|
Umoderatioun: Lues awer sécher beweege mir eis op Silvester zou an domat och op den Enn vun 2011. Zäit fir e Bléck zréck op déi lescht 12 Méint ze geheien an och en Ausbléck op 2012 ze maachen, dat traditionellt Gespréich mam Staatsminister Jean-Claude Juncker. Bei mir am Studio ass elo de Joël Detaille aus der Eldoradio News Redaktioun. Gudde Moien Joël.
Joël Detaille: Gudde Moien.
Eldoradio: Joël, 2011 war virop mol d'Joer vun der Kris?
Joël Detaille: Jo, ganz sécher, dat huet eis och de Premier Jean-Claude Juncker am Eldoradio Joeresinterview gesot, an dat direkt e puermol. Hien, dee jo op der virechter Front an Europa géint d'Scholdekris kämpft, muss et jo schliisslech dann och wëssen. "Et ass eng ganz oniwwersiichtlech Zäit an där mir eis befannen," dat war eng vun de Käraussoen. Ganz Europa ass 2011 an d'Kris gerëtscht an d’Staatsscholde suergen international fir vill Opreegung; virun allem fir déi Jonk ass et dowéinst och eng Zäit an där e gewëssent Onsécherheetsgefill herrscht, dees ass sech de Jean-Claude Juncker och bewosst.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Mir liewen an enger total oniwwersiichtlecher Zäit, an et ass fir Leit déi um Ufank vun hirem aktive Liewe stinn natierlech an engem besonnesche Mooss schwéier, well si mussen Décisioune mat 17, 18, 19 Joer huelen, fir de Rescht vun hirem Liewen, a si wësse guer net wéi de Rescht vun hirem Liewen ausgesäit.
Joël Detaille: Och hie selwer misst sech heiansdo emol sammelen, fir iwwerhaapt emol ze wësse wou him de Kapp steet an de richtege Wee nees ze fannen.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): An ech muss fir mech dobäi soen, deen ech déi Problemer do hautno erliewen, datt ech och dacks net weess a wat fir eng Richtung datt et geet, an datt een zéckt fir dëst oder dat ze maachen, well een Angscht huet et géif een eppes falsch maachen
Joël Detaille: An eppes falsch maachen an dësen Zäiten, dat ka jo fatal Suiten hu fir eis, ma awer eben och fir déi nächste Generatiounen.
Andy Pawlikowski: An dat ass mol eppes wat dem Premier um Häerz läit, och un déi ze denken, déi no eis kommen.
Joël Detaille: Jo ganz sécher, dat hu mir am Interview mam Jean-Claude Juncker ganz däitlech eraushéieren, mir dierften op kee Fall déi nächste Generatiounen iwwerbelaaschten, do wier jiddwer Eenzelnen an der Responsabilitéit.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Richteg ass et, déi Aktiv vun haut musse sech, bei allem wat si gär méi hätten a bei allem wat si mordicus wëlle behalen, et versteet een déi zwou Saachen, froen ob dat an 10 oder 12 oder 14 oder 15 Joer och nach ze finanzéieren ass, ouni datt déi déi dann aktiv sinn ënner der Scholdelaascht déi mir haut unheefen zesummebriechen.
Joël Detaille: Dowéinst misst dann och jiddwereen endlech agesinn, datt een ebe muss spueren a wéi beim Thema Index och leider emol op eppes verzichten.
Andy Pawlikowski: Wéi geet et eisem Premier dann eigentlech privat? Och doriwwer hutt dir Iech mat him ënnerhalen. Fillt ee sech net ausgebrannt als Premier?
