|
Pierre Reyland: Gudde Moien Här Krecké.
Jeannot Krecké: Gudde Moien.
Pierre Reyland: Här Krecké, Dir hat gesot, et muss nees Rou an d’Post kommen. Kréie mir déi Rou elo?
Jeannot Krecké: Ma wéi Dir gesinn hutt, wéi ech dat gesot hunn, huet jiddweree sech och dru gehalen, souwuel d’Gewerkschaften wéi och d’Direktioun.
A mir haten eis jo Zäit geholl, och zesumme mat enger dänescher Firma, fir ze kucken, wéi mir déi Réorganisatioun, déi net just gegléckt war, wéi mir dat kënnte veränneren. Mir hunn dat elo an deene leschte Méint duerchgezunn.
A gëschter hate mir e längert Gespréich, wou mir dann och zum Accord komm sinn, wéi een an Zukunft erëm vläicht déi ganz Saach kann organiséieren, de ganze Postalbetrib, wéi een dat Zesummespill zwëschent de Bréifdréier, an deem nei geschaaftene Facteur assistant, wéi een dat Zesummespill ëmännert.
Mir hunn och eng ganz Rei Suergen, déi vun der Bréifdréieschgewerkschaft eis virgedroe ginn ass, probéiert ze léisen. Mir wäerten en Text verfaassen, deen dat Ganzt elo kloerstellt.
An da ginn ech dovun aus, datt mir kënnen ufänken, op Grond vun engem Pilotprojet, dee mir zu Réimech maachen, all déi Punkten, déi mir gëschter festgehalen hunn, och emol eng Kéier an der Praxis duerchzezéien, fir ze kucken, ob mir déi Organisatioun net wiesentlech verbessert kréien vis-à-vis vun deem wat mir virdrun haten.
Pierre Reyland: Wat gesäit deen Accord an de grousse Linnen dann elo vir, zum Beispill wat d’Charge ugeet vun de Bréifdréier, oder d’Formatioun vun den Assistenten, an d’Fonctioun vun hiren Assistenten?
Jeannot Krecké: Déi Assistente kréien elo eng voll Tâche an Zukunft, dat heescht, dat sinn net eigentlech Assistenten, déi ginn awer speziell forméiert, well mir gemierkt hunn, datt deen, deen op Tournée geet, och muss kucken den Detail virdru virzebereeden, esou datt een herno Leit huet, déi wuel eng méi héich Ausbildung hunn, a Leit déi vläicht am Ufank vun där Ausbildung sinn, mä déi alleguer quasi déi selwecht Aarbecht verriichten.
D’Bréifdréier kréien dorops hin och d’Méiglechkeet eng ganz Rei, loosse mir soen, Encadrementschargen ze assuréieren. An am Allgemenge probéiere mir d’Bréifdréieschschoul ze verbesseren.
Pierre Reyland: Mengt Dir, datt doduerch de Service vun der Post sech allgemeng nees verbessert?
Jeannot Krecké: Jo, ech sinn der fester Iwwerzeegung, ech mengen, d’Post ass e Betrib, dee gewosst huet, trotz engem konkurrenzielle Milieu, sech ëmmer erëm unzepassen, a Qualitéit ze bréngen. Et war duerch déi Ëmännerungen, déi virgeholl gi sinn, war dat ee Moment net gegléckt, mä ech sinn der fester Iwwerzeegung mat deem Accord, dee mir elo gëschter fonnt hunn, dee mir awer nach schrëftlech, wéi gesot, mussen nidderleeën, an deen och mat deenen zwou Säiten nach eng Kéier muss dës Woch beschwat ginn, datt mir dann déi Rou, déi ech gäre gehat hätt, hunn, an datt mir och déi Qualitéit, déi d’Post ëmmer ausgezeechent huet, och erëm kënnt.
Pierre Reyland: Vläicht als lescht Fro nach ganz kuerz. Ännert sech iergend eppes fir d’Clientë vun der Post elo?
Jeannot Krecké: Ech mengen, datt erëm méi Kontinuitéit a méi Qualitéit fir de Client erakënnt.
Pierre Reyland: Jeannot Krecké, villmools Merci fir den Interview de Moien.
Jeannot Krecké: Merci och.
|