet an de Schoulen, wou d’Leeschtung vun de Schüler erof geet.
An et ass, mir hunn e bëssen d’Impressioun, an ech schwätzen elo um Niveau vun den Enseignanten, datt vill Saachen iwwer hire Kapp ewech décidéiert ginn, datt hinnen net nogelauschtert gëtt vum Ministère aus. Et ass esou eng Aart Dialog, gesot gëtt, et wier en Dialog do, mä et ass keen do. Mir sinn net net informéiert, mir kennen all déi Saachen, déi do um Dësch leien, mir schreiwen Avisen, an et kënnt am Fong keng Reaktioun op déi Avisen, dat ass esou e bëssen de Ras le bol.
Also mir wëllen elo wierklech, datt d’Kaarten op den Dësch geluegt ginn, an datt mir wëllen do matschwätzen.
Danièle Weber: Kommunikatioun, komme mir och nach dozou.
Madame Serres, Dir sitt Co-Coordinatrice vun esou genannte Proci-Klassen an Ärem Lycée. Proci dat heescht, Projet pilote cycle inférieur.
An deene Klasse gi jo bestëmmtë Reformiddië schonn ëmgesat. Wéi ass et dann do, wéi reagéieren d’Schüler do op Verännerungen? Kritt een do och esou e Géigewand?
Chantal Serres: Ech muss soen, dat hunn ech elo esou direkt net matkritt. Mir hunn dat elo net mat hinnen diskutéiert. An dat ass vläicht eppes wat ech elo wollt soen, wat mir ze denke ginn huet, nach eng Kéier, datt ech fannen, datt d’Schüler an d’Schülerinne vill ze vill oft vergiess ginn, an datt dat mech am Fong net wonnert, an ech fannen dat och immens gutt, datt si am Fong emol eng Kéier en Zeeche maachen, hei si mir, schwätzt mat eis. An et ass jo och hir Schoul, an d’Participatioun fonctionnéiert eigentlech net.
Ech mengen, si kréie rar hir Meenung gefrot, och am Schoulliewen, an dat ass eppes, fannen ech, wat onbedéngt misst änneren, datt d’Schüler vill méi am Fong hir eege Belanger och an der Schoul kéinte mat décidéieren. Dat fannen ech scho ganz laang. An dee participativen Usaz, fannen ech, dee misst onbedéngt kommen.
Wat elo eis Schüler, dat ass ëmmer esou eng Saach, d’Schüler kennen ëmmer nëmmen dat, wat si dann ebe grad erliewen. Ech mengen, mir hu mat eise Proci-Schüler elo net iwwer d’Reform direkt diskutéiert. Mä wa mir heiansdo soss, dann hu si, si si och géint de Proci-System, zum Beispill fanne si dat dann egal wat, datt si direkt duerchkommen, well dat zum Beispill da vläicht net cool ass.
Ech weess och net heiansdo, wann een hinnen dann erkläert, majo du bass elo zwar direkt duerchkomm, wann s du, zum Beispill wa se dann no der 8ième nach mussen op en Niveau de base goen, well se dann eben awer vläicht a verschiddene Fächer net esou gutt sinn, wat mir hinnen och net verstoppen, ech mengen, si kréien déi Informatioun jo ëmmer gesot, da fanne se dat egal wat, dann hätte se léiwer deen anere System gären. Wann een dann awer erkläert, kuck emol, du wiers no der 7ième jo guer net op eng 8ième théorique komm, du wiers éischter op enger 8ième polyvalente, oder du häss d’7ième dann nach eng Kéier gemaach. Da gi se natierlech e bësse méi nodenklech.
Ëfters wa se erëm kommen, da gesi se am Fong, datt dee System am Fong och ganz gutt war. Wat ech wollt soen, et ass vläicht net ëmmer ganz einfach de Recul ze hunn.
Danièle Weber: Bleiwe mir nach eng Kéier kuerz bei der Kommunikatioun. Dat ass jo e Punkt, deen elo an deenen Débaten ëmmer erëm opkënnt. D’Schüler fille sech net richteg informéiert Herr Weber.
Et gouf awer Réuniounen och tëscht Schüler an dem Ministère. Esouwäit ech weess, sinn do net immens vill Schüler komm. Ass den Intérêt vun de Schüler dann elo eréischt komm, oder firwat, waren déi Réuniounen net bekannt?
Maxim Weber: Also tatsächlech ass den Intérêt eréischt elo zimlech opgeflaamt, no deene Protester vum 5. November, kuerz virdrun, ebe wou sech dat Ganzt organiséiert huet.
Mä menger Meenung no ass et och e bësse Schold, wéi ebe virdrun ugesprach gouf, dat ass dee mangelnden Dialog tëscht Schüler a Ministère, datt eben d’Schüler net esou richteg informéiert waren, datt eben esou Réuniounë waren. An ech denken, ech gi selwer zou, datt ech bis viru kuerzem nach guer net iwwer déi Reform Bescheed wosst. A well d’Schüler iergendwéi, och well d’Proffen net genee Bescheed wossten. An dowéinst goufen d’Schüler och net a Stand gesat, datt eben esou Réuniounë waren.
An ech denke sécherlech, wa mir méi kloer an direkt Informatiounë krut hätten, datt déi Reform usteet, an eben och Versammlunge bezüglech där Reform, datt dann och wahrscheinlech méi Schüler dohinner gaange wieren.
An et ass eben och déi Onsécherheet, also déi Onsécherheet iwwer d’Reform, well se eben net esou vill driwwer gewosst hunn, déi se dozou gedriwwen huet dogéint ze protestéieren.
Danièle Weber: Här Foetz, d’Proffe waren awer op d’mannst, en Deel vun de Proffe war informéiert, Dir wart jo och op Réuniounen.
Sitt dir ärer Roll als Gewerkschaft do gerecht ginn, fir déi Informatioune virunzeginn, oder wat huet dat do net geklappt?