Joël Detaille: Neen, et wier zwar ze verstoe wann een de ville Misère gesäit, ëm deen hie sech jo och als Chef vum Eurogrupp muss këmmeren, mä neen, trotz enger 7-Aarbechtsdeegwoch an net allzevill Fräizäit ass hien nach ëmmer ganz motivéiert.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): An dann hunn ech ëmmer festgestallt, wa Wahle waren, datt d'Leit mech gutt gestëmmt hunn, fir dat emol esou auszedrécken. An ech mierken och elo all Dag, nieft deene Frechheeten déi ech op der Strooss gemaach kréien, dat gëtt et och, awer e Mooss u Vertraue wat d'Leit an een hunn, wat mir dann och seet, bon hei däerfs de elo net einfach denger Wee goen. Da méchs du dat elo virun.
Joël Detaille: Mir hunn de Premier dann och gefrot, wéi hien d'Liewen um sozialen Netzwierk gesäit. Facebook a Compagnie, dat si jo mëttlerweil fir vill Politiker ganz sérieux Plattforme ginn. Eent virop: all déi Accounten déi bei Facebook déi als Jean-Claude Juncker registréiert sinn, dat sinn net hie selwer, dat huet en eis e puer Mol gesot. Hien hätt och schlicht an einfach net genuch Zäit fir sech dorëmmer ze këmmeren.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech muss Iech éierlech soen, onofhängeg dovun, datt d'Zäit mir feelt, an ech och weess, datt vill Politiker hire Facebook vun anere Leit schreiwe loossen, wat ech jo dann total dernieft fannen, well dat esou eng Form vun Intimitéit suggéréiert, déi jo net wierklech gelieft gëtt, fannen ech, datt ech awer net jiddwerengem muss soe wou ech grad dru sinn a wou ech mech dee Moment krazen. Iergendwou hätt ech awer nach gär eppes fir mech.
Joël Detaille: An déi Privatsphär déi gënne mir him dann och gär.
Umoderatioun: D'Joer 2011 ass an der Ligne droite. Et war d'Joer mat Changementer, mat vill Diskussiounen iwwert d'Scholden an Europa an och Gespuers heiheem. Eng Affaire Schmit, d'Demissioun vum Wirtschaftsminister an zu Lescht och d'Schoulreform hu fir eng grouss Opreegung gesuergt. Mam Premier Jean-Claude Juncker hu mir am groussen Eldoradio Interview um Enn vum Joer iwwer dës an aner Sujete geschwat. Bei mir am Studio ass elo de Paul Konsbruck aus der Eldoradio News Redaktioun. Salut Paul
Paul Konsbruck: Salut.
Jeff Spielmann: Paul, du hues den Interview zesumme mam Joël Detaille gemaach. Eng éischt Fro, wéi war dann d'Atmosphär beim Jean-Claude Juncker an enger Zäit wou jo awer wierklech vill lass ass?
Paul Konsbruck: Majo, et muss ee soen, datt de Premier sech gutt Zäit geholl huet, an och, wann een dat esou ka soen, och gutt gelaunt war. Esou vill also zu der Atmosphär vum Interview. Duerno si mir dann awer natierlech méi sérieux ginn an hunn iwwer dat geschwat wat d'Leit beweegt, an dat ass den Ament jo, du soss et schonn Jeff, ganz vill déi Kris. 2011 war och markéiert vu Protester géint d'Spuerpolitik an Europa.
Am Eldoradio Joeresinterview mam Staatsminister Jean-Claude Juncker si mir ënnert anerem och op ee vun de weltpoliteschen Haaptsujeten ze schwätze komm. 2011 war jo ouni Zweifel och d'Joer vun de Protestbeweegungen. Eng vun dësen, nämlech d'occupy Beweegung kann de Premier ganz gutt novollzéien. Eise Bankesystem wier net méi gesond. Aussoe wéi loosst Är Sue fir Iech schaffen, géifen ee komplett falscht Signal vermëttelen. Dobäi kommen dann och onverständlech grouss Prime fir Banker an déi kleng Leit missten awer bludden.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Et ass schwéier ze erklären, datt ee bei eenzelne soziale Leeschtunge méi lues muss trëppelen, wann e Banquier, dat ass net esou séier de Fall zu Lëtzebuerg wéi weltwäit an och an Europa, virufuere Paien anzestiechen, Bonussen, Sondervergünstigunge kréien, déi an absolut kengem Verhältnis, A) zu hirer Leeschtung a B) zu der Aart a Weis sti wéi déi Leit déi bei hinne schaffen, oder déi an anere Betriber schaffen, bezuelt ginn. Do muss ee verstoen, datt d'Leit fannen, datt eise System ongerecht ass, well en aus de Fugen geroden ass.
