|
Gil Goebbels: An enger éischter Reaktioun de Moien, sot de lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn dat hei iwwer dem Kim Jong-il säin Dout.
Jean Asselborn: Déi éischt Reaktioun ass, datt et en Zoufall ass, datt dëse Weekend mir mam Dout confrontéiert sinn, engersäits vum Vaclav Havel, e Symbol vum demokrateschen Abroch, an dann anerersäits och héieren hunn, datt de Kim Jong-il e Samschdeg gestuerwen ass, e Symbol vun engem rigiden, diktatoresche Regime.
An den Ënnerscheed ass kloer, datt mir beim Havel traueren ëm dee Verloscht, an datt ee bei deem Kim Jong-il sengem Dout eigentlech méi Angscht verspiert, virun allem an där Regioun, viirn dem wat elo komme kann.
Gil Goebbels: Ass dat fir Iech eng Chance oder eng Gefor an der Regioun? Et ass jo gewosst, datt de Fils vum Kim Jong-il d’Relève iwwerhuele soll, de Kim Jong-un, deen anscheinend eréischt Enn 20 ass.
Jean Asselborn: Dat éischt wat ee muss soen ass, datt mir eigentlech als europäesch Ausseministere praktesch kee Kontakt hu mat Nordkorea. Et ass ganz schwéier, well Nordkorea – ausser der UNO – a kengen Organisatioune vertruede sinn.
De Schlëssel huet China, an zum Deel Russland. Dat sinn déi klassesch Alliéiert vun Nordkorea.
Et ass ze hoffen, datt deen Usaz, dee jo am Oktober 2011 zu Genf geholl ginn ass, fir déi "6-Partytalks", wéi dat heescht – dat heescht d’USA, China, Russland, Japan, an dann déi zwee Korea – do effektiv erëm e Geescht opliewe léisst fir erëm unzefänken. Dir wësst, et geet em d’nuklear Sëcherheet an et geet ëm eventuell Atombommgedanken, déi jo an Nordkorea nach ëmmer grasen, a wou jo och Usäz dovunner do sinn.
Mir mussen awer wëssen, datt onofhängeg dovunner, d’Vollek an Nordkorea – ausser vläicht dee Clan vun de Bonzen – ënnert fierchterleche Konditiounen ze liewen huet. Et ass bestëmmt eng vun deene Plazen op der Welt, wou et am schwéiersten ass fir e Vollek fir sech duerchzeschloen.
Ech hoffen iewer, datt vläicht elo mat engem neien Ufank sech do eppes an eng positiv Richtung ka bewegen. Mee, wann ee gesäit wéi d’Désignatioun alleng schonn von statte gaangen ass, a wien och elo soll dohinner kommen, dat léisst net ganz vill Hoffnung.
Gil Goebbels: Wéi muss an Ären Aen elo déi international Communautéit reagéieren op esou en Évènement?
Jean Asselborn: Dir hutt gesinn, datt Japan condoléiert huet. Dat ass een Zeechen, datt een an där Regioun ëm Entspanung beméit ass. Dir kënnt Iech iewer och virstellen, datt a Südkorea vill Angscht herrscht. Et sinn zwar de Moment nach keng Truppebewegungen an Nordkorea festzestellen, esou wéi d’Agencen dat mellen de Moien.
Ech géif wierklech hoffen, datt China – ech soen et nach eng Kéier – an zum Deel Russland, déi de Schlëssel an der Hand hunn, eng Bewegung fäerdegbréngen, fir um nuklearen Dossier Kloerheet ze schafen, souwéi och virun allem Mënschlechkeet an dee Regime do eranzebréngen, soudatt déi Leit emol, virun allem wat hir Ernährung ugeet an déi normal Liewensbedéngungen, Fortschrëtter kënnen erzielt ginn.
|