|
Jean Asselborn: Den Zoufall huet et jo mat sech bruecht, datt dëse Weekend mir confrontéiert si mam Dout vum Vaclav Havel, e Symbol vun demokrateschem Opbroch, an dann elo vun engem méi sinistre Personnage wéi de Kim Jong-il, e Symbol vun engem rigiden a vun engem diktatoresche Regime.
Ech menge bei deem Éischten do hu mir alleguer Trauer verspuert, iwwer dee Verloscht. A bei deem Zweeten ass den Ënnerscheed deen, datt mir hei wierklech vläicht Angscht verspiere virun deem, wat komme kann.
Lynn Gaspard: Elo huet Japan eng urgent Réunioun aberuff, an Amerika zum Beispill huet ganz virsiichteg reagéiert.
Jean Asselborn: Also et ass ganz, ganz schwéier fir en europäeschen Ausseminister fir genee ze wëssen, wat an deem Land geschitt. Mir hu praktesch als EU och kee Kontakt mat Nordkorea. D’Nordkoreaner sinn net, oofgesinn vun der UNO, elo Member an Organisatioune wou mir dra sinn.
Mä et ass kloer: de Schlëssel läit hei bei China, zum Deel och bei Russland, a selbstverständlech huet Amerika och e groussen Intérêt. Déi “6-Partytalks�?, wéi dat heescht – dat heescht USA, China, Russland, Japan, an dann Nord- a Südkorea – hunn erëm am Oktober dëst Joer zu Genf zaghaft ugefaange gehat. Ech mengen, dat ass och de Wonsch vun Amerika fir ze hëllefen, datt elo bei engem neien Ufank déi Gespréicher, déi jo mat dem nukleare Programm vun Nordkorea ze dinn hunn, datt déi erëm u kënne kommen. Dat ass fir d’Stabilitéit an der ganzer Regioun.
An, Dir gesitt jo, Japan huet och condoléiert, dat ass vläicht e wéineg aussergewéinlech.
Mä et ass schon interessant. Wann effektiv mat deem neien Ufank och en neien Départ an deene 6 Partytalks kéint geholl ginn.
Mir mussen awer wëssen, datt wa mir iwwer d’Stabilitéit schwätze vun där Regioun, datt een un dat Vollek an Nordkorea denke muss, dat, wou ausser deem Clan vun de Bonzen, d’Leit ënnert firchterleche Konditiounen ze liewen hunn. Dat ass eng vun deene schwieregste Regioune vun der Welt, alleng och wat d’Liewensmëttelbeschafung ugeet.
Wéi gesot, de Schlëssel deen huet China, mä et dierf ee sech näischt do virmaachen. D’Désignatioun vum neien Oberführer léisst net ganz vill Hoffnung.
|