Paul Konsbruck: An deem Sënn huet de Premier dann och Versteesdemech gewisen, zum Beispill fir d'Occupy-Aktivisten, an e sot sech esouguer solidaresch mat dëser Beweegung. Et dierft een dobäi awer net dann alles an een Dëppe geheien, esou nach de Premier. D'Bankrettungen, wéi déi vun der Dexia oder der Banque Générale zu Lëtzebuerg zum Beispill, déi wieren ouni Alternative gewiescht.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Huele mir emol un, esou eng grouss Bank déi wier bei der Däiwel gaangen. Da wier geschitt, datt esou vill Leit keng Sue méi geléint kritt hätten, da wier geschitt, datt esou vill Leit hir Haiser hätte misse verkafen, well si d'Scholden op hiren Haiser net méi hätte kënnen bezuelen. Da wier geschitt, datt esou vill dausend Leit an deene Banken hir Aarbecht verluer hätten. Da wier geschitt, datt de Staat maximal Chômageindemnitéiten hätt misse bezuelen. An e ganze Koup esou Saachen.
Paul Konsbruck: Esou hätten déi meeschten Nouvellen dann och méi e laange Rateschwanz wéi d'Ëffentlechkeet dacks op den éischte Bléck matkritt, dat sot de Premier iwweregens och am Kontext vun der Schoulreform, wou de Jean-Claude Juncker eppes net versteet.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Datt ee Jonke seet, mir wëlle keng Reform, dat mécht mech eigentlech sprachlos. Gitt emol op d'Arbeitsamt kucke wéi et geet wann ee keng Reform mat der Schoul mécht. Do stinn der vill, déi wieren net do wann neen anstänneg Reforme fréizäiteg genuch gemaach gi wären.
Paul Konsbruck: An d'Reform déi kënnt dann och, sot de Premier, deen iwweregens net op Facebook ass.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Do fannen ech awer, datt ech net jiddwerengem muss soe wou ech grad dru sinn a wou ech mech dee Moment krazen. Iergendwou hätt ech awer nach gär eppes fir mech.
Paul Konsbruck: Esou datt déi vill Accounts vum Premier op Facebook dann och net vum Jean-Claude Juncker selwer sinn.
Reportage vum Joël Detaille: An eisem Joeresinterview mam Staatsminister Jean-Claude Juncker hu mir eis ënner anerem dann och iwwert d'Zukunft vun der Siderurgie hei zu Lëtzebuerg ënnerhalen. De Premier huet dobäi betount, datt hie kloer an däitlech fir en Erhale vun de Stolsitë plädéiert.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Ech hätt och gär, datt ech mir virstelle kéint, datt Lëtzebuerg net ouni Siderurgie géif liewen, well ech fannen, datt dat de Charakter vun eiser Landschaft an de Charakter vun de Mënschen an engem Mooss geprägt huet a weider prägt, dee wichteg ass fir de Gesamtzoustand vum Land. Ech si keen ausgesprachene Frënd vum Här Mittal. Ech hat am Liewe jo scho vill Sträit mat deem Här Mittal.
Joël Detaille: Ma an trotzdem sot hien eis géintiwwer awer och, datt hien d'Positioun vun ArcelorMittal aus wirtschaftlecher Siicht géif verstoen. E perséinleche Frust vun ArcelorMittal op Lëtzebuerg schléisst de Premier aus
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Also, bei aler Verdrësslechkeet probéieren ech awer meng Rou ze behalen a mir d'Situatioun esou unzekucke wéi si mir beschriwwe gëtt. Ob se dann esou ass, weess ech net. Do sinn anerer zoustänneg fir dat ze beuerteelen. Mä ech mengen net, datt hei een diabolesche Plang vum Här Mittal als Persoun géif dora bestoen, fir lues a lues de Stolstanduert Lëtzebuerg auszedënnen. Dat ass net mäin Androck.