Guy Foetz: Also, dat hu mir ganz kloer gemaach, an ech mengen, déi meescht Kollege sinn och effektiv informéiert, gell. Mir hunn dat och scho gemaach beim Professionnel, also et ass net. Mä eng Rei vu Leit hu vläicht geduecht, et huet souwisou kee Wäert, gell, et huet kee Wäert fir ze protestéieren, se maache jo souwisou wat se wëllen, hein, an déi Richtung.
Mir hu jo nach ni erlieft, datt dat wat bis elo applizéiert ginn ass, zum Beispill, datt dat iwwerhaapt emol gepréift ass ginn, ob dat gutt wier. Et ass net gesot ginn, elo hei mir stelle verschidde Saachen an Zweiwel. Da sinn eng ganz Partie vun à priorië gesot ginn, zum Beispill, mir kommen herno jo wahrscheinlech do drop(ënnerbrach)
Danièle Weber: Op eenzel jo, also mir ginn op d’Reform nach an, jo.
Guy Foetz: Op déi eenzel Punkten, wou vu virera gesot gëtt, doru gëtt net gerüttelt, dat do dat ass vu vireran décidéiert, an dir sitt net déi, déi do iergendwéi do eppes matzeschwätzen hutt. Dat ass e bëssen dat, wat d’Leit dann och opbruecht huet.
Danièle Weber: Fir Är Positioun nach eng Kéier e bësse méi kloer ze maachen.
Dir sitt der Meenung, datt, Dir sitt am Fong dogéint, datt d’Ministerin elo de 5. Dezember deen Text do proposéiert.
Fir Iech, Dir wëllt eigentlech de Compteur erëm op Null setzen, wann ech dat richteg verstinn, well Dir net dru gleeft, datt duerno sech nach eng Kéier eppes ännert, och wann d’Ministesch seet, ech sinn op fir den Dialog, an et ass nach alles dran. Dat gleeft Dir net.
Guy Foetz: Jo, also aus Erfahrung wësse mir, datt wa bis en Text do läit, deen dann an d’Chamber geet, dann ass et e Vote Majoritéit géint Oppositioun.
A mir mengen, datt eng ganz Partie vu Froen absolut net gekläert ginn, net, och wat d’Fundamenter ubelaangt vun der Reform, net gekläert sinn. Also, ech hoffen, datt mir herno nach kënnen dorop agoen.
Danièle Weber: Ob alle Fall. Madame Delvaux, Dir presentéiert also deen Text elo. Et gouf Réuniounë mat Enseignanten, hu mir scho gesot.
Wéivill sinn dann do déi Meenunge vun den Enseignantë mat eragefloss, oder ass dat en Text, dee just am Ministère ausgeschafft gouf?
Mady Delvaux: Also, mir si säit zwee Joer am gaangen Dokumenter ze publizéieren, mat Réuniounen an de Lycéen. An déi Dokumenter, déi Propositiounen, déi hu jo och évoluéiert mat der Zäit.
Am Mäerz 2010 waren d’Propositiounen net déi selwecht, wéi déi, déi elo um Dësch leien. An ech, zum Beispill iwwer den Travail d’envergure, wou gesot ginn ass, dat ass vill ze vill grouss, wat dir do virgesitt, dir musst dat zeréckschrauwen.
Ech erënnere mech un d’Discussioun, wou mir gesot hunn, hei mir hätte gären, datt jiddweree muss englesch an den ierweschte Klassen hunn. Dunn ass vun den Enseignantë gesot ginn, o, däitsch a franséisch kënne mir awer net esou vernoléissegen. Dunn hu mir gesot, okay, da vernoléissege mir dat net esou.
Et ass och net richteg, datt net gekuckt gëtt, ob eng Saach eppes bréngt oder net, well zum Beispill déi Propositioun fir vu 7ième op 6ième eng Promotioun ze maachen, dat ass jo eng Conclusioun aus dem Projet Proci, deen elo säit 10 Joer awer zu Lëtzebuerg leeft, a wou mir gesinn hunn an deenen zwou leschten Étude vu Pisa, datt déi 15 jäereg aus Proci signifikativ besser ofgeschnidden hunn, wéi déi 15 jäereg aus deenen Parallelklassen. Esou datt verschidde Reproche sinn net richteg.
Et ass richteg, datt ech an enger Réunioun gesot hunn, mir diskutéieren haut net doriwwer, ech zéien dat elo net zeréck, well ech der Meenung sinn, datt ech awer och d’Recht hunn, meng Iddien emol ënnert konsolidéierter Form dohinner ze leeën. Dat ass och nach net en Text deen duerch d’Regierung gaangen ass, dee geet och net esou an d’Chamber.
Mä ech hätt gären, datt jiddwereen all Punkten zesummen ënnert den Aen huet, an ech, gutt ech weess, datt den Här Foetz seet, hien hätt Erfahrung mat mir, mä ech wëll awer soen, datt ech mir och d’Recht huele fir meng Iddien ze plädéieren, an datt mir no de Consultatiounen, datt ech da Conclusiounen zéien.
Ech ginn net an déi éischt Sitzung, an ech soen, ech zéien dat do zeréck.
Ech hätt gären, datt mir mat all de Concernéierten, den Elteren, de Schüler, den Enseignanten, mä awer och d’Gesellschaft zu Lëtzebuerg, well d’Schoul geet eis jo alleguer eppes un, hätt ech gären, datt jiddwereen dozou ka Stellung huelen, an dann um Enn vun de Consultatiounen, dann zéien ech Conclusiounen, an ech muss jo dann och domat an d’Regierung goen, an an d’Parlament.
A letzlech sinn ech jo och net alleng décisive fir déi lescht Arbitragen ze maachen.
Danièle Weber: Madame Serres, wéi hutt Dir dann déi Prozedur, oder dee ganze Prozess do erlieft, bis bei dat, wou mir elo sinn, wou déi Proposen, déi mir elo awer scho matkritt hunn, fir d’Reform virleien, Stéchwuert Kommunikatioun?
Chantal Serres: Also, et gëtt do natierlech Kritiken ze äusseren, sécherlech.
