|
Jean Asselborn: Den Zoufall huet et jo elo mat sech bruecht, datt mir dëse Weekend den Dout vum Vaclav Havel erliewen, ee Symbol vum demokrateschen Opbroch, an vum Kim Jong-il, deen just de Contraire duerstellt, nämlech e Symbol vun engem rigiden, diktatoresche Regime.
Beim Vaclav Havel verspiere mir Trauer iwwer dee Verloscht. Beim Kim Jong-il verspiert een Angscht viirun dem, wat komme kënnt.
Wann een d’Désignatiounsprozedur elo gesäit, datt de Fils – zwëschent 20 an 30 Joer, méi ass net gewosst – vum Kim Jong-il elo soll d’Muecht iwwerhuelen. Ob dat wierklech ee gutt Zeechen ass fir en neien Ufank kënnen ze maachen? Dat bleift ze hoffen, virun allem net alleng fir d’international Politik, mä virun allem fir d’Vollek an Nordkorea.
Nico Pleimling: Wéi eng Auswierkungen huet dem Kim Jong-il säin Dout op déi international Relatioune vun Nordkorea?
Jean Asselborn: Et ass ganz schwéier fir en Ausseminister aus engem europäesche Land, well mir jo praktesch ni Kontakt mat den Nordkoreaner hunn. Sie sinn net an deenen internationale Gremien – ausser der UNO, wou mir och dra sinn.
Mä de Schlëssel läit doutsécher zum groussen Deel bei China, bei Russland, a selbstverständlech dann och ebe bei Amerika. China a Russland sinn déi klassesch Alliéiert.
Dir wësst, datt am Oktober fir déi sougenannte “6-Partytalks�?, wéi een dat nennt – dat sinn d’Gespréicher tëscht den USA, China, Russland, Japan, an dann déi zwee Korea – erëm en Usaz do war, fir unzefänken iwwer den Nukleardossier vun Nordkorea ze diskutéieren. D’Amerikaner wäerten elo probéieren fir en neien Ulaf ze huelen, well et ass am Intérêt vun där ganzer Regioun.
Et muss een awer och intern kucken: ech mengen, dat nordkoreanescht Vollek ass dat Vollek op der Welt, wat am meeschte leid ënnert deene fierchterleche Konditiounen, Sozialkonditiounen. Wéi Dir wësst sinn d’Liewensmëttel do net ofgeséchert. Et ass eent vun deene Länner, wou d’Leit effektiv am meeschte leiden, ausser elo dee Clan vun deene Bonzen, déi e gutt Liewen hunn. An dat muss ee virun Aen behalen.
|