Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Décembre 2011 > Jean-Claude Juncker au sujet de la tripartite et des mesures décidées par le gouvernement pour répondre aux problèmes auxquels le pays est confronté

Interview
Jean-Claude Juncker au sujet de la tripartite et des mesures décidées par le gouvernement pour répondre aux problèmes auxquels le pays est confronté
"RTL Radio Lëtzebuerg" du 16-12-2011

Vers le niveau supérieur

Frank Goetz: D'Tripartite huet d'Gripp, seet de Staatsminister, deen awer optimistesch ass, datt de Sozialmodell et iwwerlieft. De Moien war wéi ugekënnegt d'Regierung zesumme fir Responsabilitéit ze iwwerhuelen. An et guef och eng Hellewull un Decisiounë geholl. Changementer ginn et dann och beim Index, woubäi sech de Premier awer kloer an däitlech fir d'Bäibehale vum System ausgeschwat huet. Also vun der Upassung vu Léin a Gehälter un d'Inflatioun. Wat awer wéi gesot net heescht, datt net och Hand un den Index geluecht gouf. D'Joëlle Hengen erkläert.

Joëlle Hengen: Et war viraus ze gesinn. Den Index gëtt moduléiert. Déi nächst Tranche déi normalerweis am Mäerz d'nächst Joer ausbezuelt gi wir, gëtt op den Oktober verréckelt. D'Regierung huet ausserdem decidéiert, datt et während deenen nächsten 3 Joer nëmmen 1 Indextranche d'Joer gëtt, déi dann all Kéier am Oktober wäert erfalen, well tëschent 2 Tranchen eng Paus vun 12 Méint soll sinn. 2015 dann soll den Index nees normal spillen. Alleng nëmmen duerch de Fait, datt elo déi nächst Indextranche vum Mäerz an den Oktober, also ëm 7 Méint verréckelt gëtt, bréngt Aspuernisser vu 50 Millioune fir de Staat an 225 Millioune fir d'Betriber mat sech. Dernieft huet de Regierungsrot de Moien awer och nach festgehale fir den Tubak an den Alkohol aus dem Indexwuerekuerf eraus ze huelen, dat aus gesondheetspolitesche Grënn. Zousätzlech hätt de Premier awer gären, datt och driwwer nogeduecht gëtt fir de Bensin an den Diesel aus dem Wuerekuerf eraus ze huelen, dat allerdéngs eréischt vun engem bestëmmtene Präisniveau un, wann d'Petrollspräisser Koplabunz schloen. Vu wéini un d'Evolutioun vun de Petrollspräisser, mat Ausnahm vum Heizungsmazout keng Roll méi wäerten am Wuerekuerf spillen, bleift awer nach ze definéieren. Am léifste géif de Premier dat och zesumme mat de Sozialpartner diskutéieren. Egal wéi awer soll hei bis spéidstens Mäerz eng Decisioun virleien.

Frank Goetz: An am Studio begréissen ech elo de Staatsminister, Här Juncker, gudden Owend.

Jean-Claude Juncker: Gudden Owend.

Frank Goetz: D'Tripartite huet d'Gripp, mä esou eng richteg mat héigem Féiwer, Schüttelfrost an alles deet wéi?

Jean-Claude Juncker: Mir net. Ech gesinn, datt déi 2 aner Partner Schüttelfrost hunn an ech hätt gären, datt se sech erëm berouege géifen, well mir brauchen net nëmmen d'Regierung zu Lëtzebuerg, dat ass wichteg. Mir brauchen och d''Sozialpartner, d'Gewerkschaften, d'Patronatsorganisatiounen. Déi kënnen sech net aus hirer Verantwortung raus schläichen.

Frank Goetz: De Patient Index soll méi liicht ginn. Alkohol an Tubak sollen eraus geholl ginn. Mir wëssen, dat ass jo effektiv net gesonnt. An déi Deckelung do 2,5 x de Mindestloun. Dat gouf jo net decidéiert. Wir déi dote Sprëtz dann ze déck gewiescht?