Mat der Kommunikatioun zum Beispill, déi Saach wéi mat den Trimesteren, a Semesteren, wat schif gaange war, well do op eemol nach eppes dobäi komm war.
Oder zum Beispill datt een elo en Dokument virleet, wat zwar elo net direkt dem Ministère seng Schold ass vun der Évaluatioun, wat een diskutéiere léisst, a wat eigentlech esou vague ass, datt kee Mënsch driwwer kann diskutéieren, dat mécht heiansdo dann och e schlechten Effekt.
Wat de Rescht ugeet, muss ech soen, fannen ech, datt de Ministère nach ni esou vill consultéiert huet wéi elo, an datt en zum Beispill um Niveau vum Cycle inférieur wierklech d’Leit, d’Lycéen vum Terrain gefrot huet, d’Reform eigentlech virzedenken. An dat hate mir nach ni. An dat ass an deem Sënn eigentlech eng ganz participativ Démarche, wou mir kënnen der Reform eigentlech hëllefen e Gesiicht ze ginn, wou gekuckt gëtt, wat leeft an de Schoulen, wat leeft gutt, wat leeft net esou gutt, wourop musse mir oppassen, wa mir et generaliséieren. Dat sinn déi berühmte Lycées pioniers, dat hu mir als ganz positiv erlieft.
Danièle Weber: Iert mir op ganz konkret Punkten aginn, vläicht misste mir eis nach eng Kéier driwwer austauschen, ob eng Reform iwwerhaapt néideg ass. Ech hunn dat elo emol hei schonn esou eraushéieren, datt déi meescht eigentlech där Meenung sinn, an da misste mir emol kucken, wou déi Haaptproblemer leien.
Madame Serres, wat ass dann Ärer Meenung no dat, wou am dréngensten eppes misst geschéien?
Chantal Serres: Also ech géif jo, wann ech elo emol einfach hei esou fräi dierf meng Meenung soen, de President vun der UNEL huet dat d’leschte Kéier op der Tëlé ganz schéi gesot, mir sinn hei awer nach am Beräich vun der Homöopathie eigentlech.
Dat wat soll geännert ginn, dat sinn awer nach ganz kleng Saachen, dat geet nach guer net un d’Struktur, dat geet weder un d’Fächer zum Beispill, wat sécherlech och en Thema ass, dat geet och net un d’50 Minuttestonnen.
Bon, dat wollt ech emol eng Kéier viraussoen, datt ech eigentlech déi Meenung och deelen.
Danièle Weber: Also vill méi fundamental.
Här Foetz, Dir hutt och gesot, Dir sitt net prinzipiell géint eng Reform, hutt Dir da konkret Alternativen am SEW ausgeschafft?
Guy Foetz: Mir hunn en Avis geschriwwen, wou mir eng ganz Partie Saachen, déi de Ministère do geschriwwen huet, versicht hunn ze widderleeën, an aner Saachen ze proposéieren.
Danièle Weber: Zum Beispill?
Guy Foetz: Zum Beispill um Niveau vun de Sprooche menge mir net, datt mir sollen, wat franséisch an däitsch ubelaangt, mat dem europäesche Kader fueren. Dat ass een Aspekt.
Ech wollt awer nach op dat anert äntwerten. Proci, also Proci bréngt eng ganz Partie vu positive Saachen, mä mir mierken awer och, datt Proci en Dénivellement no ënne vun de Schüler bedeit.
Wa mir kucken, zumindest déi Statistiken, déi ech kennen, do si méi Schüler déi ginn a Richtung Professionnel an d’Techniker Formatioun, wéi bei deene Leit, déi net an de Proci-Klasse waren.
Dat ass dann dee Moment ganz komesch, datt mir da gläichzäiteg um Niveau vum Professionnel dann eben och d’Technikerformatioun no ënne gedréckt hunn.
Bon, dann ass jo dann awer, ech gi Schüler an eng bestëmmte Richtung bréngen, an da verbauen ech hinnen awer e Wee, dee virdru schonn op war.
Zweet Saach. Wa mir elo, enfin Dir frot no der Motivatioun vun enger Reform fir eis, als Gewerkschaft SEW, an als Enseignanten. Mir hätte gären engersäits eng gerecht Schoul, anersäits eng performant Schoul.
Mir wëssen, datt eis Schoul, an deem Sënn ongerecht ass, well Leit déi aus méi schwaachen, sozial méi schwaache Famillje kommen, keng esou Méiglechkeeten hunn, fir an eiser Schoul ze réusséieren.
Mir mengen awer net, datt d’Rezept doraus géing bestoen, fir dee Moment no ënnen ze fueren, mä mir hätte gären, datt dee Moment déi Kanner, zum Beispill, vun Ufank u wa se an d’Primärschoul kommen, gehollef kréien, gepusht ginn.
An déi Richtung wëlle mir goen, an net an eng Richtung, wou mir éischter noginn.
Danièle Weber: Madame Serres, Dir wollt dorop äntwerten.
Chantal Serres: Jo, also ech wëll einfach mat deem Nivellement vers le bas, also ech mengen, esou wéi d’Madame Ministesch dat gesot huet, d’Resultater aus Pisa weisen, schwätze jo awer och eng kloer Sprooch, do kann een net vun engem Nivellement vers le bas schwätzen.
Wann ee seet, datt vläicht méi Schüler, oder Schülerinnen an den Technicien oder Professionnel orientéiert ginn, also, dee Projet deen heescht och, Objectif réussite, an zwar well mir wollten, well dat jo awer eng relativ Katastroph ass zu Lëtzebuerg, wéivill Schüler do ouni Diplôme aus der Schoul ginn.
An een Zil vun deem Projet war och fir d’Schüler besser ze orientéieren.
Ech géif léiwer méi Schüler, oder Schülerinnen op 10ième technique orientéieren, mä momentan, esou wéi heiansdo, also mir orientéiere se esou, wou mir denken, datt se och eng Hoffnung hunn, datt se et packen, an datt se herno en Diplôme kréien.
Dat erkläert vläicht deelweis, dat ass net an deem Sënn en Nivellement vers le bas.
