Le Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg Informations et Actualités du Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg
x x Recherche
x xx Recherche avancée x x
  Home | Nouveautés | Newsletter | Liens | Vos réactions | Contact Aide | Index | A propos du site
      ImprimerEnvoyer à

> home > Salle de presse > Interviews > 2011 > Décembre 2011 > Jean Asselborn au sujet des événements internationaux qui ont marqué l’année 2011

Interview
Jean Asselborn au sujet des événements internationaux qui ont marqué l’année 2011
"Eldoradio" du 29-12-2011

Vers le niveau supérieur

Paul Konsbruck: De Chef vun der lëtzebuerger Diplomatie ass dëst Joer vill gereest, dat gehéiert zu séngem Beruff. Op sëlleche Sommeten a Réuniounë goung et wochelaang nëmmen em ee Sujet, nämlech em d’Demokratiebewegungen an der arabescher Welt. Dat huet marquéiert.

Jean Asselborn: Dat, wat ass, a wat a mengen Aen erausgestach huet, dat war, datt d’Leit hiert Schicksal wëlle selwer an d’Hand huelen.

Paul Konsbruck: Dat huet an Tunesien, Egypten a Libyen zu engem Wiessel gefouert. Als Europäer ass een do Spektateur, an de Jean Asselborn warnt dann och viru vill ze héijen Erwaardungen.

Jean Asselborn: Et muss ee wëssen, datt et Länner ginn, wéi zum Beispill Egypten, déi dausende Joeren ni eng Demokratie kannt hunn, an déi alles mussen, zumols an hiere Strukturen, opbauen.

Dat zweet wat mir net dierfe vun hei aus esou gesinn, dat ass, datt mir eis Wäerter – ech soen elo emol ganz bewosst Wäerter vun der organiséierter Demokratie, wéi mir se kennen – einfach transplantéieren.

Paul Konsbruck: Dat Wichtegst wier, datt d’Mënscherechter respektéiert ginn, woubäi och de lëtzebuerger Ausseminister eng gewëss Onsécherheet net bestreit.

Jean Asselborn: D’Angscht ass selbstverständlech do, datt et an deem Land, wou et am meeschten Hoffnung gëtt, an Tunesien, effektiv kënnt an eng Richtung goen, wou d’Leit, déi op d’Strooss gaange si fir méi Fräiheet ze kréien, datt déi Aspiratioun net géif erfëllt ginn.

Paul Konsbruck: Dat well et islamistesch Parteie gëtt, déi an der Zäit vun der Diktatur deen eenzegen Halt fir d’Populatioun waren.

Allgemeng ass de Jean Asselborn awer zouversiichtlech, wann Europa, an domat och Lëtzebuerg et fäerdegbréngt, Relatiounë mat deene Länner opzebauen, déi iwwer d’Wirtschaftsinteressen erausginn.

Et ass net ëmmer berouegend wat een aus Russland héiert. D’Land schéngt zanter Joëren an der Hand vun enger Persoun ze sinn, dem Vladimir Putin, deen elo no sénger Zäit op der Regierungsbänk nees als President op den Terrain wëllt. Manipuléiert Wahlen, Spiounen an den USA, haart Strofe fir Regierungsgéigner, an esou weider. Wat seet de lëtzebuerger Ausseminister dozou?

Jean Asselborn: Ech mengen, datt een net dierf de Feeler maachen, an arrogant vun hei aus soen, wéi d’Russe hir Demokratie sollen organiséieren. Et kann een, mengen ech, just festhalen – an do blesséiert ee keen, dat wësse se och – datt eben dee Prozess nach ëmmer amgaangen ass.

Paul Konsbruck: An et gëtt och eng gewëss Hoffnung an den Ae vum Jean Asselborn.

Jean Asselborn: Et ass trotzdem e Fortschrëtt gemaach ginn, nämlech datt d’Leit zu Moskau an a Russland kënne protestéieren. Et waren iwwer 150.000 Leit op der Strooss zu Moskau de leschte Weekend, an dat ass jo friedferteg a roueg iwwer d’Bühn gaangen.

Paul Konsbruck: Dat och mat engem neien ale President.

Jean Asselborn: An dat drëtt wat ech wëll soen, dat ass, datt deen neie President, och wann e Putin heescht, net dolaanscht kënnt fir fundamental Reformen an deem Land ze maachen. Et sinn der ugedeit ginn: d’Buergermeeschteren sollen erëm gewielt ginn, an net designéiert ginn, an och an de Provënzen sollen d’Leit, déi Responsabilitéit hunn, gewielt ginn. Ech mengen, all déi Prozesser wäerte sech accéléréiere mussen no där Wahl.

Paul Konsbruck: D’Appréciatioun beim russesche Vollek wier an deem Sënn duerchaus vergläichbar mat deem vun anere Länner, wou d’Leit sech fir méi Demokratie agesat hunn, notamment an der arabescher Welt.

Wann ee sech op Europa konzentréiert, ass de Balkan eng vun de Schlësselregiounen fir déi nächst Méint. D’Situatioun an deene Länner hätt Répercussiounen op déi ganz Europäesch Unioun, seet de Jean Asselborn. Dat géif een zum Beispill un der Flüchtlingsproblematik ganz konkret gewisen kréien. D’Responsabilitéit heifir léich kloer op Säit vun der EU.

Jean Asselborn: Dat ass eise Gaart. Et ass de Gaart vun der Europäescher Unioun, an dee stabiliséiert keen eis, weder d’Chinesen, nach d’Russen, nach d’Amerikaner! Dat musse mir scho selwer maachen.

Duefir fannen ech et richteg, wat 2003 zu Saloniki gesot ginn ass, nämlech datt alleguer déi Länner mussen eng Aspiratioun hu fir kënnen, wann sie d’Konditiounen erfëllen, an der Europäescher Unioun opgeholl ze ginn. Mir als Europäesch Unioun mussen dann och prett si fir dat ze maachen.



Haut de page

Copyright © Service Information et Presse   Aspects légaux | Contact