Jean-Claude Juncker: Enfin, Dir wësst an d'Leit hei am Land wëssen och, datt ech fir d'Deckelung vum Index während der Kris sinn. Ech fannen et net normal, datt ee Mann wéi ech an et gëtt der jo nach vill hei am Land déi méi verdénge wéi ech, bei all Indextranche enorm vill gewënnt an ech hätt gären, datt dee Gewënn deen esou Leit wéi ech a Leit déi vill méi verdénge wéi ech, net méi kréie wéi déi di 2, 3 oder 3,5 x de Mindestloun hunn. Hätt ech an der Kris fir normal fonnt. Well deenen et gutt geet, mir geet et gutt a besser wéi deenen anere Leit, déi mussen net alles kréie wat se mengen missten ze hunn.

Frank Goetz: Dir sot, Dir hätt déi Deckelung gären an der Krisenzäit. Firwat hutt Dir et dann elo awer net gemaach?

Jean-Claude Juncker: Jo, well d'Gewerkschaften dogéint sinn. Aus Grënn déi mir nëmmen deelweis novollzéibar, duerstellbar sinn. Fréier wéi ech nach kleng a jonk war, war ech op Gewerkschaftskongresser. Do hu mir ëmmer duefir gestëmmt, datt den Index misst gedeckelt ginn. Datt déi kleng Leit fir dat einfach ze maachen, eng Indexadaptatioun géife kréien déi net méi kleng wir wéi déi di méi géife verdéngen, mä bon. D'Welt huet geännert. D'Leit si grouss ginn an et deet mir leed. Dat ass eben net méiglech.

Frank Goetz: Et geet jo net nëmmen ëm den Index. Nieft dem Index huet d'Regierung nämlech haut och eng ganz Partie aner Mesurë geholl a Saache sozial Selektivitéit an Aarbechtsrecht. D'Joëlle Hengen resuméiert.

Joëlle Hengen: Sozial Selektivitéit gëtt an Zukunft grouss geschriwwen. Sozial schwaach Famillje mat Kanner kréie vill méi ënnert d'Ärem gegraff. Beispill eng Koppel mat engem Akommes vu maximal 32.000 Euro netto d'Joer déi 2 Kanner iwwer 12 Joer huet, déi also net méi an de Genoss vu Chèques Services kommen, kritt pro Kand an dat vun der Rentrée 2013 un op de Mount all Joer eng Prime vu 500 Euro an zousätzlech e Bong vun 300 Euro fir Schoulbicher ze kafen. Da sollen och endlech déi deier zahnmedezinesch Leeschtunge vun der Krankekees iwwerholl ginn. Ausserdem wëll d'Regierung an Zesummenaarbecht mam Syvicol, de Waasserpräis landeswäit sozial staffelen an déi administréiert Präisser gi gebremst. Dat virun allem wat d'Haussë vun de staatlechen Altersheemer ubelaangt. An den nächsten 10 bis 15 Joer sollen och Neel mat Käpp a punkto Logement gemaach ginn .Am Ganze ginn 9000 subventionéiert Wunnénge gebaut am Kader vum soziale Wunnengsbau ginn och vill méi Mietwunnengen zur Verfügung gestallt. Dernieft huet d'Regierung och nach decidéiert, datt 4 nei regional Zentrë fir Sans-Abris gebaut ginn. An da geschitt a punkto Aarbechtsrecht nach sou muneches. Un de Mindestloun geet d'Regierung net fréckelen. D'Upassung kënnt wéi geplangt 2013. De Regierungsrot ass allerdéngs gewëllt de Loun vu Chômeuren déi fest agestallt ginn an Zukunft während enger Zäit laang ze subventionéieren. De Premier ass och bereet iwwert eng Flexibiliséierung vun de befristeten Aarbechtsverträg ze schwätzen awer nëmme wann et déi iewescht Lounsegmenter betrefft. An och eng Flexibiliséierung vun der Aarbechtszäitorganisatioun an de saisonale Secteuren wéi zum Beispill dem Bau ass net ausgeschloss. Dat awer och nëmmen ënnert der Conditioun, datt d'Sozialpartner sech ënnerteneen eens ginn.

Frank Goetz: An enger éischter Phase wollten haut OGBL an LCGB awer net op d'Ukënnegunge vum Staatsminister reagéieren. Si wëllen nach bis e Méindeg waarden bis se dat alles a schrëftlecher Form virleien hunn. D'CGFP reagéiert awer ëmmerhin via Communiqué a léisst de Reproche vum Tripartite Boykott vun de Gewerkschaften net gëllen. Fir net un där Reunioun deelzehuelen wir deen eenzege Moyen gewiescht fir op déi onerhéiert, wéi si soen, maximal Fuerderunge vum Patronat ze reagéieren. Reaktiounen um Mikro vum Dan Hardy.