Ech sinn och net domat d’accord, datt den Techniker onbedéngt erofgestuft gëtt, just well mir do soen, déi Leit, déi puer Leit, déi wëllen op eng Héichschoul goen, déi solle vläicht zousäzlech eppes maachen, fir da kënnen héijer Studien ofzeleeën, an datt mir dat net méi all Leit ofverlaangen, déi vläicht einfach wëllen als Techniker schaffe goen.
Och do, ech mengen, mir mussen zu Lëtzebuerg awer och gesinn, datt mir de Leit mussen en Diplôme ginn. Dat ass einfach eminent wichteg.
Danièle Weber: Do ginn also d’Meenunge wat d’Évaluatioun ugeet, ginn auserneen, stellen ech emol fest.
Madame Delvaux, ech wollt Iech am Fong nach froen, bei där Reform, dat huet den Här Foetz och elo schonn ugedeit, geet et jo op alle Fall och drëms, datt déi méi schwaach Schüler matkommen, an datt méi Schüler en Diplôme kréien, dat hutt Dir och e puer Mol betount.
Hätt een dann net och dat kéinten ouni esou eng fundamental Reform maachen, an deem een einfach déi fördert déi méi schwaach sinn, a kucken datt déi erëm matkommen?
Mady Delvaux: Also et geet elo net nëmmen drëm fir déi schwaach Schüler ze ënnerstëtzen, fir datt déi déi Kompetenze kréien, déi se brauche fir weider ze kommen.
Et geet am Allgemengen, dat ass d’Zil, d’Objektiv ass fir all Schüler méi héich ze qualifizéieren.
Mir mussen och eis gutt Schüler méi fuerderen, a mir mussen déi schwaach Schüler ënnerstëtzen, fir datt se op en Niveau kommen.
An ech wiere mech awer wierklech vehement géint déi, ëmmer déi Ënnerstellung, mir géifen d’Niveauen no ënnen drécken.
Also d’Objektiv ass genee de Contraire, fir no uewen ze drécken, fir och den Effort erëm ze sollicitéieren, well et geet drëm, datt déi jonk Leit, déi zu Lëtzebuerg, déi Kanner, déi jonk Leit déi zu Lëtzebuerg liewen, déi zu Lëtzebuerg an d’ëffentlech Schoul ginn, ech hätt gären datt déi richteg eppes léieren an der Schoul, an datt se mat hirer Qualifikatioun en Accès hunn, déi eng zur Héichschoul, déi aner zur Universitéit, oder zu der Aarbecht.
Well mir brauchen zu Lëtzebuerg héichqualifizéiert Leit, an ech, an duefir an de Mesuren ass jo och virgesinn en Encadrement, eng Ënnerstëtzung fir se, genee wéi gesot gëtt, fir se ze pushen, datt se net mat Rou gelooss ginn, wa se näischt maachen, mä datt se ëmmer erëm ugehale ginn, fir weiderzekommen. Dat ass awer nu wierklech d’Objektiv vun där ganzer Démarche.
A fir ze soen, esou eng fundamental Reform, elo just hunn ech gesot kritt, et wier homöopatesch, also iergendwou muss ech soen, sinn ech och e bësse schlecht drun. Fir déi eng ass et zevill, a fir déi aner ass et net genuch. Dat muss sech dann no den Discussiounen erausstellen.
Danièle Weber: Här Weber, Schüler déi hunn hir Angscht do geäussert, dee wier mat där Reform do net méi esou vill wäert. Wéi kommt dir do drop?
Maxim Weber: Ma verschidde Schüler hunn och den Androck, datt se den Diplôme deelweis hannendru gehäit kréien. Wat awer paradox dozou, am Verglach dozou ass, datt se allgemeng wëllen och den Niveau hiewen, dat heescht, do si vill Schüler veronséchert eben, wéi dat elo konkret ausgesäit mam Diplôme.
Well, zum Beispill bei der Informatiounsversammlung de 17. November, do huet ee Schüler, dee war besonnesch opgereegt, deen hat gefrot, en hat eng konkret Fro gestallt, ob hie mat deem Diplôme, well eben och d’F-Sektioun, also d’Musiksektioun am Enseignemnt secondaire classique verschwënnt, huet hie gefrot, ob hien no der Reform mat deem wat hien u Musik mécht, kann op eng Uni goen, fir Musik ze studéieren. An do krut en, eréischt nodeems e wierklech vill nogehakt huet, eng Äntwert.
An et ass ebe genee dat, datt se net genee wëssen, wat hiren Diplôme letzendlech wäert ass, ebe well d’Äntwerten net genuch konkret sinn.
An dowéinst froe mir eis heiansdo, ob se heiansdo selwer net wëssen, also se selwer wëssen, wou dat soll hiféieren.
Mady Delvaux: Dierf ech dozou just eppes soen, zum Wäert vun den Diplômer ?
Danièle Weber: Ganz kuerz.
Mady Delvaux: Ganz kuerz. En Diplôme ass esou vill wäert, wéi deen Effort deen de Schüler gemaach huet, an déi Resultater déi en doranner kritt.
Besonnesch dat Beispill vun der Musikhéichschoul, do wësse mir jo, datt d’Schüler gekuckt ginn op hir Performancen an der Musik, déi se, wou se hu missen am Conservatoire en Éischten, an esou weider maachen.
A mir wëssen, datt d’Unien ëmmer méi d’Zensure vun deene leschten dräi Joer kucken. Duefir ass wierklech, mengen ech, ëmmer erëm, an dat widderhuelen ech, den Appel fir d’Schüler, datt ee sech muss druginn, a vun der 3ième u ginn d’Nummere gekuckt, déi een op all Fach huet.
Wann ee wëllt op déi bescht Universitéite kommen, muss een och déi bescht Nummere kréien.
Danièle Weber: Voilà, RTL, et ass kuerz virun halwer eng, an elo gläich Zäit fir eise Mëttesjournal. Esouwäit also fir den éischten Deel vun dëser Émissioun “Background am Gespréich�? haut mat enger Discussioun iwwer d’Schoulreform. Nom Journal huele mir dann e puer méi konkret Punkte vun der Reform duerch.