Joël Detaille: Weider Extraiten aus dem Eldoradio Interview mam Staatsminister héiert Dir haut de ganzen Dag iwwer. Aner Sujete sinn do ënner anerem nach d'Schoulreform, d'Scholdekris an Europa oder awer och d'Atmosphär bannent der Regierungskoalitioun. Den Detail fannt Dir och op news.eldo.lu
Reportage vum Paul Konsbrück: "D’Regierung ass kee Gesangveräin," dat ass eng Ausso vum Jean-Claude Juncker am groussen Eldo-Interview. [...]
D'Regierung ass iwwer d'Halschent vun der Legislaturperiod, an d'Zäite sinn net einfach fir d'CSV-LSAP Koalitioun.
Am groussen Eldo-Interview mam Premier hu mir de Jean-Claude Juncker gefrot, wéi hien déi leschte Méint erlieft huet, a wéi et sech regéiert an enger Zäit, wou Kris, Scholden a Protester d'Aktualitéit an Europa dominéieren, an och wou et zu Lëtzebuerg net méi einfach gëtt mat enger Tripartite déi näischt gouf, enger Schoulreform déi all Bedeelegt op d'Barrikade goe léisst.
"Ech schaffe vill", sot de Premier, "ma dat maachen aner Leit och." Hien hätt nach Loscht an Éiergäiz bei senger Aarbecht, an och an der Regierung géif d'Atmosphär stëmmen, och wann ee sech net op all Punkt eens wier.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Mir verdroen eis gutt. Mä ech wëll soen, eng Regierung dat ass kee Gesangveräin wou ee virséngt, dat wier dann no alle Regelen ech, a wou déi aner dat monter noplapperen. Mir sinn eng Regierung déi sech aus 2 Parteien zesummesetzt, an tëscht deenen 2 Parteie gëtt et heiansdo Meenungsdivergenzen. An deenen zwou Parteie gëtt et och Meenungsdivergenzen, och d'CSV als CSV ass sech net ëmmer intern op allen Detailer eens. Dat Ganzt nennt sech Demokratie.
Paul Konsbruck: Esou hätt een dann och a Saachen Index eng Léisung fonnt. De Premier selwer hätt et wuel léiwer gehat, den Index op 2,5 Mol de Mindestloun ze plafonéieren, dat awer war an der Koalitioun net duerchzesetzen.
Reportage vum Pierre Hobscheid: An eisem Joeresinterview mam Staatsminister Jean-Claude Juncker koume mir natierlech och op déi geplangte Reform am Secondaire ze schwätzen. "Déi Reform gëtt ëmgesat, dorunner besteet keen Zweiwel," sot eis de Premier, deen op d'Noutwennegkeet vun enger grondsätzlecher Ännerung am Léiersystem an de Lycéeën higewisen huet, dat ëmsou méi well d'Reform an der Grondschoul scho leeft.
Jean-Claude Juncker (O-Toun): Wann ee mengt, datt dat wat mir an der Grondschoul mussen änneren, well eist Land sech geännert huet, dat géif keng Verlängerung fannen am Sekundarunterrecht, dann iert ee sech. An dofir muss eng Reform gemaach ginn, déi d'Zukunftsaussiichte vun deene Jonke staark verbessert.
A wa mir eis Schoul beloosse wéi se ass, da ginn déi Zukunftsaussiichte verschlechtert. Well da passen déi, déi aus der Schoul kommen net méi an déi Landschaft an déi si erawuessen.
Pierre Hobscheid: Natierlech sollt awer e konstruktiven Dialog gefouert ginn. E strikten Nee vun de Concernéierte wäert d'Regierung net akzeptéieren.
|