|
Jean Asselborn: Dir hutt Recht. Europa, mä och d’Welt verléiert eng Figur déi e Symbol ass fir net-gewaltsam Resistenz géint d’Diktatur am kommunistesche Regime ënnert der Tutelle vun der Sowjetunioun déi Zäit. Hie nass awer och eng Figur, ee Mënsch, dee fir demokrateschen Opbroch steet. D’Welt verléiert och a mengen Aen eng weltbekannte Perséinlechkeet, déi Millioune Leit d’Diir opgemaach huet fir méi Fräiheet a fir méi Gerechtegkeet an, aus menger Siicht, ass säin Numm op der nämmlechter Héicht wéi Nimm wéi Aung San Suu Kyi a Burma lo de Moment, mä och Nelson Mandela zum Beispill a Südafrika. Et war ee ganz groussen deen d’Welt haut verluer huet.
Eric Ewald: De Mann gëtt och haut iwwerall gewierdegt. Wéi hutt Dir de Mann, souwäit Dir en selwer erlieft hutt, wéi hutt Dir en erlieft? Wat fir een Androck huet en op Iech gemaach?
Jean Asselborn: Hien war 1991, wann ech mech richteg erënneren, op Staatsvisite hei zu Lëtzebuerg an deemools hate mir eng Réunioun an der Chamber wou och d’Fraktiounspresidenten deemools konnte Froen un hie riichten. Dat war als tschechoslowakesche President wou en hei war. Déi ganz Prozedur war amgaangen, datt d’Tschechei an d’Slowakei géifen an 2 gespléckt ginn. Bon, dat war eng Décisioun vum Vollek, dee Moment, vun der Tschechoslowakei. Dat war dat éischt wou mir wirklech e Mënsch gesinn hunn wou mir wossten, dat do ass een deen am Prisong ganz, ganz vill gelidden huet, deen do een Deel vu senger Gesondheet do sécherlech hirginn huet. Mä et war jo och en Theaterautor. Hien huet e Bréif un d’Olga geschriwwen, séng Fra, dee wirklech an d’Déift gaange ass an et muss ee mat vill Respekt, wann een hien begéint huet, ebe wëssen, datt hien ee vun deenen ass déi matgehollef hunn d’Geschicht op eng méi gerecht Spur ze féiren.
|