Gudde Mëtteg also am zweeten Deel vun eiser Émissioun "Background", haut iwwer d’Schoulreform.
Mir hate gesot, mir géifen e puer Punkte vun der Reform duerchhuelen. Virun der Paus hu mir iwwer d’Definitioun vun engem gudden Diplôme geschwat, déi hat d’Ministesch opgeworf. Här Foetz, Dir wollt dorop réagéieren.
Guy Foetz: Bon, ech wollt dorp réagéieren, an deem Sënn, ech fannen dat eng komesch Definitioun vun engem gudden Diplôme, datt dat vum Effort vum Schüler ofhänkt.
Ech mengen, datt den Diplôme, well dat gëtt jo objektiv bewäert no baussen. Dat hänkt elo net onbedéngt dovun of, wat elo effektiv den Effort vum Schüler ubelaangt.
An dann déi Fro vun enger Technikerformatioun. Deen Niveau vun där Formatioun, dee gëtt de Moment esou erof gedréckt, datt déi Schüler och net méi kéinten iwwerhaapt weider studéieren, esouguer wa si et wéilten, well se guer net méi outiléiert sinn. Et ass keng Mathé do, et ass net genuch Sprooche méi do, déi hunn iwwerhaapt déi Méiglechkeet herno net. An dat fannen ech Schued, well do déi, déi d’Méiglechkeet zum Beispill hate fir an e BTS ze goen, déi kënne se wahrscheinlech guer net méi wouerhuelen.
Mady Delvaux: Zum Techniker wëll ech just soen, datt do virgesinn ass, datt supplementar Offere gemaach gi fir déi, déi wëllen op eng Fachhéichschoul goen, datt déi eben déi Mathé an déi Sprooche kënnen nomaachen.
An d’Iddi war jo just, datt een deen net wëllt op eng Fachhéichschoul goen, net en Diplôme net ka kréien, well en an de Sproochen zum Beispill den Niveau net huet.
A wat d’Efforte vun de Schüler ugeet, dee misst sech normalerweis jo an hiren Nummere reflétéieren. A mir wëssen, datt d’Unië froen, wéivill has de dann am Premièresexamen an der Mathé, am Franséischen, an am Däitschen.
An da kritt een en Diplôme ab 30, dat heescht, zwëschent 30 a 60 ass eng grouss Spannwäit, wat déi eenzel Perfomancë vun de Schüler uginn.
Danièle Weber: Bleiwe mir emol beim Konkret. Mir hate virdru schonn driwwer geschwat, dat Duebléieren, dat soll jo dann an engem, am Secondaire soll jo déi zwee éischt Joer sollen e Block ginn, dat heescht, datt d’Schüler an deene Joeren net méi duebléieren.
Här Foetz, et gëtt Étuden, déi weisen, an dat sot och en Expert vun der Uni Lëtzebuerg viru kuerzem, datt dat Duebléieren de Schüler näischt bréngt, datt et se net weider bréngt. Niéiert Dir dës Etuden, oder kommt Dir do zu anere Conclusiounen?
Guy Foetz: Ech kennen déi Saachen do. Dat ass zum Beispill de Professor Cray vu Léck, deen dat schonn zanter laangem seet.
An ech mengen elo net, datt een do ka jo oder nee soen.
Ech mengen, déi Saachen duebléieren, dat hänkt ëmmer dovun of vun der Situatioun, an där datt de Schüler dran ass. Ech mengen, eng ganz Partie Schüler, do ass et wichteg, datt déi Schüler duebléieren, datt se Stoff erëm huelen, soss komme se nämlech net weider, soss bleiwe se op deem Niveau, a si verléieren doduerch. Herno komme se op engem aneren Niveau eraus, ginn no ënnen orientéiert.
Danièle Weber: Här Weber, wéi gesitt Dir dat als Schüler, dee Punkt vun der Reform?
Maxim Weber: Also ech sinn der Meenung, datt do och vill Schüler Bedenke geäussert hunn, datt se eben net méi kënnen duerchfalen op 7ième a 6ième, well da fäerte se och, dat ass och erëm mat där Angscht liéiert, datt herno no 5ième, eben do wou déi Tësche-cinquième ass, datt se op eng richteg 5ième kommen, falls se eben net duerchkommen. Dat huet och fir zimlech, deemools, wéi se dat de 17. also wéi d’Madame Ministesch dat de 17. proposéiert hat, also virgestallt hat, huet dat fir zimlech rege Protest gesuergt, well (ënnerbrach)
Danièle Weber: Mä firwat, wat ass dann Är Kritik do drun?
Maxim Weber: Ma ech denken, vill Schüler déi sinn, dat ass och erëm, datt vill Schüler net genee wëssen, wat ebe mat där 5ième ass, och erëm wou mir virdru Rieds haten, eben iwwer déi mangelnd Informatiounspolitik.
Mä ech denken, vill Schüler wëllen net esou vill Zäit verbréngen, fir iwwerhaapt herno op eng richteg 5ième ze kommen.
Also datt se nach do déi Tëschestatioun musse maachen, well dat jo schlussendlech jo och erëm do drop erausleeft, datt een erëm Zäit verléiert, eben wat och d’Géigenargument géint d’Sëtzebleiwen ass.
Danièle Weber: Madame Serres, mir hu virdru schonn driwwer geschwat, an deene Proci-Klassen ass dat jo schonn esou, d’Évaluatioun gëtt jo hei ënnerschiddlech bewäert.
Wat ass dann do um Terrain geschitt, wéi gëtt do mat de Leit geschafft, ginn déi dann, et ass jo net esou, datt déi einfach dann net duebléieren, an domat huet et sech?
Chantal Serres: Natierlech net. Ech mengen, esou wéi den Här Hoffmann d’lescht Kéier gesot huet, wann een da géif sëtze bleiwen, da géif ee sech dat zweet Joer hannert d’Bicher klemmen, esou géif een da vläicht soen, datt een, wann ee weess et kann een net duerchfalen, esou ze soen, mir forcéieren esou ze soen d’Schüler(ënnerbrach)
Danièle Weber: Den Här Hoffmann war dee Moment e Schüler, deen dat gesot huet.