François Bausch (O-Toun): Wat de Moment amgaang ass ze passéieren, dat ass am Fong geholl e gutt Beispill, datt mir mat där Form vu Sozialdialog wéi et bis elo gelaf ass net méi kann esou weider goen. Datt mir mussen nei Forme sichen. Dat huet och domat ze dinn, datt am Fong dee Wuesstumsmodell un deen Lëtzebuerg gewinnt war déi lescht 20 Joer, datt deen net méi existéiert. Datt deen eriwwer ass.

Claude Meisch: D'Tripartite ass op en Neits geplatzt gewiescht an et kann ee jo och net sou maachen wéi wann een an 43 Stonnen ee sämtlech Problemer vum Land kënnt léisen. Dat geet net duer. Mir brauchen och eng Regierung déi weess wat se wëll, eng Regierung déi gëeent ass mat engem Premier un der Spëtzt deen och eng Direktioun do vir gëtt an dee seng voll Energie och drop asetzt fir d'Sozialpartner an d'Mënschen am Land hei z'iwwerzeegen vun enger Reformpolitik déi méi wéi je noutwenneg ass.

Frank Goetz: Här Juncker, brauche mir en neie Sozialmodell wéi den Här Bausch fuerdert wou dann och d'zivil Gesellschaft mat dra vertruede wir.

Jean-Claude Juncker: Ech weess net genau wat den Här Bausch mat neiem Sozialmodell mengt. Mir brauchen och an Zukunft e Modell wou Gewerkschaften, wou Patronatsorganisatiounen, wou d'Regierung matenee schwätzen. Et gëtt och Beräicher vun der Gesamtpolitik wou just Sozialpartner musse matenee schwätzen déi zouenee musse fannen. D'Regierung kann net alles alleng maachen. Et gëtt sou ee Wonsch am Land, heiansdo hunn ech dat Gefill, fir ze soen, voilà de Juncker soll alleng decidéieren. D'Regierung soll alleng decidéieren. Mä dat ass keng modern sozial Demokratie. Eis Modernitéit vun der sozialer Demokratie lieft vum mateneen, vum Sozialdialog tëscht de Partner an vum mateneen vun deenen 3. Mir kënnen alles nei erfannen, mä ech fäerten et geet sou aus, wa mir alles wëllen nei erfannen, datt d'Regierung alleng decidéiert. Ech wëll iwwerhaapt net, datt d'Regierung alleng decidéiert, well ech mengen d'Gestioun vun de Saache vum Land ass e matenee vu politescher Decisioun, vun der Regierung a vun der Chamber a vun den Accorden tëscht de Sozialpartner. Déi dierfen sech net aus hirer Autonomie an aus hirer Responsabilitéit eraus schläichen.

Frank Goetz: An den Här Meisch, deen zweifelt un Ärer Energie sech hei anzebréngen. Sinn d'Batterien e wéineg eidel?

Jean-Claude Juncker: Meng Energie ass sou grouss wéi seng. Ech hunn iwwer Méint a Woche vill Eenzelgespréicher gefouert. Déi falen eréischt op wann et zu richtegen Tripartitesitzunge kënnt. Ech hunn no den Tripartitesitzungen Eenzelgespréicher gefouert mam Patronat. Eenzelgespréicher gefouert mat de Gewerkschaften, Eenzelgespréicher gefouert mat eenzelne Vertrieder vun der Gewerkschaftslandschaft, Eenzelgespréicher gefouert mat eenzelne Vertrieder vum Patronat. Ech mengen ech gesinn d'Saache schonn esou wéi se sinn.

Frank Goetz: À propos Patronat. Mir lauschteren eis och d'Reaktioun vum Patronat un. D'UEL fënnt nämlech, datt d'Decisiounë vun der Regierung net wäit genuch ginn.

Pierre Bley: De Gesamtpaquet ass ongenügend par rapport du deenen Defien déi sich stellen iwwert déi nächst Jore fir eist Land. Indexatioun dat ass richteg, ass ugeschwat an deem heiten Zesummenhang. Et sinn och Mesuren déi iwwert e puer Joer sech erstrécken, wat u sech enger gewësser Previsibilitéit an engem Besoin dovun Rechnung dréint. Mä insgesamt si mir der Meenung, datt een de Sujet muss vill méi fundamental ugoen.