Chantal Serres: Jo, jo, jo genee. Mir forcéieren d’Schülerinnen esou ze soen, an d’Schüler, datt se natierlech schaffen. Also ech mengen, et kuckt een dat jo net einfach no. An ech mengen, do fannen da Gespréicher statt, d’Schüler an d’Schülerinne kréien Travail de remédiation. An de System beweist, datt dat och geet.
Dat hunn ech och d’éinescht gemengt mat der Homöopathie. Et gëtt ganz vill Opreegung iwwer Saachen, ech verstinn dat och, well et geet hei em ganz déifgräifend Reformen, wou mir awer eigentlech, wann ee ganz genee hikuckt, just déi éischt Schrëtt an déi richteg Richtung maachen. Dat wollt ech am Fong soen.
Dat hei ass net d’Revolutioun, obwuel wann een heiansdo den Terrain kuckt, mengt een et wier d’Revolutioun.
Mä et ass, ech mengen, dat weist natierlech och vläicht d’Reaktioun vun de Leit, si kréie scho mat, mir kréien alleguer mat, datt mir virun engem risege Changement stinn momentan. An dat erkläert, ech mengen, de Mënsch reagéiert ganz empfindlech op déifgräifend Verännerungen, dat huet och mat Identitéit ze dinn, also professionnel Identitéit, de Proffeberuff ass ganz evidenterweis net méi dat selwecht wa mir fäerdeg wäerte sinn.
De Schüler iwweregens och net, well dat ass vläicht net ëmmer ganz angenehm, awer op eng aner Säit och heiansdo vläicht relativ bequem esou passiv ze sinn, et gëtt déi zwou Facetten.
Et gëtt vum Schüler a vun der Schülerin an deem Projet, esou wéi e geduecht ass, zumindest wat een hannendru gesäit, vill verlaangt. Ech mengen net, datt den Technicien an deem Sënn méi einfach ginn ass, ech mengen au contraire, datt wann een déi Modullen alleguer muss packen, datt dat vill, heiansdo hunn ech esouguer Angscht, datt et vläicht esouguer ze vill ass.
Danièle Weber: Här Foetz, Dir hutt elo och de Kapp gerësselt.
Guy Foetz: Also ech muss dorop reagéieren. Et gëtt esou gesot, wéi wa mir elo géingen hei em eis Identitéit fäerten. Mir fäerten em d’Méiglechkeeten, déi déi ëffentlech Schoul de Leit bitt. Mir gesinn zum Beispill och wat am Fondamental geschitt de Moment, deen onméigleche Flux deen do ass, wou d’Leit selwer guer net méi eens ginn, och d’Inspekteren net méi wësse wat se de Leit solle soen, wou d’Elteren net méi wësse wou hir Kanner stinn.
A wat ech virdru scho gesot hu vum duerchfalen, an esou virun. Mir kréien ëmmer méi e System, wou d’Kanner duerch de System gedréckt ginn, bis se op 9ième sinn, an da sti se wéi virun enger Mauer, da wësse se net méi wat se mat hire Méiglechkeeten, dann hu se keng Méiglechkeete méi. Si landen an enger Sakgaass. Eng ganz Partie vun de Kanner landen an der Sakgaass. An dat ass dat (ënnerbrach)
Danièle Weber: Ass Professionnel d’Sakgaass oder wéi?
Guy Foetz: Neen, ech schwätze emol guer net vum Professionnel, ech schwätze vu Kanner, déi iwwerhaapt emol kënne keng uerdentlech Ausbildung méi maachen, well se net kënne liesen a schreiwen.
Mady Delvaux: Majo, et ass genee dogéint wou mir wëlle reagéieren, well mir jo feststellen an den Étuden, datt mir awer de Moment ongeféier 20% vun de Schüler hunn, déi eigentlech net richteg kënne liesen, déi zwar liesen, awer den Text net verstinn. An dogéint géif ech gären ukommen. Also dat kann net sinn.(ënnerbrach)
Danièle Weber: Et gëtt jo awer och ëmmer erëm beklot, datt déi Évaluatiounen net gemaach goufen, och elo vun deenen éischte Reformen.
Ass dann elo de richtegen Zäitpunkt fir déi do Reform ze maachen, oder gesitt Dir(ënnerbrach)
Mady Delvaux: Also wahrscheinlech ass ni de richtegen Zäitpunkt fir eng Reform ze maachen.
Also, an ech wëll och ganz kloer soen, datt dat wat elo am Secondaire, an de Lycéen, do wëlle mir jo Punkten halen, et ass net esou, datt do Textzensure kommen. Et ass schonn esou, datt d’Schüler do an de Verglach kommen ee mat deem aneren.
Et ass och net, weder an der Grondschoul nach soss entzwousch gesot, datt ee keng Prüfunge soll maachen, et musse Prüfunge gemaach ginn. A wéi virdrun d’Madame Serres gesot huet, et gëtt vun de Schüler scho verlaangt, datt se sech druginn.
An ech hätt ebe just gären, doduerch datt mir Soccles définéiert hunn, mir soen, dat do muss ee kënnen, fir kënne weider ze goen. A wann s du net dee Soccle erreecht hues, dann dréinst du eng Schläif an där 5ième, fir déi Lacunen an deene Fächer wou s de se hues, fir déi opzehuelen, soss kanns du net weider goen. An dat ass précisément d’Objektiv fir sécherzestellen, datt een net einfach duerch d’Klasse geet ouni deen Niveau ze hunn.
Danièle Weber: Et hu sech der zwar nach e puer gemellt. Ech géif trotzdem nach gäre bei de Punkt vun de Sektioune kommen.
Här Weber, vläicht kënnt Dir dann och dat mat afléisse loossen. Dir als Schüler vun enger 2ième A, Dir hutt kritiséiert am Fong, datt déi Dominantë sollen agefouert ginn, well Ärer Meenung no domat d’Sprooche méi zweckméisseg, wéi Dir dat genannt hutt, enseignéiert ginn. Wat mengt Dir domat?
Maxim Weber: Also dat ass e gewëssenen Utilitarismus, an zwar datt d’Sproochen net méi der Schéinheet wéinst, oder wéinst der Literatur ënnerriicht ginn, mä fir eis konkret op d’Beruffsliewe virzebereeden, dat heescht, datt se nëmme nach Mëttel zum Zweck sinn, an net méi d’Sprooche selwer.
Mir kréie beispillsweis nach Grammaire, oder Syntaxen oder esou, bäibruecht, an et gëtt méi Wäert dorop geluegt, amplaz och wierklech(ënnerbrach)
Danièle Weber: Elo oder no der Reform?
Maxim Weber: Neen, no der Reform. Elo ass et eigentlech nach zimlech an der Rei, well zimlech vill Literatur ënnerriicht gëtt, an et kann ee sech och drop spezialiséieren, op der "A1"
Mä menger Meenung no ass d’Literatur esou en essentielle Bestanddeel vun enger Sprooch, datt dat net ausgelagert ka ginn op Spezialisatioun, besonnesch wann esou Spezialisatioune vun der Schoul festgeluegt goufen, wou net emol garantéiert gëtt ob déi Spezialisatioun Literatur 1, a Literatur 2 grad vun enger Schoul ugebuede gëtt.
Danièle Weber: Madame Serres, Dir sitt franséisch Prof, gesitt Dir dat och esou?
Chantal Serres: Ech wollt mech elo net onbedéngt zu de Sektiounen, ech wollt nach am Fong zwou Saache lassginn, vun éineschter.
Identité professionnelle, ech wollt domat mengen, de Rôle vum Prof, deen net méi onbedéngt nëmmen, oder vill de Wëssensvermëttler ass, mä méi de Léierberoder, wat eis Proffen an eng grouss(ënnerbrach)
Guy Foetz: Dat stelle mir net a Fro.
Chantal Serres: Wat eise Proffe grouss Problemer bréngt, well mir jo net ëmmer onbedéngt duefir ausgebildt sinn.
An ech wollt soen, zumindest fir de Cycle inférieur, fir déi Reform, gëtt et zwar en immenst gutt Argument, well d’Kanner aus dem Fondamental, aus deem reforméierte Fondamental, déi kommen 2013, 2014, an da wier et jo awer schéin, wann d’Lycéen op der 7ième prett wieren, well dat wier jo awer elo en zimleche Fiasko, wa mir da géife maachen, wéi wann ni eppes gewiescht wier.
Da wollt ech nach eppes soen zum Enseignement, effektiv vun de Sproochen op zwee Niveauen. Mir hunn zu Lëtzebuerg eng extrem spannend Situatioun. Ech schaffen an Aarbechtsgruppe mat, an hunn och do Kontakt mat auslänneschen Experten. Et ass keng richteg Mammesprooch, et ass keng richteg Friemsprooch, et ass och keng richteg Langue seconde, an ech denken, datt déi Iddi fir ze soen, mir mussen d’Sproochen, mir kënnen net onbedéngt all Sprooch op engem selwechten Niveau garantéieren, datt dat e Wee vun Zukunft ass.
Mir kënnen net verleugnen, datt mir extrem vill Kanner, a Jugendlecher hunn, déi net lëtzebuergesch als Mammesprooch hunn. Dorop muss d’lëtzebuerger ëffentlech Schoul eng valabel Äntwert fannen. Ob dat do elo déi ideal ass, dat kënne mir jo dann diskutéieren, mä mir mussen, mir kënnen net einfach d’Ae weiderhin zoumaachen a mengen Aen, virun deene Problemer, déi sech do stellen.
Danièle Weber: Här Foetz, d’Proffen aus deene verschiddene Beräicher hu sech zu Wuert gemellt.
D’Geschichtsproffen, d’Konschtproffen, jiddweree fäert, e géif eppes verléieren. Vu bausse gesäit dat ëmmer e bëssen esou aus, wéi wa jiddweree géif u säint denken, an u sengem festhalen.
Wéi kann een dann d’Proffen, oder muss een d’Proffen net och e bëssen dozou bréngen, méi iwwer hiren Teller ze kucken, wéi gesitt Dir dat?
Guy Foetz: Ech megen net, datt dat den haaptsächlechen Débat ass. Den haaptsächlechen Débat dee läit zum Beispill an der Définitioun, wat ass iwwerhaapt Formation générale? Den Här Weber huet virdru gesot elo, datt d’Leit fäerten, datt nach just Utilitarismus bedriwwe gëtt an der Schoul(ënnerbrach)
Danièle Weber: Dat war jo och Är Kritik!
Guy Foetz: Dat ass natierlech och eng Kritik vun eis. A wa mir iwwer esou Saache schwätzen mat de Kollegen, soe se beispillsweis, d’Geschicht, Geo, Économie, dat dierfe mir net zesummen an een Dëppe klaken. Dat ass déi Discussioun elo wéi, datt jiddweree seng Pfründen géing eigentlech verteidegen.
Mä et ass wichteg, datt d’Schüler iwwer Geschicht eppes wëssen. Et ass wichteg, datt d’Schüler um Niveau vun der Geographie, um Niveau vun der Économie, dat sinn, dat ass en Outil(ënnerbrach)
Danièle Weber: Mä kann een dat ëmmer u Stonnenzuelen am Horaire festhalen?
Guy Foetz: Wa mir alles esou zesummeklaken, da maachen déi eng, déi elo Geschichtproffe sinn, déi maachen haaptsächlech Geschicht während där Zäit, an anerer maachen haaptsächlech Geo. Do gi Saachen déi ginn total ënner. Et ass net an déi Richtung, wou mir mengen, datt mir sollte goen.
Danièle Weber: Madame Serres, Dir wollt dorop nach reagéieren.
Chantal Serres: Jo, ech wollt nach soen, datt och wa mir elo d’Approche par compétence hunn, datt dat net ëmmer nëmmen heescht, datt mir utilitaristesch sinn.
Ech mengen, déi Programmer gi jo awer nach trotzdem vu Proffe geschriwwen, also och an deenen Aarbechtsgruppen, dat si jo lëtzebuerger Proffen déi dat maachen. Dat ass heiansdo ganz mühsam, well mir hunn net ganz vill Ressourcen, mir mussen déi selwecht Aarbecht maache wéi aner Länner, déi vill méi grouss sinn, a mir sinn zu vill manner. Dat mécht och heiansdo, datt et da vläicht net esou schnell viru geet, wéi et sollt.
Ech mengen net, datt wierklech zur Debatt steet, datt mir hei zu Lëtzebuerg elo op eemol géifen nëmme méi léieren eng Baguette bei de Bäcker kafen ze goen, oder op engem héijen Niveau e Bréifchen ze schreiwen, oder wat weess ech wat, mä datt natierlech wäerten och an Zukunft literaresch Texter kënne maachen.
Ech mengen net, datt dat esou, also ech ka mir et net virstellen, wann et esou geduecht ass, wier ech direkt dogéint(ënnerbrach)
Mady Delvaux: Esou ass et net geduecht.
Chantal Serres: Mä ech mengen net, datt et esou geduecht wier.
Danièle Weber: Här Foetz, Dir hutt Iech och gemellt.
Guy Foetz: Jo, et ass net esou geduecht, mä et ass awer ganz kloer, datt wa mir a Richtung gi vun dem Cadre européen des langues, da falen eng ganz Partie Saachen ënnert den Dësch, well déi bekëmmert sech just em Technik vun der Sprooch, déi bekëmmert sech net em d’Kultur an em d’Literatur.
Danièle Weber: Wéi kann een dann Ärer Meenung no(ënnerbrach)
Guy Foetz: Op deen héijen Niveau. Also do ginn et jo déi verschidde Méiglechkeeten an enger Sprooch sech auszedrécken, schreiwen an esou virun. A wa mir jee nodeem wéi en Niveau hunn, ass dat, gëtt dat als Friemsprooch betruecht.
Awer franséisch an däitsch ass zum Beispill keng Friemsprooch fir eng ganz Partie vu Schüler. Déi kënnen op 7ième schonn deen Niveau erfëllen am schwätzen.
Mady Delvaux: Duefir schreiwe mir eis Kopie jo selwer.
Guy Foetz: Bon, ech mengen, et ass ganz schwiereg fir elo déi ganz Saach, mä d’Kompetenzen zum Beispill, do ginn haaptsächlech Techniken ervirgestrach, an net Inhalter. Mir mierken dat, an enger ganzer Partie vu Punkten.
Danièle Weber: Mir si scho bal um Enn. Här Weber, Dir hat Iech gemellt, ech wollt Iech awer och nach froen, wéi Dir Iech eigentlech elo virstellt, datt et virugeet mam Schülerprotest, déi Meenunge gi jo awer relativ wäit auserneen zum Deel, huelen ech emol un, och wat een esou matkritt? Wéi geet dat virun?
Maxim Weber: Also mir vum Aktiounscomité hu konkret geplangt, datt mir eis eigentlech, well d’lescht Kéier do um 17. November, dat war deelweis zimlech chaotesch a polemesch ginn, an well et eben esou eng grouss Mass u Schüler waren. An dat war eigentlech e gudden Ufank, mä mir wëllen elo gäre weider schaffen, eben a méi klenge Gruppen, Aarbechtsgruppe mat der Ministesch zesummen, fir, a Fuerderungen opstellen, fir datt eben och d’Schüler gewëssemoossen eng Stëmm erhalen, an datt se och kënnen an deem Prozess matschaffen. Dat ass eben och dat no deem mir eis geseent hunn, an deem mir déi Protester opgestallt hunn(ënnerbrach)
Danièle Weber: Madame Delvaux, den Text kënnt e Méindeg eraus, wéivill(ënnerbrach)
Mady Delvaux: En Dënschdeg hu mir eng Réunioun mat de Vertrieder vun de Schüler. An duerno geet d’Discussioun richteg un.
Ech wollt awer hei nach eppes soen, wat mir immens um Häerz läit. Déi Discussioun em d’Dominanten an d’Sektiounen, dat geet jo just précisément em en Équiliber ze fannen zwëschen der Allgemeinbildung an der Spezialisatioun. An dat ass e schwéieren Équiliber ze fannen, well jiddwereen elo, et ass jo alles wichteg an der Schoul.
Mä mir perséinlech läit elo immens um Häerz, datt mir eis Schüler, déi mir op eng Première, also deene mir eng allgemeine Hochschulreife ginn, datt dat elo net exklusiv spezialiséiert Schüler sinn, mä datt se eng breet Allgemeinbildung hunn. An dat, mengen ech, datt mir de Bierger vu Lëtzebuerg schëlleg sinn, datt se iwwer all Domainen an der Politik kënne matschwätzen, an dozou gehéiert esouwuel Sproochen, déi ee muss sech kënne gutt ausdrécken, well dat ass de Préalable fir seng Iddien iwwerhaapt ze formuléieren.
Et gehéiert selbstverständlech d’Literatur, Kultur, et gehéiert Konscht dozou, et gehéiert awer och Naturwëssenschaften dozou, et gehéiert Mathematik dozou, an dat ass jo d’Schwieregkeet fir deen Équiliber do ze fannen zwëschen deene ville Fächer, déi mir do mussen, a wëllen offréieren.
Danièle Weber: A wann den Text dann um Dësch läit, da gëtt et, ech si ganz sécher, dat huet een haut gemierkt, nach ganz vill ze diskutéieren.
De weideren Débat iwwer dëse gesellschaftlech ganz relevante Sujet ass néideg, an ech hoffen, mir konnten haut e puer konstruktiv Contributiounë maachen.
Ech soen Iech alle 4 hei um Dësch op alle Fall villmools Merci, datt Dir dobäi wart, an ech wënschen Iech, an eis all nach e schéine Weekend.
Alleguer: Merci gläichfalls.
|