Frank Goetz: Jo, den Här Bley gëtt der Regierung eng Ongenügend. Richteg oder Falsch?

Jean-Claude Juncker: Also, éischtens mol hunn ech den Här Bley ganz gär, well et ass e ganz responsabele Vertrieder vun den Interesse vum Patronat. E léiwe Mënsch. Mä ech wëll soen d'Patronatsorganisatiounen, ech schwätzen net vun all eenzelne Patron. Déi gesinn dat ganz oft ganz anescht. Ech begéinen déi Leit jo och am Liewen, zu Lëtzebuerg. Ech si jo net dauernd an der Welt, wéi dat och vun der Oppositioun suggéréiert gëtt. Déi gesinn dat heiansdo ganz anescht. Doduerch, datt mir déi Indextranche déi am Mäerz erfällt op den Oktober verleeën, spueren d'Betriber an der Lounmass 225 Milliounen Euro. Dat ass wéi wa mir d'Steieren, d'Kierperschaftssteier géifen ëm 2,4% ofsenken. Stellt Iech mol vir, mir hätte proposéiert d'Kierperschaftssteier am Joer 2012 2,4% ofzesenken. Da géif d'Patronat feieren. Dat hei ass grad dat selwecht. Dat ass dat wat d'Leit net kréien. A fir sech virzestellen, dat géif mir a menge Kollegen an der Regierung liicht falen fir de Leit, ech drécke mech do net korrekt aus, 225 Milliounen ewech ze huelen, dat ass jo eng Virstellung déi een net kann hunn. Mir musse jo vertrieden dobaussen am Gespréich mat de Leit, datt se 225 Milliounen Pai manner kréien. A wa Vertrieder vum Patronat esou maachen wéi wann dat näischt wir, si sollen sech awer mol un de Kapp gräifen. Wa mir d'Gesetz esou gelooss hätten wéi et ass an d'Indexéierung normal spille gelooss hätten, da missten d'Betriber 225 Millioune méi Pai bezuelen. Déi spueren se elo. An ech hoffe mat deem wat se aspueren e korrekten investiven Ëmgang fannen.

Frank Goetz: Mä mengt Dir dann, datt d'Patronat eréischt da wirklech zefridden ass, wann deen Index ganz fort ass?

Jean-Claude Juncker: Do sinn ech dogéint. Ech sinn der Meenung, datt een de Prinzip vun der Indexéierung muss bäibehalen. Ech géif Iech och mol gären eng Kéier erkläere firwat. Kuckt emol, 50% vun de Leit déi zu Lëtzebuerg schaffe ginn, schaffen a Betriber déi keng Kollektivverträg hunn. Déi kleng Patronen sinn u sech ganz seriös a responsabel Patronen. Déi meescht vun hinne gi sech Méi, datt hir Leit een Auskommes hunn. Mä et gëtt der awer och, méi oder manner, eigentlech vill, déi hire Leit an der Pai guer näischt bäi géife ginn, wann et den Index net géif ginn. Elo sinn dat Leit déi an deene klenge Betriber schaffen, dat si jo net déi mat deenen déckste Paien. An déi Betriber kënnen och keng déck Paië bezuelen. Déi awer drop ugewise sinn, datt d'Inflatioun dat wat se hunn net opfrësst an duefir sinn ech fir de Prinzip vun der Indexéierung vun de Gehälter. Do stinn ech an Europa. Enfin, ech soen ëmmer ech, well ech, jo…. Ech sinn ech. Ech stinn zesumme mat der Regierung an Europa relativ isoléiert do, well d'Indexéierung ass net d'Melodie vun der Zäit. Mä ech mengen awer, datt déi Leit déi wéineger verdéngen e Recht drop hunn, datt hire Loun regelméisseg ugepasst gëtt. A well keng Kollektivverträg an deene Betriber sinn, ech kann dat bedaueren, ass déi eenzege Method fir duefir ze suergen, dass déi di am mannste verdéngen awer nach Loft behale fir ze otmen. Et gëtt jo awer Leit hei am Land déi net gutt dru sinn. Deene meeschte Leit geet et gutt. Déi wëssen dat net. Et wir awer gutt, datt se dat mol géifen zur Kenntnis huelen, datt et deene meeschte Leit hei am Land däitlech besser geet wéi deene meeschte Leit am Frankräich, an Däitschland oder an der Belsch oder an anere Länner vun Europa. Mä déi di net gutt dru sinn, deene muss een eng gesetzlech Garantie ginn, datt hire Loun periodesch ugepasst gëtt. Et kann een dat net esou maachen wéi bis elo, datt en einfach systematesch ugepasst gëtt wann d'Inflatioun 2,5% klëmmt. Duefir moduléiere mir elo d'Indexéierung iwwert déi nächste Joren. Mä ech si radikal dogéint fir déi Indexéierung einfach opzeginn. Dat geet net.

Frank Goetz: Fir ze otmen goufe jo och haut all déi Mesuren do geholl. Déi ginn a Richtung méi sozial Selektivitéit. Ass dat de Rhythmus fir d'Zukunft?

Jean-Claude Juncker: Ech mengen dat wir d'Melodie no där d'Zukunft sech declinéiere muss. Mir hunn haut Moossnamen an der Regierung decidéiert déi staark de Charakterzug vun der sozialer Selektivitéit droen. Kuckt emol déi Leit, eng Koppel mat 2 Kanner. Déi manner wéi 32.000 Euro verdéngen oder grad 32.000 Euro. Déi kréien an Zukunft ronn 1600 Euro staatlech Subventioun, entweder en Akafsschäin fir Schoulbicher ze kafen oder awer op Demande hinn eng Subventioun. Mir musse Sozialpolitik esou maachen, datt se déi trëfft déi et wirklech brauchen. Ech wëll hei net mat de Gewerkschafte streiden. Ech brauch d'Gewerkschaften an d'Regierung kann net ouni d'Gewerkschaften an ouni d'Patronsorganisatioune liewen. Mä et ass jo net normal, datt Leit déi vill verdéngen bei all Indextranche schrecklech vill bäikréien an, datt déi déi näischt verdéngen näischt bäikréien. Doduerch, datt sech geweigert gëtt där Deckelung vun der Indexéierung zouzestëmmen aus Grënn iwwert déi mir eng Kéier kënnen diskutéieren wa mir méi Zäit hunn, muss een dann awer ënnen am Gehältersegment deene Leit méi staark ënnert d'Äerm gräifen déi wirklech schlecht dru sinn. Wat heescht dat Sozialpolitik? Sozialpolitik fir mech heescht, datt wann ee schaffe geet, datt ee genuch huet fir ze liewen. Net jiddwereen dee schaffe geet huet op Grond vu senger net expansiver, mä sech normal gestaltener Familljesituatioun Schwieregkeeten um Enn vum Mount eens ze ginn. Deene Leit musse mir hëllefen. Mir brauchen net deenen ze hëllefen déi alles hunn. Mir mussen deenen hëllefen déi net genuch hunn.

Frank Goetz: E gudde Schrëtt, Här Staatsminister, brauche mir och beim Pensiounssystem an där aktueller schwiereger an och an Zukunft schwiereger finanzieller Situatioun. Wéi kréie mir dee System an de Grëff?

Jean-Claude Juncker: Mir renne riicht op d'Rentemauer duer. Wéi ech dat virun 10, 12, 13, ech weess net méi wéivill Joer gesot hunn. Du sinn ech gebeetscht ginn. Haut gëtt jiddwereen zou, datt mir an eisem Renten- a Pensiounswiesen op eng Situatioun zousteieren déi net méi finanziell haltbar ass. Dat fällt och an Europa op. Ech weess net ob dat de Lëtzebuerger opgefall ass, wahrscheinlech net, datt et ëmmer méi Etudë gëtt déi och an der internationaler Press eng Roll spillen, déi weisen, datt d'lëtzebuerger Verschëldungssituatioun, wann een déi implizit Verbindlechkeete mat a Betracht zitt, déi duerch eis Renten- a Pensiounssystemer erbäigefouert ginn, zu deenen héchstverschëldeten, potentiell héchstverschëldete Länner an der Eurozone gehéiert. Mir mussen do géigesteieren.

Frank Goetz: Dat hutt Dir jo och haut gemaach am Fong geholl.

Jean-Claude Juncker: De Sozialminister huet all d'Propositioune gemaach an erkläert se mar de Mëtteg och um Radio. Ech weisen d'Leit op déi Emissioun hin. Ech maache mol Är eege Propaganda hei, vun Ärem Haus. Mir mussen do bremsen. Ech soen dat och net gär, mä anescht geet et net.

Frank Goetz: Här Staatsminister ech soen Iech villmools merci fir de Besuch haut am Studio.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact